Header
Sichen an den Titelen:

Dës Sich bezitt sech nemmen op déi aktuell gewielten Kategorie
Du kucks grad d'Neiegkeeten an der Kategorie Fotografie - Technik
Nik Collection
(28.03.2016 - 17:17)
Nik Collection, huet viru ville Joër nach vill kascht gehaat, bis dass Google alles opkaaf hat an et 2012 fir nëmmen 150$ ugebueden hat, wat nëmmen nach e Brochdeel vum Originalpräis war.

Elo 4 Joër weider bidd Google d'Nik Collection GRATIS un!

Hei klicken

Vill Spass!
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Lightroom Coffee break
(06.03.2016 - 00:22)

Adobe huet eng nei playlist op youtube erstallt.
All Mount sollen 2 ganz kuerz Video'en vun ënnert enger Minut veröffentlëcht gin.
Sënn ass et hei kléng awer ganz nëtzlech Funktiounen am Lightroom mei no ze bréngen.

Souwäit hun se schon 5 Video'en gedréihnt, an ech sin och 5 mol mi schlau gin.

Hei geet et zur Youtube Lëscht.
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Amazon Cloud Drive
(27.03.2015 - 23:43)
Hautdesdaags mat den villen digitalen Dateien déi sech all Dag usammelen gëtt d'Thema Backup ëmmer méi an méi e gréissert Thema, och, oder grad zemools mir als Fotografen sinn dovunner immens Betraff.

Fir all di Läit wou sech heifir interesséiere sollten, Amazon bidd en interessante Service un.
eng Kéier eng Solutioun wou een all Aart vun Dateien kann an der cloud backupen fier 60 Dollar pro Joër,
an fir ons lo ganz interessant, eng Solutioun di nëmmen 12 Dollar pro Joer kascht an wou een onendlech Fotoen kann backupen.

Detailer/Konditiounen koennt der bei hinnen um Site nach noliesen.

Link bei Amazon
8 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
DxO Optics Pro 8 - Gratis bis 31/01/2015
(26.10.2014 - 20:52)
Bis den 31/01/2015 koennt der den DxO Optics Pro gratis downloaden.

Entretemps ass d'Versioun 9 schonn eraus, an Versioun 10 sollt demnächst erauskommen, dofir wuel hei dës kléng Aktioun fir de Läit den 9 respektiv den 10 bëssi schmackhaft ze maachen, fir jiddereen den nach keng Software fir Biller ze verschaffen huet oder einfach mol eppes neies probéieren sécher eng flott Aktioun.

Weider Infos fannt der hei.

7 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Perfect Effects 8 - Gratis
(09.05.2014 - 00:27)
onOnesoftware bidd hier Perfect Effects 8 Software gratis un,
et kann een se an de Lightroom an Aperture abannen, oder awer och als standalone benotzen.

Avis aux amateurs! :-)

Klick
7 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Nikon D3200, Nikkor 28mm f/1.8G
(19.04.2012 - 08:20)
Nikon huet eng nei DLSR an der Ufänger-Gamme virgestallt. Hei d'Iwwersiicht vun der D3200
-24MP DX Format CMOS Sensor
-ISO 100-12800
-1080p/30 Video
-4 fps am Mode Rafale
-920k Pixel LCD
-Ka mat der neier WiFi Unit WU-1a benotzt ginn. (60 Dollar)
Disponibel ab Enn Abrëll fir 700 Dollar.

Weider gëtt et en neit Objektiv. D'Nikkor 28mm f/1.8 G ass e Wäitwénkel Vollformat Objektiv. Op engem Krop-Sensor wéi dee vun der D3200 gëtt doraus dann en 42mm equivalent Objektiv. Et ass ze kréien ab Enn Mee fir 700 Dollar.

[via: nikonrumors.com, dpreview.com]
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Déi läscht News
(31.03.2012 - 17:52)
Naja, net grad: an Zukunft wärt ech d'Technik News op eisen Twitter Account photogenlu posten.
Dir kënnt op der do Adress selwer d'News liesen, oder, wat vill méi praktesch ass, en Account do opmaachen an d'News direkt op den Computer oder Telefon geschéckt kréien. Eng ganz Rei vu Leit vu Photogen si schonn op Twitter ugemellt.
Op dëser Plaz kommen an Zukunft just nach déi méi grouss News, also wann zB eng nei wichteg Kamera virgestallt gëtt.

Sony
Sony huet dëse Mount d'A57 SLT virgestallt. D'Nofolgerin vun der A55 bleift der 16MP Opléisung trei, awer den ISO geet elo bis 16 000. Den Mode Rafale leeft elo bei 12fps an den AF Sytem gouf verbessert, mat 15 AF Punkten an der Fähegkeet während dem filmen séier ze fokusséieren. De Video kënnt am HD, bei 60p/60i a 25p. De Präis läit bei 700 Dollar fir de Boitier eleng. Den Apparat kënnt de 16. brëll op de Marché.

Zeiss
Carl Zeiss huet offiziell en neit Wäitwénkel Objektiv ugekënnegt. Den Distagon T* 2,8/15. Ze kréie mat EF oder F Bajonett. Ab Mee 2012 dierft der iech dat gutt Stéck knapp 2148€ kaschte loossen.

Adobe
Den Photoshop CS6 ass elo als Beta Versioun disponibel fir gratis ze testen. Dir braucht eng Adobe ID fir de Programm direkt vun www.adobe.com erof lueden ze kënnen. Hei ass en Video wou den Russel Brown 6 vu senge neie Lieblinsfeatures virstellt: http://www.youtube.com/watch?v=PTYcRWPsZUg
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Lightroom 4
(06.03.2012 - 13:06)
A weider geet et mat den News dës Woch! No enger relativ kuerzer Public Beta Phase huet Adobe elo de fäerdegen Lightroom 4 eraus bruecht.

Et gëtt en neie Modus fir Photobooks ze kreéieren, Video Fichieren ginn besser ënnerstëtzt, et gëtt en neie Modul fir Geotagging a Verbindung mat Google Maps, an natierlech ginn déi neitste Kamera Modeller ënnerstëtzt, zB. Canon 1DX an Nikon D4. Et gëtt elo och d'Méiglechkeet fir Soft Proofing ze maachen, d.h. um Bildschierm (soft proof) ze gesinn wéi d'Bild ausgesäit wann et bis gedrockt gouf (hard proof).

An um Präis gouf och halbéiert! D'Standard Versioun kascht 109€, fir 62€ kritt een de Programm wann ee Student ass (oder Proff, hehe).

Links:
Review op PDN
Review op DPReview

(via dpreview.com, @photoshop (Twitter))

3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Canon EOS 5D MkIII an Accessoiren
(02.03.2012 - 14:04)
Voilà, do hu mer jo de Stuerm. Oder awer nëmme frësche Wand? Vläicht ass d'MkIII net grad esou e "Game-Changer" wéi d'MkII et war, mä et ass en zolitten Upgrade deen sech e puer Tricken bei der EOS 1DX ofgekuckt huet.

Bannendran
-22.3MP Full-Frame Sensor (MkII: 21.1) mat Mikrolens Design vun der 1DX
-Digic 5+ Prozessor (17x méi séier wéi den Digic 4 an der MKII)
-61-Punkt AF Sensor wéi en an der 1DX zum Asaz kënnt. De Fokus System an der 5DMKII huet ëmmerhin schon 8 Joer um Bockel also war dat hei fälleg.
-63-Zone Beliichtungsmiessung
-ISO 100-25600 (erweiderbar op 50-102400) Se ass 2 Blende méi liichtempfindlech wéi d'MkII.
-6 fps am Burst Modus (MkII: 4fps)
-3.2" LCD (1.04 Millioune Bildpunkten)
-100% Viewfinder (d'5DMkII hat ee mat 98%)
-CF & SDHC Kaarteslots

Video
-H.264 1080p24/25/30, 720p50/60
-Stereo Mikrofon. Anscheinend ass den Soundsystem staark verbessert ginn. (Ech hunn den Sound deen d'5DMkII opgeholl huet grujeleg fonnt wéinst dem staarke Rauschen.)
-Kopfhörer Uschloss fir dass ee während dem Filmen kann no de Levels kucken.
-Während dem Filmen reagéiert dat hënnescht Riedchen op Beréierung. Esou kann een Astellungen änneren ouni Klickgeräischer fäerten ze mussen.
-Intraframe Kompriméierung.
-Den Vincent Laforet ass net esou begeeschtert vun den neie Video Funktiounen. Hiet zitt d'Schlussfolgerung dass fir Videografen d'C300 e vill méi interessanten Apparat ass.

Ergonomie
-Nei Knäppercher, deelweis Gimmick, deelweis nëtzlech. Gudd fannen ech den LiveView Knäppchen wéi e scho bei der 7D zum Asaz koum. Den Multi-Funktion Knäppchen beim Shutter schéngt och praktesch ze sinn.
-Verbessert Ofdichtung fir géint d'Elementer ze schützen

Disponibilitéit
3,500$ ab Enn Mee. (Zur Erënnerung: d'5DMkII koum 2008 fir 2700$ eraus.)

Weider Links:
Hands-on mat Video op dpreview.com
Gizmodo vergläicht d'5DMkIII mat der MkII, 1DX, Nikon D800, D4 a Sony A900.

Weider Accessoiren
Canon huet zesummen mat der 5D MkIII e puer weider Saache virgestallt.

-Den Speedlite 600EX-RT ass den éischte Blëtz vu Canon mat agebauter Funk Technologie. Guide Number: 60 @ ISO100 & 200mm Zoom. 630$. (Den 580EX II hat en RRP vun 500$.)
-Den Speedlite ST-E3-RT huet Funk kann bis zu 15 Blëtzer bis op eng Distanz vun 30m steieren. 470$.
-Canon Wireless Transmitter WFT-E7, 760$
-GPS Receiver GP-E2, 390$
-Battery Grip BG-E11, 490$.

via: petapixel.com, dpreview.com, gizmodo.com, canonrumors.com
14 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Leap Day News
(29.02.2012 - 08:14)
Déi lescht News sinn nach net esou lang hier mä d'nächst Woch kréie mer wuel eppes méi ze berichten. D'Rou virum Stuerm also.

Pocketwizard huet nei Blëtzausléiser virgestallt. Den PocketWizard Plus III kann 4 Gruppen via 32 Kanäl usteieren bei bis zu 14.5 fps. Par rapport zum Plus II koum och en LCD Schierm dobäi fir d'Steierung ze vereinfachen. Se sinn och 30$ méi bëlleg wéi hir Virgänger. Fir méi Infoe schécken ech iech bei ee vun de Spezialisten vun der Blëtzfotografie: http://strobist.blogspot.com/2012/02/pocketwizard-...

Adobe: Bei PetaPixel kritt der e Preview vun dem neie Move Tool am Photoshop CS6: http://www.petapixel.com/2012/02/14/a-sneak-peek-a...

via dpreview.com, strobist.com, petapixel.com
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Valentine's News
(14.02.2012 - 17:56)
Rouse si rout,
Veilche si blo,
De Gloda schafft och haut
An d'News sinn lo do.
(Gutt dass ech Fotograf an net Dichter sinn, heh?)

Software
Nikon huet ViewNX 2.3.0 eraus bruecht. An Camera Control Pro 2.10. An d'Wireless Transmitter Utility 1.3. An Capture NX 2.3.0. Déi sinn nawell fläisseg do.

Canon huet och eppes neies bruecht, déi Kéier fir OSX User: EOS Utility 2.10.4 fir 10.6.8-10.7.

DxO Optics Pro ass bei der Versioun 7.2 ukomm. Nei Kameraen ginn ënnerstëtzt an et kann een Donnéen vun der Versioun 6 importéieren.

Phase One Media Pro ass elo bei der Versioun 1.2.

Vu Corel gëtt et eng nei RAW Entwécklungssoftware: AfterShot Pro. Si hate jo Bibble Labs opkaf. Mac, Linux a Windows. 99$.

Vun Oloneo gëtt et eng nei HDR Software. Se heescht HDRengine. Tone Mapping an HDR Erstellung ginn domat nach méi einfach, fir dass nach méi Leit hei op PG hir Fotoen verschandele kënnen.

Lightroom ass bei der Versioun 3.6 ukomm. An... psst... Lightroom 4 Beta ass do. Vill Spaass :)

Hardware
Aus eiser Serie vun Objektiver mat Nimm déi kee Mënsch ausschwätze kann, haut: Tokina AT-X 116 PRO DX II. Dëst 11-16 f/2.8 Objektiv krut par rapport zu sengem Virgänger e Silent Drive Modul, an domat Autofokus op allen Nikon Apparater. Donieft nach e puer optësch Verbesserungen. Nikon Versioun ab Abrëll, Canon ab August. Nach kee Wuert zum Präis.

Tamron stellt en Vollformat 24-70 2.8 Objektiv fir (Di VC USD). Mä si soten nach näischt doriwwer wéini et kënnt a wat et kascht. Sou geet et natierlech och. U sech wir et awer flott ze wësse wat de Präispunk ass, well:

Canon ersetzt ee vun hiren populärsten Objektiver. Ab elo kritt een den 24-70 2.8L II. Virgänger: 1275€. Neie Modell ab Abrëll fir 2299€. o0 D'Objektiv krut en neien optëschen Design a gouf mat Swarowski Diamante besat. (Anescht kann ech mer de Präis net erklären.) Hei e Verglach vun den 2 Versiounen: http://www.canonrumors.com/2012/02/canon-ef-24-70-...

Vu Canon kommen och 2 nei Objektiver mat fixer Brennwäit. Zum engen den 24 2.8 IS USM an zum aneren den 28mm 2.8 IS USM. Ech kennen hei d'Präisser nach net.

Lensbaby stellt den Edge 80 Optic fir. Domat kann een eng Rei vun hiren existéierenden Objektiver an en Tilt Objektiv verwandelen. 80mm, 300$. "Hä?" Guckst du hier.

Sigma huet decidéiert dass 6400$ fir d'SD1 vläit awer eng Grëtz zevill war. Den apparat kascht elo nëmmen nach 3300$ an heescht dann SD1 Merrill.

Vu Sigma kënnt dann och en neit Macro Objektiv. Den APO Macro 180mm F2.8 EX DG OS HSM. Op der CES zu Las Vegas haten se souguer en Prototyp dobäi. Mä deen hunn se während der Show "verluer". Ups.

Canon huet Beispillbiller vun der 1D-X verëffentlecht. http://web.canon.jp/imaging/eosd/samples/eos1dx/

DataColor verkeeft elo d'Versioun 4 vun hirem Spyder Bildschirmkalibréierungsamoossscannerspannentruc. 26% méi präzis wéi den 3. 119$ fir d'Express Versioun, 249$ fir d'Elite Versioun.

via: nikonrumors.com, gizmodo.com, dpreview.com, canonrumors.com
10 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Nikon D800
(08.02.2012 - 11:43)
Nikon huet gëschter d'D800 SPigelreflexkamera virgestallt. Hei e puer technesch Detailer vum Apparat deen e mat enger klenger D3x vergläiche kéint.
-36.3MP am FX Modus - déi héchst MP Zuel op engem Spigelreflex 35mm Sensor bis elo.
-Pixelgéisst um Sensor: 4.88 microns (op der D4: 7.3). Méi kleng Pixel verursaache méi Bildrauschen.
-ISO 100-6400 (ka bis op ISO 25,600 gepusht ginn.)
-91k RGB 3D color metering (wéi op der D4)
-51-Punkt AF System
-3.2 Zoll LCD Bildschirm
-4fps am kontinuelle Modus, 5fps wann een op DX ëmschalt
-1080p/30 HD Video, h.264 bis 20 Minutten
-Méiglechkeet onkompriméierten 8-bit 4:2:2 Video opzehuelen mat externem DVR
-Agebauten 2-Bild HDR Erstellung
-Magnesium Alloy Boitier. 1000g, dat sinn der 75 manner wéi d'D700
-Agebautene Blëtz funktionéiert als Master
-CF an SD Kaarten
-Live View
-3000$ ab März
-Och erhältlech als D800E, ouni Lowpass Filter (méi schaarf, mä keen Anti-aliasing, 3300$)

Links:
[url=http://www.youtube.com/watch?feature=player_embedded&
v=6rEIam8uQ50]Video Produkttour (Nikon Australia)[/url]
Joy Ride by Sando - e Kuerzfilm mat der D800 gedréint.
Hands-on preview vun dpreview
Linksammlung op nikonrumors.com

via: petapixel.com, dpreview.com, gizmodo.com
4 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Nikon D4
(15.01.2012 - 22:26)
Dir sidd all vill ze vill léif mat mir. Ech kréien iwwert eng Woch laang net mat dass d'Nikon D4 annoncéiert gouf an dir sidd all ze héiflech fir iech ze beschwéieren dass nach keng News driwwer komm sinn. Mat Verspéidung dann hei e puer Infos iwwert dat neit Flaggschëff vu Nikon, déi se als Multimedia DSLR bezeechnen.
-16MP
-10fps (oder 24fps wann ee mat 2.5MP schafft. Mä da schellt dono d'Police well d'Noperen eng Mitraillette héieren hunn.)
-Ethernet Uschloss
-91,000 Pixel Mooss-Sensor. Deen erkennt och Gesiichter. Dir kënnt jo an de Kommentaren schreiwen ob der dat nëtzlech fannt.
-verbesserten AF Sensor (méi liichtempfindlech)
-ISO bis 204,800. Ech muss ëmmer zweemol kucken ob ech mech net an den Nulle geiert hunn.
-méi Knäppercher! (Ech hu mer soe gelooss d'Canon 5DMkIII kritt eng Querz Tastatur.)
-beliicht Knäppercher. Cool! Op d'mannst fir déi Zäit wou een Knäppercher nach net auswenneg kennt an am Däischtere schaffe muss.
-XQD Späicherkaarten. D'D4 ass den éischten Apparat deen dës nei Kaarten ënnerstëtzt. Déi éischt si vu Sony an se sinn séier, z.B. kann een 100 RAW Biller "en rafale" fotograféieren an se kënnt nach no. 1Gbps. Fräck.
-CF Kaarten hëllt se awer och nach.
-1080p30 HD Video bis 24Mbps onkompriméiert.
-Boitier eleng: 6000$ ab Februar. Also wann an der Gemeng Käerjeng jiddereen 50 Cent bäileet kënne mer eis eng fir d'ganz Gemeng kafen. Ech géif se och versuergen.

Gläichzäiteg huet Nikon nach e puer Saachen annoncéiert.
-Eng vu Grond op nei designt Versioun vum AF-S Nikkor 85mm f/1.8G gët et mat der D4 zesummen als Kit oder eenzel ab Mäerz fir 499$.
-Den Nikon WT-5 Wireless Transmitter schéckt är Fotoen ouni Kabel op e Computer wéi een et scho vun der Virgängerversioune kennt.

Et kann een se bei Amazon virbestellen. Äh, nee. Pardon. Dat konnt een. Während zwou Stonnen. Du war se ausverkaf.

via:
dpreview.com
nikonrumors.com
chasejarvis.com
gizmodo.com
8 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Kleesechersnews
(04.12.2011 - 14:25)
Wat huet sech a leschter Zäit an der Fotografie a Saachen Hardware a Software gedoen? Ech ginn iech eng kuerz Iwwersiicht falls der muer nach eppes wëllt op är Lëscht fir de Kleesche schreiwen.

Sigma wärt eng onstabiliséiert Versioun vum 17-50mm 2.8 EX DC HSM fir Sony a Pentax eraus bréngen. Déi meescht Fotoapparater an deem Format hunn nämlech mëttlerweil agebaute Bildstabilisatioun. Ab dem 9. Dezember kritt der also fir de selwechte Präis en Objektiv wat eppes manner huet. Yeah!

Nikon huet den SB-900 Blëtz duerch den SB-910 (550$ RRP) ersat. Vill huet sech net geännert. Den Display ass e bëssen anescht, ee Knäppchen huet gewiesselt an d'Iwwerhëtzungswarnung ass méi nëtzlech ginn. Et sinn elo och haart Filter dobäi fir d'Faarftemperatur ze wiesselen. Also sou zimlech dat selwecht wéi virdrun, just 55$ méi deier. Mä hey, neie Knäppchen a sou.

Nikon huet e puer Nikkor 1 Zoom Objektiver en Firmware Update offréiert. Betraff sinn folgend Modeller: 10-30 3.5-5.6, 30-100 3.8-5.6, 10-100 4.5-5.6.

Nikon huet fir Windows 7 a Windows Vista den Nikon NEF Codec op d'Versioun 1.12 aktualiséiert. De Codec gëtt benotzt fir am Windows Explorer Thumbnails unzeweisen.

Nikon huet d'Versioun 2.2.3 vum ViewNX eraus bruecht. Et goufen e puer Bugs eraus geholl.

Canon huet d'Cinema EOS C300 virgestallt. Et ass eng Filmkamera mat der EOS Montur. Den Präis war fir d'éischt bei 20000$ ugesat ginn mä ech mengen en ass schonn no ënne revidéiert ginn. Fir d'Fotografen ënnert eis ass dat net sonnerlech interessant mä vill Indie-Regisseuren wäerte sech freeën eng erschwénglech Kamera déi gutt an der Däischtert a mat (ë.a.) EOS Objektiver funktionéiert benotzen ze kënnen.

Vu Samyang kritt een geschwënn eng nei Versioun vum AE 8mm 3.5 Aspherical IF MC Fisheye CS Objektiv fir Nikon. Déi nei Versioun huet e Microprozessor a kascht 325€.

DxO Labs huet Optics Pro 7 eraus bruecht. Säit enger knapper Woch ass de Programm deen e gudd Stéck méi séier wéi d'Versioun 6 soll sinn ze kréien. Wann der d'Versioun 6 no dem 1. September kaf hutt ass den Update gratis.
Weider gëtt et vun DxO Labs den FilmPack 3.1, e Programm mat deem ee verschidden Zorten vun Analogfilm kann imitéieren. (Präisser bis Chrëschtdag: 49$ fir Essential, 99$ fir Expert.)

Vun Carl Zeiss gëtt et en neien Distagon T* 2/25 fir Canon an Nikon. D'Objektiv huet manuelle Fokus a kascht ronn 1400€.

Lytro huet hir éischt Kamera virgestallt. Vum Format hir gesäit se aus wéi e Rechteck aus engem Baukasten gekräizt mat engem Lëppestëft. Zur Erënnerung, dat hei ass déi éischt kommerziell Light Field Camera. E Modell dee Plaz fir 350 Fotoen huet kascht 400$. Ze kréien ab Ufank 2012.

Canon huet d'Firmware Versioun 2.1.1 fir d'5DMkII verëffentlecht deen e Bug mam Continuous Shooting soll behiewen.

Apple huet Digital Camera RAW à jour gesat. Mat der Versioun 3.9 ënnerstëtzen Aperture 3 an iPhoto '11 e puer Fotoapparater méi.

Vun Adobe gëtt et d'Release Candidates fir den Lightroom 3.6 an Adobe Camera RAW 6.6. Ween sech net gedëllege wëll bis se offiziell fäerdeg sinn kann se also schonn vun Adobe eroflueden. Et ginn e puer nei Fotoapparater ënnerstëtzt.

ArcSoft huet Perfect365 eraus bruecht. Mat dem gratis Programm kann ee mat engem Klick Biller manipuléieren. Perfekt vir déi Leit déi sech keng Gedanken iwwert hir Biller wëlle maachen. (Fir déi kënnt d'iPhone App och no. An d'Facebook App.)
7 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Canon EOS 1D X
(18.10.2011 - 09:33)
Canon huet de moien hiert neit Flaggschëff firgestallt: D'Canon EOS 1D X. Den X steet fir déi 10. Generatioun vun EOS Kameraen. D'1D X ersetzt d'1Ds an d'1D Serie. Déi zwou Linnen goufen heimat verschmollt.

Den Sensor
Den Sensor huet mat 18MP eng méi kleng Opléisung wéi d'1Ds MkIII. Dofir huet en awer déi gréissten Pixel aus der Canon Gamme: 6.95 micron pro Pixel sinn der 1.25 méi wéi op der 1D MkIV. (Méi grouss Pixel sammele méi Luucht an schaafen domat manner Bildrauschen.) D'Liichtsensibilitéit gouf em zwou Blende verbessert. Nativ geet den ISO bis 51'200. Mä dat kann een nach op ISO 204'800 eropschrauwen. (Wann der wéi ech mëttlerweil den Iwwerbléck verluer hutt: dat sinn 11 Blende méi wéi ISO 100.)

Prozessoren
Nach ee Grond virwat mer mat manner Rausche rechne kënnen: d'1D X huet en Dual Digic 5+ Prozessor, deen 17x mol esou séier ass wéi den Digic 4 vun 2008. Sou huet den Apparat dann keng Problemer fir 12 RAW Fotoen (oder 14 JPEG) an der Sekonn ze verschaffen.

Autofokus & Miesser
Iwwregens huet Canon nach een weideren Digic4 Prozessor agebaut just fir den Autofokus System eleng! Den AF System huet 61 Punkten, dovun sinn der 5 diagonal Kräizpunkten fir Blenden bis 2.8. Baussen sinn och nach eemol 20 vun de Punkten vum Kräiztyp. Den Liichtmiesser huet eng Matrix vun 252 Zonen déi en plus dem Tracking System hëllefen fir Motiver déi sech Bewegen nët aus dem Fokus ze verléieren.

Video
1080/24, 1080/30, 720/60 kenne mer schonn vun der 7D. Nei ass dass wann d'4GB Limit vun engem h.264 Fichier erreescht sinn d'Kamera elo automatesch en neien uleet amplaz d'Filmen ze ënnerbriechen. D'maximal Dauer vun engem Clip gouf och op 29 Minutten erop gesat.

D'Gehais
Dual CF Kaarte Slots fir UDMA-7 Vitesse, e Rideau aus Karbon-Fiber (fir 400'000 Ausléisungen), en neit 'Jogwheel' am Styl vum iPod, en Sucher mat 100% Ofdeckung an 0.76x Vergréisserung an (mer kennen et schonn vun der 7D) Gittermuster an Waasserwo. D'Knäppecher kruten en neie Layout deen se an Playback an Astellungen trennt. Dat Baussecht aus Magnesium-Alloy mécht d'Kamera Waasserfest, d'selwecht wéi bei den Virgänger. Se hunn och nach en Uschloss fir en LAN Kabel dran gebaut. WiFi an GPS ginn just iwwer Zousatzmodulen.

D'Präisser déi ech bis elo gelies hunn waren 6800$ an 7000$, den Datum wier März 2012.

(via Gizmodo, CanonRumors)
11 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
iNews
(17.10.2011 - 18:08)
Lytro
Am Juni huet Lytro eng nei Zort vu Kamera annoncéiert mat där een kann nodréileg um Computer den Point de Vue an den fokusséierte Beräich astellen. Dat ganzt klappt doduerch dass fir all Foto en "light field" (Liichtfeld) opgeholl gëtt. D'Firma ass elo dobäi dem Apparat lescht Schlëff ze ginn an mat den Liwweranten an Hiersteller ze schaffen. Hei ass en klengen Artikel iwwer d'Reaktiounen vun 2 Fotografen déi mam Protoyp geschafft hunn: www.petapixel.com/2011/10/13/lytro-beta-testers-ca...

Adobe
Et gëtt knapps een Newspost wou mër laanscht dës Ekipp kommen! Hir neiste Kreatioun heescht Photoshop Touch an ass kënnt geschwënn (November?) fir Android Tablets eraus. Eng iOS Versioun soll no kommen. Fir 10$ kënnt der mat der App relativ einfach Arbeschten un enger Foto virhuelen. Ëmmerhinn ënnerstëtzt se awer Layers / Ebenen!. Donieft ginn et Effekter an Funktiounen fir d'Biller online mat aneren ze deelen. Et kommen nach 5 aner Apps déi zesummen an eng Serie gehéieren: Collage, Debut, Ideas, Kuler a Proto.
Och fir Mac a PC gëtt et neies: D'Versioun 3.5 vum Lightroom an 6.5 vum Adobe Camera Raw (ACR) sinn ab elo disponibel.

Apple
Vu baussen gesäit den iPhone 4S net vill anescht aus, mä et huet sech e bëssen eppes gedoen un der Kamera mat deer eng sëllechen Apps fir iOS schaffen. Den 4S huet en 8MP CMOS Sensor (backlit). Engadget seet dass deen par rapport zum Virgänger 73% méi liichtempfindlech ass. Déi aner wichteg Zuel ass déi hei: 30% méi Schärft: d'Objektiv huet eng fix Blend vun 2.4 a besteet aus 5 Elementer. Weider gouf d'Zäit déi d'Kamera fir ze starte brauch op 1.1 Sekonne reduzéiert, all Foto dono brauch eng hallef Sekonn Paus. Video hëlt en och op: 1080/30p.
Firwat zielen ech iech hei eppes iwwer d'Kamera vun engem Handy? Et bréngt eis als Fotocommunity näischt verpönt op den Apparat ze reagéieren, ëmmerhinn ass den iPhone 4 déi verbreetsten Kamera op Flickr, nach virun D90 an 5DMKII. https://secure.flickr.com/cameras/. Bei Gizmodo hunn se sech e puer vun den Beispillfotoen déi Apple erausginn huet ugekuckt: http://gizmodo.com/5846871/holy-hell-the-pictures-...
Niewebäi huet Apple och Aperture op d'Versioun 3.2 aktualiséiert. Wichtegst Neierung: d'Zesummespill mat iCloud an iOS5. (Sou, elo hunn ech awer oft genuch en i virun e Wuert gesat fir haut.)

Sigma
D'18-200 f/3.5-6.3 DC OS HSM krut en Nofolger. D'Versioun II krut FLD Glas an en verbesserten Design: et ass méi schlank an aus 13 goufe 14 Lënsgruppen. Benotzer vu Canon, Nikon, Sigma, Pentax a Sony Kameraen kënnen d'Objektiv fir 720$ kréien.

Sony
Fir d'SLT A77 an A65 gëtt et nei Firmware. Domat sollen ë.a. d'Knäppecher besser goen. Top.

MIT
Wëssenschaftler um Massachusetts Institute of Technology hunn erausfonnt dass Graphen (eng een Atom déck Schicht Carbon) op Liicht reagéiert. Dee Moment gëtt Stroum produzéiert. An der Fotografie kéint dat iergendwann praktesch ginn, well Graphen op méi ee breede Spektrum vu Luucht reagéiert wéi déi Materialien déi traditionell verschafft ginn.

Iwwregens rechent d'Gerüchtekichen ganz geschwënn mat neie Spigelreflex Kameraen vu Canon (muer) an Nikon (26. Oktober). Mir halen iech natierlech um Lafenden.

(via Petapixel, Gizmodo, CanonRumors, NikonRumors, DPReview)
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Hard- a Software News September
(02.10.2011 - 14:54)
Den leschten Update ass nach net lang hier, mä ech wëll iech net virenthalen wat de Rescht vum Mount geschitt ass.

Adobe huet Lightroom 3.5 an Camera Raw 6.6 eraus bruecht. Domat ginn d'RAW Formater vun 15 neien Apparater ënnerstëtzt. Update iwwer adobe.com.

Dobäi kënnt, nach eemol vun Adobe, d'Versioun 10 vum Photoshop Elements. An dëser Versioun gëtt et ënnert anerem 'Guided Edits'. Dir kënnt iech dat virstellen, wéi en Tutorial deen direkt an de Programm agebaut ass an dem User hëlleft Techniken ze léieren. E puer Tools goufen och iwwerschafft.

Dat war et och schonn. Lo profitéiert vum schéine Wieder a gitt Fotoe maachen :)
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Nikon 1
(21.09.2011 - 11:29)
Nikon sinn grad esou schlecht doranner nei Produkter geheim ze halen wéi se gutt dran sinn Fotosmaterial hier ze stellen.
Wat d'Gerüchtekichen schonn laang wosst ass dann ab haut offiziell: Nikon huet eng nei Gamme (Nikon 1) mat wiesselbaren Objektiver an ouni Spigel annoncéiert.
Zum engen hu mer do d'V1, mat Magnesium Alloy Gehais an engem EVF (Electronic Viewfinder) mat 1.4M Bildpunkten. Et kann een Video mat 1080/60 schéissen. Den neien Sensor am "CX" Format ass een Zoll grouss. Dat bidd also en 2.7fache Crop am verglach zum Vollformat. Den Sensor ass also e gutt Stéck méi kleng wéi deen vu vergläichbaren Modeller vun aneren Marken. Am Kit mam 10-30mm Objektiv ass d'V1 fir 900$ ze kréien ab dem 20. Oktober. Iwwregens: D'V1 ass déi bis elo klengst a liichtsten spigellos EVF Kamera.
Nikon huet gläichzäiteg en zweeten Modell no dem selwechten Prinzip virgestallt. D'J1 ass méi kleng a méi bëlleg (650$ mam Kit Objektiv). Den hei Apparat kënnt och den 20. Oktober an d'Geschäfter.

Ouni Objektiver bréngt engem deen neien Format natierlech näischt. Den 10-30mm f/3.5-5.6 hunn ech ewell ernimmt. Op Vollformat wier dat en equivalent vun 27-81, also en Standard Zoom. Dobäi kënnt den VR 30-110mm f/3-8-5.6 (81-297mm equiv.) mat deem der den Panther oder de Bier oder d'Kou (dat nächst Summerlach kënnt bestëmmt) méi no erun huele kënnt. Dat drëtt Objektiv ass en 10mm f/2.8 (27mm equicv.) fix. Méi spéit eréischt kënnt en Nikkor VR 10-100mm f/4.5-5.6 (27-270 equiv) 'Power Zoom' Objektiv. Ech sinn net sécher wat Power Zoom heescht, mä et kléngt ewéi eppes wat ech op en elektresche Vëlo géif installéieren. Zoom de Bierg erop!
7 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Technik an Software News vum Juni
(01.07.2011 - 15:21)
Hardware
-D'Sigma Makroobjektiv 105mm f/2.8 EX DG OS HSM soll ab elo disponibel sinn. Fir 1400$ kann een domatt Makroen bei enger Vergéisserung vun 1:1 maachen.
-Kenko an Tokina hunn fusionnéiert an en neit Objektiv ugekënnegt. Den Tokina SD 17-35mm f/4 AT-X PRO FX huet SD Glas, rouegen Autofokus. Vum Präis gouf nach näischt gesot.
-Lytro, eng nei Firma, huet eng Kamera annoncéiert mat deer een d'Fotoen nodréiglech um Computer fokusséieren kann an déi och Ännerungen un der Perspektiv zouléisst. D'Iddi gouf hei am Forum diskutéiert: http://www.photogen.lu/forum/thread.php?goto=lastp....
-Canon huet den EF 55-250mm f/4-5.6 IS II virgestallt. D'Objektiv soll ab Juli ze kréie sinn.

Software & Firmware
-Canon huet d'Firmware fir d'50D op d'Versioun 1.0.8 aktualiséiert.
-Pentax huet d'Firmware vun den Kameraen K-r, K-5 an 645D op d'Versioun 1.01 aktualiséiert.
-E puer Kameraen vun Sony kruten iwwert en Firmware Update nei Features: d'NEX-3, NEX-5, SLT A33 an SLT A55 profitéieren dovun.
-DxO Labs huet FilmPack3 erausbruecht. Domat sollen Amateuren vum Analogfilm deem d'Charekteristiken vun 60 beléiftenen Schwarzwäissfilmer um Computer simuléieren kënnen. DxO Labs huet och den Programm Optics Pro op d'Versioun 6.6 aktualiséiert.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Software & Technik Mee
(04.06.2011 - 14:41)
De Mee war ganz roueg fir eis Hobby-Fotografen wat Material a Software ugeet.

Software
ACD Systems huet ACDSee Pro 4 op de Marché bruecht.
Datacolor huet eng App virgestallt fir Faarfkalibratioun um iPad - allerdéngs muss een dono och alles wat soll kalibréiert sinn mat der App selwer kucken.
ABSoft huet Neat Image 7 virgestallt. De Programm reduzéiert Bildrauschen.

Firmware
Canon huet aktualiséiert Firmware fir d'Canon 5DMkII, 600D an 1DMkIV erausbruecht.

Hardware
Pentax huet den O-GPS1 virgestallt, en GPS Modul fir d'Fotoen ze "geotaggen".
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Software & Firmware Updates Abrëll
(01.05.2011 - 12:03)
Wat gëtt et dëse Mount neies erof ze lueden?

Software
Ichikawa Soft Laboratory: Silkypix Developer Studio (nei Modeller ënnerstëtzt).
Nikon: Capture NX 2.2.7 an Camera Control Pro 2.9.0.
Nei vun Oloneo: PhotoEngine (Windows, RAW, HDR). 125€ ab 31.5.2011.
Canon: Digital Photo Professional 3.10.1 (Bugfixes, nei Modeller).
Adobe: Lightroom 3.4 an Camera Raw 6.4. (Bugfixes, nei Modeller vu Kameraen an Objektiver).
Phase One: Capture One Pro 6.2, Express 6 Raw 6.2 (Nei Features an nei Modeller).

Firmware
Nikon: D7000 v1.02 (Bugfixes, kleng Verbesserungen)
Canon: 7D v1.2.5 (Bugfixes, besser Vitesse mat UDMA7 Kaarten)

(via canonrumors.com, nikonrumors.com, dpreview.com)
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Sony HVL-F43AM Blëtz
(01.05.2011 - 11:53)
Sony huet en neien Blëtz annoncéiert. Den HVL-F43AM ass kompatibel mat den Alpha Spigelreflex an Single-Lens Reflex (SLT) Kameraen. D'Guide Number läit bei 43. Den Kapp kann beweegt ginn, an de ganze Blëtz ass géint Stëpps a Fiichtegkeet ofgedicht. Den Blëtz kann mam Funksystem vu Sony gesteiert ginn.
Am Press Release stoung näischt vun engem Datum oder engem Präiss.
(via dpreview.com)
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Nikkor AF-S 50mm f/1.8G
(01.05.2011 - 11:41)
Nikon huet eng nei Festbrennwäit erausbruecht, den Nikkor AF-S 50mm f/1.8G. D'Minimalfokusdistanz läit bei 45cm. D'Blend besteet aus 7 Kléngen. Den AF leeft iwwert den Silent Wave Motor.
D'Objektiv ass ze kréien ab Juni fir 9.95 / £199,99.
(via nikonrumors.com)
8 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Eye-Fi Mobile X2 Späicherkaarten
(13.04.2011 - 09:48)
Eye-Fi huet en neien Produit aus hirer Serie vun SD-Kaarten mat wireless Funktionalitéit virgestallt. Mat der Mobile X2 Kaart muss een net méi wéi virdrun an engem Wireless Réseau dra sinn fir d'Fotoen op aneren Geräter gesinn ze kënnen. Elo ass et méiglech eng direkt Verbindung vun der Kaart op Android oder iOS Geräter ze maachen. Et mécht een eng Foto, e puer Sekonnen drop gesäit een se um Bildschierm vum aneren Gerät. En externen Bildschierm also, deen zB an knëfflegen Plazen d'fotograféieren erliichtere kann. D'8GB Versioun kascht 80$.
(via Petapixel).
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Adobe CS5.5, Photoshop Touch
(13.04.2011 - 09:38)
Adobe huet en Zwëschen-Update vun hirer Creative Suite ugekënnegt. D'Versioun 5.5 bréngt Updates fir all d'Programmer déi an den jeeweilegen Sets sinn, fir Fotografen a Grafiker sinn dat notamment Photoshop an Illustrator. (Lightroom ass separat vun den Suites.)
Fir Photoshop sinn d'Updates z.B. eng nei Script Engine an en neien SDK (Software Development Kit) mat deem Programméierer den Photoshop extern kënne steieren, z.B. vun Android, iOS oder Blackberry Geräter aus.
Press Release op dpreview.com.

Déi éischt iOS Apps déi sollen d'Zesummespill zwëschen externe Geräter an dem Haaptprogramm weisen sinn als Photoshop Touch virgestallt ginn. Mat den dräi Apps déi bis ewell gewise goufen kann een um iPad Faarwe mëschen, duerch d'Bild navigéieren oder seng Lieblingstools uweise loossen. D'Artikel op gizmodo.com diskutéieren déi Saach nach e bësse méi am Detail.

CS5.5 an Photoshop Touch hunn e geplangten Release vun dësem Mee.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Nikon D5100 & ME-1 Mikrofon
(04.04.2011 - 22:28)
Muer wäert Nikon d'D5100 annoncéieren, den Nofolger vum D5000 déi schonn eng Zäit laang aus dem Handel ass. Hei sinn d'Detailer:
-16.2MP Sensor, EXPEED 2 Prozessor
-4fps, "Quiet Shutter" Modus
-Nei HDR Funktioun
-Full HD Video (1920x1080@30p)
-Nei Video Spezialeffekter
-Stereo Mikro Buchs
-ISO 100-6400
-Night Vision mat ISO bis 102400
-Säitlech schwenkbaren LCD Bildschierm
-EN-EL14 Batterie

Den ME-1 Mikro hëlt Toun vun ganz rondrëm am Stereo op. De Präis läit ëm 140€.

(via nikonrumors.com)
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Sigma, Samyang & Lensbaby Objektiver
(04.04.2011 - 22:21)
Lensbaby
D'Sweet 35 Optic vu Lensbaby huet eng Brennwäit vun 35mm mat enger Blend vun f/2.5-22 déi een astelle kann, amplatz vun den asetzbare Blenden wéi bis elo. Et ass kompatibel mat hieren Composer, Muse, Control Freak and Scout Objektiver.
Weider huet Lensbaby den Composer Pro virgestallt. D'Objektiv kascht 300$/400$ (mat Double Glass oder Sweet 35 Optik) an passt op Boitieren vun Canon, Nikon, Sony Alpha, Pentax an Olympus.

Samyang
Den 35mm f/1.4 Objektiv vun Samyang krut den Design nach eemol nogebessert an wärt fir 379€ fir Canon, Nikon, Samsung NX, Sony Alpha a Four-Thirds Apparater ze kréie sinn.

Sigma
Den 120-300 f/2.8 EX DG OS HSM an de Macro 150mm f/2.8 EX DG OS HSM goufe schonn op der Photokina 2010 annoncéiert mä sinn elo och fir 4700$ respektiv 1600$ ze kréien.
Weider huet Sigma d'DP2X, den Nofolger vum DP2, eng Kompaktkamera mat groussem Sensor, annoncéiert. Se wärt ab Enn Abrëll ze kréie sinn.

(via dpreview.com)
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Software Updates März
(04.04.2011 - 22:09)
Am Resumé wat sech de leschte Mount iwwer a Saachen Fotografie Software gedunn huet.

Firmware
Pentax huet d'Firmware fir K-5 an 645D à jour gesat.
Ricoh huet ë.a. d'Firmware vun der GRX aktualiséiert.
Leica bréngt nei Firmware mat Verbesserunge fir d'X1
Canon huet d'Firmware vun der 60D nogebessert.

Software
Nikon: View NX fir Windows v2.1.2
Apple Aperture: v3.1.2
DxO Labs: DxO Optics Pro v6.5.6 fir Windows a Mac
Bibble Labs: Bibble v5.2.2

D'Updates kënnt der ierch op den Siten vun den jeweilegen Hiersteller eroflueden.
(via nikonrumors.com, dpreview.com)


Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Software Updates Februar
(01.03.2011 - 08:46)
Eemol kuerz am Resumé wat et dëse Mount vun Software Updates gouf:

Apple Aperture 3 an iPhoto '11: Camera RAW Compatibility -> v3.6
Nik Viveza -> v2.004
Bibble Labs Bibble 5 RAW -> v5.2.1
Leaf Capture 11 -> v11.4.5
Nikon ViewNX -> v2.1.1
Hasselblad Phocus -> v2.6

Wann der ee vun dëse Programmer benotzt kënnt der d'Updates op den Internetsäiten vun den jeeweilege Firmen eroflueden. Am allgemenge sinn et fir d'Programmer Ënnerstëtzung fir nei Kamera Modeller an kleng Verbesserungen.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Sigma & Pentax Objektiver
(08.02.2011 - 20:01)
D'CP+ 2011 ass elo amgangen, dofir kommen dann emol nees e puer nei Saachen!

Pentax huet en neit Wäitwénkel-Objektiv fir hir Mëttelformat Digitalkamera annoncéiert, den smc D FA 645 25mm F4 AL [IF] SDM AW. D'Objektiv gëtt waasserresistent a kascht 5000$ ab Abrëll.

Sigma huet e puer Neiegkeeten a Saachen Objektiver.
Als éischt hunn se emol en 12-24mm f/4.5-5.6 EX DG HSM II Objektiv fir Vollformat Apparater annoncéiert. Se hunn awer kengem Verroden fir wéieng Marken d'Objektiv erauskënnt. Wéivill et kascht soten se och net. An och net wéini d'Objektiv erauskënnt.
Dann gëtt et en 105mm f/2.8 EX DG OS HSM Macroobjektiv mat Bildstabilisator. D'Objektiv vergréissert bis 1:1 an ass fir Crop- a Vollfromatsensore geduecht. Neess keng Info iwwer de Präis, d'Montur oder en Datum.
Schlussendlech gëtt et eng bildstabiliséiert Versioun vun engem Objektiv dat et scho gouf: den 50-150mm f/2.8 EX DG APO OS HSM ass fir Cropsensore geduecht. Iwwert de Präis an den Datum an d'Marken... bon dir wësst jo.

(via dpreview.com)
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Canon 1100D, 600D, Objektiver, Blëtzer
(07.02.2011 - 10:06)
Canon huet haut nieft e puer PowerShots déi keen interesséieren zwou nei DSLR Kameraen, dräi nei Objektiver an zwee nei Blëtzer annoncéiert.

Canon EOS 1100D
12MP CMOS Sensor
User-Hëllef um 2.7" Bildschierm
"Creative Auto" an "Basic+" Modi
720p Video
ISO 100-6400
9-Punkt AF
Beliichtungsmiessung mat 63 iFCL Zonen

Canon EOS 600D
18MP CMOS Sensor
Intelligenten automateschen Zeenemodus
1080p Video
User-Hëllef um schwenkbare 3" Bildschierm
9-Punk AF
"Basic+" an "Creative" Filtrage
Agebaut Blëtz-Master Funktioun

Canon EF 200-400mm f/4L IS USM Extender 1.4
Emol eng Approche déi ech nach net gesinn hunn: An dësem Objektiv gëtt den 1.4x Extender einfach mat agebaut. Wann een deen uschalt gëtt aus dem Objektiv en 280-560mm f/5.6.

Canon 600mm an 500mm f/4L IS II USM
Canon huet zwee vu sengen Superteleobjektiver eng Verjéngungskur ginn. Se kréien den neien IS System spendéiert, se sinn méi liicht a "méi stabil" an d'Optik bannendran ass nei.

Canon Speedlite 320EX an 270EXII
Den 270EX gouf aktualiséiert. Den klenge Blëtz mat enger Guide-Nummer vu 27 huet en zoom- an héichklappbare Kapp a kann duerch de Menü vum Fotoapparat gesteiert ginn. Nei ass dass den Blëtz elo mat enger Fernsteierungsfunktioun kënnt, mat der een den Fotoapparat ausléise kann, deen dann sengersäits de Blëtz matzünd wann et souwäit ass.
Den 320EX huet als besonnesch Funktioun dass en eng Zeen während dem Video filmen beliichte kann. Den Zoom vum LED Blëtz mat enger Guide-Nummer vu 32 geet vun 24 bis 50mm, an de Kapp ka gedréint an héichgeklappt ginn. De Blëtz funktionéiert och als Slave a kann wéi den 270EXII d'Kamera ausléisen.

(via canonrumors.com)

Ech hunn nach keng Präisser gesinn, ech aktualiséieren dat méi spéit, mä wann een se weess, setzt se an d'Kommentaren.
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Hardware & Software - Januar
(01.02.2011 - 12:54)
De leschte Mount huet sech net all ze vill weltbewegendes gedoen, dofir d'Fotografie News a Saachen Software an Hardware op dëser Plaz am Resumé:

Hardware
-Tamron huet d'18-270mm f/3.5-6.3 Di II VC PZD Zoomobjektiv erausbruecht. PZD steet fir den neien Piezo Drive, dobäi kënnt Bildstabilisatioun. Säit Enn Dezember gëtt et d'Objektiv fir Canon a Nikon, eng Versioun fir Sony ass ënnerwee.
-Leica huet séng Mediumformat Spigelreflex S2 op d'Firmware Versioun 1.0.0.24 aktualiséiert. Et gëtt nei Features, ë.a. DNG Kompressioun ouni Verloschter, an en méi séieren Mode Rafale (1.5 Biller/s), nieft aneren Verbesserungen.
-Pentax mécht et d'selwecht an aktualiséiert d'Firmware vun der K-5, K-r an 645 fir ë.a. nei Späicherkaarten ze ënnerstëtzen an den Kontrast-Autofokus ze verbesseren. Donieft huet Pentax och matgedeelt dass déi Leit denen hir K-5 mat Flecken um Sensor geliwwert goufen se gratis kënnen bei hinne botze loossen.

Software
-Corel huet den PaintShop Photo Pro X3 aktualiséiert fir d'Stabilitéit ze verbesseren an nei RAW Formater ze ënnerstëtzen.
-Nik Software huet Silver Efex Pro 2 à jour gesat. Et ass eng History Palett komm an verschidde Regler goufen nogebessert.
-DxO Labs huet d'Versioun 6.5.3 vun DxO Optics Pro erausbruecht. Den Update bréngt nei Moduler vu Kameraen an Objektiven.
-Bibble Labs aktualiséiert hir RAW Verarbeschtungssoftware Bibble op d'Versioun 5.2. Et koum och hei Ënnerstëtzung fir nei RAW Formater dobäi.
-Phase One mécht et d'selwecht, och Capture One 6.1 ënnerstëtzt elo nei Fotoapparater.
-Topaz Labs zu gudder Lescht huet d'Versioun 3.1 vum ReMask 3 plugin verëffentlecht. Déi nei Versioun soll méi séier a méi stabil sinn, donieft ginn et nei Menüen.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Aperture 3.1.1, DxO 6.5.2, ReMask 3
(15.12.2010 - 17:18)
E puer Neiegkeeten aus der Fotografiesoftware-Welt.
-Apple huet Aperture op d'Versioun 3.1.1 aktualiséiert. Bugfixes an Kompatibilitéitsverbesserungen.
-Topaz Labs huet ReMask 3 verëffentlecht. Den Maskéierungsplugin fir Photoshop krut eng besser Performance, eng nei Interface an neit Geschir par Rapport zum Virgänger. (MacOS, Windows, 49.99$)
-DxO Labs huet DxO Optics Pro aktualiséiert. D'Versioun 6.5.2 fir MacOs a Windows ënnerstëtzt elo d'RAW Fichieren vun der Sony NEX-3 a NEX-5, donieft gëtt et 50 nei Kamera-Objektiv Moduler.

(via dpreview.com)
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
InFocus, PPS5.5, HDR Express, LR3.3
(09.12.2010 - 14:27)
D'Software Neiegkeeten vun dëser Woch am Resumé:
-Topaz Labs huet en Photoshop Plugin mam Numm Infocus erausbruecht. Fir knapp 30$ "dekonvoluzionéiert" en onscharf Fotoen op Windows an op Mac.
-OnOne huet hiren Photo Suite Softwarepak op d'Versioun 5.5 aktualiséiert. Fir knapp 500$ kritt een eng Rëtsch Plugins.
-Unified Color huet den Programm HDR Express fir Windows a Mac erausbruecht. En ass geduecht als HDR Programm fir Ufänger, an fir den Ufank fir 85$ ze kréien.
-Adobe huet Lightroom op d'Versioun 3.3 aktualiséiert, Camera Raw ass elo bei der Versioun 6.3 an den DNG Converter och. Weider kann een elo bei Adobe den Lens Profile Downloader 1.0 kréien fir eegen Objektivprofiler ze erstellen, ze deelen an erofzelueden.

(all dës News via dpreview.com)
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
PocketWizard Flex & Mini fir Nikon
(02.12.2010 - 18:48)
PocketWizard huet déi neitst Generatioun vun hiren Funkausléiser mat TTL Support, den Flex TT5 an den Mini TT1 elo och fir Nikon op den Marché erausbruecht. Bis elo gouf et den neien System just fir Canon.
Méi Info: http://www.robgalbraith.com/bins/multi_page.asp?ci...
(via nikonrumors.com)
9 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Capture One 6 an DxO Optics Pro 6.5.1
(02.12.2010 - 13:57)
Capture One, d'RAW Conversion Software vun Phase One, gouf op d'Versioun 6 aktualiséiert.
http://www.dpreview.com/news/1012/10120103captureo...

DxO Labs huet DxO Optics Pro aktualiséiert; d'Versioun 6.5.1 ënnerstëtzt elo d'Nikon D7000 an d'Sony A390, et gëtt och nei Kamera-Objektiv Kombinatiounsmodulen.
http://www.dpreview.com/news/1012/10120101dxooptic...
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Kameraen an Objektiver Hiescht
(25.11.2010 - 18:09)
Mat der Hardware maachen ech et dann d'selwecht wéi mat der Software, ech resuméieren eemol kuerz wat an der lescht op den Marché komm ass vun dem mer nach net geschwat haten.

-Pentax smc DA 18-135mm f/3.5-5.6ED AL IF DC WR. 600£.
-Pentax K-5 DSLR. (16.3MP). 1600$ RRP.
-Sigma 120-300mm f/2.8 EX DG OS HSM. Bildsatbiliséiert. Gesinn ab 2700$.
-Sigma 70-200mm f/2.8 EX DG OS HSM fir Sony a Pentax. Bildstabiliséiert. 2470$ RRP.
-Samyang 14mm f/2.8 Nikon F Mount kommunizéiert elo elektronesch mam Apparat.
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Software Hiescht
(24.11.2010 - 16:38)
Sou, ech hunn dat Schlëmmst hannert mer (hoffen ech) an domat nees Zäit fir hei d'News um lafen ze halen. Pardon fir d'Funkstille. Fir dat nees opzeschaffen mellen ech just kuerz am Resumé wat an der Lescht geschitt ass, hei zum Thema Software:

-Adobe huet den Photoshop Elements 9 annoncéiert. Den Präis läit ëm 75€.
-DxO Labs huet DxO Optics Pro 6.5 erausbruecht. 99€ fir d'Standard Edition.
-Apple huet Aperture op d'Versioun 3.1 akualiséiert an iLife '11 (45€) mat akutaliséiertem iPhoto erausbruecht.
-Nik Software huet hir ganz Gamme vu Software aktualiséiert fir 64bit ze ënnerstëtzen.
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Sigma Neiegkeeten: Blëtzer, DSLR an Makrolëns
(22.09.2010 - 00:08)
Sigma huet elo zum Ufank vun der Photokina e puer nei Saache bruecht:

- 150mm F2.8 Macro mat Bildstabilisatioun: http://www.dpreview.com/news/1009/10092118sigma150...
- eng nei DSLR "SD1": http://www.dpreview.com/news/1009/10092129sigmasd1...
- en neie Blëtz: http://www.dpreview.com/news/1009/10092111sigmaef6...
- an nach e Blëtz: http://www.dpreview.com/news/1009/10092110sigmaef6...
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Nikkor 35 1.4G an 200 2G ED VR II
(15.09.2010 - 09:29)
Zesummen mat der Nikon D7000 goufen zwee nei Objektiver virgestallt.

AF-S Nikkor 35mm f/1.4G
-10 Elementer an 7 Gruppen
-1 Aspherical Element
-Waasser-resistent, Magnesium Boitier
-Nano Crystal Coating
-SWM Fokus
Ze kréien ab Enn November, RRP 1699.99£

AF-S Nikkor 200mm f/2G ED VR II
Dat hei ass en Update vum professionellen 200mm Fix-Objektiv.
-Den selwechten Opbau wéi den Virgänger
-Aktualiséieren VR
-Neien Modus um AF Schalter
-Nano Crystal Coating
Ze kréien ab Oktober, RRP 5299.99£

(via dpreview.com.)
4 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Nikon SB700 Speedlight
(15.09.2010 - 09:24)
Zesummen mat der D7000 gouf en neien kompakten Blëtz, den SB700 virgestallt.
-2.5s Recycle Zäit mat NiMH
-Interface wéi beim SB900
-FX/DX Sensor Erkennung
-24-120mm Ofdeckung
-Kann e Slave oder e Master sinn (mä kann nëmmen 2 Gruppen kontrolléieren)
-Den Strahl kann wéi beim SB900 geformt ginn
-Quick Wireless Mode fir A:B Verhältnisser
-Keen PC Jack!
-Iwwerhëtzungs-Schutz
-Max. GN: 38 (@120mm)
Ze kréien ab Mëtt November, RRP 329.95$

(via strobist.com.)
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Nikon D7000
(15.09.2010 - 09:16)
Nikon huet haut eng nei DSLR, d'D7000 virgestallt.
-16.2MP CMOS Sensor, Expeed2 Prozessor
-ISO 100-25600
-100% Viewfinder, 0,94x Vergréisserung
-Magnesium Alloy Boitier, Stëps an Sprëtzwaasser resistent
-duebel SD Kaarten Slots
-39 AF Punkten (9 Kräiztyp-Punkten an der Mëtt)
-6fps
-Video: 1920x1080 24p, 1280x720 30/25/24p, 640x424 24pAF-F duerchgehend Fokusséierung, AVC/H.264 Format (.mp4), HDMI Uschloss
-3" LCD
Ze kréien am Kit mam 18-105VR Objektiv ab Oktober fir RRP 1399€.

Gläichzäiteg gouf en neien Blëtz (SB700) an 2 nei Objektiver (AF-S Nikkor 35 1.4G an AF-S Nikkor 200 f/2G ED VR II) annoncéiert.


(via dpreview.com.)
5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Pentax 35mm f/2.4 AL an K-r DSLR
(10.09.2010 - 10:23)
Pentax huet gëschter eng nei DSLR virgestallt, d'K-r.
-12.4MP, PrimeII Prozessor, ISO 100-25600
-agebauten Bildstabilisator
-6fps
-11 AF Sensorpunkten
-3 Zoll LCD mat 921000 Pixel
-Geet mat Lithium Ionen Akku oder AA Batterien
-Video 1280x700 @ 25p
-Sensor Entstëpsungsmechanismus
Ze kréien ab Oktober. K-r + 18-55mm DAL fir £599.99 RRP, K-r + 18-55mm DAL + 50-200mm DAL fir £699.99 RRP.

Et gouf och en neit Objektiv annoncéiert, den SMC-DA 35mm f/2.4 AL, en Fix Objektiv dat soll gënschteg an kompakt (124g, 45mm laang) sinn. Disponibel ab Mëtt Oktober fir £179.99 RRP.

(via dpreview.com.)
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Carl Zeiss Cine Objektiver fir 4/3 an Sony
(10.09.2010 - 10:10)
Carl Zeiss huet annoncéiert dass hir kompakt CP.2 Cine Objektiver demnächst fir den Micro 4/3 an den Sony Alpha System ze kréien wäerten sinn. Dës Objektiver sinn virun allem fir Cinematografen déi mat den HDSLRen filmen interessant.
(via dpreview.com.)
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Zeiss Distagon T* 1,4/35
(01.09.2010 - 16:33)
Carl Zeiss huet en neit Objektiv fir Canon EF (ZE) an Nikon F (ZF.2) Apparater virgestallt, den Zeiss Distagon T* 1,4/35.
Ze kréien ab dem éischten Quartal 2011 fir en RRP vun 1385,71€.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Lightroom 3.2, ACR 6.2, DNG Converter 6.2
(01.09.2010 - 16:26)
Déi neist Versiounen vun Adobe hieren RAW Programmer hunn d'RAW Profiler vun 16 neien Fotoapparater, an Objektivkorrekturdonnéen vun 120 Objektiver bäigesat kritt.

Lightroom 3.2 Windows: http://www.adobe.com/support/downloads/detail.jsp?ftpID=4789
Lightroom 3.2 Mac OSX: http://www.adobe.com/support/downloads/detail.jsp?ftpID=4788
Camera Raw & DNG Converter 6.2 Windows: http://www.adobe.com/support/downloads/detail.jsp?ftpID=4807
Camera Raw & DNG Converter 6.2 Mac OSX: http://www.adobe.com/support/downloads/detail.jsp?ftpID=4806
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Sigma 70-200mm f/2.8 OS fir Nikon
(27.08.2010 - 13:51)
Sigma huet annoncéiert dass hiert 70-200mm f/2.8 EX DG OS HSM bildstabiliséiert Teleobjektiv elo net méi nëmmen fir Canon, mä och fir Nikon ze kréien ass. D'Objektiv huet zwee FLD Glas Elementer an 3 SLD Glas Elementer. Et ass och en Adapter fir APS-C Benotzer dobäi.
Den Präis läit bei 2470$ RRP.

(via dpreview.com)
2 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
6 nei Canon Objektiver
(26.08.2010 - 10:52)
Zesummen mat der EOS 60D huet Canon e puer nei Objektiver de Moien virgestallt.

Canon EF 300mm f/2.8L IS II USM an Canon EF 400mm f/2.8L IS II USM
Dës Objektiver ersetzen hir jeeweileg Virgänger. Béid kruten en neien optëschen Design, goufen op déi nei Generatioun vun Bildstabilisatoren opgerüst (4 Blenden mat verbessertem Modus 2 an engem neien Modus 3 deen just während der Beliichtung aktiv gëtt) an kruten en neit Magnesium-Alloy an Titanium Gehais. Den 400mm ass 28% méi liicht wéi säi Virgänger, den 300mm gouf 8% méi liicht. D'optësch Elementer hunn vun der neister Super Spectra Beschichtung profitéiert. Donieft kruten se nei AF Algorithmen, eng nei CPU fir d'Fokusséieren an et gëtt en neien "Power Focus" Modus deen d'Fokusséieren während dem filmen soll erliichteren.

Canon EF 8-15mm f/4L Fisheye
Mat dësem Objektiv huet Canon dann dat éischt Fisheye dat souwuel zirkular an Full-Frame Biller produzéieren kann. Op der 8mm Mark kritt een op Vollformat Apparater eng 180° Vue. Um Objektiv sinn och d'Brennwäit Astellungen markéiert mat deenen een Fotoen ouni Vignettéierung op APS-C an APS-H Senoren kritt. Fir Flaring an Ghosting ze evitéieren, gouf Super Spectra Coating an Subwavelength Structure Coating benozt. Op der 15mm Astellung kann een och eng Sonneblend benotzen.

Canon EF 70-300 f/4.5-5.6L IS
Dëst soll dann en L Telefoto Zoom ginn deen d'Leit sech emol leeschten kënnen. D'Objektiv huet en USM Motor, as Wiederofweisend, hiet 4-Blenden Bildstabilisatioun an eng minimal Fokusdistanz vun 1.2m.

Canon EF 500mm f/4L IS II USM an Canon EF 600mm f/4L IS II USM
Déi hei Objektiver sinn nach net prett, mä et gouf annoncéiert dass Canon amgaangen ass déi ze entwéckelen. Par Rapport zu hiren Virgänger kréien dës Objektiver en neien optëschen Design, méi eng liicht Konstruktioun an waasserofweisend Beschichtungen.
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Canon 1.4 III an 2x III Extender
(26.08.2010 - 10:34)
D'Canon Extender 1.4 an 2x goufen verbessert. D'Versioun III huet en neien opteschen Design, Waasserresistenz, "Fluorine" Beschichtung op den viischten an hënneschten Elementer an anscheinend verbessert AF Präzisioun wéi hir Virgänger.
(via dpreview.com)
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Canon EOS 60D
(26.08.2010 - 10:24)
Canon huet haut de moien hier neist DSLR, d'EOS 60D virgestallt.

-18MP APSC CMOS Sensor, ISO 100-12800, Digic4 Prozessor
-5.3 fps
-9 AF Punkten
-Integréierten Speedlite Master
-Boitier aus Plastik, schléckt SD Kaarten
-Schwenkbaren 3" Bildschierm
-Basic+ Funktiounen (à la "Scene" Modus op den Point&Shoot Apparater)
-RAW kënnen am Apparat verschafft ginn, dann als JPEG gespäichert ginn. Et gëtt och "Creative Filters" (z.B. Grainy B/W, Soft Focus,...)
-1080p @ 30p, 25p, 24p; 720p @ 60p, 50p.
-neien Knäppercher-Layout, z.B. en neien Quick-Control Knäppchen an en Multi Contol Dial.
-Ech hunn näischt fonnt iwwer en Release-Datum oder en Präis. (Update: Gizmodo.com seet "00 (body only, or 00 with an 18-135mm kit lens)")

(via canonrumors.com an dpreview.com)
8 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Sony A580, A560, A55, A33
(24.08.2010 - 11:00)
Sony huet haut véier nei Fotoapparater virgestallt, 2 SLRen an 2 SLTen ("single lens translucent").

DSLR A580
-Exmor APS HD CMOS Sensor, 16.2MP, ISO 100-12800.
-1080p, 59,94i AVCHD Video
-7fps
-LiveView mat Phase-Detection Autofokus
-3" ausklappbaren Bildschierm
-Auto HDR Modus, Multiframe Bildrauschreduzéierung fir quasi-ISO 256000
-3D Sweep Panorama Modus
-4 Blenden agebauten Bildstabilisator
-900€ RRP ab Oktober 2010

DSLR A560
Wéi d'A580, ausser:
-14.2MP
-800€ ab 1. Quartal 2011.

SLT A55
Dat interessant un der neier SLT Serie ass dass dës Apparater, anescht ewéi Digital Spigelreflex Apparater, en Spigel hunn deen deelweis duerchsichteg ass. Doduerch kënnt Luucht gläichzäiteg op den Sensor an op den AF Miesser. Well den Spigel net méi ewech schwéngen muss erginn sech doduerch e puer nei Méiglechkeeten, wéi verbesserten AF während dem Filmen, oder méi eng héich fps Zuel am Seriemodus.

-Exmor APS HD CMOS Sensor, 16.2 MP, ISO 100-12800.
-1080p, 59,94i AVCHD Video
-10fps
--LiveView mat Phase-Detection Autofokus
-3" ausklappbaren Bildschierm
-Auto HDR Modus, Multiframe Bildrauschreduzéierung fir quasi-ISO 256000
-3D Sweep Panorama Modus
-4 Blenden agebauten Bildstabilisator
-Elektroneschen Sucher
-Agebauten GPS
-749$ RRP ab Oktober 2010.

SLT A33
Wéi, d'A55, ausser:
-14.2 MP
-Keen GPS
-649$ RRP ab September 2010.

(via dpreview.com)

Update: Sigma huet den 10.9.2010 annoncéiert dass hir Objektiver net mat der SLT-A55 an der SLT-A33 kompatibel sinn. Bei den Objektiver wou et méiglech ass (al Objektiver déi net méi hiergestallt ginn falen net do drënner) bitt Sigma eng gratis Modifikatioun un, wann der d'Objektiv bei enger 'Sigma Service Station' ofgitt.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
4 nei Nikon Ojektiver
(19.08.2010 - 10:32)
Nieft der Nikon D3100 goufen haut 4 nei Objektiver virgestallt.

85mm f/1.4G II
Dëst Objektiv ersetzt den 85mm f/1.4D IF. En neien opteschen Design, en 'Silent Wave' Fokus Motor, eng 9-deeleg Blendenëffnung, Nano Crystal Belag, en Magnesium Alloy Gehais an Waasserofsigelung. Ze kréien ab Ufank September fir en RRP vun 1549€.

55-300mm f/4.5-5.6 G ED VR
En Objektiv fir DX Apparater mat VRII Bildstabilisatioun an Trépied-Detektiounsfunktioun. 'Silent Wave' Fokus Motor. Ze kréien ab Ufank September fir en RRP vun 379€.

28-300mm f/3.5-5.6 G ED VR
Fir FX Apparater gouf dësen Superzoom annoncéiert, mat VRII Bildstabilisator, minimaler Fokusdistanz vun 50cm. Ze kréien ab Ufank September fir en RRP vun 899€.

24-120mm f/4 G ED VR
Fir FX Apparater gëtt et demnächst dëst All-Round Objektiv mat VRII Bildstabilisator, Nano Crystal Beschichtung an deelweis Wiederofweisend. Ze kréien ab Enn September fir en RRP vun 1099€.

Déi komplett Pressematdeelung kënnt der hei erofluden: http://thephoblographer.files.wordpress.com/2010/0....

(via dpreview.com an thephoblographer.com)
5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
ViewNX2
(17.08.2010 - 10:03)
Nikon huet d'Versioun 2.0.1 vun hirer Bildbearbeschtungssoftware ViewNX erausginn. Et kann een se gratis op hirem Site eroflueden: http://nikonimglib.com/nvnx/.
(via NikonRumors.com)
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
5 Software Updates
(03.08.2010 - 17:46)
-Unified Color Technologies huet HDR Expose erausbruecht. Den High Dynamic Range Programm kascht 149$.
-Unified Color huet och nach den 32float HDR Plugin fir Photoshop CS3-CS5 virgestallt. En ass ab Enn August fir 79$ disponibel.
-DxO huet 100 nei Fotoapparat- an Objektivkombinatiounen bei hir DxO Optics Pro Lënskorrektur Software dobäigesat.
-Topaz Labs huet DeNoise 5 fir 79$ erausbruecht.
-Apple huet en RAW Update fir Aperture 3 an iPhoto '09 erausbruecht.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Sony 24 f/2, 35 f/1.8 an 85 f/2.8
(27.07.2010 - 13:35)
Sony huet haut 3 nei Objektiver fir hir Alpha Serie ugekënnegt:
-Den Distagon T* 24mm f/2 ZA SSM (SAL24F20Z) ass en Carl-Zeiss Distagon Wäitwénkel Objektiv fir Full Frame an APS-C. (1250€ UVP, September)
-Den DT 35mm f/1.8 SAM (SAL35F18) fir APS-C soll eng gënschteg standard Brennwäit bidden. (250€ UVP, September)
-Den 85mm F2.8 SAM (SAL85F28) fir Full Frame an APS-C gëtt als liicht Portrait Objektiv virgestallt. (200€ UVP, Oktober)

(via dpreview.com)
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Canon Firmware Updates
(07.07.2010 - 09:50)
Canon huet Firmware Updates fir d'Canon EOS 1DMkIV ( http://web.canon.jp/imaging/eosd/firm-e/eos1dm4/fi... ) an dir d'Canon EOS 550D ( http://web.canon.jp/imaging/eosd/firm-e/eosdigital... ) erausbruecht. D'Updates adresséieren Problemer mat der Blend déi bei filmen mat manueller Beliichtung konnten Optrieden, e Problem deen schon beim leschten Update vun der Canon EOS 5DMkII ( http://web.canon.jp/imaging/eosd/firm-e/eos5dmk2/f... ) geléist gouf.
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Sony A390 & A290
(09.06.2010 - 15:51)
Baséiert op d'Ufänger DSLR Modeller A230 an A380 huet Sony zwou nei Digital Spigelreflex Fotoapparater entwéckelt. D'A390 (500€ UVP) huet LiveView an en 2.7" schwenkbaren Bildschierm. D'A290 (450€ UVP) huet en fixen Bildschierm, keen LiveView, mä méi en Groussen Sucher. Béid Apparater hunn een 14.2 Megapixel Sensor, AntiDust, SteadyShot Bildstabilisator, ISO 100-3200 an fotograféieren mat bis zu 2.5fps.
(via dpreview.com)
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Adobe Lightroom 3
(08.06.2010 - 11:31)
Adobe huet haut d'Versioun 3 vun hirem Bildbearbeschtungs- an Katologprogramm Lightroom verëffentlecht.
Nei par Rapport zur leschter Versioun sin ënnert anerem:
-eng verbessert Performance,
-Objektiv Korrektur,
-verbesserten Filtrage géint Bildrauschen,
-Ënnerstëtzung fir HDSLR Video,
-Integratioun mat Flickr,
-méi einfach Waasseerzeechen,
-Slideshows mat Musék,
-ugebonnen fotograféieren (tethering),
-einfacht Importéieren vun Fotoen,
-Perspektivkorrektur,
-Analogfilm Rauschfilter,
-méi flexibel Drockvirlagen.

Méi Info: http://www.adobe.com/uk/products/photoshoplightroo...

Präisser:
286,35€ fir nei User oder 92€ als Upgrade vum Lightroom 1 oder 2. Adobe Store Luxembourg

Éischt Reviews an Artikel:
Thomas Hawk.
CNET.
John Nack.

5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
GPS am CS5
(07.06.2010 - 12:24)
Déi wou vill doruechter ënnerwee sinn dierften sech freeën dass Adobe en GPS Modul fir d'Creative Suite 5 erausbruecht huet, mat deem der kënnt Koordinaten an ären Fichieren späicheren. D'Links op d'Updates fir Windows an Mac OS fannt der op dpreview.com.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Software Updates
(02.06.2010 - 17:49)
-Topaz Labs aktualiséiert DeNoise op d'Versioun 4. http://www.topazlabs.com/denoise/
-DxO Labs huet DxO Optics Pro 6.2 erausbruecht. http://www.dxo.com/intl/photo/free_trial_version
-Adobe huet den Lens Profile Creator 1.0 verëffentlecht. http://labs.adobe.com/technologies/lensprofile_cre...
-Den Adobe Camera Raw 6.1 as elo offiziell verfügbar. Windows
an
Mac.

(Updates via dpreview.com)
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Leica: S2 Update, 35mm 2.5, 35mm 1.4
(17.05.2010 - 12:16)
Leica huet iwwert déi lescht Wochen e puer nei Saachen annoncéiert.
-Hir S2 Mëttelformat DSLR krut en Firmware Update, d'Versioun 1.0.0.16 kënnen registréiert Leica User sech hei eroflueden: https://owners.leica-camera.com/en/login
-Och fir d'S2 as en neit Obektiv: Den Summarit-S 35mm f/2.5 ASPH, ze kréien ab Mai 2010.
-D'Objektiv Summilux-M 35mm f1.4 ASPH fir hir M-Série Rangefinder Apparater gouf nei designt mat besserer Performance am Noberäich. Ze kréien as d'Objektiv ab July 2010.
[via dpreview.com]
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Pentax a Sony Objektiv a Firmware
(14.05.2010 - 13:37)
Sigma huet ugekënnegt dass hieren 120-400mm f/4.5-5.6 DG OS HSM Objektiv deen et schon fir Canon an Nikon get demnächst (Enn Mai) och fir Sony a Pentax ze kréie wärt sin.
(via [url=http://www.dpreview.com/news/1005/10051401sigma120mm400sonypentax.asp]dpreview.com[/ur].

Pentax huet dann och Firmware Updates fir 4 Spigelreflex Apparater erausbruecht: D'K-m/K2000, K20D, K200D an d'K10D kréien verbessert Stabilitéit beim späicheren op verschiddenen SDHC Kaarten.
(Info an Links op dpreview.com.
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Aperture 3.0.3
(30.04.2010 - 18:14)
Apple huet gëschter en neien Update fir Aperture verëffentlecht. Déi nei Versioun verbessert d'Stablilitéit an addresséiert e puer Problemer. Fir déi komplett Lëscht vun Ännerungen an fir den Update erofzelueden gidd op http://support.apple.com/downloads/#aperture

(via Twitter)
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Nikon AF-S 200-400 f/4G ED VR II
(27.04.2010 - 11:53)
Nikon huet haut en neit Objektiv, den Nikon AF-S 200-400 f/4G ED VR II annoncéiert. Features sin z.B. den Nano Crystal Coat géint Ghosting an Flare, agebautenen Bildstabilisator vun ongeféier 4 Blenden, an 4 ED Glas Elementer fir CA ze reduzéieren. D'Objektiv get et ab Enn Mee ze kafen fir den RRP vun 6.999,95$.
Méi Info op nikonusa.com.
(via nikonrumors.com)
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Updates fir Aperture 3 an iPhoto '09
(23.04.2010 - 14:41)
Apple huet en RAW Compatibilitéits Update fir d'Programmer Aperture 3 an iPhoto '09 verëffentlecht. D'Versioun 3.2 bréngt Ënnerstëtzung fir e puer nei Fotoapparater (Canon, Leica, Olympus, Sony) a verbessert Problemer mat der Canon 30D, Pentax K-x an K-7.
Den Update kënnt der ierch iwwer support.apple.com eroflueden.

(via dpreview.com)
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Adobe Lightroom 2.7 an Camera Raw 5.7
(21.04.2010 - 22:58)
Ab haut sinn Lightroom an Versioun 2.7 erof ze lueden am Camera Raw an der Versioun 5.7

Lightroom:
Mac download
Windows download

Camera Raw:
Mac download
Windows download
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Adobe präsentéiert Creative Suite 5
(12.04.2010 - 20:40)
Adobe huet haut déi nächst Versioun vun Photoshop an Photoshop Extended annoncéiert, déi Deel vun der Creative Suite 5 gin.
Nei Features sin ënnert anerem den Content Aware Fill deen schon Wellen um Internet geschloen huet, verbessert HDR an Objektiv-Korrektur Funktionalitéit an den sougenannten Puppet Warp.
Fir méi Detailer gidd op d'Photoshop Säit op dpreview.com.
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Canon CPS relancéiert
(07.04.2010 - 11:34)
Canon huet haut annoncéiert dass den Canon Professional Service fir Besëtzer vun multiplen Boitieren an High-End Objektiver ënner enger neier Form relancéiert get.
Je nodeem wéivill qualifizéierent Canon Material se besëtze kënne professionell Fotografen sech fir Sëlwer, Gold oder Platinum Memberstatus mellen. Lëtzebuerg as mat ënnert den Länner déi den CPS Service ubidden.
Méi info op http://www.canon-europe.com/cps
(via dpreview)
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Sony Image Data Converter Update
(01.04.2010 - 00:08)
Sony huet d'Image Data Converter SR Software op d'Versioun 3.2 aktualiséiert. Mat neien Algorithmen suergt déi nei Software fir verbessert Rauschënnerdréckung bei der Ëmwandlung vun RAW op JPEG. Den Update kënnt der bei Sony eroflueden: sony-europe.com.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Updates fir CaptureOne, Optics Pro an Aperture
(26.03.2010 - 11:42)
-Phase One Capture One 5, Pro an DB sin elo op Versioun 5.1.1.
http://xchange.phaseone.com/Content/Downloads/CO5....
-DxO Labs Optics Pro huet nei Objektivkorrektur-Moduler kritt.
http://www.dxo.com/uk/photo/news/70-new-DxO-Optics...
-Apple Aperture kritt e puer Bigfixes an der Versioun 3.0.2.
http://support.apple.com/kb/DL1006
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Adobe CS5 den 12. Abrëll
(24.03.2010 - 09:18)
Fir ierch d'Zong schon e bësse laang ze maachen: Adobe huet den Datum fir den Release vun der nächster Versioun aus der Creative Suite annoncéiert. Den 12. Abrëll gët CS5 weltwäit online virgestallt.
Wann der wëllt dem Countdown Zieler nokucken: http://cs5launch.adobe.com/?PID=3154956
4 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Sigma annoncéiert 150-500 5-6.3 Objektiv
(21.03.2010 - 13:45)
Sigma huet annoncéiert dass hiert PO 150-500mm f/5-6.3 DG OS HSM Objektiv, dat et scho fir Canon, Nikon a Sigma get, ab Enn März respektiv Enn Abrëll och fir Sony a Pentax Systemer verfügbar wärt sin.
Den Presse-Commniqué: http://www.sigma-photo.co.jp/english/news/100319_1...
Den Präis fir d'Versiounen déi et scho get läit aktuell um Marché ëm 780€.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Tamron annoncéiert 70-300 4-5.6 Objektiv
(13.03.2010 - 11:32)
Tamron huet dës Woch en neit Objektiv annoncéiert dat wärt fir Canon, Nikon a Sony ze kréie sin. Den Tamron SP 70-300mm F/4-5.6 Di VC USD (Model A005) kann een op Full-Frame wéi op Crop Boitieren benotzen.
Méi Info op Photo Rumors.
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Canon annoncéiert Update fir 5DMkII
(02.03.2010 - 13:16)
Canon Europa huet haut Detailer fir eng nei Firmware Versioun fir d'Canon EOS 5DMkII verëffentlecht. Mat dem Update kritt der Kamera hier Video Funktioun endlech 24p an 25p Modi, wat den gängegsten Framerates an der Telé- an Filmindustrie entsprëcht.
http://www.canon-europe.com/About_Us/Press_Centre/...
8 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Sigma: 5 nei Objektiver an 1 DSLR
(21.02.2010 - 11:22)
Am Kader vun der PMA 2010 huet Sigma fënnef nei Objektiver an eng DSLR annoncéiert.
-Den 85mm f.14 EX DG HSM fir Canon, Nikon, Pentax, Sigma a Sony dierft interessant fir Portraitsfotografe sin.
http://www.dpreview.com/news/1002/10022015sigma85m...
-Den 70-200mm f2.8 EX DG OS HSM fir Canon, Nikon, Pentax, Sigma a Sony lackelt mat 4-Stop Bildstabilisator.
http://www.dpreview.com/news/1002/10022016sigma70m...
-Den Standard-Zoom 17-50 f.28 EX DC OS HSM fir Canon, Nikon, Pentax, Sigma a Sony bidd méi e wäite Wénkel wéi bis ewell an deer Kategorie vu Sigma.
http://www.dpreview.com/news/1002/10022014sigma17m...
-Den APO 50-500mm f4.5-6.3 DG OS HSM erweidert den populären Ultra-Telephoto Zoom vun Sigma mat 4-Stop Bildstabilisator. Fir Canon, Nikon, Pentax, Sigma a Sony.
http://www.dpreview.com/news/1002/10022010sigma50m...
-Als fënneft Objektiv annoncéiert Sigma den breedsten rektilinearen Wäitwénkel deen et bis ewell fir APS-C Kamerae get, mat engem Bléckwénkel vun 121°. Fir Canon, Nikon, Pentax, Sigma a Sony.
http://www.dpreview.com/news/1002/10022011sigma8mm...
-Sigma ré-annoncéiert dann och d'SD15 DSLR mat engem 14MP Foveon X3 Sensor, 3" LCD, an 3fps.
http://www.dpreview.com/news/1002/10022009sigmasd1...
2 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Nei Objektiver vu Sigma an Cosina
(17.02.2010 - 15:56)
Sigma an Cosina hun nei Objektiver annoncéiert.
Den Sigma 17-70mm f2.8-4 DC Macro deen et schon fir Canon Nikon a Sigma get, as vun Enn Februar uns och fir Sony ze kréien, an vun Enn März fir Pentax.
http://www.dpreview.com/news/1002/10021601sigma17m...

Cosina bidd vum März un den Voigtländer Apo-Lanthar 90mm f3.5 SL II fir Canon, Nikon a Pentax.
http://www.dpreview.com/news/1002/10021701cosinaap...
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Apple stellt Aperture 3 fir
(09.02.2010 - 15:19)
Lo grad huet Apple hier Software "Aperture" an der Versioun 3 firgestalt. Iwwer 200 nei Funktiounen sollen anscheinend dra sinn.

Hei op Englesch: http://www.apple.com/aperture/
an hei op Däitsch: http://www.apple.com/de/aperture/

Kaschten soll en an der Vollversioun ëm déi 200€, den Upgrade soll just d' Halschent kaschten.
4 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Nei Nikon 24mm f/1.4 an 16-35mm f/4 Lënsen
(09.02.2010 - 13:39)
Nikon huet haut 2 nei Objektiver firgestalt. En 24mm f/1.4, fir 2149€:
http://www.dpreview.com/news/1002/10020901nikon24m...

an den éischten Ultrawäitwénkel den Bildstabilisator huet, en 16-35mm f/4 fir 1199€:
http://www.dpreview.com/news/1002/10020902nikon16m...
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Canon EOS 550D
(08.02.2010 - 15:11)
Canon huet haut d' 550D, Nofolger vun der 500D, virgestalt. 18 Megapixel, 1080p Filmen, ISO 6400 sinn sou direkt Haaptcharakteristiken vun der klenger Canon.

Méi Detailer ginn et hei:
http://www.dpreview.com/news/1002/10020806canoneos...
8 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Canon EF 70-200mm 1:2,8L IS II USM
(05.01.2010 - 18:49)
Canon huet haut den Nofolger vum sou beléiften EF 70-200 f/2.8 IS bruecht, d Versioun II. An dat ganzt zum Schnäppchen vun 2399€:

http://www.canon.de/About_Us/Press_Centre/Press_Re...
11 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Lightroom 2.6 an Camera RAW 5.6
(18.12.2009 - 20:32)
Adobe huet haut d' final Versiounen vun Lightroom 2.6 an Camera RAW 5.6 online gesat zum Download. Hei um site vun Adobe fënnt een déi richteg Dateien fir säi System:

http://www.adobe.com/downloads/updates
2 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Canon EOS 1D Mark IV
(20.10.2009 - 22:03)
Canon erneiert ee vun hieren professionellen Apparaten: 1D Mark IV mam bekanntenen Cropfaktor vun 1.3 huet 16 Megapixel, Dual Digic 4 Prozessor an filmt och ewell am Full HD.

Offiziell Pressematdeelung:
http://www.canon.de/About_Us/Press_Centre/Press_Re...

Op DPReview:
http://www.dpreview.com/news/0910/09102001canon1d4...
7 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Nikon D3S an Nikkor 85mm
(14.10.2009 - 09:38)
Et ass esou wäit: Nikon stellt D3S fir. En Vollformat Apparat mat 12 MP, 51 Fokuspunkten, Liveview, ISO 100 - 102400 an 9 Biller pro Sekonn. Ze kréien soll se sinn fir ongeféier 4700€.

Méi Detailer: http://www.dpreview.com/news/0910/09101402nikonD3s...


An dann och nach en neie Makro, en Nikkor 85mm f3.5: [ulr]http://www.dpreview.com/news/0910/09101401nikon85mmmacro.asp[/url]
35 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Lightroom an Camera Raw Update
(16.09.2009 - 00:21)
Lightroom 2.5 an Camera Raw 5.5 sinn ze kréien, am Moment hei:
http://www.adobe.com/downloads/updates

Méi Detailer iwwert d'Updates kann een nach hei noliesen:
http://blogs.adobe.com/lightroomjournal
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Canon 7D, an dräi nei Objektiver
(01.09.2009 - 09:37)
Gëscht schonn ass d'Pressemitteilung rondrem gaang am Internet, haut ass et offiziell: Canon bréngt eng 7D wat e Modell tëscht der 50D an der 5D MII duerstellt, mat APS-C Sensor (also kee Vollformat)
Hei hier Kommunikatioun:
http://www.canon.de/About_Us/Press_Centre/Press_Re...
An hei déi technesch Daten:
http://www.canon.de/Images/EOS%207D_Technische%20D...

Dann kommen awer och nach dräi nei Objektiver, EF 100mm 1:2,8L Makro IS USM, EF-S 18-135 mm 1:3,5-5,6 I, EF-S 15-85 mm 1:3,5-5,6 IS USM. Detailer zu dësen fënnt een hei: http://www.canon.de/About_Us/Press_Centre/Press_Re... an hei: http://www.canon.de/About_Us/Press_Centre/Press_Re...
11 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Nikon stellt D300S, D3000 an en DX 18-200 fier
(31.07.2009 - 00:11)
Nikon bréngt, genee wéi Canon et gemaach huet, eng nach méi belleg Ufänger-cam, an zwar D3000 fir de Präis vun ongeféier 600€. Hei sinn d'News op DPReview an och méi genee Donnéen:
http://www.dpreview.com/news/0907/09073005nikond30...
An hei um Site vun Nikon selwer:
http://www.nikonusa.com/Find-Your-Nikon/Product/Di...

Dann bréngen se och en klengen Nofolger fir D300, mat ënner anerem HD Video an 7 Biller pro Sekonn.
new sop DPReview:
http://www.dpreview.com/news/0907/09073007nikond30...
Site vun Nikon:
http://www.nikonusa.com/Find-Your-Nikon/Product/Di...

An äusserdeem hu se och nach en neit Objektiv firgestalt fir genee ze sinn heescht et AF-S DX NIKKOR 18-200MM F/3.5-5.6G ED VR II. Hei d'News op DPReview:
http://www.dpreview.com/news/0907/0907300218mm200m...
An hei Detailer um Nikonsite:
http://www.nikonusa.com/Find-Your-Nikon/Product/Ca...


(Sorry dass d' News spéit kommen an kuerz ausfalen, mee Zäit ass am Moment net geschenkt ;))
5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Lightroom Update, Camera RAW an DNG Converter
(24.06.2009 - 10:31)
Adobe bréngt Updates fir Lightroom, Camera Raw an hieren DNG Converter. Lightroom an Camera raw ënnerstëtzen ënner anerem lo och d'Formater vun der Canon EOS 500D an vun der Nikon D5000. Déi ganz Lëscht mat allen ënnerstëtzte Formater fënnt een hei: http://www.adobe.com/de/products/photoshop/camerar...

Downloads:

Lightroom Update fir Windows
Lightroom Update fir Mac

Camera RAW Update fir Windows
Camera RAW Update fir Mac

DNG Converter fir Windows
DNG Converter fir Mac
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Sony bidd A230, A330 an A380 un
(23.05.2009 - 13:47)
Zwar bëssen spéit, mee léiwer spéit wéi ni, schreiwen mer dann hei dass Sony 3 nei Modelle vun DSLR'en firgestallt huet. Wéi gewinnt bei Sony hu se den Bildstabilisator mat agebaut am Body, bei deenen 3 Apparater. A230, A330 schaffe mat 10.2 Megapixel, an A380 huet der 14.2. Se hun allen dräi en 9-Punkt Autofokus, ISO vun 100 bis 3200, en 2.7" TFT LCD. Liveview hunn just A330 an A380, an se maachen bis zu 2.5 Biller pro Sekonn. Bei deenen selwechten zwee Apparater, A330 an A380, léisst sech äusserdeem den écran eräus klappen.

Méi Informatiounen op DPReview:
http://www.dpreview.com/news/0905/09051804sonyalph...

an bei Sony selwer:
http://www.sony.de/hub/dslr/block/2/subblock/1
7 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Aperture 2.1.3 Update
(15.04.2009 - 00:31)
Apple huet e weideren klengen Update fir Aperture bruecht. E soll kleng Feeler behiewen wat Previews ugeet beim Importéire vu Fotoen an Dréinen.
Viraussetzunge sinn 10.4.11 respektiv 10.5.3 als System. Erof lueden kann een en iwwert de Software Update oder hei:

http://support.apple.com/downloads/Aperture_2_1_3
2 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Nikon stellt D5000 fir
(14.04.2009 - 12:05)
Nikon bréngt eng Reaktioun op 1000D vu Canon. Hei am Résumé déi wichtegst Donnéen:

- 12.3 MP
- 4 Biller pro Sekonn
- Iso 200 - 3200 (erweidert op 100 an 6400)
- 11-punkt AF
- Filmen mat 1.280 x 720 (24 Biller/s)
- écran: 2,7", 230.000 Pixel, schwenkbar.

Méi Detailer fënnt een op DPReview:
http://www.dpreview.com/news/0904/09041402nikond50...

an bei Nikon:
http://www.nikon.de/news_room/news.html?locale=de_...
4 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Canon EOS 500D & 270EX Speedlite
(25.03.2009 - 09:56)
Den bis elo Einsteiger-Blëtz Speedlite 220EX gëtt ersat duerch den neien 270EX, deen och bëssen méi staark ass wéi säi Virgänger.

Dann huet Canon nach d' EOS 500D firgestallt:
- 15.1 Megapixel
- HD-Video
- HDMI uschloss
- 3.0" écran
- ISO bis 12800
- DIGIC 4
- 3.4 Biller pro Sekonn

Méi Infos op DPReview:
http://www.dpreview.com/news/0903/09032503canonspe...
http://www.dpreview.com/news/0903/09032504canoneos...

an bei Canon:
http://www.canon.de/About_Us/News/Consumer_Release...
http://www.canon.de/About_Us/News/Consumer_Release...
2 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Lightroom Update 2.2
(16.12.2008 - 11:55)
Adobe bréngt lo endlech den Lightroom update mat dem dann folgend nei Apparater ënnerstëtzt ginn: Canon EOS 5D Mark II, Canon PowerShot G10, Panasonic DMC-LX3 an nach e puer méi.

Weider Infos iwwert den Update fënnt een hei: http://www.adobe.com/special/photoshop/Lightroom_2...

Download fir Mac: http://www.adobe.com/support/downloads/detail.jsp?...
Download fir Windows: http://www.adobe.com/support/downloads/detail.jsp?...
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Nikon D3X
(01.12.2008 - 15:58)
Se ass schonn erwaart ginn, an vill derzou ze soën gëtt et net, äusser: Et ass eng D3 matt 24.5 Megapixel, 5fps (7 am DX Cropformat), an ISO 100-1600 just (50-6400 gepusht). An dat fir ongeféier 7700€.

Hei méi Infos:
http://www.dpreview.com/news/0812/081201nikond3x.a...
15 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Lightroom 2.1 an Camera RAW 5.1
(23.10.2008 - 23:42)
Gëschter ware komescherweis schonn Meldunge komm dass Adobe déi zwee Programmer geupdate hätt, allerdings war néirens en Download ze fannen. Säit haut si se dann wirklech ze kréien.

Lightroom 2.1: Windows
Camera Raw 5.1: Windows

Allen zwee bidden se lo Support fir folgend Fotoapparaten:

Canon EOS 1000D (Digital Rebel XS/EOS Kiss F)
Canon EOS 50D
Fuji FinePix IS Pro
Kodak EasyShare Z1015 IS
Leaf AFi II 6
Leaf AFi II 7
Leaf Aptus II 6
Leaf Aptus II 7
Nikon D700
Nikon D90
Nikon Coolpix P6000
Olympus SP-565 UZ
Pentax K2000 (K-m)
Sigma DP1
Sony A900
11 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
CS4 vun Adobe ass geschwënn ze kréien
(23.09.2008 - 20:49)
Adobe huet haut d'Create Suite 4 firgestallt, nëmmen annerhallewt Joër nodem CS3 op de Maart komm ass. Et ass bis lo déi gréisste Suite matt 13 Eenzelprodukter, 14 integréierten Technologien an 7 Servicer.

Et ginn 6 verschidden Versiounen, vun der Design-Versioun bis zur Master Collection déi all Produkt enthällt.

Firun allem soll d'Oberfläch nei gemaach gi sinn an soumat natirlech och verbessert, an méi séier soll och alles sinn duerch den direkten Zougrëff op d'Grafikskaart.

Méi informatiounen ginn et op: http://www.adobe.com/products/creativesuite/?promo...
9 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
5D Mark II
(17.09.2008 - 09:37)
Immens laang huet et gedauert bis d'5D en Nofolger kritt huet, dat gréisstendeels well einfach net genug Konkurenz um Maart war. Lo kënnt dës soulues, an dann bréngt Canon eng Vollformat matt 21 Megapixel déi och nach Full HD (1080p) filmen kann. Hei déi wichtegst Donnéen:

- 21.1 Megapixel
- Digic 4
- 14 bit
- ISO 100-6400 (mee erwedierbar op 50 respektiv 12800 an 25600)
- Full HD Video filmen
- 3" écran matt 920k Bildpunkten an Liveview
- Bis zu 3.9 Biller / sekonn
- 9 AF-Kräizsensoren plus 6 "Hëllefspunkten"

Präis ab november: 2499€

Méi infos op DPReview: http://www.dpreview.com/news/0809/08091705canon_5d...
An bei Canon: http://www.canon.de/For_Home/Product_Finder/Camera...
22 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Vollformat vu Sony
(10.09.2008 - 08:45)
Och heimat gëtt säit scho längerer Zäit spekuléiert, lo ass se do, D'Alpha 900 vu Sony, an zwar net just als kleng Digital Spigelreflex déi kengem opfällt, mee matt hieren 24.6 Megapixel huet se der och nach direkt méi wéi d'1Ds MIII vu Canon. Dobäi kënnt dass am Boitier selwer en Antishake System ass, wat soumat den éischten um Maart ass den et an en Vollformat-boitier packt. Hei déi wichtegst technesch Donnéen:

- 24.6 Megapixel op Vollformat
- "Steadyshot" Stabilisator am Boitier
- Dual Bionz Prozessor
- 100% Sucher
- 9 AF-Punkten matt 10 "Assistenzpunkten" woubäi den an der Mëtt en Dualcross ass
- 5 Biller pro Sekonn
- 3" Display matt 921.000 Pixel an 270dpi
- HDMI Äusgang
- ISO 200-3200 (op 100 respektiv 6400 erweiderbar)

Ze kréien vun Oktober un wéi et schéngt fir 2800€ ze kréie sinn.


DPRewview
Sony
14 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Nikon stellt D90 fir
(27.08.2008 - 12:30)
An schonn kënnt och Nikon matt der nächster Neiegkeet: D80 gëtt ofgeléist vun der D90. Eng Iweraschung huet Nikon och matt agebaut, an zwar eng Video-funktioun!

Hei déi wichtegst Donnéen:
- 12.3 MP
- D-Movie Funktioun 1280x720px
- High ISO/low-noise performance
- 4.5 Biller pro Sekonn
- 3" écran matt 920.000px an Live view an Gesiichtserkennung
- ISO 200 - 3200 an push/pull op 100 respektiv 6400 méigleg
- Bessen verbesserten Sucher

Méi Detailer op DPreview:
http://www.dpreview.com/previews/nikond90/

An bei Nikon selwer:
http://www.nikon.de/product/de_DE/products/broad/1...
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Canon 50D lo scho firgestallt
(26.08.2008 - 12:09)
Bessen méi fréi wéi wuel erwaard, huet Canon lo den Nofolger vun der 40D firgestallt: 50D.

Hei déi wichtegst Donnéen:
- 15.1 Megapixel CMOS
- 6.3 Biller pro Sekonn matt bis zu 90 jpeg'en hannerdeneen
- Digic 4
- ISO 100 - 3200 an nach ze pushen bis op 12800
- 9 AF Punkten
- 3" écran matt Liveview an och Gesiichtsverbesserung
- Den typeschen Magnesium-body
- EOS Cleaning System
- HDMI Connectioun méigleg op en Fernseh fir eng héich Opléisung

Hei All Infos op DPreview:
http://www.dpreview.com/news/0808/08082605canoneos...
An hei bei Canon:
http://fr.canon.be/For_Home/Product_Finder/Cameras...
14 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Lightroom 2.0 ze kréien
(29.07.2008 - 11:15)
Adobe huet méi fréi wéi erwaard den Lightroom 2.0 eräusbruecht. D'Verbesserungen sinn nach all déi selwecht wéi an der Beta-versioun (http://blog.photogen.lu/?newsid=94), woubäi vollen 64-bit Support, Dual-screen support an lokaliséiert Ännerungen an Fotoen maachen zu dene wichtegsten Neierungen zielen.

Nei kascht den Lightroom 2.0 knapp 300€ an am Upgrade 120€

Offiziell Lightroomsäit bei Adobe:
http://www.adobe.com/products/photoshoplightroom/
5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Nikon bréngt zweeten Full-frame Body!
(01.07.2008 - 13:55)
Nikon huet haut nieft der D3 hieren zweeten Apparat matt engem Vollformatsensor op de Maart bruecht. D700 ass tëscht D300 an D3, vu dass se vun der Technik hier bal daat selwecht entsprëcht wéi eng D3, mee se ass awer just sou grouss wéi eng D300.

Hei déi wichtegst technesch Donnéen:
- 12.1MP Vollformat Sensor
- Sensor Cleaning
- ISO 200-6400 (erweiderbar op 100 respektiv 12800)
- och DX-Objektiver passen drop, daat gëtt automatesch erkannt an dann bleiwen engem 5.1MP.
- 51 AF Punkten
- 5 Biller pro sekonn
- 3.0" Display

Kaschten soll se 2599€



Fir méi Infos kuckt op dpreview.com: http://www.dpreview.com/previews/nikond700/page2.asp
12 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Canon matt neiem Apparat: 1000D
(10.06.2008 - 09:36)
Et gëtt scho säit e puer Joër iwwert en ähnlech an hierem Sortiment plazéierte Modell, haut bréngt Canon dësen dann endlech. Et handelt sech em EOS 1000D, déi an der ganzer DSLR-Rei elo nach firun der 450D steet als klengsten an bellegsten Modell.

Déi wichtegst Donnéen am Iwwerbléck:
- 10.1 Megapixel
- EOS self-cleaning
- 7 AF-Punkten
- 3 Biller pro Sekonn
- 2.5" écran matt Liveview
- Digic III Prozessor
- SD an SDHC Späicherkaarten
- 450gramm liicht

Ze kréien ass se vun Enn Juli un, an de Präis fir d'Geheis selwer soll bei 549€ leien, an mam 18-55 Is am Kit kascht se 649€

Méi Informatiounen:
- Canon Press Release
9 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Adobe Lightroom Update
(11.04.2008 - 18:45)
Lo awer wirklech: Den nächsten klengen Update fir den Adobe Lightroom ass ze kréien, Versioun 1.4.1 fir genee ze sinn. Genee sou gëtt Camera Raw op den neitste Stand bruecht, do ass et lo Versioun 4.4.1.

Bei Lightroom ass aanescht:
- De Feeler den beim 1.4 d'Exif-donnéen falsch modifizéiert huet bei muenche Fotoen, den een gesinn huet wann een matt engem aneren Exif-Viewer wéi Lightroom oder Bridge, ass elo verbessert ginn. Äusserdem ginn all Fotoen déi dofu betraff solle sinn, beim Updaten verbessert.
- Olympus JPG Dateien sinn heinsto falsch exporéiert ginn, matt Feeler am Bild, ass och verbessert.
- Am 1.4 um Windows ass all Datei déi an DNG konvertéiert ginn ass, sou geännert ginn dass den LR Entwecklungsmodul an Camera RAW am Photoshop Datei net méi erkannt hun. Och dëst ass verbessert ginn.

Camera RAW:
- 4.4 huet och Exif Fonnéen falsch modifizéiert, mee just den Datum, an nemmen wann d'Fotoen als tiff oder jpeg gespäichert gi sinn. dëst ass verbessert ginn.
- Dee selwechte Problem wéi beim Lightroom mam Feeler am Exportéiren vun Olympus jpeg Dateien ass hei och verbessert.


Downloads:
- Lightroom: Windows
- Camera RAW: Windows
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Adobe TV gestart
(11.04.2008 - 00:15)
Adobe huet eng nei Videoplattform entwéckelt, déi elo online gaangen ass. Se ass firun allem geduecht am Zesummenhang matt eegener Software, waat Tutorials ugeet an ähnleches. Agedeelt ass daat ganzt an Fotografie, Designer, Professionell Video, Developer an Programmer.

Am Fotografieberäich fënnt een Tutorials fir Lightroom an Photoshop z.B. am Designerberäich Photoshop, Flash, InDesign, Dreamweaver an Illustrator asw ...

Hei kann een sech daat ganzt dann ukucken: Adobe TV
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Adobe Lightroom 2.0 Beta
(02.04.2008 - 17:51)
Haut huet Adobe déi éischt Beta-Versioun vum Lightroom 2.0 fräiginn, als Géigestéck zum Aperture 2.0 den Apple firun e puer Wochen iwweraschenderweis firgestallt huet.


Wichteg Neierungen sinn ënnert anerem lokaliséiert Ännerungen an Fotoen (wéi am Photoshop), 64-bit Support, Multi-écran Support, besser Sichfunktioun asw ...
Déi ganz Lëscht kann een hei noliesen: http://labs.adobe.com/technologies/lightroom/light...


Erofzelueden gëtt et se souwuel fir Mac wéi och fir Windows hei:
http://labs.adobe.com/technologies/lightroom
5 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Éischten Update fir Aperture 2
(28.03.2008 - 19:05)
Apple bréngt hieren Aperture 2 op d'Versioun 2.1, an baut hei eng Plug-in Architektur, sou dass elo aner Firmen op einfachem Wee, selwer entwéckelt Plug-ins kënnen den Leit zur Verfügung stellen an ganz einfach an hieren Aperture integréieren. Äusserdem hu se direkt e puer Zousatzmoduler selwer matt agebaut, déi een schonn dieft äus den Photoshop kennen. Dozou gehéieren:
- Dodge & Burn
- Op Pinsel baséirend Saachen wéi Kontrast oder Sättegungsastellungen (d.h. et kann een et, sou wéi mam Pinsel, just uwenden do wou een driwwer fiert) mee och z.B. méi schaarf zeechnen.

Den Update gëtt automatesch erofgelueden wann een den Software Update vum Mac start.
Testversioun kann een hei eroflueden: http://www.apple.com/de/aperture/trial/
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Adobe start Photoshop Express Projet
(28.03.2008 - 18:58)
Et war scho méi laang bekannt dass Adobe un enger Photoshop-Versioun schafft, déi ee sollt online, also am Browser, kënnen notzen, ähnlech wéi Google et schonn zur Verfügung stellt fir Text-dokumenter sou ze beaarbechten, Präsentatiounen asw. Lo ass de Projet an enger éischter öffentlecher Beta-phase online gaangen.

Et kann een also lo am Browser, Fotoen beaarbechten. Daat ganzt funktionéiert sou, dass Adobe engem, wann ee sech umellt mat enger E-Mail Adress, 2GB Späicher zur Verfügung stellt wou een dann Fotoen kann eroplueden, an all Foto déi een sou eropgelueden huet, kann een dann do beaarbechten.

Ze fannen ass daat ganzt hei:
https://www.photoshop.com/express
9 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
OPPASSEN: Adobe zitt LR 1.4 zréck
(17.03.2008 - 01:21)
Durch Problemer mam Lightroom 1.4, huet Adobe sech entscheed den Update vun hierer Säit rem rofzehuelen, an réit lo jidferengem, den den Update installéiert huet mee net wirklech déi nei ënnerstetzten Apparater bräuch, den 1.3.1 rem ze installéiren, bis se en neien Update bruecht hun.

Méi Detailer:
Adobe Blog

Download vum 1.3.1:
Windows
Macintosh
1 Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Adobe update den Lightroom op 1.4
(14.03.2008 - 22:34)
Haut huet Adobe en neien Update bruecht fir den Lightroom, daat wir dann d'Verisoun 1.4.

Et ass keen immens groussen Update dës Kéier, haaptsächlech ass en fir d'Ënnerstetzung matt neien Apparaten ze bréngen daat wiren folgend:

- Canon EOS 450D
- Fujifilm S100FS
- Nikon D60
- Olympus SP-570 UZ
- Pentax K20D an K200D
- Sony A200, A300 an A350

Downloads:
Windows
Macintosh
3 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Apple bréngt Aperture 2
(12.02.2008 - 15:07)
Et ass oft spekuléiert ginn an der läscht doriwwer, dass dei zweet Versioun vum Aperture soll kommen. Direkt den Dag nodem Apple dann dee groussen Update fir de Leopard öffentlecht zougängeg gemaach huet (10.5.2) schécken se Aperture 2 an d'Course fir den 1.5 oofzeléisen. E soll vill nei Funktiounen hun an sou zimlech alles waat dra war, soll verbessert gi sinn.

Wen Aperture schonn huet kann déi zweet Versioun fir 99$ kafen, dei europäësch Präisser stinn nach net fest, woubäi gerechent gëtt dass den wärt bei 89¤ leien, an da wir en hei zu Letzebuerg nach bessen manner, warscheinlech an der Géigend vun 85¤. Nei kascht en an den USA am Moment 199$, woumat se de Präis em 100$ rofgesat hu verglach mam Firgänger. Soubal déi europäësch Präisser feststinn, schreiwen ech se nach bei dës News derbäi.

Hei fannt der méi Informatiounen iwwert den Aperture 2:
http://www.apple.com/aperture/?sr=hotnews?sr=hotne...


UPDATE:
Apple huet d'Präisser leider 1zu1 iwwerholl, soumat kascht eng nei Aperture 2 Lizenz 199¤ an den Update 99¤ MEE hei zu Letzebuerg sinn dei Saache rem bessen méi belleg :) Déi normal Lizenz kascht 189.13¤ an den Update 94.09¤.
14 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Sony brengt 2 neier äus der alpha-Serie
(31.01.2008 - 23:49)
Sony huet hier Alpha 350 firgestallt, 14 Megapixel Apparat, an hier Alpha 300 matt 10 Megapixel.
Allen zwee hun se den sougenanntenen "Quick AF Live View", waat engem erméiglech och am Live-view net op den AF ze verzichten sou wéi et bei villen aneren ass.

Hei kennt der méi derzou liesen:
http://www.dpreview.com/news/0801/08013004sonyalph...


(Déi News hei si sou kuerz äusgefall well vun eis kee wirklech sony am Gebräuch huet an dofir kenne emr eis bei denen net sou gutt äus. Wann een Loscht hätt News iwwer Sony Produkter ze schreiwen, dee soll sech w.e.g. mellen op johny@photogen.lu)
Keen Kommentar     Liesen / Schreiwen »»
Nikon brengt nei Objektiver an D60
(30.01.2008 - 18:22)
Nikon huet dann gëschter och eng Rei nei Saache firgestallt. Dodrënner dräi nei Objektiver an een neien Apparat.

D'Objektiver sin folgend:
- PC-E NIKKOR 24 mm 1:3,5D ED (Tilt/Shift Objektiv)
- AF-S DX NIKKOR 16-85 mm 1:3,5-5,6G ED VR
- AF-S Micro NIKKOR 60 mm 1:2,8G ED

Dobäi dieft zemols den 16-85 ganz interessant si fir Ufänger. Am Zesummehang vläicht matt dësem neien Apparat:
Nikon D60:
- 10.2 Megapixel
- EXPEED - Bildveraarbechtungssystem
- AF matt 3 Messfelder
- 3 Biller pro Sekonn
- 2.5" Display
- Iso 100 - 1600
- Airflow-Control-System (géint Stëps)
- ze kréien anscheinend ab Februar
- am Kit mam AF-S DX 18-55mm/3.5-5.6G VR soll se 759¤ kaschten

Méi Detailer am Press-release vun Nikon:
http://www.nikon.de/press_room/news.html?locale=de...

An hei op DPReview:
http://www.dpreview.com/news/0801/08012910nikond60...
6 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Canon veröffentlecht 450D, Nofolger vun 400D
(24.01.2008 - 12:30)
Canon huet haut, entspriechend hierem reegelméissegen 18-Méint Update, den Nofolger vun der 400D firgestallt. Och wann een nach net mengt dass d'400D schonn esou al wir, hei sinn déi wichteg Neierungen vun der 450D:

- 12.2 Megapixel
- 14 bit
- 3.5 Biller pro Sekonn
- 3" Display matt Live-view
- 9 AF-Punkten (wei virdrun) mee lo matt an der Mëtt f/2.8 Kräizsensor
- Picture Styles
- Digic III Prozessor
- Liest äusschléisslech lo just nach SD-Kaarten
- Gëtt am Kit geliwwert matt der IS-Versioun vum alen Kitobjektiv 18-55 f/3,5-5.6

Méi Detailer fannt der suwuel hei:
http://www.dpreview.com/news/0801/08012403canoneos...

wéi och am Press Release vu Canon:
http://www.canon.de/About_Us/News/Consumer_Release...
11 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Sony bréngt Alpha A700
(07.09.2007 - 16:27)
Sony zitt dann och elo no mat engem neien Release. Hier nei Alpha700 soll der Konkurenz d'Liewen méi schwéier maachen.


Nei oder verbessert Funktioune sinn:

- neien 12MP Sensor
- 3.0" Display
- Magnesium Geheis
- besseren AF
- lo 5 Biller pro Sekonn
- neien Sucher matt äustauschbare Mattscheiwen
- Batteriegrëff als Optioun an och Remote control (IR)
- Den Interface ass ganz nei gemaach ginn an d'Ergonommie deelweis och


Hei dann de Link bei Dpreview:
http://www.dpreview.com/previews/SonyDSLRA700/

Text vun der Press Release:
http://www.dpreview.com/news/0709/07090601sonydslr...
7 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Nikon bréngt D300 an D3
(23.08.2007 - 15:22)
Knaps huet Canon eng nei semi-pro Kamera firgestallt an eng Pro, zitt Nikon no. d'Nikon D300 kennt als Nofolger vun der D200, huet also net eosu laang op sech waarde gelooss wéi verschiddene gefuart haaten. An dann hu se et endlech gemaach, matt der D3 bréngt Nikon endlech eng Vollformat DSLR op de Maart.

Wichteg Neierungen bei der D300:
- 14bit Conversion
- neien Image prozessor
- Iso geet bis op 6400
- Neien AF-Sensor (51-Point, dofun 15 Kräizsensoren)
- HDMI video-ouput (zimlech staark fir en Foto-apparat)
- Neien 3" écran matt 922.000 Pixel
- Liveview
- 8fps max mam BG, 6fps ouni BG
- self-cleaning vum Tiefpassfilter

Ze kréien soll se am November sinn fir 1900 - 2000 € Fir all Detailer kuckt op dpreview:
http://www.dpreview.com/previews/nikond300



Detailer zur D3:
- Vollformat (!!!) 12.1 MP
- 14bit
- ISO normal bis 6400 an am boost bis zu 25600
- 9fps matt AF emmer rem astellen dertëscht oder 11 fps ouni dass den AF sehc matt verstellt
- Selwechten neien image prozessor wei bei der D300
- Och neien AF matt och 51 Punkten
- Dual Cf Slot
- 3" Display, 922.000 pixel
- Liveview
- HDMI output

Ze kréien ab November fir ongefeier 5200€. Fir weider Detailer:
http://www.dpreview.com/previews/nikond3



Dann hu se awer och nach eng Rei nei Objektiver firgestallt. dodrënner en 14-24 f2.8 den um neien FX Vollformat Sensor soll Asaz fannen an do den Wäitwénkel beräich oofdeckt. Dann als Ergänzung en 24-70 f2.8, och fir den FX Sensor. Déi zwee sollen och am november ze kréie sinn, Präisser stinn hei nach net fest.
http://www.dpreview.com/news/0708/07082311nikonafs...

Dann hu se nach 3 nei VR Lënsen bruecht am Tele-beräich, och fir D3 geduecht. 400mm f2.8, 500mm f4 an 600mm f4. sollen och am November ze kréie sinn, Präis steet och hei nach net fest.
http://www.dpreview.com/news/0708/07082310nikonsup...
28 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Canon stellt nei Apparater an Objektiver fier
(20.08.2007 - 14:49)
Nodem gëschter Amazon schonn kuerz d'Säit vun der Canon EOS 40D online haat, an se no 2 Stonnen rem rofgeholl ginn ass, huet Canon haut se dann awer selwer bestätegt an firgestallt. Se stellt den Nofolger vun der 30D duer, an et gëtt an Foren schonn éiweg spekuléiert waat se alles soll/misst hunn.


(Source: canon.de)

Hei sinn dei wichtegst Neierungen am Iwwerbléck:
- 10.1MP
- Self-cleaning wéi bei der 400D
- Méi groussen Sucher
- 9 AF Punkten sinn elo alleguer Kräizsensoren
- 3.0" écran matt Liveview Funktioun
- AF an der Liveview funktioun (war bei der 1D Mark III nach net esou)
- Digic III Prozessor
- 6.5 Biller pro Sekonn, 17 RAW hannerdeneen
- Vun ISO 200 un huet se eng Funktioun fir dass iwwerbeiichten Deeler rotzdem méi Detailer kréien
- 14bit Faarwkanal
- äustäuschbar Mattscheiwen, et kritt een do zwou anerer: matt Gitter fir Architekturfotoen an eng wou et mei onkloer ass, Canon selwer seet "manuelle Fokussierung bei Makro- und Portraitaufnahmen".
- Se ass elo oofgedicht bei den Deckelen, mee net op de Knäppecher.
- ISO gëtt permanent am Sucher ageblend

Se soll fir 1299€ vun Oktober un ze kréie sinn.




Dann hu se nach d'1Ds Mark III firgestallt. Dës huet elo 21 Megapixel (!) Se späichert hier Bilddaten matt iwwer 100MB, an zwar als onkompriméiert TIFF, mat 16bit.
Vu dass dëse Modell wuel fir déi manst hei wärt interessant sinn schreiwen ech lo kee résumé iwwert dei wichteg nei Saachen, weider ënnen fannt der de Link fir bei Canon d'Saachen selwer durchzeliesen. Ze kafe kritt ee se vum Dezember un, fir ongefeier 8200€




Nei Obkektiver sinn och firgestallt ginn:

- EF-S 18-55 3.5-5.6 IS. Den bis elo sou bekanntnen Kit, matt Bildstabilisator. Wéi et op de Fotoen äusgesäit huet en och eng besser Verarbechtung. Präis: 199€

(Source: canon.de)

- EF-S 55-250 4-5.6 IS. Hei hu se op 250mm verlängert, esou en Brennwäiteberäich haat Canon bis elo nach net a senger Rei. Präis: 299€


- EF 14mm f2.8 II USM. En neie Wäitwénkel äus der L-serie.



================
Hei nach d'Links bei Canon selwer:
http://www.canon.de/About_Us/News/Consumer_Release...
http://www.canon.de/about_us/news/consumer_release...
http://www.canon.de/about_us/news/consumer_release...

An hei nach den dpreview:
http://www.dpreview.com/previews/canoneos40d
32 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Nei Modeller, nei Objektiver
(25.08.2006 - 00:30)
Nikon huet virun 2 Wochen ongeféier hier D80 fiergestallt. Den Nofolger vun der D70(s), déi dann 10.2MP huet, 11 AF-Point System, 3 Biller pro Sekonn, méi groussen Display, méi kuerz Startzäit, méi kuerz Äusléiseverzögerung, dem Autofokussystem vun der D200 an en opwännegt 3D-Color-Matrix-Belichtungsmiesssystem huet, soll dann demnächst d'Leit zu Nikon lackelen. Dës soll dann 969€ (Body alleng, läut Nikon) kaschten.

Lo huet da Canon den laang ersehntnen Nofolger vun hierer 350D, déi iwregens déi meescht verkaafte Cam op der Welt ass, fiergestallt. Se sollt 400D heeschen. Dës huet och elo 10.1MP, 9 AF-Point System, 3 Biller pro Sekonn, och méi groussen Display, an virun allem, nei bei Canon huet së en Self-cleaning System den den Sensor automatesch soll botzen, dass kee Stëps mat op d'Fotoe kënnt. Dës soll verkaaf gin fier 799€ (Body alleng, läut Canon). D'Geheis ass zimlech tselwecht bliwen. Domat bréngt Canon eigentlech eng DSLR fier schon mei erfueren Leit eräus, an engem Ufänger Geheis. Daat gët rem méi Grond dass d'Spekuléieren em eng 4-stellech DSLr vu Canon, herno op der Photokina sech awer keint als wouer duerstellen. Dës soll, Spekulatiounen noo, dann fier den Ufänger geduecht sin an och an engem fier den Ufänger-fotograf méi interessantem Präisberäich leien. Ob sou eppes awer kennt, ass eng gudd Froo...



Mee nët nemmen nei DSLR'en sin fiergestallt gin, och nei Objektiver. 2 bei Canon an och 2 bei Nikon. Bei Nikon wiren et folgend:
- AF-S VR Zoom-Nikkor 70-300 mm 1:4,5–5,6 G IF-ED
- AF-S DX Zoom-Nikkor 18–135 mm 1:3,5–5,6 G IF-ED

An bei Canon dës:
- EF 50 mm 1:1,2L USM
- EF 70 200 mm 1:4,0L IS USM

Zousätzlech sin en puer kleng kompakt Digitalkameraen och bäikomm. Méi zu denen neien vun Canon kënnt der hei liesen:
http://www.canon.de/about_us/news/consumer_release...
28 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»
Canon bréngt den Nofolger vun der 20D
(21.02.2006 - 13:59)
Dësen Nofolger heescht lo awer 30D (Obwuel et shconn eng 'D30' gët). Verschidden Updates mat denen gerechent gouf sin awer äusbliwen. 2 grouss Ännerungen sin den mei groussen écran bei der 30D, an wann een den ISO emstellt kritt een daat elo och am Sucher ugewisen. Ob se en besseren AF huet (sou wei den vun der 5D), doriwer sin am Moment iergent wéi nach Diskussiounen am gaang, déi eng soen jo, déi aaner nee. De Präis läit anscheinend tëscht 1400€ an 1600€. Ob Canon domat en anstännege Géigner fier d'Nikon D200 bruecht huet, ass wuel a Froo gestallt

Nach derbäi hun se hieren 85mm L EF verbessert, woubäi den AF lo och soll besser schaffen.

Dann hun se nach e ganz neit Objektiv op de Maart bruecht, an zwar en EF-S 17-55mm F2.8 IS USM. D.h. en Objektiv fier un d'Amateur an Semi-pro Apparater, allerdings läit de Präis geschätzt 1200€ - 1300€ an der L Zone, obwuel et 'nemmen' en Objektiv ass fier nët op Profi-apparaten. Ob verschiddene Leit et Wärt ass dëst Objektiv ze kaafen, ass wuel eng gudd Froo ... Canon mengt anscheinend jo.
12 Kommentarer     Liesen / Schreiwen »»