Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Technik-Diskussiounen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=33)
--- en neit Objektiv & Stativ (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1879)


Geschrieben von Gwendoline am 12.04.2012 um 15:11:

  en neit Objektiv & Stativ

Hallo där léiw Leit,

ech hunn eng D90 an 2 Objektiver: mäin "Immerdrauf", een Nikkor 18-105 (Kit-Objektiv), an en Nikkor 50mm Festbrennwäit.
Ech géif mer gäeren een neien, liichtstarken "Allrounder" matt manner Zoomëmpfang kafen, deen (entweder matt oder ouni Lënsen) eventuell makrofäheg wier.

Opgefall ass mer de Sigma 17-70mm F2,8-4,0 DC Makro OS HSM oder den SIGMA 17-50 mm F2,8 EX DC OS HSM Objektiv, allerdings ass deen e Stéck méi deier an net direkt makrofäheg.

Huet een eent vun denen Objektiver? Zefridden/Onzefridden? Kennt een nach Alternativen?

Ausserdem: Ech wëll mer endlech een egent Stativ kafen. Hunn zwar heiheem emmer Zougrëff op méngem Papp säint, hätt awer gäer een eegent fir matt op Freiburg & op Reesen. Et sollt handlech an trotzdem stabil sinn. Op wat muss ech oppassen? Huet iergendeen do gudd/schlecht Erfahrunge gemaach?

Wier frou iwwer all Tipp.

Merci,
Gwendoline



Geschrieben von Metalbambi am 12.04.2012 um 18:33:

 

Bei Objektiver géif ech mer näischt méi kafen wou d'Blend net op mannst bis 2.8 op geet, virun allem wells de jo awer och Portraiten mëss. Déi 2 Grënn sinn dats de mol éischtens vill méi onofhängeg vun heller Beliichtung bass wells de méi Luucht ran kriss, an zweetens dat bei f/4 oft schonn ze vill Déiftenschäerft am Bild ass.
Ech weess net ops de en gudden Allrounder fënns deen och nach gutt als Makro ze benotzen ass, well dat awer en zimlech spezifeschen Beräich ass. Wanns de der vill mëss géif ech mer do eng Festbrennwäit zouleeën derfir, an wann et just mol vir Geleeënheeten ass géif ech den 50er benotzen, man dat och sou.
Eng Festbrennwäit kriss de meeschtens och relativ präiswäert wanns de no enger gebrauchter sichs.

Fir en Stativ muss de der iwwerleeën vir wats de et haaptsächlech brauchs. Besser en méi klengt an liicht vir mat ze schleefen, oder en méi déckt an schwéiert wat awer och méi stabil ass. An dann einfach an den Buttek an probéieren. Den Stativkapp deen op den Trepieden ass, ass meeschtens Ramsch, rechen also evtl. och an dats de nach en Kapp kafen muss.



Geschrieben von Gwendoline am 12.04.2012 um 18:54:

 

Merci fir deng séier Äntwert! :-)



Geschrieben von VeloBen am 12.04.2012 um 19:56:

  RE: en neit Objektiv & Stativ

Salut Gwen!

Ech hun daat Sigma 17-50 Objektif. Ech haat fierdrun daat 18-105. Hun daat awer verschenkt.

Zum Sigma:
Et ass zwar net graad bëlleg mee sein Praiss wert fier mech. Et ass mein Allrounder. Blend 2.8 ass bei Portraiten eng flott Saach. Eng Festbrennweit ass do zwar an deem Punkt nach besser mee eben ageschraenkt am Zoomberaich.
Ab Blend 4 stellt se schin ordenrlech scharf. Se huet och een Verwackelmechanismus.

Eenzeg Nodeeler :
- As net fier Macro gemaach.
- Net graad esou gut verschafft wéi Nikon. Beim Schaarft stellen dréint den Baussenrang mat.
- Méi schwéier am Gewiicht wéi d'18-105 vun Nikon.

Als Alternativ get et vun Nikon och nach den 16-85. Daat huet den Fierdeel vum méi groussen Zoomberaich. Ass super verschafft; mescht besser Biller wéi den 18-105. Mee en huet keng duerchgehend Blend vun 2.8 wéi den Sigma.



Geschrieben von Gwendoline am 14.04.2012 um 11:11:

  RE: en neit Objektiv & Stativ

Merci! Ech mengen de Nikon kënnt dann éichter net a Fro.



Geschrieben von BlueRic am 14.04.2012 um 16:41:

 

@ VeloBen: Wee well da schon en Verwackelmechanismus?? großes Grinsen Ech fannen en Anti-Verwackelmechanismus vill méi interessant.

Pardon, mee dat huet elo misse sin großes Grinsen


Mee zum Thema:

De Metalbambi huet schon dat meecht gesoot wat muss gesoot gin.

Ech wollt just nach eppes zum Makro soen.
D'Fro ass jo, ab wéini ass et Makro 0.2x, 0.3x oder 1x Vergréisserung (bzw. 1:1)?
Mam MP-E65 kann een souguer vun 1x-5x Vergréisserung wielen.

Et kennt och op d'Gréisst un vun dengem Sujet.
Hei ass e Beispill vun enger AA Batterie bei 0.54x Vergréisserung.

Fir mech ass dat nach kee Makro, mee dat ass schon méi wéi déi meecht Standard Objkektiver kennen wann se da Makro kennen. Meecht geet et net iwer 0.3x eraus.

Also villeicht ass Makro um Standard Objektiv net wichteg, well een dofir e richtegt Makro Objektiv helt mat mindestens 1x Vergréisserung.

Ech fannen e Makro Objektiv soll och net ennert 100mm sin, wéint der Verzerrung wann een no un de Sujet geet.

Voilà, epuer Gedanken vu mir.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH