Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- [Foto] Rendez-vous (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=30)
--- Foto Ausstellung (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1958)
Geschrieben von gi87 am 04.04.2013 um 00:29:
Foto Ausstellung
Ween Interesse heut kann de Samsten oder de Sonndeg gären des Fotoaustellung unkuken kommen hei vir am Frankreich zu "Villers la Montagne" dei vum Collectif Image organiseirt get.
Informatiounen ennert desem Link
MbG.
Del Bianco Gianni
Geschrieben von icylady am 06.04.2013 um 19:01:
RE: Foto Ausstellung
hey Gianni,
ech war de Metten bis kucken komm. Et waar flott deng Foto'en an och nach e puer anerer déi een vum Site kennt, an Natur ze gesinn an op sech wirken ze loossen.
Schued nemmen datt een ganzen Koup Foto'en schwéier ze kucken waren, well a) d'Belichtung net gudd war (mee dofir kann jo keen) an b) méi schlemm, Kadren een normalt Glas haaten, also net spigelfrei, sou datt sech d'Luchten, d'Foto'en vun vis a vis an du selwer virdrun alles dran gespigelt huet.
Et waren Foto'en vun all Genre do, an ganz speziell hun mir och nach déi Serie vun den Fussen gudd gefall, matt den informativen Texter dobai.
War trotzdem derwärt kucken ze kommen an sech Inspiratioun ze huelen.
schéinen Owend
icylady
Geschrieben von gi87 am 07.04.2013 um 01:03:
RE: Foto Ausstellung
Ma dat freet mech dasset Dir gefall heut, kloer Belichtung mei zum Enn vum Raum wor net dei Bescht, mee bon et helt en wat een krit
Serie vun de Foussen hat ma och immens gud gefall, an och dei aus den Usinen vum Jean-claude Berens, wonnerbar HDR'en.
Objiderfall merci vir deng Viisite.
MbG.
Gianni
Geschrieben von icylady am 09.04.2013 um 09:43:
jo stemmt, déi Serie vum J-C Berens haat mech och beandrockt,
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH