Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- moundfinsternis (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1788)
Geschrieben von TomEwert am 16.06.2011 um 12:16:
moundfinsternis
ween huet dann vun ierch alles photos vun der moundfinsternis gemeet ?
keinten se jo mol hei posten.
Geschrieben von BlackPanther am 16.06.2011 um 12:40:
Super Iddi mat dem Thread hai!! hun gescht owend och drun geduercht dFotoen an den Forum ze gehaien....merci Tom!
meng
Foto :
se as liicht iwwerbeliicht, waat awer néideg war fir dWolekken drop ze kreien, et erkennt een trotzdem nach emmer den Kärschied op der rietser Sait - se guff em ronn halwer12 geknipst, firdrun waren hai nemmen Haiser ze gesin (plus NACH MEI Wolekken:/ )
Geschrieben von TomEwert am 16.06.2011 um 13:09:
wow deng photo ass wierklech top gin. haat den problem och laang mam iwerbeliichten, awer no enger gewessen zeit woren d'wolleken komplett verschwonnen hei zu niederpallen ...respektiv just nach en minimalen "niwelschleier".
gescht wor iwregens den éischten daag wou ech wierklech gaeren en ordentlechen tele gehaat haett ...
sin gespaant waat nach esou kennt hei.
posten posten posten !!
//EDIT
hei ass nach eng vum ufank
Geschrieben von BlackPanther am 16.06.2011 um 13:20:
hehe merci
muss soen ech war am Ufank bessi generft, hai an der Stad hun ech NAISCHT gesin - bis eppes op 11 sou, wou en endlech wait genuch vum Horizont wesch war fir
iwwert dHaiser ze luussen...
Dunn war awer anstännegen Donst virdrun an et war praktech onmeiglech dei kleng Sichel AN der Wolekk ze fannen...
(vun giel-rouder Faarw souwisou keng Spuer)
An joh main 400er as immens fir sou Fotoen...se as
net nobearbecht (bis op den Crop) an ech hun aus der Fotell firun der Fenster raus geschafft...(dorun kiint een sech grad gewinnen hehe)
sen o gespaant waat hai nach gewissen get!
Geschrieben von DarkRoom am 16.06.2011 um 13:53:
RE: moundfinsternis
bei eis och keng Chance ... alles hannert Wolleken
an wéi de ganze Spaass eriwwer wor, ... dun woren och d'Wolleken fort
(ech kann dem BlackPanther seng Foto iwweregens net gesin - just een Kräiz)
Geschrieben von fs999 am 17.06.2011 um 10:01:
-
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH