Dëse Workshop ass
Samschdes, den 26. Mäerz 2016, um 10:00 Auer zu
Jonglenster am Clubsall.
E gëtt gehale vum
Bob aka Metalbambi, op
Lëtzebuergesch.
Adress:
Centre Culturel "Am Duerf"
rue du Village - Junglinster
Op der Kaart (Google Maps) kuckenDen Ouschterhues kënnt! An huet en interessanten Workshop am Kuerf, des Kéier iwwer Lightroom, een vun den wichtegsten, wann net souguer den wichtegsten Programm vir Fotografen.
Et gëtt wéineg wat net dermat geet. Déi zwee wichtegst Punkten sinn awer sécher den Management vun den Fotoen an d'Beaarbechtung.
Genau ob déi zwee Punkten soll och den Fokus vum WS leien. Ech wëll iech weisen wéi der äer Massen un Fotoen sou katalogiséieren kënnt, dat der ni méi laang no eppes sichen musst. Wann dat bis gemaach ass, kënnen mer eis dann un d'Beaarbechtung ginn. Hei ginn et mëttlerweil enorm vill Moyenen an Méiglechkeeten, vun ganz einfachen Faarf- an Beliichtungsupassungen, iwwer lokal Beaarbechtung bis hin zu stitchen vun Panoramaen. An dat bescht ass, dat alles non-destruktif ass, d.h. et kann een ëmmer alles réckgängeg maachen an et kënnt näischt un d'Originaldatei.
Jiddereen muss natierlech en Laptop mat Lightroom drop matbréngen, soss gëtt dat ganzt en bëssen schwéier. Ech wäert den WS mat Lightroom CC 2015 halen, mee méi al Versiounen sin och keen Problem. Et kann just sinn dat déi eng oder aner Funktioun nach net derbäi ass. Den Prinzip ass awer ëmmer den selwechten.
Dat ganzt wäert wahrscheinlech sou bis 5 Auer daueren, an Mëttes ginn mer all zesummen an den Piccobello iessen dat mer och déi néideg Energie vir den Dag hunn.
Bei froen einfach eng Email un mech oder d'Team schécken,
ech freeën mech drop der vill vun iech ze gesinn!
P.S.: Denkt un d'Zäitëmstellung!!!
Maximal kënnen
12 Leit drun deel huelen.
De Präis fir Clubmemberen ass
15€, fir Leit déi net Member an eisem Club sinn kascht en
25€.
Wichteg: Ugemellt ass ee réischt definitiv, wann ee sech hei ageschriwwen huet (Knäppchen drécken wou "Schreif mech elo an" steet) an d'Suen iwwerwisen huet op eise Compte. Wuer d' Suen mussen iwwerwise ginn kritt een nom Umellen direkt hei, an per E-Mail, matgedeelt.
» Fräi Plazen: 5