Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- [Foto] Rendez-vous (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=30)
--- Fotoshooting Schueberfouer 2007 (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=817)


Geschrieben von chilimcclean am 28.08.2007 um 16:25:

  Fotoshooting Schueberfouer 2007

Wéi steet et mat égnem Meeting fir Fotoen op der Fouer ze machen? Ech wär nawell drun interesséiert dest Joer iwert d'Fouer ze zéihen an Fotoen ze machen. As irgendeen interesséiert matzegoen? Terminer misst een zesummen kucken. smile



Geschrieben von patty am 28.08.2007 um 16:30:

  RE: Fotoshooting Schueberfouer 2007

ba mier gin jo muar schon ob d fouer! komm einfach mat?



Geschrieben von chilimcclean am 28.08.2007 um 16:36:

  RE: Fotoshooting Schueberfouer 2007

Géngt wievill Auer gidd dir dohin oder sid dir nach do? Well ech schaffen nach biss 22h, d.h. ech sin net virun 22:30-22:45 h um Glaci.



Geschrieben von patty am 28.08.2007 um 16:52:

  RE: Fotoshooting Schueberfouer 2007

keng ahnung mier wärten sou halwer 7 do sin

kuk -> http://www.photogen.lu/index.php?page=showmeeting&id=45/index.php?page=showmeeting&id=45



Geschrieben von chilimcclean am 28.08.2007 um 17:24:

  RE: Fotoshooting Schueberfouer 2007

OK. Ma kinns du mir dann vielläicht déng Handynr. iwert PM schécken fir wann ech well no der Arbecht zu iech alleguerten stoussen? Ansonsten wann den yoshi matgeet, deem séng Handynr hun ech.



Geschrieben von patty am 28.08.2007 um 17:36:

  RE: Fotoshooting Schueberfouer 2007

den yoshi huet mol geschriwwen en geing matgoen



Geschrieben von Annick am 28.08.2007 um 19:06:

 

Ech wier awer och drun intresséiert eng Kéier en aaneren Daach op der Fouer sech ze treffen, ech hu moa neemlech keng Zeit! Waat ass mamm 11.09. also dem leschten fouerdaach? do ass och halwe präis! De Leo ging och fleit mattkommen fröhlich An wee wees KaKa vläit och smile



Geschrieben von Leo am 28.08.2007 um 19:10:

 

wer och drunner interesseiert, fir den leschten fouer dach den 11.09. , wéi d'Annick well geschriwwen huet fröhlich



Geschrieben von tinchen am 28.08.2007 um 19:34:

 

mier kennen awer elo keng 10 meetingen op da fouer maachen,
et as emmer esou dass et engem net geet,
mee dann kennt deen eben op en aaneren meeting



Geschrieben von Johny am 28.08.2007 um 21:09:

 

@tinchen: Dach kënne mer Augenzwinkern

Also ech halen näicht dofun fir zu souvill ze goën fir Fotoen ze maachen. Herno huet jiddreen daat selwecht drop. Wann Fouer zu vill dann ouni Apparat. Mee bon ech wees net ob ech dest joer iwwerhaapt nach dohi kommen.



Geschrieben von chilimcclean am 28.08.2007 um 23:52:

 

Also ech kann den 11. leider net matgoen, hun do Nuetsschicht unglücklich . Mee ech probéieren fir muer den nowend nach laanscht ze kommen, wann ech net ze kapott sin vun der Arbecht.



Geschrieben von Johny am 29.08.2007 um 00:01:

 

De läschten Dag vun der Fouer fir Fotoen ze maachen ... haha großes Grinsen

Dir sicht ierch den Dag eräus fir Fotoen ze maachen wou am meeschte Leit wäerten op der Fouer sinn, just well d'Präisser mei belleg sinn dann, woufun der souwisou net vill hudd well der jo wëllt Fotoe maachen an net op d'Spiller. Erklär lo ee mer daat emol smile Sry Leo mee bessen méi Iwwerléung beim Organiséiren vu sou Meetings muss ee sech awer maachen...



Geschrieben von yoshi am 29.08.2007 um 00:34:

 

ech gin effektiv mat, mee ech schaffen och bis 17h30 oder 18H00, hängt vun der arbecht of dei ze erledegen ass. an jo versichen awa na iergentswei zu zait ze kommen... einfa mol bessi mei schnell schaffen Zunge raus



Geschrieben von Annick am 29.08.2007 um 09:06:

 

jo mais ob een lo fotoen mecht, hätt een nach kennen décidéieren... Ech mengen do ka jo jiddereen maache wei en well!


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH