Header
Resultater BGL Contest & Vernissage
(05.03.2014 - 22:58)
Hei présentéieren mir iech déi éischt 3 Plazen vum BGL Contest:

1. de Georges Forster mat "Passage" (Gewënn: GoPro Hero 3 Black Edition)
2. de Laurent Weber mat "MX Bulli" (Gewënn: Manfrotto Stativ plus Kapp)
3. de Claude Jung mat "Lotus" (Gewënn: Joby Gorillapod Focus inkl Ballhead-X)

Gratulatioun fir déi gutt Aarbecht, a Merci u jiddereen dee matgemaach huet, et si wierklech e puer ganz flott an interessant Fotoen derbäi.

An domat invitéieren mer och jiddereen op de Vernissage den 13. Mäerz Agence Europe BGL BNP Paribas um Kierchbierg, wou eng Selektioun vun deene 50 beschte Fotoen ze gesinn ass. Fir Drénken ass Iessen ass och gesuergt :)

Detailer: Vernissage vum Photo Contest mat BGL
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
OK-Photography 05.03.2014 - 23:10
saucool!!! GRATULEIREN!! closed_eye
sen gespaant op dFotoen dei sech hannert denen Titelen verstoppen! bigsmile
tomsmith 05.03.2014 - 23:11
gratulations!
kann een d'biller an den ganze ranking online kucken?
Johny 05.03.2014 - 23:33
Nom Vernissage, jo smile
tomsmith 20.03.2014 - 10:13
hu gesin, an wat geschitt mat den prints closed_eye wann se dei nemmi brauchen adopteiren ech den rint vu mengem bild gären .. cool. ween muss een do froen?
Johny 20.03.2014 - 10:43
Et gi keng Prints, an der Agence Europe sti lauter Ecran'en op deenen d'Fotoe gewise ginn smile
Autumn 06.03.2014 - 12:36
Gratulatioun un d'Gewenner! Sinn op d'Biller gespaant.
Richie 07.03.2014 - 14:09
Ech gratuléieren dann och emol. Leider kann ech net op de Vernissage goen. Da muss ech mech gedëllegen.
sloopy 14.03.2014 - 12:54
Ech konnt leider gester net op den vernissage kommen unhappy weini kennt den listing dann online?
Johny 14.03.2014 - 22:36
An den nächsten Deeg smile
JamieLeo 25.03.2014 - 08:59
Weieng Fotoen waren all um Vernissage ze gesin?
Johny 25.03.2014 - 11:08
JamieLeo 30.03.2014 - 12:39
dh. och alleguer d'Finalisten? smile
Johny 31.03.2014 - 16:18
Jop, déi 3 éischt Plazen, Finalisten, an "Selektioun Vernissage" bilden all d'Fotoen déi gewise gi sinn respektiv och lo nach ze gesi sinn an der Agence smile
JamieLeo 31.03.2014 - 18:13
ech fannen et schued dass dei jeeneg net informéiert gin sin...
Johny 31.03.2014 - 22:06
Et war jo jiddereen agelueden. A mer wollten och net schonn direkt alles komplett verrode virum Vernissage.
JamieLeo 01.04.2014 - 14:02
Et wier awer gudd ze wëssen, als Finalist, dass dat betraffend Bild ausgestallt gin ass.
Johny 01.04.2014 - 14:49
Ass jo de Fall, mam verëffentleche vun der Galerie smile
JamieLeo 01.04.2014 - 18:52
Wann ech gewosst hätt dass meint ausgestallt gin ass, hätt ech dafir gesuergt dass ech de Vernissage awer hätt kenne kucken kommen...
Johny 03.04.2014 - 13:06
ok verstinn. also géifs de virschloen nächste Kéier d'Leit direkt ze kontaktéieren fir dat wëssen ze loossen, soudass och net ze vill verrode gëtt?
JamieLeo 07.04.2014 - 13:07
jo genau, et muss jo net direkt ganz öffentlech gemaach gin, mee eng Benoorichtegung fir d'Finalisten asw. géif ech nawell gudd fannen smile
Johny 07.04.2014 - 14:49
OK, verhale mer eis smile Merci
JamieLeo 08.04.2014 - 14:08
Gäer geschidd smile