Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Foto Forum (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=31)
--- Gruppefoto...op waat muss een oppassen? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=746)


Geschrieben von bobinski am 08.06.2007 um 16:58:

  Gruppefoto...op waat muss een oppassen?

Slaut!
Ech hun nees eng Fro, an zwar geing ech gär wessen ob waat een alles bei enger gruppefoto oppassen muss....
Gin et do Tipps an tricks....wei mecht een et datt dono net all mensch roud am gesiit as...seet een Chiiis oder besser Spaaaagettiiii...! Augenzwinkern
nuje, wier fein wann een deen mei erfahrung huet, mer kinnt weiderhellefen...merci



Geschrieben von ploro am 08.06.2007 um 17:28:

 

also 1. muss jiddfereen ze gesinn sen
see sollen keen kabed mache welld an kuckt emmer een domm:p
an sos muss de kucken dat jiddferengem sain gesicht an der sonn ass also keng schieter drop geworf gin swou dat en se schweier erkennt, öhm jo schein lachen een moment machen nach eng 2. an alles ass paaletti, eventuel nach ee ophellbletz



Geschrieben von bobinski am 08.06.2007 um 18:16:

 

OK...merci, as well ganz intressant, also d'Leit mam gesiicht an d'Sonn stellen...ok gudd ze wessen. Ophellbletz, geet main do och? wuel ischter kaum oder?



Geschrieben von Knolles am 08.06.2007 um 18:28:

 

Zitat:
Original von bobinski
OK...merci, as well ganz intressant, also d'Leit mam gesiicht an d'Sonn stellen...ok gudd ze wessen. Ophellbletz, geet main do och? wuel ischter kaum oder?


an d'voll Sonn geif ëch se schon mol guer nët stellen, (wann ët nëmmen géet !!!! )

wei en Blëtz hues du dann ??
an , weivill Leit keimen dann an Fro
as jo en klengen ënnerscheed, ob der do 6 oder 38 stinn !!!



Geschrieben von CK am 08.06.2007 um 18:59:

  RE: Gruppefoto...op waat muss een oppassen?

Aner Saachen:

- op den Hannergrond obpassen (dass zB. keng Poteau'en aus den Leit hieren Käpp erauswuessen)

- wessen wéi en Bereich dass dein Objektiv oofdeckt, fir dass de net nach no fir oder hannen muss goën (waat net emmer méiglech ass) nodeem d'Leit do stin

- méi wéi eng Foto machen well ierjend een huet emmer d'Aën zou.

- Liichtverhältnisser virum Portrait nokucken, net dass de während den Fotoën (oder schlemmer, duerno) mierks dass de eng falsch Beliischtungszeit haas an d'Foto iwwerbeliicht/ennerbeliicht ass.

- RAW fotograféieren, sou kanns de bei klengen Beliichtungsfehleren d'Foto nach retten



Geschrieben von bobinski am 08.06.2007 um 23:35:

 

Merci dir zwee...ma et handelt sech em .(souwäit ech wees) ongefeier 15 leit...fläit manner, flait mei... Jo bon, mai Bletz as eben deen deen a menger gudder sony agebaut as, an obwuel ech sou zefridden mat menger Sony sen, as de Bletz natiirlech net sou wei en externen... ( Sony DSC-H5)

Ok, no fiir no hannen kann ech nach goen, daat geet, mee soss war et awer mol nach ganz informativ, waat der mer gezielt huet...ahjo raw geet net...mee ech testen d'astellungen fiirdrun suwisu...



Geschrieben von BlackPanther am 08.06.2007 um 23:45:

 

also daat waat ech font hun am schweiersten ze repareieren war war den himmel fun onser klassen foto...do huet den fotograf neemlech en waisst lach geknipst gehaat...Augenzwinkern
dAan dei zou waren an sou waren awa seia geflikkt well en da 5hannertneen gemeet haat an dei am PS zimlech seier zu ENGER perfekter gemeet waren...
ech giff son Stativ wier essentiel, onbedingt 5stekk sou knipsen (dann as den choix mei grouss...) an vlait eng einfa ouni dLait fir einfa dPlaatz mat dä richtecher beliichtung drop ze hun...Augenzwinkern (dann kansde dech fir de rescht ganz op dAstellungen fir dPersounen konzentreiren...)
dei method as awa lo mengnsch nik dei professionellsten well een sou usech alles mam PS kompenseiert...^^
se geet awa...:p:p



Geschrieben von -Laurent- am 09.06.2007 um 02:08:

 

also naja stativ giff ech der net unrooden well ett muss awer relativ fex goen an d leit waarden net eiwesch, am beschten sees de och am viraus du giffs puer fotoen machen soss sin se nom eischten klick schon fort

hmm jo eben jidereen erkennbar bessi opt licht oppassen keng luecken, ech soen allt emmer d leit sollen enkeier laachen dann machen ech 2 fotoen an bei der 2ter mat der se net sou gerechent hun dei direkt op dei eischt kum do wierken se dann fill mei normal ^^

naja ass eigentlesch wirklesch easy wanns de d leit bis an positioun bruecht hues



Geschrieben von Garry am 09.06.2007 um 12:53:

 

hmm.. also de Laurent huet scho recht wann e seht: d mus fex goen..d leit ze laang waarden ze loossen as nit juut.. mee e Statif sollt do awer keen Hinderniss sin... Bis d leit stin as och e Statif schnell opgeriicht an d seht jo keen datt een net waehrend dem Cadreieren an Opriiten net och d Leit kann dirigeieren... Ech hun se bis elo nach emmer mat Statif gemaach an ech war oft frou driwwer, ennert aanerem weinst den Uersaachen dei de BP ugeschwaat huet... Augenzwinkern
en Plus: ee Mol um Stativ a cadreiert mus de nemmei duerch de Photoapparat kucken an d leit hu leiwer se gesin dech wei wanns de dech hannert dengem Monsterapparat verstopps... just: se sollen och an d Cam kucken an net dier an d Aan..Zunge raus ...ööö ;0 sou behaells de besser den Iwwerbleck a kanns besser mat hinne 'schaffe' wells de och eng Hand frai hues a besser Uweisunge gi kanns wei wanns de duerch dee mini Sucher kucks an dei 2 Haenn un der Cam festpechen.... mee d Astellunge musse setze soss as ett gef**** Zunge raus
och genuch oofblenden datt och dei hennescht Reih nach scharf gett..Augenzwinkern

mee du mess weis de denks Augenzwinkern



Geschrieben von bobinski am 09.06.2007 um 14:29:

 

O.K. merci...jo ech geing mengen da wier d'Sativ mol net domm fir mol opmannst matzehuelen...Waarden as a mengem Fall net unbedingt e Problem well dei leit kommen extra dohin fiir just dei Foto ze man, also steiren ech se net bei engem Fest,vernissage...etc...
Villmols merci ech geing soen daat misst lo klappen



Geschrieben von ploro am 10.06.2007 um 07:50:

 

bob an dengem fall brauchs de op keen fall en stativ, vill ze vill onflexibel! an ze lues och wan et an verschiddenen fäll warscheinlech praktesch wäert sen



Geschrieben von Maggele am 11.06.2007 um 14:28:

 

bei gruppefotoen kann ech 't stativ awer nemme roden. et as herno méi einfach wann een déi zouen aaen erausmontéiere wellt smile



Geschrieben von ploro am 11.06.2007 um 15:30:

 

ass awer alles relativ smile



Geschrieben von -Laurent- am 11.06.2007 um 16:39:

 

naja d leit hun d aan schon op genuch ech machen mir dei mei dei 1-2 dei den system net verstanen hun ze retoucheiren jidenfalls net großes Grinsen



Geschrieben von bobinski am 12.06.2007 um 19:07:

 

OK. ma ech hollen et lo einfach mat...Soen dann dono wei et gaangen as...



Geschrieben von Maggele am 12.06.2007 um 19:31:

 

Zitat:
Original von -Laurent-
naja d leit hun d aan schon op genuch ech machen mir dei mei dei 1-2 dei den system net verstanen hun ze retoucheiren jidenfalls net großes Grinsen


fir zouen aaen ka keen eppes. an et as flott eng foto ofzegin wou gidderee schéi kuckt an sech grfällt. wat méi leit op der foto wat 't chance dass grad een op 't säit kuckt oder de mond kromm hält méi grouss as.



Geschrieben von CHAREL am 12.06.2007 um 21:43:

 

DAAT hei muss een elo net liesensmile

Du muss nach drop oppassen dass de mei wei eng persou fotografeiersgroßes Grinsen
ausser en wier schitzophreen dann giff et nach fleit als gruppenfoto duerchgoengroßes Grinsen



Geschrieben von Maggele am 12.06.2007 um 22:30:

 

gudden tip CHAREL! do passen déi meecht guer net drop op! gett total ennerschat smile



Geschrieben von JADE am 12.06.2007 um 22:36:

 

majooo ... dann fügen ech dann och nach een (wichtegen!) Tip derbäi ...

du muss "gruppieren, gruppieren" ruffen ...
soss sin se all verspreet ... an dann gëtt ët eng Street-Foto ...

großes Grinsen großes Grinsen



Geschrieben von gloda am 13.06.2007 um 00:04:

 

Bei Amazon.de kann een jo elo en Gruppefoto Schäferhond kafen deen se zesummendreiwt.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH