Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Foto Forum (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=31)
--- Elo gin ech erschoss... eng geféierlech Foto (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1388)


Geschrieben von Kilroy1313 am 08.11.2009 um 23:08:

Fragezeichen Elo gin ech erschoss... eng geféierlech Foto

Gëschter hun ech mech nët getraut, haut trauen ech mech einfach emol eng Foto ze weisen, déi ech evtl. wéilt op photogen eroplueden:
Numm: STICKY FINGER Natürlich fannen ech déi Foto do gutt. Dat ass dem A-10 séng Gatling, wéi ech se geknipst hun, ass vu säitlech, dee Verwëtzege Fanger do an d'Bild komm. Ech géif se ënnert Reportage leën. Ausser natiirlech, datt keen esou eng "Gewalt-Verherrlechend" Foto wëllt gesin.

Ech hun och nach den Original, wou een awer Leit kann drop erkennen an nach eng aner Vue vun dem "Friddensstëfter" do.



Geschrieben von Kilroy1313 am 08.11.2009 um 23:20:

 

Duerno kéim nach déi heiten, déi och en intressanten Bildopbau huet (laut ménger Meenung...??!).



Geschrieben von Schlimpitz am 09.11.2009 um 09:35:

 

jojo impressionant Geschier smile ))

Kuck der mol eng keier d'nofollger vun Metalstorm un großes Grinsen



Geschrieben von Gaga am 09.11.2009 um 10:41:

 

mettlerweil wees de jo dat ech keen problem mat sou fotoen hun,
mais mengs de wierkelch dat deng foto iergendwelch fototechnesch usprech huet ?
bildopbau,
farwen,
sujet,
kadrage ?

also fun sou epes ongewinnten, onkonventionellen keinnt een saugut detailfotoen machen !
mais daat heus de net !
also wann se wierkelch eng keier erop keim, kann ech der scho soen waats de fun kommentarer kriss, wanns de wierhaapt een kriss lol !

op engem Waffenforum geiff se gut ukommen ! mais hei as et eng schlecht turistenfoto ... oder eichter en banalen schnappschoss !



Geschrieben von Kilroy1313 am 09.11.2009 um 21:30:

verrückt

Oh, hei gët gezweiwelt... Oh weh, oh weh! Dat hu mer awer guer nët gäer! Ech wollt awer elo keng Detailfoto'ë weisen... Ech wollt déi Schlappen-Touriste-Foto weisen... Augen rollen



Geschrieben von Gaga am 09.11.2009 um 22:35:

Daumen hoch!

bein du wolls eng mehnung hun, an hues se kritt ! ech wees net waat ech der do nach soll soen ! ech wees iwregens och net wei ech deng äntwert do soll ophuelen ! wor mein vokabular erem onpassend ? ech muss wuel eng keier een dictionnaire opstellen ...



Geschrieben von gloda am 09.11.2009 um 23:26:

 

@Gaga: Ech mengen du has den Nol op de Kapp getraff virdrun, op allefall sin ech mat dénger Kritik d'accord. Ech sin och net sëcher wéi ech dem Kilroy séng Äntwert interprétéieren soll. Wat hues de gemengt Kilroy?



Geschrieben von deBaemm am 09.11.2009 um 23:37:

 

gin em gaga och recht! Iegnetwei huelen leit kritik hei emmer relativ perseinlech kann daat sin? Also ech muss soen am OT forum hätt ech se evtl. gesin, su als rengen divertissement, resp. als diskussioun, mee photographesch nujee...

Ass aus dengem post e bessen sarkasmus an ironie erauszeliesen killroy? Sou hun ech et op allefall opgeholl!

Wann ech den comment also sollt richteg verstaanen hun soen ech dozou nemmen, quote Jade: "eng Beobachtung

ët ass awer wierklech echt ...
wann een engem bei eng Foto schreiwt:
"Top",
"gefällt mir gutt",
"hues du gutt gemach"
"däin Cadrage fannen ech gutt, an deng Beliichtung och, etc , etc ..."

dann schreiwt nie een dorops hin: "Waat wees du dann ze soen ?! Du hues jo keng Ahnung vun der Saach an/well du kanns jo selwer keng Fotoen machen, also huel den Mond nët esou voll an haal deng Comments fir dech ..."

echt, nee?

:-))))"
So long,

deBaemm.

Ps.: un all d Leit, Kritik brengt een emmer weider, an sief se nach su haart, sulaang se konstruktiv ass smile

//Edit: Ajo @killroy: et ass wiirklech béist geschiir, kann mer fiirstellen dass et do richteg bummst!!!

an elo --> move topic to "just for fun"



Geschrieben von Gaga am 09.11.2009 um 23:38:

Augenzwinkern

Zitat:
Original von gloda
@Gaga: Ech mengen du has den Nol op de Kapp getraff virdrun, op allefall sin ech mat dénger Kritik d'accord. Ech sin och net sëcher wéi ech dem Kilroy séng Äntwert interprétéieren soll. Wat hues de gemengt Kilroy?


gesais de, souguer mier sin eis heiernsdo eenz ! sou verschidden denken mer guer net !
Augenzwinkern



Geschrieben von Metalbambi am 09.11.2009 um 23:48:

 

Ech gin dem Gaga hai vollkommen Rescht, d'Foto ass net kenstlerech/teschnech uspriechend, se geif allerhechstens als Dokumentarfoto duechgoen, an dan nach net gudd.
Klengt lo vleicht haart, mee wan ech engem wou null Ahnung vun Fotografie huet eng Kompakt an den Grapp drecken wou ob 'Auto' steet, kommen zimmlech dei selwecht Fotoen derbai raus.

Muss een eierlech mat sech selwer sin an entscheeden weieng Fotoen artistesch sin an weieng einfach just als Erennerungsfoto en 'sentimentalen' Wert (faellt e bessen schweier hai vun Sentimentaliteit ze schwetzen) vier dei Betraffen hun. Wann mer PG mat sou Erennerungsfotoen zoumüllen (wei heescht daat ob Letz.?), dan ergreifen dei meecht (ech och!) hai d'Flucht an den Site huet netmei mei Waert wei party.lu an co.



Geschrieben von Gaga am 10.11.2009 um 00:02:

 

genau, (ech fillen mech verstaanen, hurra) !
et muss een eben sujet an foto an deem senn auserneenhaalen dat eng foto fun engem sujet deen een faszineiert nach lang keng gut foto as well se epes flottes, interessantes, spektakuläres weist !
kloer as esou eng GAU-8/A Avenger epes impressionantes (fier technech interesseiert leit) mais dofier as nach laang net all foto dovunner eng super foto !
sos geiff ec jo och all foto mat talekenschung an stiwelen gut fannen lol !
Augenzwinkern



Geschrieben von deBaemm am 10.11.2009 um 00:04:

 

lol ^^



Geschrieben von Metalbambi am 10.11.2009 um 15:36:

 

*räusper*...du hues dech awer zimmlech mat dengem Taleksschong... ;P XD



Geschrieben von Kilroy1313 am 10.11.2009 um 22:12:

Augenzwinkern Oh, hei gët ee jo kritiséiert...

Zitat:
Original von Kilroy1313
Oh, hei gët gezweiwelt... Oh weh, oh weh! Dat hu mer awer guer nët gäer! Ech wollt awer elo keng Detailfoto'ë weisen... Ech wollt déi Schlappen-Touriste-Foto weisen... Augen rollen

... do muss ech da wuel mäin Dokter froen, op méng Gesondheet dat och verdréit...? großes Grinsen
Wat wollt ech soen? Natiirlech wor dat do nët mäin Eescht, dee läit nämlech an eisem Frigo. Dat wollt soen: Jo kloer hun ech och Detailfotoë gemeet, wollt awer haaptsächlech méng "Souvenirfoto" (wat ee sch...éint Wuert !) hei weisen. Oh, zut, elo hun ech awer keng wou ech selwer nieft der Kanoun stin... dat wier bestëmmt och schéi gin.
Ech probéieren hei verschidde vu méngen Aarbechten ze weisen, déi eng sëlleche Goût'en uspriechen - langweilen wëll ech no Méiglechkeet nët. fröhlich
Beispill: Spigelung op dem Munitiounsreservoir vun der Kanoun:



Geschrieben von Johny am 10.11.2009 um 22:16:

 

Du muss net ëmmer d' Bild nach manuell an däi Post bäisetzen, et gëtt automatesch ugewisen ëmmer... An wisou muss de sou grouss schreiwen? Wann Leit d' Schrëft méi grouss wëllen, wësse se schonn wéi se dat hikréien smile



Geschrieben von Kilroy1313 am 10.11.2009 um 22:32:

 

Du has mir dat schons explizéiert, ech kréien dat awer nët ronn, wann ech CTRL plus (op der 1 drëcken) spréngt mäin Tab ob en neien an méng Internet-Home-Startsäit geet op. Do ass wuel eppes beim Klavier nët super agestallt...? Ech kucke mir do d'Aën aus dem Kapp. Sin och kee Krack a Saachen Forums-Benutzung. Versiche mech jhust als "Happy User"...? Augen rollen



Geschrieben von Gaga am 11.11.2009 um 09:55:

 

A propos souvenirs Foto :
Dei hei bedeit meir ganz ganz fill, fun mengem Bop geschoss, beides !
Ech hun do +- 4 oder Joer !

Kann ech dei eroplueden ??? NEE !



Geschrieben von McQueen am 11.11.2009 um 10:20:

 

@ Gaga:

DU hues also Bambi embruecht, du Mörder .......

großes Grinsen großes Grinsen großes Grinsen großes Grinsen großes Grinsen



Geschrieben von Gaga am 11.11.2009 um 10:46:

 

JAAAAAAAhhhhhhhhhhhhh !

großes Grinsen



Geschrieben von xaph32 am 11.11.2009 um 11:38:

 

hei art et e bëssi aus, et gin diskussiounen déi sin keng diskussioun wert oder aanerschters:
reden ist silber
schweigen ist gold


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH