Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- PG Update (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=647)


Geschrieben von JADE am 24.04.2010 um 10:20:

 

bei mir funktionnéiert d'Iwerwaachméiglegkeet nët méi ...
ech klicken op den Knäppchen fir eng Foto an d' Iwerwachung ze huelen awer ët geschitt nix



Geschrieben von Johny am 24.04.2010 um 14:55:

 

Sry, stëmmt - mäi Feeler (Gëscht owend dru geschafft), misst awer elo erëm goen?



Geschrieben von JADE am 24.04.2010 um 15:48:

 

tiptop, geet erëm smile



Geschrieben von Johny am 25.04.2010 um 01:59:

 

Ënnerhalb vun der nächster Woch misst endlech kënnen den neien Aktivéirungssystem agefouert ginn, méi dozou gëtt et dann och an den Neiegkeeten natierlech smile



Geschrieben von rom am 26.04.2010 um 09:20:

 

Interessant Funktioun. Merci!



Geschrieben von Sicho am 24.09.2010 um 00:48:

 

Moien,

klengne Fiirschlag meinerseits:

bei den Annoncen wier et interessant, wann den Datum geif derbai stoen vun deem Daag wou se kreiert gouf. Wann z.B. een dranschreift, dann en eppes sicht fiir den Weekend geleint ze kreien an et wees een net op se vun deser oder leschter Woch oder souguer vum leschten Mount ass, ass daat bessi ongenschteg Augenzwinkern



Geschrieben von Johny am 25.09.2010 um 19:47:

 

Dat war gefrot ginn en Samschden, mee souwisou sollt do eppes hikommen fir dass een all 2 Wochen z.B. eng Annonce muss revalidéieren, wann een dat net mécht gëtt se geläscht. Fir dass all "Läichen" och verschwannen dann smile



Geschrieben von Charel_L am 19.10.2010 um 18:21:

 

Ech wees zwar net, ob dat hei richteg ass, probeiren awer mol.

Anzwar hunn ech e Problem beim Roplueden fu Fotoserien.
Ech Klicken op Fotoserie roplueden, checken d'Kästchen a wielen 5 Fotoen aus.
Wann ech op roplueden klicken, lued den Safari (5.0.2) d'Seit, mee e brauch immens laang (leit vlt u menger iNet verbindung). No enger Eiwegkeet (net gemoß) krein ech dann eng Fehlermeldung, dass ech weinstens 2 Fotoen an enger Serie soll hunn an uewen an der Informationsbar steht den Schratt 2.

Ech schaffen mat Lightroom 3 (64bit fier Mac OS X). D'Fotoen goufen do exporteiert, als .jpg an op 800 Pixel op der längster Seit ugepasst. Deelweis hunn d'Fotoen en Waasserzeechen, mee ech huelen un, dass dat neicht zur Saach beidreit.
Se leien bei mir um Desktop, giel markeiert, mat alphanumereschen Nimm (mat Klammeren, Underscore an Zifferen souwei natierlech och Buchstawen ouni Espace).

Hun geschter owend zweschen 7h an 12h e puer Mol probeiert, emmer de selwechte Problem. Haut de Metten geint 3-5h nach emmer dat selwecht.

Bis lo haat ech nach nie de Problem. Markeiert Fotoe ropgelueden, aus Enneruerdneren, aus dem / an ~/ Verzeechnis, alles… Emmer geklappt.

Freen mech fier all Hellef!

Charel



Geschrieben von mmphotos am 19.10.2010 um 18:56:

 

Wann et eiweg dauert kann et gudd sin dass verschidden Fotoen aus denger Serie ze grouss sin vum gewiicht (kb)



Geschrieben von Johny am 19.10.2010 um 19:07:

 

Et kéint d' Gréisst sinn, mee schéck mer d' Fotoen mol alleguer op johny@photogen.lu, dann kann ech mer et genee ukucken.



Geschrieben von Charel_L am 19.10.2010 um 19:59:

 

Jo, dommheet fu mier, et war d'Greisst.

Merci fier d'Hellef! D'Fotoe kommen dann lo demnächst smile



Geschrieben von Johny am 19.05.2011 um 11:58:

 

Als klenge weideren Update huet photogen elo e richtegen Footer.



Geschrieben von Johny am 24.05.2011 um 21:11:

 

Well et dach vu ville Leit vermësst ginn ass, gesäit ee vun elo un erëm wen grad online ass. Zwar op enger liicht anerer Plaz, mee méi iwwersiichtlech smile



Geschrieben von JADE am 06.11.2011 um 21:33:

 

eng Fro:
sin daat meng Aan oder ass d'Schrëft um site méi kleng gin?

(ech hun näischt ëmgestallt an all déi aaner Sites déi ech soss esou verfollegen hun nët changéiert )



Geschrieben von Johny am 06.11.2011 um 23:01:

 

Nee ech hunn nix geännert.



Geschrieben von JADE am 07.11.2011 um 11:08:

 

Ok, merci ...
eppes ass awer geschitt, well d'Schrëft ass wierklech mini, dann muss ech erausfannen waat geschitt ass, well soss kann ech nët méi hei weiderliesen unglücklich



Geschrieben von Gaga am 08.11.2011 um 15:51:

 

ctr&+

?



Geschrieben von JADE am 08.11.2011 um 16:53:

 

OOOOOOOOOOOOOOOOHHHHH .... MERCIIIIIIIIIIIIIIIIIIIII fröhlich fröhlich fröhlich fröhlich fröhlich fröhlich fröhlich

cool cool cool cool cool cool cool cool cool cool

...hmmmmmm ... ech kennen nawell vill Funktiounen vum Komputer nët , ea déi dooten ...
ech schaffen all Daag domadden, an villll ... mee wéi ech gesin, nët optimal traurig traurig

am Fong e bessi wéi mam Auto fueren ... ech fueren all Daag domadden, mee méi wees ech och nët, also iwer all Funktiounen an Mechanismen geschockt geschockt fröhlich

effektiv hun ech elo missten 3 x den + drécken fir emol op eng raisonnabel an lieserlech Gréisst ze kommen

THXXXX



Geschrieben von Metalbambi am 09.11.2011 um 12:26:

 

ctrl&0 an du bass nees op original Gréisst. Augenzwinkern



Geschrieben von Gaga am 09.11.2011 um 22:14:

 

Zitat:
Original von JADE
OOOOOOOOOOOOOOOOHHHHH .... MERCIIIIIIIIIIIIIIIIIIIII fröhlich fröhlich fröhlich fröhlich fröhlich fröhlich fröhlich

cool cool cool cool cool cool cool cool cool cool

...hmmmmmm ... ech kennen nawell vill Funktiounen vum Komputer nët , ea déi dooten ...
ech schaffen all Daag domadden, an villll ... mee wéi ech gesin, nët optimal traurig traurig

am Fong e bessi wéi mam Auto fueren ... ech fueren all Daag domadden, mee méi wees ech och nët, also iwer all Funktiounen an Mechanismen geschockt geschockt fröhlich

effektiv hun ech elo missten 3 x den + drécken fir emol op eng raisonnabel an lieserlech Gréisst ze kommen

THXXXX


gär geschitt!
sou sachen wees een och nemmen wann een den Probleem selwer schon mol haat Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH