Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Lomographie (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1234)


Geschrieben von the_zipper am 08.04.2009 um 15:22:

  Lomographie

Salut,

Ech wollt mol hei am Forum nofroen ween dann alles schon Lomographie bedreiwt. Ech perseinlech well mer nächst woch eng kaafen. Freen mech schon drop. Wier dach flott wann puer leit daat hei bedreiwen dass een sech do mei oft driwer geiff austauschen.

Yann



Geschrieben von Pelz am 08.04.2009 um 18:16:

 

Ech hun leider keng Ahnung an Erfahrung domadden. Mais an der CityConcorde ass een Geschäft opgaang waat läuter där Lomo Apparater verkeeft



Geschrieben von CHAREL am 08.04.2009 um 18:40:

 

Hallo ech perseinlech hun 2 Apparater, D'Fiseye no.2 an den Oktomat.
An ass einfach nemmen coolZunge raus gett just halt deier mat der Zeitsmile Me d'Ergebnisser sin einfach gail großes Grinsen
Kinnt een dan wieklech mol En Lomotreff man wan een genuch Leit fent dei gifn matgoen. daat wier secher coolZunge raus Weien haasde der dan welles ze kaafen?



Geschrieben von Pelz am 08.04.2009 um 18:42:

 

Ech wollt mer villäischt t'Lubitel kaafen ;-) Ass och en flott Stéck



Geschrieben von the_zipper am 08.04.2009 um 18:52:

 

Ma ech hun geplangt mer eng Diana F+ ze kaafen. War schon an deem Buttek an der Concorde ganz interessant muss ech soen. Iwerleen nach do ze kafen oder eben per Amazon.



Geschrieben von CHAREL am 08.04.2009 um 19:18:

 

Du kanns se och direckt iwer hier Seit kaafen. Do krisde nach interessant Kit'en, an d'Liwerung geht ganz seier. Mengen hat meng inerhalb vun 1-2 wochen.



Geschrieben von the_zipper am 08.04.2009 um 20:19:

 

Jo daat schon, mee ass zimlech deier iwer hieren site. Ass en gudd steck mei belleg iwer Amazon. Oder hei am Geschäft ass mer och sympatesch an preislech selwescht wei op hierer seit just dass ech keen Versand nach muss bezuelen.



Geschrieben von CHAREL am 08.04.2009 um 20:38:

 

Ah ok jo dansmile Me Amazon liweren dach keng Elektronik an Fotosaachen an Letzebuerg oder?

Muss mer och mol den shop do ukucken goensmile



Geschrieben von Pelz am 08.04.2009 um 20:45:

 

Den Lomoshop fannen ech excellent. Do kriss de jo alles :-) Mais bon, wann ech daat nämmlecht och hei zu Letz kreien fier deen nämmlechten Präis, dann huelen ech et jo hei :-)



Geschrieben von the_zipper am 08.04.2009 um 21:35:

 

Dach, amazon huet daat deelweis geännert, ech haat versicht, Lomo sachen liweren se opjidefall mol Letzebuerg.



Geschrieben von CHAREL am 08.04.2009 um 22:36:

 

Ah okay gut ze wessensmile



Geschrieben von Polinger am 09.04.2009 um 08:42:

 

Booah, ech hun d' Fisheye 1 an wollt mer am fong och d'diana F+ besuergen, mee hun mech iwwert hiren site net getraut ze bestellen... wéivill kascht se dann hei an deem buttek? an d'diana huet jo och normal 135mm filmer,oder?

Souen Lomo-Treff wier schon eng witzeg saach großes Grinsen



Geschrieben von CHAREL am 09.04.2009 um 10:31:

 

Mengen fier bei der Diana 35 mm Filmer kennen dran ze man mus de nach en extra Reck derbei kaafen sin ma awer net 100% secher musde op hierer Seit kucken oder am Gescheft froensmile



Geschrieben von the_zipper am 09.04.2009 um 12:46:

 

Also an der Diana kann een 135 benotzen, do brauch een wei den charel schon sot en extra Reckdeel. Du kanns et theoretesch mat bessen gebastels och ounie Reckdeel hikreien. Mee et muss een drop opassen vuque dass deen Apparat vir 120 Rollfilmer gemach ass, wanns de dann 135 dran mess dann kriss de just den mettelsten drettel drop. Ech well doweinst keen 135, hun zum gleck nach een ganzen Pack 120er rollfilmer am Frigo leien smile

Hei bei ons am Geschäft kascht eng Diana F+ 75 euro.

Ech hun op Amazon lo awer eng fonnt vir 63 euro. Iwerleen mer dei ze bestellen. An dann nachengkeier een Fisheye.

Wier awer cool soueng kleng Lomo Groupe hei ze grennen mat der zeit.



Geschrieben von CHAREL am 09.04.2009 um 13:00:

 

Zitat:
Original von the_zipper
Wier awer cool soueng kleng Lomo Groupe hei ze grennen mat der zeit.


Ech sin dofiersmile

Fannen zwa och cool wansde bei der Diana mat 135 nach d'Läscher vum Film matgeseissmile Froen mech just op een daat och esou kan entweckelen losen..



Geschrieben von the_zipper am 09.04.2009 um 13:54:

 

Jo natirlech kann een daat sou entwecklen lossen, just muss de dann den negativ selwer scannen. Well wanns de Ofzich bestells dann schneiden den Labo logescherweis. Ech well mer och mol nach een Scanner kaafen deen Mettelformat scannen kann.



Geschrieben von CHAREL am 16.04.2009 um 08:24:

 

An huesde der schon eng kaaf?smile



Geschrieben von the_zipper am 16.04.2009 um 19:04:

 

Nee, mee hun menger Frendinn awer Mr. Pink editioun kaaf vir ouschteren smile

Ech kaafen mer awer nach muer oder iwermuer eng Diana F+ well awer eng extra editioun, kucken mol waat se hun an der City Concorde.



Geschrieben von the_zipper am 20.04.2009 um 22:31:

 

Sou, vun haut un sinn ech dann och lo mat enger Diana F+ ennerwee, ech hun d'Glow in the Dark editioun. Geilt Steck großes Grinsen

Freen mech schon op dei eischten Fotoen. Wann epps gebrauchbares derbei ass werd ech se och hei op Photogen online setzen. Lo fehlt just nach d'Fisheye.



Geschrieben von CHAREL am 20.04.2009 um 22:50:

 

smile Vill spaas beim lomographeieren Zunge raus sin schon gespaant op d'resultater


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH