Geschrieben von Kilroy1313 am 08.12.2009 um 23:05:
Motivatioun fir Ufänger: Ët muss nët deier sin...
... oder wéi ee mat engem Handy/klenge Fotoapparat och schéi Foto'ë mécht.
Dës Foto'ën sollen Ufänger uregen an och beweisen, datt ët nët nëmmen deen deieren
Fotoapparat ass, dee gutt Foto'ë mécht, mä datt d'A daat wichtegst Wierkzeug ass.
De Fotoapparat ass schons méi nëmmen en Accessoire, deen dem A vum Fotograféierenden
ët erméiglecht daat wat ët gesin huet ze materialiséieren an ët duerno och kënnen
ze weisen.
Wat ech hei wëll zum Ausdrock bréngen ass, datt een och mat manner finanzielle Moyen'ën
sech de Spaass um Knipsen nët doduerch soll verdiewen, datt ee mengt, ët misst een elo och
dee superdeieren Apparat do hunn, deen engem ët géing erméiglechen, fir grad esou schéi
Foto'ën kënnen ze maachen, ewéi déi, déi een dës läscht an dëser oder jener Fotoillustréierter
gesinn hat.
Besonnesch en Ufänger léisst sech heiansdo dovunner beandrocken, wann ee méi bekannte Profi
oder Amateur erëm esou eng super Foto gemeet huet. Ët ass seier eriwwer mat der Freed um Hobby,
wann een eng Fixette do drop mëcht amplaz ët einfach mat engem méi klengen Apparat ze probéieren.
Éischtens gesäit ee un esou enger Héichglanzfoto meeschtens nët wéivill Zäit dee Profi dann och
do gebraucht huet, fir séng Super-Foto ze maachen, well do geet ët meeschtens nët mat engem
schnellen "Ratsch-Klick" duer, sondern ët kënne schon ganz Deeg duerfir gebraucht gi sin. En
einfachen Amateur huet am Ufank awer nët ëmmer esou eng Engelsgedold, fir vläit nëmmen eng
eenzeg Foto ze maachen.
Ët ass natierlech évident, datt ee mat engem méi deiere Geschier och eng besser Kalitéit ka
produzéieren, och ass ët dacks esou, datt manner deier Apparaten e schlechteren Handling kënnen
hun an eben einfach nët esou eng héich Leeschtung kënnen erbréngen.
Fotograféieren soll ursprénglech haaptsächlech Spaass maachen, wouwéinst een, deen domadder
ufänkt fir d'éischt sollt versichen erauszefannen, waat en am léiwste wëllt fotograféieren, an
sech duerno eréischt dat passend Material eraussicht. Bis dohin kann ee roueg och mat engem
manner opwendegen Apparat, sief ët esouguer einfach séngem Handy Spaass um Knipsen hun an
éischt Erfarungen maachen.
Ët leiert een nët vill bäi wäerend däer Zäit, wou ee viru Vitrinen hin an hier leeft, de
Portmonni op an zou mécht a sëch schuddert wéinst deene ville Suen, déi een egal ewéi awer nët
onbedéngt muss hiergin, wann ee bis weess waat ee braucht an ët fäerdeg bréngt sech op eng
Saach ze limitéieren, déi een duerno dann och an de Grëff ka kréien.
Ët sollt ee sech vläit esou, oder esou änlech Fro'ë stelle, fir sëch nët herno mat engem Monster
vun Apparat ënnert dem Chrëschtbeemchen erëm ze fannen, deen esou eng dëck Bedienungsanleitung huet,
datt een no 3 Deeg schons 30 gro Hoer bäi krut.
P.S.: Méng Beispill-Foto'ë si mat engem Foto-Bearbechtungs-Programm verschafft gin !
PRO: Ët kann ee méi seier Erfarunge sammelen mat manner groussem Geld-Opwand.
CONTRA: Ët huet een evtl. e schlechteren Handling (bedienungsonfrëndlechen Apparat, wou ee muss
vill kniwwelen an sëch duerch Menüer duerch-schlängelen), wou een also och Gedold brauch, evtl.
riskéiert d'Flemm ze kréien, well dee Material nët daat mecht oder kann, waat ee wëllt...!
Beispillfoto'ën:
«Le Lac d'Ailette» mam Handy
Strong Sunrise