Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Misc (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=25)
--- wees een eng gudd location (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1284)


Geschrieben von ICEMANJ84 am 26.05.2009 um 15:22:

  wees een eng gudd location

bon hun net wierklech eng plaatz vir desen thread font dovir setzen ech en einfach mol hei rann.

Wees een eng gudd location, am speziellen eng buerg wou een gudd kann photoen mam thema mettelalter maan? irgendwei eng verloosen buerg wou engem net andauernd touristen duerch d'bild laafen.

wier cool wann een mer do keint weiderhellefen

merci am viraus



Geschrieben von Minaa am 26.05.2009 um 15:48:

  RE: wees een eng gudd location

D'Buerg zu Branebuerg vläit... déi ass zwar zimmlech "heruntergekommen", mee do laafen engem secher keng Touristen iwwert de Wee. Wees awer net op een do iwwerhaapt nach gudd hin kennt an op et net verbueden ass dohinn ze goen.

Waat mer nach anfällt ass d'Buerg zu Useldéng, denken do laafen am Moment och nach net allzevill Touristen rondrem.



Geschrieben von mi-ma-maika am 26.05.2009 um 15:53:

 

Branebuerg däerf ee just mat enger spezieller Erlaabnis an engem Guide hin, mir waren eng Kéier mat de Wellef do, an ech mengen eis huet een Archäolog begleed.



Geschrieben von arwa am 26.05.2009 um 16:34:

 

Zitat:
Original von mi-ma-maika
Branebuerg däerf ee just mat enger spezieller Erlaabnis an engem Guide hin, mir waren eng Kéier mat de Wellef do, an ech mengen eis huet een Archäolog begleed.


___ stëmmt, do këns du nët sou ouni weideres ran. Op Ufro vleicht !
sie sin och schon eng Zeitchen do um schaffen - - Grousse Chantier !

war iwwregens - reng zoufälleg de Moien nach do, Traap op , Traap of........... iwwerall Chantier !

kuck mol hei: http://www.fotocommunity.de/pc/pc/display/17227803

wei wier ët da mat Veianen ? do gin ët ëmmer rem Ecken, wou ée mol Momenter leng as ,
fro einfach am Viraus un (fro nom Jengel !! ) do leist sëch bestemmt äppes maachen !!



Geschrieben von Minaa am 26.05.2009 um 16:45:

 

Ah ok, haat gemengt d'Aarbeschten zu Branebuerg wieren mettlerweil färdeg...

Veianen ass flott, mee do ass de Problem dass een op Fotoen oft Ofsperrungen (Seeler, Bänner, Gelänner a.s.w.) am Hannergrond drop huet well déi meescht Requisiten just do sin fir se vu Wäitem ze bewonneren. Mee et gin awer och vereenzelt Plaatzen wou näicht sou ass... falls de dohinner gees hues de awer och besser daat lo geschwenn eng Kéier ze maachen, am Moment sin nämlech nach net SOU vill Touristen zu Veianen Augenzwinkern



Geschrieben von Metalbambi am 26.05.2009 um 19:53:

 

Also ech war eng Keier zu Buerschend (Bourscheid) Fotoen vier eng Kommioun gemaach, dei ass net wierklech vill besicht, war just nach engem Fotograf iwwer den Wee gelaaf.



Geschrieben von pol9000 am 26.05.2009 um 23:22:

 

Veianen kanns de wierklech mol froen, mir hun emol do Szenen fir ee Film gedreiht, an dei waren do ganz fein an zuvorkommend.



Geschrieben von arwa am 27.05.2009 um 15:23:

 

Zitat:
Original von pol9000
................ an dei waren do ganz fein an zuvorkommend.


wat jo awer ganz normal as, di Veiner sën ébe sou Augenzwinkern



Geschrieben von ICEMANJ84 am 02.06.2009 um 15:35:

 

merci :-)


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH