Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Foto-Techniken (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=23)
--- Photoen maan op engem Dressur Reit-Tournéier (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1564)


Geschrieben von Jaqueline76 am 04.06.2010 um 07:13:

  Photoen maan op engem Dressur Reit-Tournéier

Hola
Ech wollt mool nofroen ob dir mer vlaischt e puer Tipps keint ginn fir gudd Photoën op engem ReitTourneier ze maan.
Päerd emmer ganz drop kreien,... Detail Opnahmen oder eischter mei Grandplan..???
Ech wees nit op et an enger Haal oder dobaussen ass.
Op waat muss ech besonnëg oppassen?
All gudde Root ass wëlkomm.



Geschrieben von Laurent76 am 04.06.2010 um 08:47:

  RE: Photoen maan op engem Dressur Reit-Tournéier

Salut,

ech hun schon e puer Pärdsfoto gemaat.

Wichteg ass daß Pärd emmer elegant eriwwer kennt, daat heescht du solls Foto emmer vum Pärd maachen wann et riicht aus geet/leeft, sprech net wann Pärd eng Keier mecht an dann selwer och een "Bou" mecht.
Bei engem Sprangturneier ass dei beschten Plaatz fir Foto virum Obstacle, mee och ganz schwiereg ze knipsen well emmer eppes am Wee steet. Iehr Pärd ofsprengt sin Muskelen am beschten ze gesin...
Dei 10 Meter nôm Obstacle gin och nach, mee Gefohr vun der "Keier" ass hei schon grouß.

Fotoen mam Pärd ganz drop gefaalen mir emmer am Beschten, Grandplan bei engem Reittourneier soll awer och derbai sin.

Detail sin bei beweglechen Pärd schweier....

Voilà, daat sin meng Erfahrungen, ech hoffen et war eppes derbai fir dech



Geschrieben von Jaqueline76 am 04.06.2010 um 13:30:

  RE: Photoen maan op engem Dressur Reit-Tournéier

Merci mol fir dës Tipps. D.h. ëmmer schein Pärd an der riischt haalen ouni Krömmen, wärt schwiereg ginn well do wou een richteg kint stoen duerf een rem net stoen hehe mä dat gesinn ech muer. Probeiren dat dann mol esou unzewenden.
Merci



Geschrieben von Laurent76 am 04.06.2010 um 13:49:

  RE: Photoen maan op engem Dressur Reit-Tournéier

Dat stemmt, et ass net einfach.

Mee du wärs mierken ob dengen Fotoen dat wann s de emol een Päerd an der Krëmmt erwescht hues dat daat effektiv net gutt ausgesäit...



Geschrieben von Jaqueline76 am 04.06.2010 um 15:33:

  RE: Photoen maan op engem Dressur Reit-Tournéier

war elo mool op esou Dressur Siten kukken wei daat am beschten keint ausgesinn.
Du hues rescht mat der Krömmung hehe wei eng Chili Schoote geseid daat aus :-) probeiren daat mool ze vermeiden.



Geschrieben von Jaqueline76 am 09.06.2010 um 13:34:

  RE: Photoen maan op engem Dressur Reit-Tournéier

salut laurent76
waar ustrengend a schwiereg, den reidturneier...
zumool fir dei rischteg "Pose" ze erwöschen wann dein Sujet an Bewegung ass,...
trotdem sin mer ower e puer Photoen gelongen, wollt dei Photoen net um Site posten well ech selwer ower nit esou zefridden domadden sinn..
een klengen Apercu kriss de hei.
vlaischt geet et di nächste Keier besser, Probleem ass och datt een nit no genuch un de Sujet eru könnt (18-200mm).
Wieder haat mool mattgespillt.



Geschrieben von Laurent76 am 09.06.2010 um 14:54:

  RE: Photoen maan op engem Dressur Reit-Tournéier

Cool dass du een Feedback mëss.
Ech maachen meng Fotoen meeschtens mam 70-200mm an croppen déi meescht awer dann nach.
Ech hunn och nach ni eng gepost, et ass een schwieregt Thema.....


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH