Header
Sichen an den Titelen:

Dës Sich bezitt sech nemmen op déi aktuell gewielten Kategorie
Du kucks grad déi 15 läscht Neiegkeeten
Neien Server
(17.09.2018 - 10:18)
Säit gëschter Moien leeft Photogen ob engem neien Server. Nodeems mer virun puer Méint eng Rëtsch Problemer mat dem alen haten, hunn mer eis zu engem Wiessel decidéiert. Dat heescht awer och dat nach net alles ronn leeft well Saachen hunn mussen ugepasst ginn. Z.b. haten mer gëschter eng kleng Invasioun vun den ??? an haut well déi al Wochefoto hieren Troun net oftrieden, obwuel déi nei schonn gewielt ass... Mier sinn un deenen Saachen drun! Wann iech och eppes opfält, dann sot eis w.e.g. iwwer info@photogen.lu Bescheed!
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photoen/Suivi Philharmonie
(20.05.2017 - 19:35)
Wéi ugekënnegt gëtt et nach en klengen Suivi vun eisem Tour duerch d'Philha: Vir déi Leit déi Interessi hunn, besteet d'Méiglechkeet der Philha Fotoen zur Verfügung ze stellen vir an hier Programmhefter, Websäit, etc. ze benotzen. Ech (Bob) iwwerhuelen hei den Kontakt ob eiser Säit, d.h. dier kënnt mier en Downloadlink ob äer Fotoen schécken (wou am beschten äeren Numm an all Fichiersnumm steet) an ech leeden déi dann gesammelt weider un d'Philha. Schéckt dofir w.e.g. den Link einfach un bob.bamberg@photogen.lu schécken.

Allerdéngs sinn mier als Comité en bëssen enttäuscht vum Verlaf vun der Visite selwer. Och, oder virun Allem, wann mier relativ labber Limiten gesat kréien, wier et wënschenswäert dat jiddereen en bëssen méi wäit wéi seng Sonneblend denkt an Rücksicht ob den Grupp an den Staff hëlt. Während der Tour kann een probéieren en bëssen an der Géigend ze bleiwen, net éiweg den aneren Leit Fotoen ze blockéieren, sech ze sammelen wann d'Saach ob en Enn geet an dann och pünktlech ze goen. Och d'Leit aus der Philha an mier sinn frou wann mier sonndës mëttes pünktlech doheem sinn. Dann sinn mier och motivéiert vir direkt dat nächst Event ze plangen an den Organisateur ass frou eis nach eng Kéier ze accueilléieren.
7 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Assemblée Générale
(27.04.2017 - 16:15)
Eis AG ass lo schonn bëssen hier an et goufen eigentlech zwou wichteg Ännerungen: mier hunn e puer Changementer am Comité an mier hunn d'Statuten vereinfacht.

Am Comité huet lo den Oli den Presidentenposten iwwerholl, den John an d'Anouk bleiwen Vize an Trésorière, d'Catherine iwwerhëllt den Sekretärsposten vum Christian - deen austrëtt -, den Steve an den Bob bleiwen Memberen an den Alex trëtt an während den Laurent eis verléisst. Mier sichen awer weiderhinn nach no Leit déi eis hëllefen, wann een sech ugesprach fillt einfach bei eis mellen.

Wat d'Statuten ubelaangt hunn mer eis, ob den fachleschen Rot vum Alex hin, vir eng Rei Vereinfachungen decidéiert déi awer haaptsächlech administrativ Saachen betreffen. Weider Detailer heizou kommen deemnächst an enger separater Neiegkeet.
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Schéint Chrëschtdag
(25.12.2016 - 13:36)
D'Photogen-Team wënscht iech an ären Famillen ganz häerzlech en schéint Chrëschtdag an en erfollegräicht neit Joer!
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Instagram
(17.09.2016 - 18:58)
Mier hunn eng kleng Ännerung un der Profilsäit gemaach. An zwar gëtt et ab elo d'Méiglechkeet säin Instagram Profil anzedroen, sou dat een d'Méiglechkeet huet säin Netzwierk do auszewäiten. Mier kënnen dann och z.B. ären Profil ob är nächst Wochenfoto verlinken. Et geet duer bei den Profil-Astellungen säin Usernumm unzeginn, net d'ganz URL vun der Profilsäit.

Ausserdeem hunn mer ICQ an MSN aus den Kontaktméiglechkeeten erausgeholl well déi souwisou en bëssen iwwerlieft sinn.
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Eng schwéier Entscheedung
(27.07.2016 - 19:33)
D’Neiegkeeten gi fir gewéinlech offiziell vum ganze Club geschriwwen, haut awer maachen ech dat a mengem eegenen Numm an als President vu Photogen.

Viru méi wéi 10 Joer hunn ech, deemools zesummen mam Yannick a Lydie, dëse Projet an d’Liewe geruff. Vill Zäit ass vergaang, et ass extrem vill geschitt an deenen bal 11 Joer, mee haut ass d’Zäit fir mech komm fir, leider, Äddi ze soen. Ech maachen dëst aus perséinleche Grënn, vu dass ech an der lescht net déi Zäit konnt a Photogen investéieren déi ech hätt missen, et gesäit och leider net aus wéi wann dat kéint besser ginn an Zukunft.

Mir huet alles, wat mer esou zesummen erlieft hunn, immens Spaass gemaach, an et huet mech virun allem ëmmer gefreet ze gesinn wéi vill Leit, mat konstruktiver Kritik, hier Resultater no an no verbessere konnten (wat iwwregens och fir mech selwer gëllt). Dat alleng war jorelaang meng Motivatioun fir ëmmer weider ze maachen. D’Motivatioun ass och elo eigentlech net verschwonn, mee dat hëlleft engem näischt wann een net déi néideg Zäit huet fir dat ëmzesetzen wat ee wéilt.

Ech sinn der Meenung, dass Photogen en aktive President brauch, dee genuch Zäit huet fir de Club ze geréieren, an dat sinn ech an der lescht eben net méi gewiescht.

Ech hunn de Comité ëm Erlaabnis gefrot dësen Text esou hei kënnen ze verëffentlechen, well ech fannen, dass dir méi verdéngt hutt vu mir wéi just gesot ze kréien, dass ech demissionéiert hätt.

Als lescht soen ech iech alleguer nach eng Kéier villmools Merci fir alles!

Mir gesinn eis dobaussen, mat Rucksak a Stativ.

Johny Goerend
33 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Schlecht News zu eisem Sall
(13.04.2016 - 18:00)
Mir hu leider eng schlecht Noriicht ze mellen. Virun ongeféier dräi Woche krute mir vun der Gemeng Jonglënster e Bréif, datt mir de Sall, dee si eis déi lescht Joren zur Verfügung gestallt hunn, bis den 1. Juni misste geraumt hunn. Op Nofro hinn hu si eis matgedeelt, datt si de Sall fir eegen Zwecker brauchen, an dat hier eenzeg Méiglechkeet wier, dofir kéinte se eis leider och keng Alternativ ubidden.

Dat bedeit esou vill wéi, dass mir vum 1. Juni u kee Sall a kee Studio méi hunn, a bis elo och emol keng Méiglechkeet eist Material ënner ze stellen.

Mir probéieren elo an den nächste Wochen a Méint no anere Méiglechkeeten ze sichen wou mir kéinten eise Fotostudio ënnerbréngen, fir och weiderhin eis Workshops a Meetings kënnen ze halen. Falls Dir awer eventuell selwer eng Iddi hutt oder esou guer vun engem Raum wësst deen fräi wier fir eisen Zweck, dann sot eis w.e.g. Bescheed, mir sinn extrem frou fir all Ënnerstëtzung an Hëllef déi mir hei kënne kréien. Am beschten ze erreeche si mir op eiser E-Mail info@photogen.lu.
11 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Nik Collection
(28.03.2016 - 17:17)
Nik Collection, huet viru ville Joër nach vill kascht gehaat, bis dass Google alles opkaaf hat an et 2012 fir nëmmen 150$ ugebueden hat, wat nëmmen nach e Brochdeel vum Originalpräis war.

Elo 4 Joër weider bidd Google d'Nik Collection GRATIS un!

Hei klicken

Vill Spass!
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Lightroom Coffee break
(06.03.2016 - 00:22)

Adobe huet eng nei playlist op youtube erstallt.
All Mount sollen 2 ganz kuerz Video'en vun ënnert enger Minut veröffentlëcht gin.
Sënn ass et hei kléng awer ganz nëtzlech Funktiounen am Lightroom mei no ze bréngen.

Souwäit hun se schon 5 Video'en gedréihnt, an ech sin och 5 mol mi schlau gin.

Hei geet et zur Youtube Lëscht.
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Problem bei der Wochenofstëmmung
(21.02.2016 - 18:30)
Wéi ech (Johny) haut gemierkt hunn ass e Problem bei der Wochenofstëmmung - Och wann just nëmmen eng weider Foto misst mat an der Ofstëmmung dra sinn, misst se et sinn mee gëtt wéinst engem technesche Feeler net ugewisen. Déi eenzeg Foto déi elo ugewise gëtt ass meng eegen, an ech géif dofir et folgenderweis maachen:

- No Mëtternuecht annuléieren ech dës Ofstëmmung wou d'Leit just fir 1 Foto stëmme konnten
- Duerno setzen ech béid Fotoen déi dës Woch hätte sollen dra sinn an d'Wochenofstëmmung fir nächst Woch

Ech hoffen dat ass fir jiddereen an der Rei, an ech entschëllege mech dass et hei zu engem Problem komm ass.
5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Amazon Cloud Drive
(27.03.2015 - 23:43)
Hautdesdaags mat den villen digitalen Dateien déi sech all Dag usammelen gëtt d'Thema Backup ëmmer méi an méi e gréissert Thema, och, oder grad zemools mir als Fotografen sinn dovunner immens Betraff.

Fir all di Läit wou sech heifir interesséiere sollten, Amazon bidd en interessante Service un.
eng Kéier eng Solutioun wou een all Aart vun Dateien kann an der cloud backupen fier 60 Dollar pro Joër,
an fir ons lo ganz interessant, eng Solutioun di nëmmen 12 Dollar pro Joer kascht an wou een onendlech Fotoen kann backupen.

Detailer/Konditiounen koennt der bei hinnen um Site nach noliesen.

Link bei Amazon
8 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen.lu gëtt ganz nei gemaach
(19.01.2015 - 18:53)
Dëst Joer kritt Photogen.lu 10 Joer, vu dass eise Site am September 2005 online gaangen ass. An dowéinst, wéi e Samschden Owend schonn op eisem Neijoerspatt ugekënnegt, hu mir decidéiert Photogen.lu ganz nei ze maachen, an zwar bis Enn 2015.

Mir hu wëlles an eng bëssen aner Richtung ze goe wéi aktuell, well an de Joren sech d'Interesse vun iech (de User an de Memberen) geännert hunn. Mir hunn also schonn eis relativ konkret Iddien, wëllen awer och op Feedback vun iech bauen, well de Site jo fir iech alleguerten ass. Dowéinst ruffe mir iech op, elo während engem Mount, eis är Iddien eran ze schécken. Dat kënne mini-kleng Verbesserunge sinn, mee och komplett nei Saachen wou bis elo nach keen dru geduecht huet. Mir wäerten déi Virschléi dann analyséieren a kucken wat dovun realistesch ass fir ëmzesetzen a wat wierklech flott kéint sinn fir déi ganz nei Versioun vum Site. Sollten Iddien e puer mol era kommen, geet d'Prioritéit natierlech an d'Luucht.

Schéckt eis är Iddien w.e.g. op info@photogen.lu eran. Wat se méi detailléiert erklärt sinn, wat et eis méi einfach fält se korrekt ze verstoen an ze realiséieren.

Merci am viraus fir d'Matschaffen, mer si gespaant op är Virschléi.
51 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Workshops, Neijoerspatt & Feierdeeg
(24.12.2014 - 15:37)
Hohohooo léif Frënn vun der Fotografie,

Wat gëtt et neies? Majo, vläit huet jo schonn den een oder anere matkrut dass Photogen dat neit Joer direkt mat 2 flotte Workshope ufänkt.

Sou e Workshop ass ëmmer rëm flott well een enger Säits neies bäiléiert, ales widderhëlt an nei Läit an Techniken kenneléiert, nach derbäi kënnt dass ons Workshopen am klénge Grupp, ouni Stress ganz familiär ofgehale ginn (an och wierklech gënschteg sinn :-) )

Et muss een net Member bei Photogen sinn fir un engem Workshop deelzehuelen (fir d'Memberen gëtt et awer bëssi méi gënschteg :-) ), wann der also net alleng op de Workshop wëllt kommen, oder een/eent kennt den sech iwwert d'Feierdeeg gecheckt huet an eng (nei) Kamera krut an lo bëssi Hëllef brauch, oder soss och een/eent kennt den dëse Cours interesséiere kinnt, dann deelt dëse Message w.e.g. virun. Eventuell ass et eng Iddi fir e flotten Last-Minute-Chrëschtkado? ;)


Wat steet dann um Menü?

Workshop "Fotografie fir Ufänger" den 10. Januar 2015
Dat wier eng Kéier de Workshop "Fotografie fir Ufänger" mam Johny Goerend an mam Christian De Carolis.
Do ginn d'Basics un A-Z eng Kéier duerchgeholl, Begrëffer, Technik, Material, alles wat een fir e gudden Start/Neiufank brauch.
Opgepasst, dëse Cours ass ëmmer schnell ausgebucht, et heescht also sech bäimaachen! :-)

Workshop "Photoshop Introduktioun" den 24. Januar 2015
an eng Kéier de Workshop "Photoshop Introduktioun" mam Bob Bamberg an mam Steve Schneiders.
Den nächste Schratt no der Foto huelen ass nämlech d'Veraarbechtung/Post Processing, hei gëtt et dann e Cours fir e gudde start an den Photoshop ze kréien an di wichtegst Funktiounen kennen ze léiere.
(Dëse Cours war ursprénglech fir Dezember 2014 geplangt, ass awer lo op den 24.01.2015 geréckelt ginn)

Neijoerspatt de 17.1.2015
Onsen traditionellen Neijoerspatt wier den 17/01/2015 um 1800 an onsem Clubsall zu Jonglënster.
Kommt eppes drénken, eppes knabberen, bëssi schnëssen a wann nach Zäit an Loscht do ass kucke mer zesummen e Film zum Thema Fotografie.



De ganzen Comité vu Photogen, wënscht all de Memberen an hire Familljen an Frënn,
flott Chrëschtdeeg, neit Equipement ënnert dem Chrëschtbeemchen mee virun allem eng gutt Gesondheet an gutt Luucht fir 2015.
2 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
DxO Optics Pro 8 - Gratis bis 31/01/2015
(26.10.2014 - 20:52)
Bis den 31/01/2015 koennt der den DxO Optics Pro gratis downloaden.

Entretemps ass d'Versioun 9 schonn eraus, an Versioun 10 sollt demnächst erauskommen, dofir wuel hei dës kléng Aktioun fir de Läit den 9 respektiv den 10 bëssi schmackhaft ze maachen, fir jiddereen den nach keng Software fir Biller ze verschaffen huet oder einfach mol eppes neies probéieren sécher eng flott Aktioun.

Weider Infos fannt der hei.

7 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Goodyear Challenge 2014 - Vernissage
(12.05.2014 - 08:54)
De Goodyear Photo-Ciné Club feiert de Samsden de Vernissage vun hierer
Goodyear Challenge 2014 - Expositioun.

Tëscht all den exposéierten Wierker ass och eng Foto (Waarmen Choky) vun onsem Member, dem Mike Weiwers (Wuff), déi genuch Punkten an der Kategorie "sujet libre" gesammelt hat fir exposéiert ze gin, gratulatioun un de Mike.

De Vernissage fënnt de Samsden, den 17/05/2014 um 17.00 am Centre Culturel de Colmar-Berg statt.

D'Exppo ass op:
Samsdes, 17/05/2014 vun 14.00-19.30
Sonndes, 18/05/2014 vun 10.00-12.00 an 14.00-17.00

1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»