Header
Sichen an den Titelen:

Dës Sich bezitt sech nemmen op déi aktuell gewielten Kategorie
Du kucks grad d'Neiegkeeten an der Kategorie Photogen - Allgemeng
Photoen/Suivi Philharmonie
(20.05.2017 - 19:35)
Wéi ugekënnegt gëtt et nach en klengen Suivi vun eisem Tour duerch d'Philha: Vir déi Leit déi Interessi hunn, besteet d'Méiglechkeet der Philha Fotoen zur Verfügung ze stellen vir an hier Programmhefter, Websäit, etc. ze benotzen. Ech (Bob) iwwerhuelen hei den Kontakt ob eiser Säit, d.h. dier kënnt mier en Downloadlink ob äer Fotoen schécken (wou am beschten äeren Numm an all Fichiersnumm steet) an ech leeden déi dann gesammelt weider un d'Philha. Schéckt dofir w.e.g. den Link einfach un bob.bamberg@photogen.lu schécken.

Allerdéngs sinn mier als Comité en bëssen enttäuscht vum Verlaf vun der Visite selwer. Och, oder virun Allem, wann mier relativ labber Limiten gesat kréien, wier et wënschenswäert dat jiddereen en bëssen méi wäit wéi seng Sonneblend denkt an Rücksicht ob den Grupp an den Staff hëlt. Während der Tour kann een probéieren en bëssen an der Géigend ze bleiwen, net éiweg den aneren Leit Fotoen ze blockéieren, sech ze sammelen wann d'Saach ob en Enn geet an dann och pünktlech ze goen. Och d'Leit aus der Philha an mier sinn frou wann mier sonndës mëttes pünktlech doheem sinn. Dann sinn mier och motivéiert vir direkt dat nächst Event ze plangen an den Organisateur ass frou eis nach eng Kéier ze accueilléieren.
7 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Eng schwéier Entscheedung
(27.07.2016 - 19:33)
D’Neiegkeeten gi fir gewéinlech offiziell vum ganze Club geschriwwen, haut awer maachen ech dat a mengem eegenen Numm an als President vu Photogen.

Viru méi wéi 10 Joer hunn ech, deemools zesummen mam Yannick a Lydie, dëse Projet an d’Liewe geruff. Vill Zäit ass vergaang, et ass extrem vill geschitt an deenen bal 11 Joer, mee haut ass d’Zäit fir mech komm fir, leider, Äddi ze soen. Ech maachen dëst aus perséinleche Grënn, vu dass ech an der lescht net déi Zäit konnt a Photogen investéieren déi ech hätt missen, et gesäit och leider net aus wéi wann dat kéint besser ginn an Zukunft.

Mir huet alles, wat mer esou zesummen erlieft hunn, immens Spaass gemaach, an et huet mech virun allem ëmmer gefreet ze gesinn wéi vill Leit, mat konstruktiver Kritik, hier Resultater no an no verbessere konnten (wat iwwregens och fir mech selwer gëllt). Dat alleng war jorelaang meng Motivatioun fir ëmmer weider ze maachen. D’Motivatioun ass och elo eigentlech net verschwonn, mee dat hëlleft engem näischt wann een net déi néideg Zäit huet fir dat ëmzesetzen wat ee wéilt.

Ech sinn der Meenung, dass Photogen en aktive President brauch, dee genuch Zäit huet fir de Club ze geréieren, an dat sinn ech an der lescht eben net méi gewiescht.

Ech hunn de Comité ëm Erlaabnis gefrot dësen Text esou hei kënnen ze verëffentlechen, well ech fannen, dass dir méi verdéngt hutt vu mir wéi just gesot ze kréien, dass ech demissionéiert hätt.

Als lescht soen ech iech alleguer nach eng Kéier villmools Merci fir alles!

Mir gesinn eis dobaussen, mat Rucksak a Stativ.

Johny Goerend
33 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Problem bei der Wochenofstëmmung
(21.02.2016 - 18:30)
Wéi ech (Johny) haut gemierkt hunn ass e Problem bei der Wochenofstëmmung - Och wann just nëmmen eng weider Foto misst mat an der Ofstëmmung dra sinn, misst se et sinn mee gëtt wéinst engem technesche Feeler net ugewisen. Déi eenzeg Foto déi elo ugewise gëtt ass meng eegen, an ech géif dofir et folgenderweis maachen:

- No Mëtternuecht annuléieren ech dës Ofstëmmung wou d'Leit just fir 1 Foto stëmme konnten
- Duerno setzen ech béid Fotoen déi dës Woch hätte sollen dra sinn an d'Wochenofstëmmung fir nächst Woch

Ech hoffen dat ass fir jiddereen an der Rei, an ech entschëllege mech dass et hei zu engem Problem komm ass.
5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen.lu gëtt ganz nei gemaach
(19.01.2015 - 18:53)
Dëst Joer kritt Photogen.lu 10 Joer, vu dass eise Site am September 2005 online gaangen ass. An dowéinst, wéi e Samschden Owend schonn op eisem Neijoerspatt ugekënnegt, hu mir decidéiert Photogen.lu ganz nei ze maachen, an zwar bis Enn 2015.

Mir hu wëlles an eng bëssen aner Richtung ze goe wéi aktuell, well an de Joren sech d'Interesse vun iech (de User an de Memberen) geännert hunn. Mir hunn also schonn eis relativ konkret Iddien, wëllen awer och op Feedback vun iech bauen, well de Site jo fir iech alleguerten ass. Dowéinst ruffe mir iech op, elo während engem Mount, eis är Iddien eran ze schécken. Dat kënne mini-kleng Verbesserunge sinn, mee och komplett nei Saachen wou bis elo nach keen dru geduecht huet. Mir wäerten déi Virschléi dann analyséieren a kucken wat dovun realistesch ass fir ëmzesetzen a wat wierklech flott kéint sinn fir déi ganz nei Versioun vum Site. Sollten Iddien e puer mol era kommen, geet d'Prioritéit natierlech an d'Luucht.

Schéckt eis är Iddien w.e.g. op info@photogen.lu eran. Wat se méi detailléiert erklärt sinn, wat et eis méi einfach fält se korrekt ze verstoen an ze realiséieren.

Merci am viraus fir d'Matschaffen, mer si gespaant op är Virschléi.
51 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Mir wënschen iech schéi Feierdeeg
(24.12.2013 - 11:06)

D'Ganz Equipe vu Photogen wënscht Iech alleguer wonnerschéi Feierdeeg, an alt e gudde Rutsch an dat neit Joer, mir drécken Daumen fir dass vill Fotosmaterial ënnert de Chrëschtbeemche leie kënnt.

Mir soen iech villmools Merci fir äert Matmaachen, souwuel online wéi och offline.

De Photogen Comité.


PS: Sidd prett fir eppes wat mer an den nächsten Deeg nach wäerten ukënnegen :)
30 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Aus Phototalk gëtt Photowalk
(27.02.2013 - 16:42)
Heiansdo ass Zäit fir eng Ännerung, an an eisem Fall ass dëst elo agetratt mat eisem Phototalk. Aus verschiddene Grënn verwandelen mer dësen elo ëm an en Photowalk, an ginn déi ganz Saach bëssen anescht un.

Bis elo war de Phototalk:
- All Mount de selwechte Wochendag
- Meeschtens op der selwechter Plaz (ausser et ass net anescht gaangen)
- Gréisstendeels fir iwwer Fotoen ze schwätzen

An doraus maachen mir elo de Photowalk, fir dee gëllt:
- All Mount eng Kéier, mä den Dag kann änneren
- Ëmmer op enger anerer, spezifescher Plaz
- Et geet ëm Fotoen maachen, net drëm aler ze beschwätzen

Dat ganzt nom Motto "Manner schwätzen, méi maachen" :)

(Heiansdo wärte mer natierlech, fir Studio-Saachen, trotzdem op eise Sall als Treffpunkt zréckgräifen)

Mir halen Iech um Lafenden wuer mir am Mäerz dann wärten higoen, an hoffen, dass iech dës Ännerung gefällt.

De Photogen Comité.
15 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Aktivéirungssystem an e Bléck op 2013
(22.12.2012 - 16:34)
Läschten Donneschdeg hate mir eng Comité Versammlung fir haaptsächlech de Punkt ze maahen vum Joër 2012, fir e Bléck op 2013 ze werfen an fir zum Thema vum Aktivéirungssystem entgültech eng Décisioun ze huelen. Hei wëlle mir iech kuerz e Résumé maachen vun all dem wat do eraus komm ass:


Aktivéirungssystem
Bei den News virun elo bal engem Mount hat ech jo gefrot, dass d'Leit bëssen sollen hier Meenung zur Testphas schreiwen. Déi meescht Leit waren der Meenung, dass et gutt esou ass vu, dass de Site net iwwerschwemmt ginn ass mat ganz schlechte Fotoen. Trotzdem waren d'Leit och der Meenung, dass elo Fotoen méi séier ënnerginn. Eis Entscheedung ass als aller-éischt emol dass et esou bleift wéi et elo ass, also mer sou weiderfueren ouni den alen Aktivéirungssystem. Mir kucken awer an nächster Zäit e puer Saachen ze änneren fir z.B. méi wéi nëmmen "Neist Fotoen" op der Startsäit ugewisen ze kréien.
Op dëser Plaz dann nach eng Kéier Merci un all déi Leit déi eis hiere Point de vue erklärt hunn.


2012
D'Joër hat eigentlech net ganz gutt ugefaang, well mir ëmmer nach op eise Sall gewaard hunn. Dësen ass awer um Enn vum Joer färdeg gestalt ginn, soudass dëst dann och gemaach ass.
De Salon National war dëst Joer natierlech fir eis als Club de gréisste Projet, deen souwäit ganz gutt gangen ass, och wann en vill Zäit an Nerven kascht huet :) Eng 700 Fotoen sinn erageschéckt ginn, an um Vernissage waren +- 150 Leit, wat méi war wéi déi Joren virdrun. Am Clubklassement huet photogen hei déi drëtt Plaz kritt, woufir mir dann de Memberen och nach eng Kéier wëlle Merci soen!


2013
Fir dat nächst Joer stinn folgend Saachen um Plang:
- De Sall erëm ganz asazbereed maachen (éischt halschent Januar)
- Endlech erëm Workshops organiséieren, an eisem wonnerschéine Sall :)
- Zesumme mat anere Clibb e puer Meetings organiséieren
- Een oder zwee gréisser Concours'en mat sérieux'en Sponsoren

Ausserdem ginn et Ännerungen am Comité, well d'Lydie als Trésorière démissionéiert huet an och aus dem Comité austrëtt, iwwerhëllt d'Anouk Hartmann (Nick: Kleent) dës wichteg Roll. An dann huet de Pol Metzler och seng Démissioun aus dem Comité eragereecht, dëst aus zäitleche Grënn.





Mir hoffen dir freed iech elo genee sou wéi mir op d'Joer 2013, an iwwert dëse Wee wënschen mir iech alleguer dann nach eng Kéier schéi Feierdeeg an e gudde Rutscht :)

De ganze Comité vu photogen.
7 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Testphas theoretesch muer fäerdeg
(27.11.2012 - 20:35)
Muer ass eis Testphas vun 3 Méint, wou mer wollte kucke wéi et leeft, theoretesch ofgelaf. Mir hu fir de Moment decidéiert et mol esou weiderlafen ze loossen, hunn awer zum Wiessel vum Joer nach eng Comité sitzung wou mer dat ganzt méi genee wärten analyséieren an diskutéieren. Bis dohin si mer natierlech och frou Feedback vun iech ze kréien ob dir et besser mat oder ouni Aktivéirungssystem fannt, an wann dir kënnt fir är Positioun argumentéieren ass dat emsou besser fir eis :)
25 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Testphase ouni Aktivéirung
(28.08.2012 - 20:26)
An der läschter Comité Sitzung ass entscheed ginn dass mir géifen eng Testphase maachen wou mir ouni den Aktivéirungssystem schaffen. Während dëser Phase kann also jidfereen seng Fotoen eroplueden, an se kommen direkt an d'Galerie ouni mussen aktivéiert ze ginn.

D'Limit fir pro 20 Stonnen just 2 Fotoen kënnen eropzelueden bleift bestoen.

Säit dem 27. August si fir jiddereen, wéi schon virun enger Woch ugekënnegt, d'Konditiounen an Bedingungen aktiv. Dës si virun allem ze respektéieren wann et ëm d'Eropluede vu Fotoen geet, mussen och do nach eng Kéier akzeptéiert ginn.

Sollt een mierken dass eng Foto géint dës Bedingunge verstéisst, soll een sech w.e.g. direkt un eis wenden per E-Mail op info@photogen.lu

Mir hun dëst gemaach nodeem mir op vill Leit gelauschtert hunn déi dëst esou wollten, an wëllen op manst ausprobéieren wéi de Site an dem Fall leeft. Mir hoffen dass dëst net zevill mëssbraucht gëtt, an wënschen Iech ganz vill Spaass beim Eroplueden an Kommentéieren.

D'Testphas dauert 3 Méint.
50 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Konditiounen an Bedingungen fir photogen
(19.08.2012 - 22:49)
Fir d'Sécherheet an dat proppert Oflafe vun allen Aktiounen op alle Websäiten ze garantéieren, hu mir "Konditiounen an Bedingungen" (Op Englesch bekannt als Terms and Conditions) zesummegesat, déi fir all Websäite gëlle sollen déi vun photogen als a.s.b.l. zur Verfügung gestallt ginn. Dës sinn ab elo online, an jiddereen deen eis Servicer bis nom 26. August 2012 weidernotzt, akzeptéiert dës automatesch mat. Et kann een sech dës hei duerchliesen: Konditiounen an Bedingungen

Se änneren gronsätzlech näischt um normalen notze vun eise Websäite, virun allem photogen.lu, setzen awer virun allem Regelen eng Kéier fest soudass esou wuel photogen selwer wéi och all Benotzer ofgeséchert ass an weess wéi wat definéiert ass.

Wann Froen sollten dozou sinn, dann schreift eis w.e.g. eng E-Mail op info@photogen.lu, mir hëllefen Iech dann ganz gäere weider wann Saache sollten onkloer sinn.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Mir wënschen Iech schéi Feierdeeg
(23.12.2011 - 15:48)
Lo si se erëm do, d'Feierdeeg zum Enn vum Joer. Mir wënschen Iech alleguer dass Dir dës Deeg vill Freed hutt, an déi Objektiver an Apparater geschenkt kritt déi dir wollt :). An natierlech och e gudde Rutsch an d'Joer 2012, wou mer op vill nei flott Fotoen gespaant sinn.

Denkt un eise Concours, fir deen muer Deadline ass: http://www.photogen.lu/?page=contest_index
28 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Nei "Iwwert eis" Säit mat Erklärung
(04.11.2011 - 12:48)
Mir hunn haut eis nei "Iwwert eis" Säit online gesat, wou mer ënnert anerem och eng kleng History agebaut hunn fir Leit déi wëlle wësse wat sou an de läschte Joren gelaf ass.

Des weideren hu mer do och beschriwwen wourëm et op Photogen geet, esou kann dat net méi falsch verstane ginn :)

Nei "Iwwert Eis" Säit kucken
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Photogen huet haut Gebuertsdag
(19.09.2011 - 10:41)
Haut op den Dag genee ass et 6 Joer hier dass Photogen.lu online gaangen ass, nämlech den 19. September 2005. An dëse 6 Joer ass vill geschitt, vill Leit hu sech kenne geléiert, vill Fotoen sin diskutéiert ginn, vill Leit konnten sech weiderentwéckelen, wourop mir besonneg stolz sinn.

Säit 2008 och als a.s.b.l. ugemellt si mir an Tëschenzäit ee vun de gréissten an aktivste Clib zu Lëtzebuerg mat och ënner anerem wuel der héchster Unzuel vu jonke Leit als Clubmember.

E puer technesch Informatiounen wat bis elo esou geschitt ass:
- Total Klicks: 432'140'206
- Erop geluede Fotoen: 42'867 déi am ganzen 220'148'425x gekuckt gi sinn
- Kommentarer sinn 269'543 geschriwwe ginn bei Fotoen, News, Tutorials an Artikelen
- Ugemellten User um Site: 2'935
- Clubmemberen: 126 (dovun 50 mat Lizenz bei der FLPA)

Wann een dann nach d'User derbäi zielt déi mer bäikritt hun well mir viru kuerzem Photoshoot.lu och iwwerholl hunn, kënnt een op 3'907 ugemellte User (wou allerdings och vill Leit zwee mol dann gezielt sinn) wou Photogen geréiert, an am ganzen bal 100'000 Forum Kommentarer.

Dëst alles ass natierlech just méiglech duerch all eis User an Clubmemberen, dofir op dëser Plaz e grousse Merci u jiddereen dee regelméisseg aktiv ass an soumat mat derzou bäidréit dass et esou weider geet mat Photogen.

An dat wichtegst: Mir wënschen Iech weiderhinn vill Spaass beim Fotoen maachen :)
22 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Browser an System Statistiken
(26.02.2011 - 14:08)
E puer interessant Statistiken sinn mir an d' Aa gefall wou ech gëscht nogekuckt hunn:



an



Iwweraschenderweis ass Safari virum Firefox als Browser, an den IE nëmmen op 3. Plaz, wäit ofgeschlo.
An den Statistike vun de Systemer gesäit een dass Mac'en geschwënn Windows iwwerholl hunn, a wann een iPhone derbäi zielt ass et esou guer scho méi wéi Windows.

Dës Statistike bezéien sech natierlech nëmmen op Photogen, an (leider) net op de Recht vum Internet :)
32 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Mir wënsche schéi Feierdeeg
(23.12.2010 - 12:18)
D'Equippe vu Photogen wënscht iech alleguer schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer. Merci dass der am Club aktiv sidd, Merci dass der iech mat Fotoen, Kommentaren an Diskussiounen un der Communautéit bedeelegt, oder dass der einfach all déi vill Fotoen kucke kommt!
34 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
5. Gebuertsdag - Resultat
(21.09.2010 - 23:30)
E Samschden hate mer all eis Memberen an User agelueden fir zu Jonglënster eise 5. Gebuertsdag ze feieren. Mir hate vill Spaß mam Contest, Kamerawäitworf, an de Kuch vum Bäcker Gerard war och richteg gutt.

Hei sinn Fotoen vum Meeting online: http://www.photogen.lu/index.php?page=view_meeting...

An e klenge Video vun eisem User dem "Val": http://files.photogen.lu/video/Photogen_5Joer.m4v

Villmols Merci un d' Leit alleguer.

PS: Wann een nach Fotoen huet déi kënnen erop geluede ginn an d' Meetinggalerie, einfach op johny@photogen.lu schécken.
5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen feiert 5 Joer!
(08.09.2010 - 14:18)
Dëst Joer gëtt et ausnahmsweis kee Staumeeting, mä mir hunn eppes spezielles fir eis User an Memberen organiséiert. Méi Infoen ginn et hei beim Meeting selwer:

http://www.photogen.lu/?page=showmeeting&id=10
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen net ze erreechen
(06.09.2010 - 09:41)
Fir grouss Maintenance-Aarbechten um Server wou Photogen drop leeft duerchféieren ze kënnen muss leider alles fir eng Zäitchen offline geholl ginn. Dës Aarbechten ginn nach haut (6.9.) gemaach, an bis den Owend spéit respektiv muer misst erëm alles lafen.

Merci fir Äert Versteesdemech.

//EDIT:
Mer hunn et quasi ganz iwwerstanen, just nach e puer kleng Astellunge / Verbesserungen.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Photogen an den eldo.tv Newz
(27.08.2010 - 15:55)
Eldo.tv huet en Interview gemaach mam Johny iwwer Photogen, den elo an den Newz online ass: http://eldotv.eldoradio.lu/renaldo/ Bei 4 Minutten an 10 Sekonnen geet den Deel iwwer Photogen lass fir déi ongedëlleg.
9 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photowalk Gewënner
(07.08.2010 - 21:07)
De Gewënner vum Photowalk an der Stad steet fest, an zwar ass et de Christian De Carolis, Gratulatioun:


D'Fotoen déi erop geluede gi sinn gesäit een alleguer op http://worldwidephotowalk.com/walk/luxembourg-luxe...

Merci un all déi déi mat waren, an hoffentlech bis nächst Joër.
10 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Worldwide Photowalk
(28.05.2010 - 16:20)
Et ginn gutt Neiegkeeten: Wann och méi spéit wéi bis elo ëmmer ugekënnegt, gëtt och dëst Joer erëm en worlwide Photowalk vum Scott Kelby organiséiert. Mir si läscht Woch vun hinnen ugeschriwwe ginn fir eis dat matzedeelen, an haten soumat e Virrecht fir eis schonn unzemellen, nach éiert et public gaangen ass. Dat hu mir natierlech direkt gemaach, an säit haut ass et dann wierklech offiziell an däerfen och den Datum matdeelen:

Den 24. Juli ass dëst Joer de Photowalk (mat hoffentlech besserem Wieder wéi läscht Joer)

Wéi an wou mer en genee maachen, gidd der nach geschwënn gewuer, vu dass mir selwer dat elo nach plangen mussen.
8 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen op RTL (Fernseh)
(06.03.2010 - 13:51)
Normalerweis leeft en Méinden den 8. Mäerz vun 18:00 bis 18:40 eng Sendung wou Photogen mat firgestalt gëtt. Hei gin ëmmer erëm video Clips gespillt tëscht den Interview'en mat Leit vu Photogen.
Ech schreiwen "normalerweis" well mer gesot kruten et géif dann kommen mee confirméiert krute mer et net .
15 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Kleng Ännerung um Home & Photo Talk !
(24.02.2010 - 23:24)
Elo grad ass d' Startsäit ganz bëssen ugepasst ginn. Et ass elo eng Këscht déi alles weist wat aktuell ass, dozou zielen Konkueren (Wa se lafen, d'Ofstëmmung an herno wann de Gewënner feststeet), Workshops, Meetings an Neiegkeeten. Sou huet een hei alles méi beieneen, an d' Meetings huet een och direkt am Bléck, déi virdru jo guer net do waren. Et wärten nach kleng Saachen op der Startsäit sou geännert ginn geschwënn, mee näicht gréisseres.

An dann wollt ech iech alleguer invitéieren op eisen Phototalk dee mer all éischte Mëttwoch vum Mount am Clubsall hun, an wou mer dës Kéier eppes spezielles mat ze bidden hunn: http://www.photogen.lu/?page=showmeeting&id=74
7 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Fotoen vum éischte Studioworkshop online
(17.02.2010 - 21:41)
Op http://www.photogen.lu/?page=view_meetingpics&... gesidd der d' Fotoen déi den BlackPanther als Doku gemaach huet um Workshop.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
RTL Radio Interview ass online
(26.01.2010 - 14:44)
Fir all déi déi den Interview verpasst haten / net konnten läuschteren, hei ass en nach eng Kéier:

http://files.photogen.lu/audio/Photogen_RTL_Radio_...
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen de Mëtten op RTL Radio
(21.01.2010 - 14:10)
Am Laf vum Nomëtten stellt RTL eis Community/Club fir. Wéini genee dat kënnt ass elo nach net gewosst, mee läuschtert einfach RTL ;)
14 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Artikel am Tageblatt
(20.01.2010 - 13:29)
Haut ass am Tageblatt en Artikel iwwer Photogen an d' Studio Erëffnung. An hei hu mer den Artikel och däerfen online setzen:

http://files.photogen.lu/image/2010_Photogen_tageb...

En decke Merci un den Akim Schmit, deen den Artikel geschriwwen huet, an e Sonnden mat derbäi war :)
4 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Fotoen & Video vun der Erëffnung
(19.01.2010 - 19:55)
Als éischt wëlle mer nach eng Kéier alleguer de Leit merci soen déi do waren! Et war wierklech flott souvill Leit do ze hunn.
Hei sinn Fotoen vun der Erëffnung vun der Erëffnung:
http://www.photogen.lu/index.php?page=view_meeting...

An eise user de Val huet souguer e Video gemaach an en séier zesumme geschnidden:
http://files.photogen.lu/video/Photogen_studio_ope...
De Video kann mam VLC Player problemlos gekuckt ginn, oder iTunes asw ...
9 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Schéi Feierdeeg gewënscht
(23.12.2009 - 23:36)
Déi ganz équipe vun Photogen wënscht Iech alleguer schéi Krëschtdeeg, an e gudde Rutsch an dat neit Joër! An merci un Iech alleguer, eis User déi regelméisseg Fotoen eroplueden an Kommentarer schreiwen, eis Clubmemberen natierlech, an och deenen déi einfach just regelméisseg schéi Fotoen kucke kommen, well ouni Iech hätt Photogen net vill Sënn :)
25 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Fotoen vum Staumeeting online
(27.09.2009 - 23:15)
Merci un all déi déi do waren, et war e flotten Owend:

http://www.photogen.lu/index.php?page=view_meeting...
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Fouermeeting
(24.08.2009 - 23:53)
Ech wollt just kuerz drop opmirksam maachen dass dëse Mettwoch schonn den éischte Fouermeeting ass:
http://www.photogen.lu/?page=showmeeting&id=71
4 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
D' Photowalk Gewënner sti fest
(19.08.2009 - 09:51)
Hei sin d' Gewënner vum worldwide Photowalk deen den 18. Juli war:
http://worldwidephotowalk.com/winners-2009

Leider ass kee Photogen User derbai respektiv een vun eisem Photowalk, mee d' Konkurenz war och grouss ;). Ech hoffen awer, dass et iech alleguer Spaass gemaach huet, an dass mer déi meescht vun Iech nächst Joer erëm gesinn. Bis dann (oder méi fréi, z.B. um Stau ... ;))
4 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
De Gewënner vun eisem Photowalk steet fest
(02.08.2009 - 01:12)
D' Foto déi ech eraus gesicht hun als Gewënner vum Photowalk, hunn ech och schonn erop gelueden op hiere Site, an zwar ass et folgend Foto:

Red stripe(s) 2


Gratulatioun No_Saint, d' Buch vum Scott Kelby hues de scho mol sécher gewonn, an du basss mat dëser Foto deel un der weltwäiter Selektioun wou herno och nach Präisser verdeelt ginn :) Dës ginn de 17. August verëffentlecht.

All Fotoen déi era geschéckt goufen fir de Photowalk sinn hei ze gesinn, ganz ënnen op der Säit:
http://worldwidephotowalk.com/luxembourg-city---pl...

Nach vill Fotoen vun villen aneren Photowalks, kann een hei op Flickr kucken:
http://www.flickr.com/groups/skphoto/

An typesch Meetingfotoen vum Photowalk sinn och nach bäikomm:
http://www.photogen.lu/?page=view_meetingpics&...


Vill Spaass Ierch nach all op Photogen an beim Kucke vun de Photowalk-fotoen, hoffentlech sidd der nächst Joer och erëm all derbäi.
4 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
D' Fotoen vum Photowalk sinn online
(31.07.2009 - 15:57)
Hei sinn Fotoen vum Photowalk, net just déi 2 vun all Fotograf déi en eraus gesicht huet, mee anerer nach vun "ronderem" déi sou gemaach gi sinn:
http://photowalk2009.photogen.lu

Wen nach Fotoen huet, einfach op johny@photogen.lu schécken, dann setzen ech se bäi.

E Sonnden gëtt de Gewënner bekannt ginn vum Photowalk hei zu Lëtzebuerg, deen dann dem Scott Kelby säin neist Buch gewonn huet, an an der weltwäiter Selektioun ass wou herno och nach richteg déck Präisser vergi ginn.

Ech wollt awer nach merci soen un all déi déi do waren :)
4 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Worldwide Photo Walk
(18.06.2009 - 00:41)
Endlech ass et esou wäit: D' Confirmatioun ass erann dass mir kënnen mat Deel huelen um weltwäiten Photo Walk vum Scott Kelby.

Méi Infos zu dem ganzen fënnt een hei: Photo Walk Säit

An fir déi déi schonn wëssen ëm wat et geet an de Prinzip kennen, déi kënne sech direkt heihinn weiderklicken: Lux City - Photo Walk op worldwidephotowalk.com

Hoffentlech mellen sech der vill un, an mer gesinn eis dann.
19 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Problem mat der Foto vun der Woch
(31.05.2009 - 22:03)
Duerch en techneschen Problem sinn déi aktuell Fotoen déi zur Wiel stungen fir Foto vun der Woch ze ginn schonn geläscht ginn, wat normalerweis réischt soll geschéien no 12 Auer Sonndes Owes. Vu dass et elo keng séier Méiglechkeet gëtt déi erëm ze kréien déi all do drann waren, setzen ech elo schonn déi Foto als Foto vun der Woch an, déi bis kuerz virum läschen déi meescht Stëmmen hat (9 Stéck par rapport zu 6 Stëmmen fir déi Foto durno).

Tschëllegt fir den Tëschefall, hoffe mer et kënnt net méi fir.
9 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Video Tutorials
(09.04.2009 - 15:12)
Wat nach eppes wichteges war, an net sollt ënnergoen, ass dass een och elo Video Tutorials kann op Photogen weisen. Lued den Video op Youtube erop, an wann der dann en Tutorials wëllt bäisetzen kënnt der de Link uginn op de Video, an dee gëtt dann direkt ganz hei am Site mat agebaut sou dass een en hei direkt kucken kann.
8 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
WICHTEG: Foto vun der Woch
(06.04.2009 - 01:11)
Also, et gëtt elo eppes dat nennt sech Foto vun der Woch (Idee koum vum Focus). An der Woch, vu Méindes bis Samschdes, kann een Fotoen firschloen fir an dës Ofstëmmung ze kommen. zum Schluss vun der Woch dann, Sonndes, kënnt op den Home stoen dass Wochenofstëmmung ass, an dann kann een seng Lieblingsfoto do wielen. Zum schluss vum Dag gëtt déi Foto mat deene meeschte Stëmmen Foto vun der Woch an gëtt soumat déi ganz Woch laang riets gewisen iwwert der "Random Foto".

Vill Spaass beim firschloën elo, an beim Ofstëmmen e Sonnden :D
22 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen Update 1.5 endlech online !
(05.04.2009 - 01:45)
Voilà, endlech ass et gemaach, den Update ass online. Et huet zwar laang gedauert, mee schlussendlech ass en do. Vill Saachen hu geännert, vill Userwënsch sinn ëmgesat ginn, anerer kommen nach no.

Elo op zielen wat alles geännert huet, dat géif eng laang Lëscht ginn, hei awer mol de Résumé vun deene wichtegste Saachen:

- Et ginn System Noriichten iwwert déi een informéiert gëtt iwwer wichteg Saachen wéi z.B. dass een e Kommentar bei enger Foto geschriwwen huet, dass een een als Frënd bäisetze wëll asw. Astellen bei wat een do Bescheed kritt, kann een an den Astellungen

- Et gëtt elo zum Schluss vun all Woch (Sonndes) en Voting wou all user kann mat ofstëmmen, an zwar fir d'Foto vun der Woch. Hei stinn all Fotoen zur Auswiel déi während der Woch dofir firgeschlo gi sinn. Déi Foto mat deene meeschte Stëmmen, gëtt herno déi ganz nächst woch ugewisen riets iwwert "Random Foto". Ausserdem kann een och durno all Fotoen vun de Wochen kucken, sou ähnlech wéi deemols Topfotoen.

- Et kann een Leit als Frënd bäisetzen.

- Et kann een Fotoserien erop lueden, wou ee bis maximal zu 5 Fotoen kann matenene erop lueden, déi dann awer just als een Bäitrag gewise ginn an der Galerie. Soumat kënnen d'User déi ganz Serie kommentéieren an bewärten.

- Artikelen soll haaptsächlech e Beräich gi wou Leit kënnen hier Erfahrungen beschreiwen mat Material oder Software, an wou anerer dann hier Erfahrungen kënnen mat derbäi schreiwen.

- Kommentarer gi lo ouni Reload vun der Page gespäichert sou wéi et bis elo um Newsblog war.

- Favoriten: Jiddereen kann eng Foto als Favorit bäisetzen, an anerer kënnen dës kucken op der Usersäit.

- Et ass endlech méi en allgemengen Stil, net souvill Duergerneen wéi virdrun, ech hu probéiert mech un eng Linn ze halen :)

- Partneren vun eis kënnen um Home ënnert der News Sektioun selwer Banner erop lueden fir Aktiounen oder ähnleches.


Falls nach sollten iergendwou Problemer sinn oder et ass eppes net sou wéi dir mengt dass et sollt sinn, einfach mir eng E-Mail schreiwen op johny@photogen.lu

Vill Spass.

PS: En eegene Forum deen an d'Säit selwer gebaut gëtt, kënnt nach spéider no!
31 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen an der Press
(25.03.2009 - 00:07)
E Samschden war d'Generalversammlung vun der FLPA (Federatioun vun den Hobbyfotografen), wou den Memberen vun alle Clib offiziell matgedeelt ginn ass, dass Photogen elo bei der FLPA affiliéiert ass. Eis Opnam ass bei de Memberen, wéi et schéngt, ganz gutt ukomm, zemols well mir vill jonker aktiv bei eis hunn, an et grad un Jugend feelt an de Clib.
Zousätzlech war och d'Press invitéiert, wou ech elo mol den Artikel vum Wort erausgeholl hunn an eropgelueden. Leider hu se mäin Numm falsch geschriwwen, mee iergend esou eppes muss jo dra sinn, soss wir d'Wort jo net d'Wort ;)

5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
E gudde Rutsch, mat Screenshots
(29.12.2008 - 22:53)
E gudde Rutsch an d'neit Joër, an fir dass der alleguer e bëssen besser rutscht, hei zwee kelng Preview-screenshots vum Update, mat dem ech lo an der läscht rem gutt weiderkomm sinn:

Engem seng Galerie kucken

Seng eegen Galerie administréieren
22 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Schéi Feierdeeg
(22.12.2008 - 10:02)
Dat ganzt Team vu Photogen wënscht iech alleguer schéi Feierdeeg, dass dir e schéint Chrëschtdag feiert an all är Fotoapparater an Objektiver kritt déi dir iech gewënscht hutt :)
11 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Klengegkeete verbessert, an kuerz net erreechbar
(30.08.2008 - 00:13)
Puer kleng Infos beieneen:

- Am Newsblog war e klenge Feeler, do konnt een e Kommentar net änneren. Dat klappt elo erëm.
- Bei de heihinn
- De Mëtten an lo den Owend kann ass et méigleg dass muencher Verbindungsproblemer haaten fir op PG ze kommen. De Mëtten war et doduerch dass mir en Update um Server gemaach hun, an den Owend war DCLUX, déi eis en Deel vun der Leitung am Datacenter zur Verfügung stellen, Schold drunn duerch iergendwelch Leitungs- oder Materialproblemer, mee op allefall näicht immens schlëmmes

An wéi een dann vläicht lo scho gesinn huet, sinn d'Meetingsfotoën vun der Fouer an dem Zeltmeeting zu Miersch online.

Vill Spaß
4 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Online Shop
(08.06.2008 - 03:02)
Et ass schonn e puer Méint hier, do haate mer eng grouss Bestellung gemaach vun T-Shirten, déi mer doduerch och immens bëlleg kritt hun. Mee vun haut un, kënnt dir egal wéini dir Loscht hudd, am Onlineshop ären T-Shirt bestellen. Den Shop ass gemaach um Site vun www.spreadshirt.net, déi relativ bekannt sinn schonn dofir dass een op eng einfach Mannéier kann säin eegene Shop erstellen.

Mer bidden do Photogen T-Shirten un sou ähnlech wéi déi déi mer scho verkaf hun, mee och anerer, an do sollen no an no, wann daat ganzt bessen Succés huet, nach nei Motiver bäikommen, allgemeng äus dem Beräich vun der Fotografie oder der digitaler Fotobearbechtung. Wann dir Ideen hudd fir weider Motiver, si mir och méi wéi frou déi entgéint ze huelen.

Dir kennt op dem Shop är Bestellung maachen, an déi gëtt dann direkt bei ierch heem geliwwert, ouni laangt Waarden dertëscht.

[Hei geet et an de Shop]

(En ass awer och an der Navigatioun als drëtten Link ze fannen)

Happy Shopping
10 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Kleng Verännerungen um Home
(25.05.2008 - 00:00)
Wéi vläicht schonn e puer vun ierch gemirkt hun, sinn um Home puer kleng Ännerungen geschitt. Et gëtt ee Kommentar méi ugewisen, an äus dem Forum ginn och méi aktuell Themen ugewisen. Äusserdem ginn d'Statistiken ënenrt denen aktuellen Forum-Themen ugewisen, well déi méi onwichteg sinn.

An daat wichtegst ass, dass een elo direkt Neiegkeeten gesäit zum Contest. Sou musse mir och net emmer erem selwer eng News schreiwen wann e Contest start, d'Ofstëmmung ugeet oder de Gewënner feststeet. Daat gëtt elo alles automatesch ugewisen matt dene wichtege Links och direkt derbäi.
10 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Rock on!
(24.05.2008 - 13:22)
Säit e puer Wochen leeft Photogen elo schonn op engem neie Server, op dem mer méi Plaatz hun an keng Traffic-limite méi. Dofir passen mir eis Limiten dann och e bessen un, fir den Upload vun enger Foto.

Vun elo un ass d'Maximal Gréisst op 2000 Pixel gesat, suwuel an der Breet wéi och an der Héicht, Minimum ass 400 Pixel héich/breet. Äußerdem setzen mer d'Limite vun der Dateigréisst vunn 300KB elo erop op 700KB! Sou kann een och bei Fotoen déi sou scho méi grouss sinn, d'Exif-donnéen drann loossen, an et muss een net op Qualitéit verzichten.

Mir wënschen Ierch dann weiderhinn vill Spaß beim Eroplueden vun Fotoen.
19 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen plënnert
(25.04.2008 - 21:50)
Dee Problem dee mer läschte Weekend haaten, ass verursaacht ginn vun der Festplack an eisem Server. Mir konnten zwar Méindes Moies d'Maschinn rem zum Lafen bréngen obwuel mer daat schlëmmst erwaard haaten, mee säitdem leeft de Server ëmmer nach onstabil, an huet lo während dëser Woch mussen bal all Moien manuell restart ginn. Daat huet eis zur Décisioun bruecht en neie Server ze kafen, eppes waat e Stéck méi performant ass.

De Weekend elo fänke mer un ze plënneren op déi nei Maschinn, an vun do un wou mir ufänken Donnéen ze kopéiren op den neie Server, bis zu dem Moment wou alles prett ass an Domain just nach muss emgeleed ginn, musse mer Photogen awer vum Netz huelen, well alles waat an der Period géif gemaach ginn um Site, wir dann verluer soubal mer rem online sinn. Also wann Photogen net ze erreechen ass lo déi nächst 2 - vläicht max. 3 Deeg ass daat héchstwarscheinlech geplangt, an dir musst ierch keng Suergen maachen. Durno si mer dann rem fir ierch do, op engem fonkelneie Server.


Hei nach Informatiounen fir déi déi sech bessen fir Technik interesséiren:

Den aalen Server, op dem am Moment nach alles leeft, huet als Hardware:
- Intel P4 2.4GHz
- 1GB DDR 400MHz RAM
- 160GB IDE Harddisk

Den neien dann, eng ganz liicht Verbesserung:
- AMD Athlon 64 X2 5600+
- 8GB DDR2 800MHz RAM
- 2x 320GB SATA Harddisk
17 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
PG haat de Weekend Problemer
(21.04.2008 - 10:13)
Wéi warscheinlech déi meescht vun ierch gemierkt hun, war vun e Samschden, kuerz firu Mëtteg, Photogen net méi wirklech erreechbar. De Feeler ass verursaacht ginn durch den Harddisk, den muench Saachen am Linux zerschoss huet. Haut de Moien ass daat dann alles gefixt ginn, an de Server leeft erem. Et kann awer ganz gutt sinn dass mer an nächster Zäit wärten bessen um Server eppes änneren d.h. dru schaffen, an och während der Zäit ass Photogen.lu dann offline, mee dann ass et wuel éischter geplangt, an net sou wéi dësen ongeplangtnen Äusfall.

Mir hoffen dir haat trotzdem e schéine Weekend, och ouni Photogen.
7 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
D'Millioun ass voll
(11.03.2008 - 00:18)
Elo firun e puer Minutten, just no Hallewnuecht ass et geschitt: Mir hun d'Millioun gebrach waat dVisiteuren am total ugeet, säitdem mer online sinn. Dobäi gëtt ee User den PG besicht huet, fir 24 Stonnen net méi gezielt.

Eng Millioun ass scho ganz vill, an mir wëllen hei nach eng Kéier eise User merci soën, well dir sidd et, déi PG sou flott maacht. Säit September '05, dem Mount wou mer online gaange sinn, sinn elo iwwer 17.000 Fotoen ropgeluede ginn, matt denen mattgezielt dei an Tëschenzäit rem geläscht gi sinn, sinn et der suguer iwwer 20.000. Dobäi sinn iwwer 93.000 Kommentarer geschriwwe ginn, d.h. bei denen dauert et och lo net mei immens laang, bis mer d'Grenz vun 100.000 erreechen. Äusserdem hu mer bal 1500 ugemellten User. Daat ass immens vill, wann ee bedenkt, dass mir an engem klenge Land wéi Letzebuerg sinn, an mir bal kéng Reklamm soss maachen äusser op dräi klenge Websäiten, an duerch all eis Memberen déi eis weiderempfeelen.

Dir sidd och lo secher gespaant wen den Milliounste war ... mee do muss ech ierch enttäuschen, et war keen registréierte User.

Maacht all weider esou, vill Spaas weiderhin!
10 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Endlech erem do
(30.01.2008 - 17:02)
D'Waarden huet en Enn, wen hätt et gegleeft. Et leeft sou wäit alles erem, et ka sinn dass e puer Kommentarer verluer gaang sinn durch de Backup den puer Stonne méi al war, Fotoen sinn awer keng verluer gaang.

D'Wallpapers sinn grad nach amgaang, also do ass et nach normal dass se nach net ginn.

Op deser Plaz well ech dann dem Laurent vu root.lu och nach villmols Merci soen den de ganzen Dag haut den FTP-Transfer lokal am Aa behal huet soudass Photogen haut konnt online goën :)

An lo, vill Spaß beim eroplueden, Fotoen kucken, Kommentarer schreiwen an waat een net nach alles ka maachen.
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Haapt-site bleift leider nach offline
(29.01.2008 - 23:22)
Murhpy's Law: Whatever can go wrong, will go wrong. Während dem Upload vum Backup-Archiv (eppes wei eng .zip Datei) ass eppes schief gaang, soudass d'Entpaken vun dëser Datei elo net méigleg ass.

Dir musst ierch also nach gedëllegen, well ech muss elo alles nach eng Kéier eroplueden, des Kéier awer op eng aner Art a Weis.

Well et elo schonn immens laang dauert, dass PG net erreechbar ass, hu mer lo awer op manst de Forum rem online gesat, soudass dir alt do erem kannt schreiwen an liesen.
Den ass erreechbar hei: PG-Forum

An wéi der gesidd eben och den Newsblog. Vun elo un schreiwen ech dann hei soubal et Neiegkeeten ginn.

Eng nei Prognos ze maachen trauen ech mech éierlech gesot net méi well jo souwisou emmer rem alles schief geet, mee hoffe mer mol daat war lo dee läschten Zwëschefall.
17 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Neit Joër an T-Shirten
(01.01.2008 - 15:00)
Majo dann wënschen mir ierch och nach elo eng Kéier en schéint neit Joër, matt villen neie gudde Fotoen :) Dëst Joër wärt fir Photogen.lu e Joër ginn matt muenchen Ännerungen, an neie saachen, a mir hoffen dass et ierch och all wärt gefalen.

Dann wollt ech nach eng Kéier un en Samschden erenneren, fir T-Shirten. Och déi déi keng T-Shirten bestallt hun an nemmen Stickeren, sinn och wëllkomm fir hier oofzehuelen, wa se net kommen ginn d'Stickeren un déi verkaf déi der grad wëllen.

Falls een ze spéit kennt duerch iergend en Tëschefall dann kann en mir bescheed soen um [fort], oder falls een eis net fënnt um Parking. Hei nach eng Kier d'News matt allen Detailer drann:
http://blog.photogen.lu/?newsid=79

Bis e Samschden.

4 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Schéi Feierdeeg
(20.12.2007 - 21:34)
Och wann et wuel matt Schnéi net méi all ze vill gëtt, wënschen mir all (ganzt Photogen.lu Team) ierch alleguer trotzdem schéi Krëschtdeeg, an e gudde Rusch an daat neit Joër :)
35 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
T-Shirten VERDEELUNG
(09.12.2007 - 14:28)
Laang hudd der ierch musse gedëllegen, mee endlech huet d'Waarden en Enn! Eis T-Shirten si fäerdeg an waarden just nach drop verdeelt ze ginn.

Als Datum hu mer eis geduecht dass mer et sou maachen dass et méi laang am viräus bekannt ass, fir dass dei meescht och sech den Datum kënne fräihalen. Dowéinst hu mer eis den 5. Januar eräusgesicht. Daat ass en plus Samschdes.

Mer haate wëlles déi Verdeelung um Kierchbierg beim Kino ze maachen well et zimlech zentral läit fir jiddreen, direkt bei der Autobunn. Um 3 Auer ass dann also Rendez-vous, um Parking vun der LuxExpo. Am Fall wou dee Weekend keng Äusstellung ass, treffe mer eis ënnen um Parking, am Fall wou awer eppes ass maachen mer daat ganzt uewen op dem méi klengen den emmer gratis ass. Durno kënnen dann déi déi nach Loscht hun matt an de Kino goen.

Sidd w.e.g. pünktlech do, an falls der net kannt do sinn, kuckt wann et méigleg ass fir dass een den dir kennt an och do ass, ierch ären T-Shirt matthëllt. An dem Fall soot eis awer bescheed, fir dass mer net egal wem egal wéieen T-Shirt mattginn! Einfach hei séier als Kommentar schreiwen geet duer, oder PM.

Déi Leit déi do guer net kënnen an och keen aneren kennen den dohinner geet, matt dene kucke mer dann eenzel durno wéi mer daat maachen.

Äusserdem hun ech nach Stickeren iwwreg well op dem Meeting wou déi sollten hikommen déi Stickere wollten, méi wéi d'Halschend net do war. Den 5. um 3 Auer Mëttes kënnt der awer och nach déi dann kafen, déi édi awer ee reservéiert hun, hun e Virrecht. Et si suwuel nach klenger (10cm) wéi och grousser (40cm) do.

An dem Sënn, nach e schéine Sonndeg Mëtteg, an bis spéitstens den 5. Januar hoffentlech :)


26 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
T-Shirt Informatioun
(14.10.2007 - 21:41)
Dëst ass un jidfereen geriicht den en T-Shirt bestallt haat: T-Shirten si bestallt ginn, soubal se do sinn gëtt sech em den Drock gekëmmert, an durno schreiwen ech nach eng Kéier Neiegkeeten an E-Mailen och, fir se dann ze verdeelen.

Ech wollt am fong just bescheed soen dass daat ganzt am Lafen ass well ech lo scho gefrot gi sinn wéi et dann matt den T-Shirten wir, net dass dir herno mengt mir hätten eis matt de Suen duerch d'Bascht gemaach :)
20 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Fotoen vum Staumeeting sinn online
(23.09.2007 - 22:41)
Majo ech hun lo d'Fotoen vum Staumeeting emol online gesat. Falls nach Leit vun ierch der hun, schéckt se op meng E-Mail Address am Profil.

D'Wieder war net sou gutt wéi läscht Joer mee et war trotzdem flott. och wann et vu menger vue äus besser geweecht wir, ouni Krätschen ;)

Merci un all déi déi do waren!

http://www.photogen.lu/?page=view_meetingpics&...
5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Staumeeting
(04.09.2007 - 15:32)
Läscht Joër war eise Staumeeting ganz flott ginn, dofir wollte mer daat dëst Joër genee sou widderhuelen. Mer hun eis entscheed fir den 8. September. E steet elo schonn bessen méi laang am Forum an bei de Meetings, an ech wollt awer nach et als Neiegkeet durchginn fir déi Leit déi en nach net entdeckt hun.

Méi Infos zum Meeting selwer fannt der hei:
http://www.photogen.lu/?page=showmeeting&id=46




Also et sinn e puer Leit déi mussen drun denken hier Suen fir T-Shirten mattzebréngen dann,an eis Stickeren ginn och do verdeelt. Ech brénge se all matt dohinn. Bréngt w.e.g. Mënz matt fir se ze bezuelen.


Fir méi iwwert T-Shirten gewuer ze ginn, liest hei:
http://blog.photogen.lu/?newsid=66
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
PG Stickeren Verdeelung
(26.08.2007 - 15:50)
Dese Mëttwoch ass d'Verdeelung vun den Stickeren dei ech nach hun. Méi Informatiounen fannt der alleguer hei:

http://www.photogen.lu/index.php?page=showmeeting&id=45
11 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
PG T-Shirten reservéieren !
(09.08.2007 - 01:06)
Schonn läscht Joër war d'Idee komm fier T-Shirten, réaliséieren wollte mer et och mee do war bessen vill schief gaang, soudass mer lo rem probéiert hun daat ganzt opzegräifen. Mer loossen elo T-Shirten um Kräizbierg zu Diddeléng maachen.

Fir daat ganzt elo ze organiséieren, maachen mer et esou: Déi déi en T-Shirt wëllen, schécken eng E-Mail op t-shirt@photogen.lu, matt all Donnéen drann déi mer dofir bräuchen. (waat genee schreiwen ech nach bessen méi wäit ënnendrenner hei). Dann musst der bis den 15. September d'Suen iwwerwisen hun op de Compte den ech och nach hei uginn, well mir kënnen net alles firbezuelen, souvill Suen hu mer net. Alternativ kënnt dir mer d'Suen och nach um Staumeeting ginn den jo nach eng Woch firun der Deadline ass. Déi déi en T-Shirt reservéiert hun kréien en och ganz secher. Mer wäerten se dann verdeelen an Form vun engem Meeting oder sou, daat gesi mer dann wann et sou wäit ass.

Mer loossen zwou verschidden Zorten T-Shirten maachen, dei eng sinn ganz schwaarz an hun wäissen Drock, déi aner sin wäiss mee schwaarz Ärm, an den Drock ass schwaarz. Hannen um Shirt ass einfach just de Logo vu Photogen, an fir ass en och drop, op der lénkser Broscht (vun fir gekuckt also riets), am kléngen. Als Supplément kann een sech den Nick och nach drop maachen loossen ënnert de Logo op der fiischter Säit.


Lo dann d'Präisser:
Normalen T-Shirt kascht 15€, matt Nick 17€.

Dir musst elo folgendes uginn an der E-Mail déi dir schreiwt:
- ären ganzen Numm an ären Nick, ganz wichteg fir eis d'Arbecht vill méi einfach ze maachen
- Wéieen Modell vun T-Shirt (ganz schwaarz oder wäiss matt schwaarz)
- Wéieng Gréisst (Déi Standard Gréissten, S - XXL)
- Wann der méi wéi een Shirt wëllt, kënnt der daat och matt uginn
- Ob dir ären Nick och wëllt matt drop hun oder net.



An dann bis den 15. September iwwerweist dir d'Suen fir den T-Shirt op folgende Compte:

Johny Goerend
LU02 0090 0000 0062 2415
op der CCRA (Raiffeisen)
Als Communicatioun einfach PG TShirt w.e.g.

oder mir d'Suen um Staumeeting ginn als Alternativ.


Soubal mir d'Suen hun, ass d'Reservéirung endgülteg. Schéckt dir just eng E-Mail ouni d'Suen ze iwwerweisen, kënne mer se leider net unhuelen. Reservéirungen per PM un mech oder en aneren Admin gëllen och net, et muss op d'EMail t-shirt@photogen.lu sinn.


Hei ass nach e Beispill-bild, mee just um Computer gemaach. Den Schrëftzuch wirkt riets (hannendrop) vläicht bessen niddreg mee a Wirklechkeet muss en sou niddreg sinn soss huet een en am Genéck hänken :)
11 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
PG war down an Contest Start
(01.06.2007 - 12:29)
De Moien war Photogen fir eng Zäit net ze erreechen well den Server wou Photogen.lu drop leeft geplennert ginn ass, den steet elo enzwech aanescht. Et schengt awer mol alles riicht gaangen ze sinn sou dass mer lo rem fir ierch do sinn.

An dann nach derbäi ass gescht Deadline gewiecht fir sech anzeschreiwen fir den Teamcontest den den Kwitchibo firgeschlo haat. Dei Organisatioun war ganz am Forum an Detailer sinn dann all hei:

http://www.photogen.lu/?page=contest_index
10 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Meeting desen Samschden! (10.03)
(08.03.2007 - 13:43)
Majo den Oli huet am Bella Napoli an der Stad op der Gare 15 Plazen reserveiert fir e Samschden: http://www.photogen.lu/index.php?page=showmeeting&... All weider Infos kennt jo beim Meeting selwer liesen :)
4 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Singstar Owend desen Freiden (23.02)
(21.02.2007 - 21:02)
Majo well eisen eichten Singstar-owend sou een Hit wor, wellen mir daat ganzt widerhuelen!!

Daat ganzt fennt statt desen Freiden (23.02.2007) am Bus zu Diddeleng am Skatepark.

Daat ganzt geet um 21h un an dauert normalerweis bis deif an d'Nuecht eran. Et muss een awer net dauernd do sin wann een sech unmellt. Et dierf een kommen an goen wann een well. :)

Waat get do gema??
Ma ganz einfa nemmen an den Micro blären oder sangen, vir dei dei mengen se keinten daat ;)
Ausserdem well dach keen sech dei Gelegenheet entgoen loossen eis leif an nett PG-useren kennenleieren, oder? ;)

Daat ganzt fannt der bei den "Meetings" nach eng keier rem:
http://www.photogen.lu/index.php?page=showmeeting&id=30

Wann der kommen wellt, dann soot weg hei an engem Kommentar oder bei Meetings bescheet, do steet och eng Lescht dobai ween sech bis elo ugemellt huet.

Wann een mengt et wier ze speit vir sech unzemellen, keen Problem, dir kennt och onugemellt kommen, d'Umeldung ass just vir dass mir wessen weivill Leit ongefeier kommen werten.

Mir hoffen op eng grouss Resonanz an et bleiwt eis nemmen nach en scheinen Dag ze wenschen mat vill falschen Téin. ;)
31 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen wënscht schéi Feierdeeg
(22.12.2006 - 17:02)
Mir vun Photogen wënschen all eise User, egal op Fotografen oder Leit déi just d'Fotoen reegelméissech kucke kommen, schéi Feierdeeg, suwuel d'Krëschtdeeg wéi och herno fir Sylvester, feiert an amuséiert ierch gutt.

Vergiesst och net den Video-owend: http://www.photogen.lu/?page=showmeeting&id=27



Klengt Note: Wann dir technesch Problemer sollt hun vum 26. - 29. Dezember, kennt der net éischter matt enger Äntwert rechnen wéi den 29. owes, well an der Zäit sinn d'Lydie an ech (Johny) net am Land. Dir kennt zwar PM'en schreiwen, mee da wësst der bescheed. Dir kennt dem yoshi jo och bescheed soen wann et dringend ass, heen bleift déi Deech erreechbar.
35 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen.lu kritt 1 Joer
(19.09.2006 - 22:07)
Jo, virun 1 Joer genee, hun ech d Index File duerch déi richteg ersaat, an News geschriwwen, dass soumat déi éischt Foto community hei am Land färdech wir. Op déi News deemols sin grad emol 3 Kommentarer geschriwwen gin :D

Bon lo kennt dann hei e klengen Résumé asw ...

Vun eis 3 haat kee geduecht dass mer sou vill Leit géifen mat dem Site uspriechen, an wann een mir gesoot hätt dass mer no 1 Joer iwwer 700 registréiert user hun, eng Moyenne vu baal 1000 Visiteuren den Daach, an 8000 fotoen, dann hätt ech dem gäntwert "Mee soss geet et nach, jo ??". Tjo an lo sin mer 1 Joer durno, an alles daat ass awer elo de Fall :) Mir sin natirlech allen 3 grad esou iwerascht wéi och frou dass de Site souvill succés huet, an dass sou vill Leit sech drop wuel fillen, an och ganz vill Leit sech doduerch kenne geléiert hun.

Och wann ganz wéineger vun ierch lo wirklech schonn 1 Joer derbäi sin, wëll ech ierch awer ALLEGUER Merci soen, well d'Community besteet emmer nach haaptsächlech äus séngen Useren ! Et sin déi déi daat ganzt liewech maachen. Daat maacht dir gudd, an ech hoffen et geet weider esou :)

Och duerhc déi läscht Meetings, huet ee gemierkt dass daat ganzt net nemmen en Site ass um Internet wou Fotoen ropgeluede gin an Kommentarer geschriwwen, nee nee, et ass eng richteg Gemeinschaft gin, genee sou wéi et sollt sin. Dodrop sin ech stolz, souzesoen dann op all déi User. Well a ganz wéinegen Communities hun ech esou eppes wirklech mat erlieft, an daat gefällt mir selwer hei immens gutt.

Et deet mer zwar leed dass grad haut fir déi meescht d'Schoul rem ugaangen ass, mee daat muss och sin ;)

Op all déi nächst Joren dann emol!
45 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen Meeting um Stau
(13.09.2006 - 03:18)
Dëst ass geplangt fir den 16. September (E Samschden also) um Stau bei Esch/Sauer. Den Nodeel ass, dass daat ganzt vum Wieder oofhänkt... Daat kucke mer dann einfach den Daach selwer nach, ob et geet oder net.

Wou mer eis genee treffen, an wéini, daat gëtt nach veröffentlëcht.

All aaner Informatiounen fannt dir op dësem Link:

http://www.photogen.lu/index.php?page=showmeeting&...

Wann der wëllt mattgoen, wären mer frou wann dir daat och kéint schreiwen, egal ob elo hei bei den News oder beim Meeting selwer, fier dass mer kënne schätze wéivill Leit do kommen.

D'Wieder soll zwar rem méi schlecht gin vun en Donneschden un, mee puer Wolléken géifen eis jo awer net oofschrecken ;)
46 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Photogen sicht nei Fotoen fir den Header
(28.08.2006 - 04:09)
Wa puer Leit net wëssen waat matt Header gemengt ass: Daat Bild uewen op der Page. An mir sichen elo noo neien Fotoen fier dohinner. Ärer Kreativitéit si keng Grenzen gesaat. Dir kënnt ierch rouech eppes ganz extravagantes äusdenken, just folgen Kriteren MUSSEN agehaale gin:

- D'Foto därf net méi kleng sin wéi 662x116 Pixel
- D'Foto kann zwar bessen méi grouss sin, mee se gëtt herno op genee 662x116pixel geschnidden/verklengert
- Et muss en bessen Plaatz fräi dra sin fir kënnen den Logo dranzesetzen plus eise Slogan
- Dir musst äusdrécklech dermat averstaane sin dass d'Foto vun photogen.lu gebräucht gëtt fir desen Zweck. Se kann och gebräucht gin fir Webbanner ze erstellen fir Reklamm ze maachen, mee fir aaner Saachen gëtt se net geholl.
- Et därf fir absolut keng Firma oder Mark Reklamm drop gemaach ginn.

Dir kënnt och rouech méi wéi 1 Foto eroplueden dofir, am beschten wir et souguer wann mer en puer Fotoen géifen kréien fir verschidden Joreszäiten.

Wann dir dann elo eng Foto wëllt dofir eroplueden, dann gidd fir d'éischt ganz normal fir, sou wéi dir ëtt och normalerweis maacht fir eng aaner Foto eropzelueden. Als Kategorie wielt dir dann einfach Allgemeng »» Photogen Header-foto.

Fir de Recht sin eis allgemeng Reegelen natirlech ze respektéiren. An lued w.e.g. keng Foto erop, an setzt de dann einfach als zweet Kategorie an dëss, daat ass net de Sënn vunn der Saach!

Wéieng Fotoen herno geholl ginn, daat décidéieren dann déi 3 Admins ënnert sech.

Also, hoffe mer dass e puer ganz flott Resultater do kommen. Vill Spaaß.
13 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Richtegen Logo, Contest, an T-Shirten
(08.07.2006 - 01:00)
Also daat waat ee virdrun als Logo am Header gesin huet war net vill aanescht wéi eng einfach Schrëft eben, mee lo hun mer e Logo, den awer dezent gehaalen ass, vun engem aus Däitschland gemaach kritt, den dann och vektoriséiert ass soudass mer en kënnen vir alles huelen wou een sou eppes bräuch, Wéi eben z.B. fier op de Web, mee och fier op T-Shirten oder suguer den Auto, an och Flyeren falls et souer mol sollte gin. Mee do wiren mer direkt beim nächsten Thema:

T-Shirten:
Scho mei laang besteet d'Idee T-shirten vun Photogen drocken ze loossen, mee réischt virun puer Deech hun User sech am Forum gemellt, dass sie der gären hätten. Vu dass lo schon ënnert denen wéinegen am Forum der sin dei secher ee geifen kaafen, realiséieren mer daat dann och. Wéi genee waat geet a wéi se äusgesin, daat gët nächst Woch da gekuckt, mee wann dier Virschléi hudd, sin mir frou fier se ze kréien. Am beschten schreift der einfach am Forum mat, op dësem Link:
T-Shirt Thema
(Wen nët eens gët am Forum, kann sech roueg bei mir mellen, dann erklären ech et)

Weider Informatiounen kommen dann nach geschwenn. (Wär och fäin wann der hei keint schreiwen wann dir och onbedingt ee weilt, dass mer ongefeier kënne schätzen weivill et der gin. Herno get dann bestallt an gedrockt, wann alles prett ass)

Dann nach ass den Mogway mat enger neier Idee komm fier en Contest. Hei geet et drëm dass heen ufängt, een User äuswielt, dem en Thema seet zu dem den aaneren dann an Zäit vun engem Daach eng Foto muss maachen. Den jeenechen gët dann rem en Thema weider un den nächsten, an emmer sou weider. Ech probéieren daat nach dës Woch ze programméieren, fier dass mer sou séier wei meiglech kënnen ufänken. och heizou gët et en Gespréich am Forum, wou och schon eng Rei vun User gesoot hun wen sie no hinnen huelen fier en Thema ze gin, fier dass mer alt e klengen Ufank hun.
Contest Thema

Daat war et dann lo mol, mee demnächst wärten rem mei oft nei Saache bäikommen. Vill Spaaß nach weiderhin op Photogen.
48 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Nei Kategorien an der Galerie
(26.05.2006 - 18:39)
Déi 2 nei Kategorien wiren:
- Fotoen vun Photogen User
- Rätselfotoen

Déi eischt ass gemaach fier eben, wéi den Numm et seet, Fotoen wou een en Photogen Member drop gesäit :). D'Foto muss heifier lo net mega gudd sin, se sollt just bessen witzech oder äussergewéinlech sin, waat net heescht dass der egal waat ropluede kënnt, well schlecht Fotoen gin emmer nach sou oder sou nët ugeholl. Dier kënnt hei suwuel Fotoen eroplueden déi dir selwer gemaach hudd, oder wou dier drop ze gesin sidd.

Déi zweet ass elo säit puer Deech schonn do, vu dass puer user sech sou eng gewënscht haaten. Hei kënne Fotoen ropgeluede gin wou een net direkt erkennt waat daat eigentlech Motiv ass, an dass een dann eben bessen rooden kann.

Mer hun heifier eng nei Haaptkategorie och bäigesaat, 'Just for fun', wou dann dës 2 nei Kategorien dra sin, mee och dei dei virdrun bei Allgemeng war, an "Fun" geheescht huet (heescht elo 'Witzech Fotoen'). Dëst ass fier ze weisen dass dës 3 Kategorien schonn bessen mei spezieller sin, an net wirklech vill mat dene Fotoen ze din hun dei sollen anstänech konstruktiv Kritiken kreien.


Technesch Neiegkeeten vu Canon:

Daat wir mol daat eent, an dann nach daat aanert: Ech wollt dene Leit soen, dei d'Objektiv Canon EF 70-300 IS USM hun, dass Canon en Konstruktiounsfeeler zougin huet, den derzou féiert dass am Héichformat bei méi wéi 200mm Fotoen e gudd Stéck mei onschaarf gin, wei se sollten. Se schaffen dodrun an rechnen mat enger Lésiung fir Enn Juni.
Forum Thema doriwer


Jury:

An dann wollt ech ierch och nach soen dass den mmphotos säit 3 Deech nët méi an der Jury ass, nët well en iergent eppes falsch gemaach huet oder mat engem Sträit haat, mee hee soot selwer et wir nët sou daat waat en sëch drënner firgestallt haat. Daat ännert awer elo näicht u sénger Aktivitéit um Site. Fier heen ze ersetzen an der Jury hun mer dann en neien Member eräus gesicht, waat dann den Knolles wir. (Fier dass all Foto awer dei selwecht Chancen behällt fir Topfoto ze gin...)
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Stage fier Kreativ- an Konzeptfotografie
(02.05.2006 - 23:34)
Den xtoph69 hällt een Stage fir creatived an konzeptionelt Photographéieren. Et sin
nach e puer Plaatzen fräi, ass wirklech fir Ufaenger geduecht.

Dat ganzt ass op fir jidereen

Hei allgemeng Informatiounen
Wéini?: De 20 an 21 Mee 2006 ­ Freides den 19 ass de Vernissage vun der
Expositioun
Waat?: eng kréativ Aktivitéit, op fir den Public!

Natiirlech leeft dat Ganzt um Misaershaff an zwar déi 2 voll Deeg vun moies bis owes.
Konschtatélier'en sin a klénge Gruppen ënnert der Leedung vun unerkannten Artisten.

Molerei / Photographie / Grafik / Wierker aus Holz an Eisen / ...


Programm:
Freides owes:
- Bekanntmaachen an Aschaffen an den enzelnen Atélier'en
- Vernissage Expo vun enger Sélectioun vu de Wierker vun den Artisten (ouvert au public)
- Iessen

Samsdes:
- Schaffen an den Atélier'en
- de ganzen Daag ass d'Expo op fir de Public
- Spill- an/oder Filmowend

Sonndes:
- Schaffen an den Atélier'en
- de ganzen Daag ass d'Expo op fir de Public

16 hrs ass Schluss.

Virwetzeg: Nach méi Info beim Claude Freistroffer 091 714 666 (konscht@misaershaff.lu) oder bei all Member vum Club des Misérables

Umelldung: Och beim Claude Freistroffer (w.e.g esou schnell wéi méiglech ­
d'Plaatzen sin wirklech limitéiert) an bei all Member vum Club des misérables.


Réservéiert Iech also elo schons den Datum.

http://www.photogen.lu/2006_depliant.pdf
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
User Radu
(25.04.2006 - 21:51)
Also den richtegen Radu Pantea huet eis geschter eng E-Mail geschriwen dass en gemierkt hätt, et geif een op eiser Säit Blödsinn mat sengem Numm dreiwen. Ob et just war fier Blödsinn ze maachen, oder fier heen iergent wéi unzegräifen war net kloer. Haut hun ech mat em telefoneiert an duerno sin sou muench Saachen kloer gin:

Eis useren Ildiko kennt äus Bukarest an ass dem richtegen Radu Pantea seng Ex-Frendin, waat rem mat him Kontakt wollt ophuelen, an op ungaresch geschriwen huet.

Den User Radu, ass eigentlech keen aaneren wéi den Pletsch. Dësen Account gouf nemmen gemaach fier sou Saachen ze schreiwen, well him verschidde Saachen net gaangen sin. Dozou gehéiert dass e soot et geifen deelweis doutschlecht Fotoen ropgelueden gin, an en plus geifen nemmen Fotoen gudd bewärt gin wann se och mat enger deierer Kamera gemaach wir, oder vun bestëmmten User ropgelueden gin wir. Nach derbäi war en der Meenung verschidde Leit géifen befirdeelecht gin.

All dëst ass natierlech trotzdem kee Grond eng Persoun dei wierklech hei am Land wunnt (an och wierklech Dirigent ass an Rumän z.B. ...) duerch den Dreck ze zéien. An doduerch, well eng aaner Persoun mat dran bezunn gin ass, muss ech daat ganzt leider hei sou veröffentlechen.

Merci op dëser Plaatz soen ech de Leit déi gehollef hun d'Saach ze "entdecken".

Den Account "Radu" ass geblockt, also et huet kee Wärt dass der him PM'en schreift oder sou, wann dann schreiwt se un den Pletsch ...

Hoffen mer alt dass net rem sou eppes virkennt.


WICHTEG:
Schlussendlech denken ech ass et awer besser d'Kommentarer einfach net mei weisen ze loossen, et huet jo kee Wärt, et kennt emmer rem daat selwecht.
Waat ech dann nach ze soen hun:
Pletsch: Et muss een wann een sou e Site huet net beemol 24h/24 do setzen Ip'en ze vergläichen, wei an de Kommentaren shconn gesoot gouf, wann d'User sech normal behuelen bleiwt mei Zäit fir dei Responsabel sech em de recht ze këmmeren, also de Site weider ze entwéckelen.
dawnii: Ech hun hei express Kommentarer zougeloos, well läscht Keier wou se beemol zougemaach goufen hun verschidde User daat net an der Rei fonnt, an dass mer sou Diskussiounen geifen blocken wir net gudd. Mee lo hudd der jo hoffentlech gesin waat sou derbäi räuskënnt wann sou eppes lassgeet. Kuerz: Guer näicht kennt derbäi eräus. Vläicht verstidd der elo besser dass een a verschiddene Situatiounen besser huet keng Kommentarer ze erlaaben oder sou ähnleches. (Ass lo net nemmen fier dech gemengt, mee fir alleguerten)

Schlussendlech hoffen ech dass näicht mei sou virkennt, well ech hu keng Loscht rem Stonnen an der Datenbank ze hänken an no Saachen ze sichen. Daat ass nët de Sënn heifun. Wei en aaneren mer per PM geschriwen huet: Daat hei sollt am beschten vergiess gin an et sollt sech op d'Fotoen konzentréiert gin.

Denen déi sech sérieux behuelen wënschen ech dann nach vill Spaaß um Site.
85 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Google AdSense
(21.04.2006 - 02:33)
Dei eenzech Reklamm dei mer bis elo hei gemaach hun waren jo am fong d'Banner fier eis Partnersäiten. Allerdings gët et do och google AdSense, waat sou gemaach ass, dass een et kann u seng Säit upassen, waat Farwen an Gréisst vun den 'Annoncen' ugeet. Dës Zort vu Reklamm gët op villen Websäiten gemaach, an huet als Virdeel fier déi déi d'Websäit hun dass se kënnen domat bessen Suen rakréien fier hiere Projet ze ënnerstëtzen. Sou eppes huet awer réischt e Wärt vun enger bestemmtner Unzuel vun Visiteuren un, an vu dass mer lo sulues 600 Visiteuren den Daach hun, kéint daat interessant gin.

Lénks ënnert der klenger Oplëschtung vun eisen Partner gesidd der als eischt de Link fier de Firefox roofzelueden an duerno dei Annoncen vun Google.

Jidfereen den iwert den Banner fiert fier sech den Firefox eroofzelueden, bréngt eis eppes klengs eran (natirlech muss heen awer näicht bezuelen).

An mat den Annoncen do ass elo nach net sou ganz kloer waat emmer drop gewise gët mee do zielt et wei oft drop geklickt gët, wéivill mir domadden "verdingen".

Dofier bieden mer Ierch, falls der den Firefox nach net hudd, en souwisou ze installéieren (Gleewt mer, et ass einfach), an dann eben dofier iwert eisen Banner ze fueren, dann hun mier och eppes klenges derfun. Dier froot Ierch vläicht elo, wisou Firefox an net internet Explorer? Ganz einfach, den Internet Explorer huet eischtens emol vill méi Sëcherheetslücken wei den Firefox, daat ass keen Gerücht, mee eng Tatsaach. (vun villen Firmen an Organsiatiounen bewisen) Da kënnt nach derbäi, dass et verschidden Standards gin wei een HTML soll opbauen, w3c genannt. Dës Standards sollen engem hellefen d'Säiten sou opzebauen dass se iwerall richteg ugewisen gin an nach derbäi propper opgebaut sin. Allerdings ënnerstëtzt den Internet Explorer dës net zu 100%. Daat ass och de Grond dofier firwaat Photogen net w3c Standard ass. Den Internet Explorer verzitt an verstellt eis Websäit wann ech daat maachen. Den Firefox mëcht do alles richteg.

Am fall wou mer wierklech géifen bessen Suen domadden rakréien gin dës Suen geholl fier entweder eis Domain photogen.lu ze bezuelen oder eventuell kleng Präisser fier eis Contests dei geschwenn kommen wärten. KEEN zitt do en perséinlechen Notzen dräus, alles gët rem an de Projet gestach.

Dofier bieden mer ierch, heinsto op sou eng Annonce ze klicken, et hëllt net vill Zäit ewech mee mat all Klick hëlleft dier photogen.lu en bessen.

Merci
8 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Wallpapers
(18.04.2006 - 00:16)
Also an der läscht sin emmer méi Leit komm déi Wallpapers ropgelueden hun, mee seelen waren der derbäi wou ee geduecht huet, déi kéint een och als Wallpapers gebräuchen. Mer waren allen 3 immens relax waat Saachen Wallpaper aktivéieren ugeet, mee elo ass et sulues einfach ze vill gin.

Et ware Leit déi hun einfach hier Foto grouss ropgelueden, dei awer net wirklech als Wallpapers ze gebräuche sin, wubäi se nach derbäi net gudd Qualiteit haat an der Opléisung. En plus waren der derbäi wou mer vun User gesoot kruuten se wiren net vun dem jeenechen selwer gemaach (den jeenechen haat immens vill Wallpaper ropgelueden), an ech si mer secher dass daat och nach bei aaneren den Fall war. Nach derbäi hun verschiddener och d'Wallpaper als Ersatz fir d'Galerie gebräucht well do d'Foto keng Kommentarer kruut oder sou.

Ech hun op jiddefall lo mol geraumt, all Wallpaper geläscht den nët wirklech als Wallpaper ze gebräuchen ass. E Wallpaper därf net einfach iergent eng Foto am bessen mei groussen sin ... Dir huelt jo och net egal waat als Wallpaper (Dëst gëlt denen dei hier Fotoen einfach mei grouss ropgelueden hun).

Vun elo un dann gin wirklech nemmen nach Wallpaper akzeptéiert dei och wirklech ze gebräuche sin, wou ee mierkt 'ah jo daat keint een effektiv huelen', an en plus wann et telquel Fotoen sin (waat jo awer heinsto trotzdem de Fall ka sin, zemols bei Sunsets), dann muss d'Qualitéit absolut top sin. E Wallpaper gët net gebräucht wann en schlecht Qualitéit huet.

Et soll sech elo keen gekränkt oder ugegraff fillen wann Wallpaper vun him geläscht gi sin, mee do gëllen eben aaner Kriteren wéi bei de Fotoen.
8 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Ännerung an der Galerie an kleng Updates
(05.03.2006 - 14:54)
An der Galerie hun mer en puer Kategorien bäigesaat, an mer bieden ierch all är Fotoen duerchzekucken ob net der do en puer an eng vun denen neien Kategorien besser passt. Nei sin folgend Kategorien:
- Buergbrennen bei Events
- Am Studio bei Objeten an Still Life
- Formen an Strukturen bei Allgemeng
- Nuetsopnaamen bei Architektur / Stiedt

En Plus hu mer lo d'Limite vun 4 Fotoen pro 24 Stonnen gesaat op 2 Fotoen pro 20 Stonnen. Dëst soll d'User bessen motivéieren nemmen hier gudd Fotoen ropzelueden an sech mei Gedanken driwer ze maachen. Et verhënnert äusserdem dass abeemol d'Halschent vun den 8 neitsten Fotoen op der Haaptsäit vun engem eenzegen User sin.

Lénks gët elo nët méi déi neitst Foto ugewisen mee eng Random (duergerneen) gewielte Foto déi manner wei 3 Kommentarer huet. Dëst ass fier dass och dës Fotoen bessen mei sollen kommentéiert gin. Déi neitst Fotoen gesäit ee jo op der Haaptsäit souwisou.
20 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Ännerung am Team
(20.02.2006 - 20:46)
Dës Ännerung fier genee ze sin ass dass de Lex nët méi mat Admin vu Photogen ass. Mier 3 (Lydie yoshi an ech) hun et fir besser fonnt fir eis Zesummenarbecht fier zu 3 rem weiderzemaachen sou wéi mer och de ganze Projet ugefaangen hun. Grënn fier daat ganzt sin intern gereegelt, mee d'Entscheedung ass zu 100% vun eis allen 3 sou getraff gin, nët vun engem eenzelnen. Mier hoffen awer dass en eis als User erhaale bleift well séng Fotoen sin jo awer wéi een zou muss gin flott ze kucken.
18 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Stil Ännerung
(16.01.2006 - 03:04)
Mat denen Funktiounen dei engem ugemelltenen Member schlussendlech zur Verfügung stungen, war, wann een eng Foto gekuckt huet, zimlech vill Text ënnert der Foto, an soumat ass een nët richteg eens gin, haat keen Iwerbléck. Do duecht ech mer, ech géif emol puer Saachen dodrun änneren, an daat ganzt mei praktesch, flott an iwersiichtlech maachen.

Et sin méi Grafiken dran, Kommentarer gin iwert déi ganz Breed ugewisen (Waat och e laangen Kommentar méi lieserlëch mëcht), an wann een en Kommentar schreift, kann een elo nët nemmen direkt d'Foto och als Favorit bäisetzen, mee och direkt eng Vote-Note mat ugin.

Ech hoffen d'Ännerungen gefaalen ierch, mir op jiddefall sin allen 4 zimlech zouversichtlech dass dëst besser ass. E bessen muss ee sëch wuel drun gewinnen, mee sou vill wéi mir hei Fotoen kucken alleguern, dieft daat dee mansten Problem sin ;).

Falls nach iergent wou sollten Feeler optrieden, waat ech natierlech net hoffen an eigentlech och probéiert hun ze vermeiden, dann schéckt mir (Johny) eng E-mail oder eng PM. Obwuel ech zimlech alles 100 mol getest hun, kann emmer nach eng schief laafen, dier kennt jo Murphy's Law.
12 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Joer 2006
(31.12.2005 - 15:08)
Mier hoffen dass dier gudd feiert, an wënschen ierch alles Guddes fier d'Joer 2006. Och mier hoffen, dass Photogen.lu 2006 nach méi bekannt gët :). Also nët zécken Kolleegen den Site weiderzesoen. Mier sin och frou dass et bis elo sou gudd gelaaf ass, an mier maachen sou vill wéi méiglech derfier dass et sou weidergeet.

Vill Spaß nach op eisem Site, an och iwerhaapt, am nächsten Joer.
13 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Neien Admin
(04.11.2005 - 17:51)
Wen kéint et och schonn aanescht sin, den LEX ass vun haut un eisen 4. Admin, an hëlleft eis vun elo un Bäitreech ze aktivéieren, an de ganze Projet ze administréieren. Mier hoffen dass duerch heen puer flott nei Ideen era kommen, an mier photogen dann nach méi flott gestalten kënnen.

Op jiddefall, vun dëser Säit, vill Spaaß Lex, a Wëllkomm am Team :).
7 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
1 Mount Online
(19.10.2005 - 19:04)
Ee Mount ass et hier, dass ech d'Säit fierbereed hun fier online ze goen, an dann och schlussendlech dem éischten den Link gepaste am ICQ/MSN fier op Photogen.lu. Vun dem Moment un, war dee ganzen Owend während 5 Stonnen ongeféier nie eng Sekonn wou keen online um Site war. Schon alleng daat, haat keen vun eis erwaard.

Lo ass ee Mount eriwer, an ech fannen mer kënnen stolz sin op verschidden Statistiken:
- iwer 110.000 mol ass d'Säit schon opgeruff gin
- méi wéi 4000 verschidden Leit hun Photogen.lu fonnt
- Rekord vun verschiddenen Leit an engem Daach läit bei 190
- Maximum vun 23 Leit zur genau der selwechter Zäit online

- baal 200 MB Fotoen
- ongeféier 12 GB Traffic schonn vun Ufank un dass d'Säit online ass.

- Baal 800 Fotoen
- Iwer 2000 Kommentaren
- An grad haut, 100 registréiert User

- 4 Partnersäiten
- 3 ganz nei Funktiounen an tëschen Zäit (Favoriten, PMS, Automatescht Aktiveieren bei verschiddenen User)
- 3 nach nei Saachen fier Photogen sin geplangt

Wéi scho gesoot, keen vun eis haat erwaard dass eis Säit sou vill Succés huet, mee daat hu mer nët eis selwer ze verdanken, mee zu 90% eisen schon treien Member'en. Dofier wëllen mier IERCH hei en groussen MERCI soen, dofier dass dier sou aktiv sidd, mat un dem ganzen deelhuelt, an och mat probéiert hudd eis Säit bekannt ze maachen. Daat heescht natierlech nët dass dier elo musst ophaalen mat dem ganzen, mee am Géigendeel, maacht weider, an maacht et nach méi.
5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Den 1. Daach
(19.09.2005 - 23:37)
Also mir sin iwerascht wéi gudd den Projet ukomm ass bei den Leit. Vun do un, wou ech d'Passwuert vum Folder geholl hun, an denen eischten den Link geschéckt hun iwer MSN an ICQ, ass net eng Minutt vergaang wou guer keen online war. En plus, Rekord vun 23 Leit mateneen online, daat ass immens, fier den 1. Daach.
Fier alles daat wollten mer ierch emol all Merci soen.

Mier hoffen, dass mer dësen Site per "Mundpropaganda" kënnen populär maachen, an dofier musst dier eis hëlefen. Gidd d'Address roueg Kolleegen weider :).


Dann, wollten mier awer nach puer Saachen soen:
1. Wann dier Froen hudd zum gesamten Projet, oder Kritiken, dann w.e.g. post déi am Forum, an färt nët, well do bäisst scho keen ierch. Mier sin frou fier Kritiken ze liesen, an och eventuell Verbesserungsvirschléi.
2. Wollten mer ierch kuerz em är Meenung froen vun Photogen, dofier hun mer eng Emfroo gestart am Forum, déi HEI ze ereechen ass. Mier wiren frou wann dier géift voten, an och en Kommentar oofgin.


An schlussendlech, nach eng Kéier, merci fier den einfach genialen Start.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Photogen.lu geet online
(19.09.2005 - 16:55)
Majo nodem am Juni ugefaang gouf mat der Programmatioun an Design vun Photogen, ass lo Zäit komm dass d'Säit öffentlëch gët. Mier fréen eis, kënnen ze soen dass mer alles sou hikritt hun wéi mer et geplangt haaten.

Photogen soll eng Säit sin fier Hobby-Fotografen, an eist Ziel ass et eng frëndlech Community heiräuser ze maachen, wou och een dem aaner kann hëllefen.

Mer sichen am Moment nach no en puer Partnersäiten, wann Dier interesséiert sidd, dann mellt Ierch op contact@photogen.lu w.e.g.

Mier wënschen ierch alleguerten vill Spaß um Site vun Photogen.lu
5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»