Header
Photogen & Eldoradio siche Fotografen
(31.01.2009 - 13:33)
Photogen.lu sicht am Kader vun enger Zesummenaarbecht mat Eldoradio e puer Fotografen, déi regelméisseg kënnen Fotoen vun Persoune-Shootings erop lueden. Et geet hei d rëm, dass dës Fotoen an eng grouss Galerie kommen op www.eldoradio.lu, wou dann Shootings bäigesat ginn mat op mannst 15 Fotoen dran (wat méi, wat besser). Op Eldoradio.lu gëtt dann e Link bäigesat ënnert all Foto, op dem säi Profil op Photogen.lu respektiv seng Fotoen, sou bréngt et jidderengem méi Besicher an Leit déi Fotoen kucken.

Fir den Ufank virun allem ass et wichteg, dass direkt e puer Shootings kënnen gewise ginn, hei kënnen och aal Shootings dofir geholl ginn wou dann dës direkt fir de Start vum Projet kënnen zur Verfügung stoen.

An dann herno sollen och regelméisseg Fotoen bäikommen, dat muss dann awer net all Woch sinn, just "normal", soen mer mol, regelméisseg Shootings maachen, dat geet duer.

Dës Fotoen musse keng standard Studiofotoen sinn mee kënnen och méi ausgefale sinn wéi z.B. d'Miss Lilou Serie vum Marc Gerard: http://www.photogen.lu/index.php?page=view_userf_p.... Do ass dem Fotograf fräi Wiel iwwerlooss.

Wann nach Froen dozou sinn kënnen déi hei gestalt ginn, oder schéckt eng E-Mail op johny@photogen.lu. Déi selwecht E-Mail gëllt fir wann een interesséiert ass fir mat ze maachen.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Icro 31.01.2009 - 14:45
uah ech sin dobai XD closed_eye .
raymack 31.01.2009 - 14:52
Ech och - ech och !!!
Roxane 31.01.2009 - 15:19
Ech verstin net genau wisou an firwat dat gudd ass daat een fotograf nemmen fun der selwechter persoun eropluerd oder nemmen fun verschiedener an wisou dei fotoen genau gudd sin ?
jio se kommen op eldoradio.lu an eng aglerie dat leit se kennen kucken goen an fotografen hier fotoen kennen weisen !?

setzen vleit op da leitung mee verstin et net richteg
Johny 31.01.2009 - 16:50
Nee net just vun enger Persoun, just ee Shooting sollt natierlech net 20 verschidde Leit weisen. D'Fotoen sinn um Site vun Eldo fir de Leit eppes méi ze bidden, an d'Fotografen hunn do eng Méiglechkeet hier Fotoen ville Leit ze weisen an dass se dann och seng aner Fotoen op PG kënne kucken. Et ass am fong en "eng Hand wäscht déi aner fir méi Klicks ze kréien" Projet smile
patrickr 31.01.2009 - 17:38
(geläscht)
klex 31.01.2009 - 20:56
15 gudd Fotoen vun engem? Aus engem Shooting? Richteg gudder? Da sin ech mol gespaant... wel dat ass net einfach. Ech ferten dat dat ganzt an enger 360° ''Packshot'' Gallerie ausart, just eben vun Modeller. Well mech do net ameschen, mee géif och éichter soen wéi de patrickr, flait manner Fotoen.
Oder eben aus verschiddenen shootings, mee da wären et och rem mei verschidde modeller an de wär et keng su Serie méi...
Mol kucken wan dat ganzt dann online ass wi et gett smile

Ledge 31.01.2009 - 22:34
Sou wéi ëch daat verstaan hunn sollen pro Photograph opt mannst 15 Photoen vun engem "Model" an dës Gallery. Mee di Photoen mussen (sollen?!) awer nët aus engem Shooting (eng Location, een Dress etc.) staamen mee kënnen aus verschiddenen Sessions (déi zB. all puer Wochen stattfannen) gesammelt an online gesaat ginn.

Deemno wär ët vir den Ufank interessant e puer Photographen ze fannen, déi esou en Projet schon réaliséiert hunn an hier 15 oder méi Photoen wëllen zuer Verfügung stellen, vir dass di Saach uleeft.

Klengt interessant mee ëch mengen, dass déi wéinegst hei bis 15 verschidden, qualitativ gudd Photoen motivéiert sinn... Obwuel ëch unhuelen, dass daat eigentlëcht Produkt sws nët am Virdergrond steet...
BlackPanther 01.02.2009 - 01:49
ergh...ok...
oofgesin dofun dass ech weinech bis guernet an dei Richtung tätech sen, gesin ech (ähnlech wei Roxane) den Senn nik rischtech an...bis op klicken an pageviews dei do ausgetosch gin gesait et neemlech net no QUALITATIVER Arbescht aus wei Patrickr schons seet...
ech denken do un dRTLsait wou joh lo wierklech net representativ fier daat waat ech ennert FOTOGRAFIE verstin as...cool

eenzecht waat ech gudd drun fannen as dass PG ufenkt mat anere Siten zesummenzeschaffen!as eng gudd Saach! smile
Lait dei un -quantiteit- intresseiert sen fannen sech secher ona...closed_eye
Pelz 01.02.2009 - 14:32
Ech färten ganz dat daat doten eng bëlleg Kopie vun Rtl gët. An en plus wärt et eng Spart vun mei oder weineger Qualitativ niddregen Foto'en gin. 15 gudd Foto'en ass net sou einfach Zumols net fier Amateurfotografen!!! Ech selwer maachen op engem Shooting teschend 200-300 Foto'en. An fier doräuser 15 Foto'en ze kreien dei gudd sin....Daat ass schier onméiglech! Et kritt een 15 anstänneger mais "gudd" daat kennen dei Mannsten ;o)
Sin mol op alle Fall gespaant op deen Projet!
Ech hoffen och, dat fier deen Projet net all Fotograf geholl gett deen sech mellt, mais och no deem senger Aarbescht bewert get...Well och nemmen sou kann een t'Qualitéit vum Projet staieren!
Johny 01.02.2009 - 14:54
Also jungs ... smile
Et ass fir op Eldoradio, dass si méi Klicks kréien, an mir och. Eldoradio ass net fir Hobbyfotografen wéi eis, wou all Foto bal muss perfekt sinn. Eldoradio ass fir all Mënsch, do geet jidderee kucken. Wann lo schonn de Verglach kënnt mat RTL: Kuckt wéivill Fotoen den Yves eroplued. Déi sinn och net all Top, trotzdem ginn d'Leit se kucken well dat heescht nach laang net dass de Recht schlecht ass. An genee sou ass et hei och. Hei onbedéngt onmoossen un Qualitéit ze verlaangen ass feel op der Plaz, dodrëm geet et guer net. De Ledge hat do schonn Recht. Eldoradio sicht puer Fotografen, mir hëllefen hinnen der ze fannen déi do inetresséiert wieren, loosst déi Leit do matmaachen déi wëllen smile

Pro shoting kënnen zwar verschidde Locations gewielt ginn, mee en ganz anere Stil sollt net ënnerhalb vun engem Shooting optrieden.
Ledge 01.02.2009 - 16:53
Mir sinn ons awer eenz, dass dem Yves seng Photoen an der Moyenne, trotz Quantitéit, op héigem technëschen Niveau sinn! An virwaat di Gallerys erfollegräich sinn ass kloer closed_eye


Ech wëll den Projet nët schlecht schwätzen Johny - PG an Eldo hunn näicht ze verléieren - mee ët schengt ewéi wann ët hei haaptsächlëch ëm Klicks (=Money um Enn vum Tunnel) geet ewéi ëm sériö Photographie. An daat fannen ëch schued, well ët an mengen Aaen nët mat der Grondiddee vun PG ze vereinbaren ass unhappy

Du solls awer maachen wéis du ët vir gudd fënns! Ech respektéieren deng Zukunftspläng - muss jiddereen vir sëch décidéieren, op en mat op den Zuch sprengt oder nët smile
gloda 01.02.2009 - 18:22
"Klicks (=Money um Enn vum Tunnel)"
Klicks heeschen och méi Traffic op PG, demno méi potentiell User déi Fotoen eroplueden an Kommentarer schreiwen. An Kommentarer kréien mer jo all gären.
Roxane 01.02.2009 - 21:55
ech mengen dei leit dei dei Fotoen kucken gin intresseieren sech mei fir dei meedercher (oder vleit och jongen )dei op den fotoen dropsin wei dofir wei foto gemaat ass ! ass elo mol meng meenung . ech mengen et sin net vill leit dei ech soen elo mol fotoen op rtl kucken gin fir ze kucken ewei foto gemach ass ech mengen dei gin eichter fir ze kucken wei modelen ausgesin gesin et vleit alleng sou mee jiddrengem seng eejen meenung ...
JADE 01.02.2009 - 22:03
daat ass natierlech och eng gutt Bemierkung, Roxane
wahrscheinlech läiss du am richtegsten an denger Iwerléung, leider ...
Pelz 01.02.2009 - 22:09
Do gin ech dier absolut Recht Roxane. Mais dann nach eng klitzekleng Géigefro: Muss een sech dann domat zefridde gin andeems een seet, t'Leit interesséieren sech a priorie nemmen fier t'Meedecher oder Jongen, folglech kann t'Qualitéit roueg astiechen... ;o)
Roxane 01.02.2009 - 22:28
ech mengen dann keint een och iergenenger persoun an da groussgaas en fotoapparat an deen grap drecken een scheint meedchen unhahlen an soen haat soll poseieren. Dann geng et fir mech op dat nemlecht erauskommen. Well menger meenung no gett op eldoradio.lu zum greisste deel nemmen op meedchen oder den jong gekuckt ... ok dem Fotograf seng fotoen gin gekuckt an kommen wahrscheinlech och mei leit op PG laanscht kucken mee mengt dier wierklech dass dei leit dei op eldoradio kucken sech fir bumen , ziich an deieren fotoen op PG intresseieren ech mengen net ... oder ? jio dass fir model emmer schein wann et gekuckt gett an leit et schein fannen mee wat brengt dat dem Fotograf?
Ledge 01.02.2009 - 23:04
@gloda: Sorry, du hues Recht - wahrscheinlëch haat ëch e bessen ze Eensäiteg geduecht. Dem Eldo geet ët, wéi den Johny och kloer soot, nët ëm d'Photo mee ëm den Klikk. Sie maachen PG/den Photographen keen Gefaalen mee PROFITéieren vun der Situatioun. Du muss bedenken, dass den Radio dank denger Photo Suen verdengt - an du kriss näicht dervun oof. Et sierf du gëss dëch mat dem Link op däin Profil zefridden... Doriwwer eraus géif ëch ët schued fannen esou artistëch wertvoll Photoen ewéi d'Miss Lilou Série an enger bëlleger Gallery ze dégradéieren.

@Pelz: Huet daat wierklëch eppes mat "sëch dermat zefridden ginn" ze dinn? Wéi géifs de daat dann änneren? Maach den Test: 4 Thumbnails mat 4 Motiver: liicht an manner liicht bekleedent Meedchen - idem mat engem Typ. Ween kritt wuel di meeschten Klikks? Oder maach 2 Gallerys an nenn se "Dessous" an "Fashion"... Sex sells, bro! Mëttlerweil ginn di nei point&shoot Cams an den Reklammen och schon vun Models am Bikini geheemelt!
Ledge 01.02.2009 - 23:05
@Roxane: Wou därf ëch ënnerschreiwen?
Johny 01.02.2009 - 23:30
"Du muss bedenken, dass den Radio dank denger Photo Suen verdengt" absolut net, well wann dat sou wier hätte mir net mat gemaach.

An zum Roxane sengem Kommentar ... dat leeft bei RTL esou, do ass et jo an Tëschenzäit just nach uncovered wat een ze gesi kritt, mee ech hu jo nach derbäi geschriwwen dass och ausgefale Fotoen wéi dem Marc seng Miss Lilou Rei hei kënnen mat derbäi zielen, wat lo wierklech keng Rei vu Fotoen ass fir déi Zort vu Leit em déi et lo gaang ass an ärer ganzer Diskussioun. An dat hun och net just ech sou derbäi erfonnt, mee dat huet deen mat deem ech ze dinn hu vum Eldo mer och genee sou gesot, an huet och déi Fotoen vun Marc als Beispill genannt.

Dir probéiert grad Saachen a Probleemer sichen ze goen wou der vill manner sinn a Wierklechkeet, dat muss net sinn smile
Ledge 01.02.2009 - 23:42
Et deet mer Leed Johny, mee esou leeft den Business. Ass awer nët schwéier ze verstoen...
Johny 01.02.2009 - 23:45
Bis virun enger Zäit konnt een eng Foto bei hinnen um site sech per SMs schécke loossen, do hu si also direkt konnten Suen verdingen mat de Fotoen. Dat ass net méi méiglech säit enger Zäit. Dass hinnen méi Visiteuren méi Suen bréngen duerch d'Reklamme ronderem, dat ass kloer, mee eis jo och. Wat mir méi Visiteuren hunn, wat mir och vun zukünftege Sponsoren (mat deene mer grad verhandelen) méi verlaange kënnen. Well mir als Club lo do Suen erakréien, lueds de elo keng Fotoen méi erop bei eis? smile

Dovun ofgesinn ass et jo ëmmer nach dem Fotograf säi Choix, et gëtt jo keen gezwongen.
Ledge 02.02.2009 - 00:38
PG ass eng PhotoCOMMUNITY Johny, eng ABSL, eng Association SANS But Lucratif. Du misst daat dach wëssen closed_eye Hei geet ët ëm d'Photo, ëm den Photograph, deen seng Photoen VIR NÄICHT an TOP Qualitéit online Lëtzebuerg an der Welt weisen kann, vun aaner Photographen (oder Léit déi sëch gären flott Photoen ukukken) Kritiken an Verbesserungsvirschléi kritt, sëch doduerch an duerch d'Kommentéieren/Betruechten vun aaneren Photoen weiderentweckelt, nei Kolleegen kennen léiert etc, etc. Et ass logesch, dass dir di onvermeidbar Onkäschten nët wëllt aus eegener Täsch bezuelen mee all Ausgaab ass hei am Intérèt vum Member resp. en profitéiert dervun. Hei gëtt och keen Dividend un iergendwelch Holdings ausbezuelt deenen ët schäissegal ass duerch waat d'Suen eran kommen...

Okay PG huet zu engem gewëssenen, klengen Deel (Link oder Banner AD) eppes vun der Zesummenaarbëcht, mee ëch géif an denger Plaatz kukken, dass se der, wann den Projet erfolleg huet, eppes ant Keess sponseren. Och wann ët just vir den Geste ass! Tass daat waat mëch stéiert. Dass Erotik sëch gudd verkeeft dovir kann den Eldo jo nët closed_eye
Johny 02.02.2009 - 00:47
Keng Anscht, den Deel mam sponsoren asw do kèëmmeren mer eis schonn drëm, respektiv mer sinn deck amgaang, Resultater dovun wärten am März ze gesi sinn smile
Mir bidden eise Fotografen dat un well ech sécher sinn (an et jo och gesinn), dass et Leit ginn déi wëlle profitéieren vun enger Geleegenheet fir hier Fotoen dem méi grousse Public einfach just ze weisen. Do ass och näischt falsch drunn dat ze wëllen, an mir ginn hinnen heimat déi Geleegenheet. ech gesinn do net wat soll falsch dru sinn, op Firma, a.s.b.l. oder wat och ëmmer smile
Ledge 02.02.2009 - 02:05
Ech mengen mir hunn ons falsch verstaan: Stell der vir den Projet gëtt en Erfolleg, mat enger Hand voll Photographen déi régelméisseg flott Photoen eroplueden. Et ass kloer, dass an déi Biller vill Zäit an och Suen investéiert goufen, mee wéi bei all Hobby ass daat gär geschidd. D'Photoen kommen also an dës Eldo Gallery a ginn vun villen Leit gekukkt, sou dass d'Unzuel vun den Klikks um Site ëm 15% klëmmt. Stell der vir, dass dank dësen Statistiken Eldoradio den Präiss vun hieren online Banner ADs ëm 15% erhéigen kann. Den Net Profit klëmmt deemno och ëm 15%, well se jo keng Ausgaben hunn, se kréien d'Photoen vir näicht (den Link op den PG Profil ass di eenzeg Géigenleeschtung).

Géif dëch daat nët stéieren? Do mëch eng kommerziell Firma Suen mat dengen Photoen an du hues näicht dervun! Also dann rennen ëch mëch léiwer selwer mam Fouss an den A*****!

Ech wees, dass mir Photographen ons Wierker bei Geleegenheet gären engem méiglëchst groussen Public wëllen weisen, mee daat geet och ouni sëch esou mussen "ausbäuten" ze loossen. Ech verdengen mir sëcher keng gëllen Nues un mengen Concertsphotoen mee ëch kukken awer, dass weinstens meng Ausgaben (Transportkäschten an Verpfleegung) gedeckt sinn - nom Motto "Your work has a unique value to these people and since people generally pay for things with value, you have a right to charge them whatever amount you feel is justified!"

Aus deem Grond erwaarden ëch mer mindestens den Geste vun engem Sponsoring un PG wann dësen Projet soll fonktionnéieren. Daat kéim an mengen Aaen manner Profitsüchteg. Vir den Rescht soll jiddereen maachen wéi hien ët vir gudd fënnt.
patrickr 02.02.2009 - 09:25
(geläscht)
Johny 02.02.2009 - 10:04
@Ledge: Also do komme mer an e Beräich wou ech net kann an däerf ëffentlech driwwer schwätzen smile
Soen mer just sou vill: D'Reklamm op Eldo déi mir kréien, kascht jo och normalerweis eppes, eis kascht se awer näischt. Et geet och net just ëm 20EUR hei.

"Vir den Rescht soll jiddereen maachen wéi hien ët vir gudd fënnt" dobäi bleiwe mer lo mol smile
Roxane 01.02.2009 - 23:47
Ech wees net wei den Marc daat geseit mee ech fannen esou fotoen bessen schued fir op esou eng Seit neicht geint eldoradio mee wat hun dei 2 saachen eijentlech matneen ze din ? bei RTL verstinch et och net ondbedenht mee mengs du wierklech dei leit dei op eldoradio dei fotoen kucken kommen op PG blimmercher ziich an deierenfotoen kucken ?Do gett et jio dann net em nrmal portraitsfotoen ech soen guer net dat et onbedengt mussen fotoen sin wei dei fum uncovered mee awer ...

ech mengen bon jidrengem seng meenung mee meng ass ebben dann eng aner ech ech bleiwen och dobei
Johny 01.02.2009 - 23:51
Wéi lo, Fotoen déi wéi dës wierklech vill kënschtleresche Wärt hu fënns de ze schued, an dat anert fënns de awer och net gutt? smile

Net jiddereen deen hei ass interesséiert sech fir, wéi s de sees, Déieren an Blimmechersfotoen. Vill Leit komme just fir eng Zort vu Fotografie, sief et Natur, Architektur oder Portrait'en. An méi Visiteuren déi Fotoen kucken, schued kengem, an ech si mer sécher dass och Leit déi sech wierklech fir Fotoen interesséieren, och nach doduerch de Wee bei eis fannen. Dass et net nèemmen der kënne sinn ass kloer an och gutt, soss hätte mer geschwenn bëssen zevill Leit hei aktiv closed_eye
BlackPanther 02.02.2009 - 11:51
hui...guff joh FILL ze liesen hai! smile
ech deelen amfong dem Roxane seng Usiicht an gesin mech dowinst och net Fotoen do roplueden...

verstin awa lo besser dei Geschicht mat den Kliks!klengt recht plausibel!cool

as wei Johny seet: et MUSS keen an jidfreen mecht wei en fir gudd befent! smile
Metalbambi 02.02.2009 - 20:16
Ech gesin daat hei och eichtr kritesch, ech bezweiflen daat bei soueneger neideger Quantiteit den Niveau immens heig waert sin, wessen jo all weivill Fotoen een reel aus engem Shoot kritt...
Eldoradio mecht secher Profit heiduech, dovier ennerstetzen ech och dei Meenung daaten d'Fotografen oder mindestens PG eppes bezuelt misst gin.
Johny 02.02.2009 - 20:23
Wéi ech scho geschriwwen hunn als Äntwert op dem Ledge säi Comment: "D'Reklamm op Eldo déi mir kréien, kascht jo och normalerweis eppes, eis kascht se awer näischt. Et geet och net just ëm 20EUR hei."
pfoto 03.02.2009 - 09:20
Also ech hun mech och op d'Lëscht gemellt. Zur Diskussioun hei muss ech soen, dass ech mengen mir géifen eis do vill ze vill Gedanken maachen !!
Mäis mir maachen do emmer den Fehler das mir dat ganzt als (Hobby,Amateur)-Fotografen gesinn an analyséieren.
Well ech gin mol dovunner aus, das méi wéi 95% vun all deenen Leit , welch déi Fotoen dann op deen Site kucken gin, déi Fotoen nët sou gesin wéi mir.
raymack 04.02.2009 - 10:25
Kann mech do nemmen dem pfoto unschleissen.

Et geet bei desem Projet secher net dorem fir nemmen 110% qualitativ einwandfrei Biller ze posten. Mee dorem fir d'Opmirksamkeet vun dem Grand Public ze errechen. Wann dann och nach dei eng oder aner ganz gudd Foto dobei ass...em esou besser.

Sougur dei grouss Meschter an der Fotografie brengen et net färdeg mei wei eng 10-12 richteg gudd Biller am Mount ze machen....an trotzdeem publizeiern sie awer och dei "manner Gudd". Soss kennten se jo och net Iwerliewen.

Mir sollten eis net mei Helleg machen ewei den Popst, an mat den Feiss um Buedem bleiwen.

Dat heiten ass eng Chance fir elo op Belleg Maneier Reclamm ze kreien, an d'Leit op eis Opmirksam ze machen.
deendo 05.02.2009 - 16:59
Ofgesinn dass ech nët gären "Shootingen" machen lee'en ech awer nach main Pefferkär bai.

Schéin a gudd dass Photogen doduerch Reklamm op der Eldo Sait kritt, awer ech froen méch wisou daat grad duerch d'Arbecht vun den Memberen finanzéiert gëtt.

Wier en Bannertausch am klasseschen Sënn nët duer gaangen? Ah bon. Eldo wärt do nët domat averstaanen gewiecht sin - dh jo awer ganz banal dass ët hinnen nët emt den Inhalt geet awer emt den Frick.

Mat der Arbecht vun den Memberen verdingt den Eldo ganz wuel nach Suen: duerch déi nei Galerien lackelen sie méi Besicher op hieren Site, wouduerch sie durch déi zousätzlech Hits hier Reklammen vill méi Deier verkaafen kënnen. Praisser fënnt een hei:

http://www.ipl.lu/forcedownload.php?iddownload=169&type=_pdf_

A waat hun mir dovunner? Eng penetrant Flash-Reklamm weider (déi main Adblock nees filteren dierf). Wisou ass et esou schwéier fir en Sponsor am Fotosberaich ze fannen? Daat wier méi passend fir eng Community wéi déi heiten.
Johny 05.02.2009 - 17:02
Ehm du setz elo falsch Saachen hei dran smile

E Banner vun Eldo kënnt net op PG, dovun ass ni riets gaang. an "Zesummeschaffen" ass eben grad NET just Bannertausch.

An ech hunn et awer lo schonn oft gesot: Mir sinn matzen an der Phase dran fir Partner (net Sponsoren, dat kléngt onperséinlech an blann op Suen aus sinn) ze sichen aus dem Fotosberäich natierlech. Mee dat gëtt alles eréischt ëffentlech mam Update an/oder Start vum Verloune vum Studio...
deendo 05.02.2009 - 17:07
Den Banner ass eben daat éischt wourunn ech denken wann ech un eng Zesummenarbecht am WWW denken.

Hin oder hier - waat bei Eldoradio ännert stëmmt doduerch awer nach ëmmer.

Iwwerhuelen d'PG-Fotografen dann elo d'knipserei op den Eldo-Partyen oder wéi closed_eye Hehe.

Ma dann sin mer emol gespaant op den Update.
Johny 05.02.2009 - 17:10
Mir sinn schonn oft gefrot gi fir "Zesummenaarbecht" a Form vun mir bidden Partyfotografen un, do hunn ech ëmmer direkt ofgewonk. Dat interesséiert kee Schwäin dee wierklech gär Fotoen mécht.
Wa mir hinnen Fotografen zur Verfügung stellen ass dat genuch Géigeleeschtung, an souwisou, wat bréngt hinnen e Banner bei eis um Site .. net wierklech vill smile
deendo 05.02.2009 - 17:13
Ok, ech mierken dass de den Site awer nët onbedéngt gären verramsch. Ma dann vertrauen mer der emol (noutgedrongen, gell du?) an hoffen dass de d'Community weider an déi richteg Richtung entwéckels. smile
Johny 05.02.2009 - 17:14
Soubal mer lo als Club richteg aktiv sinn an den Update do ass, geet dat e gutt Stéck virun closed_eye
jhonny_Chicago 11.03.2009 - 23:20
Ech hat emol Lang a breed eng Diskutioun maat leit vum eldo iwert Photoen, die hun menger menung no keng anung dofunner,
Schein a gudd maat reklamm, mais wien profiteiert mei dofunner , leit gin egal wei op Eldo.lu photoen kucken vun Photogen , klicken sech muer awer net extra op Photogen eran, DH egal wei bleift fir leit den Haapt Interface den Edlo.lu. Domat machen hei PG Photographen resp User sech eng arbescht op Käschten vum Eldo sengen User.
Macht mol eng Analyse vum RTL.lu daat ass dach den een News Interface an Zeitung...... .

Den Eldo huet eppes um en dofunner an PG net sou vill. Sie hun mech daat do och gefroot, Schwetzt mol emol iwert Bildrechter asw, dann Fänkt eldo un maat tudlen, dann well keen mei eppes wessen.
Et gin bestemmt gudd anner leisungen,

Ass och normal das sie bei PG uklappen kommen, well die Harrien die owens iwert den Bal laafen an engem MIss Piggy Kostume an Photoen maan , ech mengen daat ass net onbedengt den niveau vun verschiedenen PG Photographen. Sie sin bestemmt op der sich no qualitéit , kloer well hier konkurenz um site ass qualiteit, sie hun keng,
Kann een net jidereen zu sengem gleck feiren,
Ech machen do net maat, muss keen menger menung sin , ass all mensch frei ech sin Vogel frei
Johny 11.03.2009 - 23:30
Rechter -> D' Fotoen gehéieren net Eldo mee et sinn ëmmer nach d'Fotografen déi se drop setzen, an hinnen erlaben se um Site ze weisen, net méi.