Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Telekonverter (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1344)


Geschrieben von Bubu am 30.08.2009 um 17:44:

Fragezeichen Telekonverter

Moien,

kennt een sech mat esou Saachen aus?

Wollt wessen op daat eppes ass oder leiwer d´Fanger ewech?



Kenko DG MC3,0x Pro300 Konverter CanAF

Merci



Geschrieben von gloda am 30.08.2009 um 18:05:

 

1. Link géif hëllefen wann et der em deen spezifeschen Produit selwer geet.
2. Wanns de wëssen ob en Telekonverter am allgemengen dat richtegt fir dech as muss de eis scho soen wats de domat wëlles hues a wats de soss vu Material domat benotze wëlls.



Geschrieben von pol9000 am 30.08.2009 um 18:20:

 

3fach Teleconverter hellt natierlech och 3 Blenden mei daischter, aus f5.6 get sou f16...

et gin och konverter vir virun dObjektiv wann dei am Duerchmeesser grouss genuch sen huelen se keng blenden weg....

Ech denken net daat ee bai allen bellegen Leisungen Kenko, Raynox etc genial bildqualiteit erwaarden kann...

Vlaischt ass daat bai Konverteren dei vir speziell objektiver gema sen (nikon canon sony sigma etc) besser, mee do muss de kucken waat kompatibel ass



Geschrieben von Bubu am 30.08.2009 um 18:23:

 

Salut Gloda,

hei mol 2 Link´en


http://www.kenko-tokina.co.jp/e/index.html

http://www.amazon.de/exec/obidos/ASIN/B000KZ9AP6/hardwareguide


Wollt Deieren a Vigel fotografeieren, an et ass jo nie sou einfach sou no un dei Saachen ze kommen do hun ech gemengt daat wir eng Alternativ.

Hun eng EF75-300 Zoom Lens wou ech daat do wollt derzwecht setzen, me hun stark ZHweifel daat et soll fontioneiren wei et soll dofir leiwer mol no Erfahrunge froen.
Merci



Geschrieben von gloda am 30.08.2009 um 19:01:

 

Däin Objektiv as 3.5-5.6. Mam Konverter drop get dat 10-16. Do kënnt ze wéineg Lucht eran fir dass däin Apparat nach fokusséiere kéint, also muss de scho mol mat manuellem Fokus schaffen.
Fir anstänneg Schärft ze kréien muss de och nach eemol oofblenden, soe mer eng Blend, da bass de um laangen Enn (300mm) bei f22. Un engem Sonnegen Dag bei ISO100 kriss de bei der do Blend nach, soe mer, 1/50 eraus. Fir dass d'Bild der net verwackelt brauchs de awer opmannst [1/300x3 = +-] 1/1000. Do fehlen der also 4+1/3 Blenden (soe mer 4). Also brauchs de schon ISO1600.

Resumé: Manuelle Fokus an ISO 1600 minimum. Net ideal.



Geschrieben von Bubu am 30.08.2009 um 19:14:

 

Merci Gloda fir dei super an détaileiert Äntwert.
Ech lossen d´Fanger da seier wech dovun.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH