Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Misc (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=25)
--- Negativ scannen (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1431)


Geschrieben von BlueRic am 02.01.2010 um 12:45:

  Negativ scannen

Also ech géing gären Diaen an Negativen scannen. Etwa 2000 Diaen, idealer Weis kéint een se am Chargeur lossen.

Fannen net vill Informatioun am Internet. Ech wollt keen Scanner vun 3000€ kaafen, well et eng eemoleg Saach wert sin.

Ech wees, dass een se och kann scannen lossen, mee ech wees awer net wat ech dann do un Qualitéit kréien, an op déi dann och en Raw Format unbidden. Doriwer hun ech online nach naicht fonnt.

D'Froen sin also, wou? an wéi?. Bzw. op et net awer besser as sech en Scanner ze kaafen.

All aner Informatiounen zu desem Thema interesséieren mech och, also wann een sech do auskennt dierf en gären epuer Wuert schreiwen! :-)



Geschrieben von ploro am 02.01.2010 um 14:53:

 

Ech wees dat Reflecta een Scanner huet deen d'Dia'en am Chargeur erduerchzitt wei een Projekteur.
Kascht awer 1000€ mat ordentlecher Software derbai dann 1400€.
Gëtt et nach aner Scanner déi automatesch eng grouss unzuel un Dia'en kennen scannen?

Ech hun selver nach 4000-8000 Dia'en dei ech scannen misst an hun och nach keng Léisung fonnt.
Hun een Normalen Diascanner vun Plustek (OpticFilm 7500i huet +/- 300€ kascht mengen ech) an deen ech dann eenzel Dia'en kann dran anleen an scannen. D'Qualitéit ass supper gudd mee mei wei 200 Dia'en willt ech awer net dermat scannen well een dann eng Onendlechkeet un Zait dermat umgang ass. Gief allerdings kengefalls enner 3600dpi scannen. Bei der Siftware fannen ech den Silverfast supper gudd, kann ech nemmen recommandéieren.

Ass et net iergentwou meiglech souen super professionellen voll autometeschen zipsdings ze léinen? Misst een sech mol informéieren. Den problem ass fir ze scannen, wann een do d'Servicer unkuckt wéi zB bei Reflecta selver dann kascht dat een vermeigen an dann kann een sech vun denen Suen grat sougudd een eegene Scanner kaafen. Scannen lossen ass nemmen gudd wann een nemmen een Grapp voll Dia'en huet an keng puerdausend. Oder wann een bereed ass dat ganzt ze bezuelen an sech d'Aarbescht net well machen fir selver ze scannen.



Geschrieben von Charly am 02.01.2010 um 17:54:

 

Also wanns de een kaafen wëlls, dann huel keen "bëllegen". Kuck dat en zumindest eng Infraroud-Detektioun vum Stëpps huet. Ech haat mer och firun e puer Joer en ~300€ Scanner vun Minolta kaaft. Eigentlech net schlecht, mee ech sin geckeg gin mam Stëpps, obwuel ech baal nach emol esou vill Geld fir Drockloft-Dousen ausgin hun!
Elo hun ech engem gudde Frënd säin Nikon LS-5000 geléint an daat as en Genoss. En gudden Scanner spuert der vill Zäit an ënner Emstänn och Geld.



Geschrieben von arwa am 03.01.2010 um 08:07:

 

http://www.filmscanner.info/Filmscanner.html

mais, bëlleg gët ët nët, wanns de Qualiteit wëlls hun,

léngen as dei éenzeg Alternativ, denken ëch .

Dem @ Charly sei Kolleg kënnt dir jo................... fro mol ganz léif fröhlich



Geschrieben von jotes am 03.01.2010 um 09:35:

 

Zitat:
Original von Charly
Kuck dat en zumindest eng Infraroud-Detektioun vum Stëpps huet......
Elo hun ech engem gudde Frënd säin Nikon LS-5000 geléint an daat as en Genoss.


Dei Infrarout-Stepps-Detektioun funktioneuert net bei all Scanner fiir SW-Negativer an Kodachrome-Diaen. Beim LS-5000 klappt et NET bei Kodachrome. Do misst en Nikon LS-9000 an den Asaatz kommen, an dee kascht nees vill mei.

p.s. Nikon baut keng Coolscan mei.



Geschrieben von Charly am 03.01.2010 um 20:29:

 

Zitat:
Original von jotesDei Infrarout-Stepps-Detektioun funktioneuert net bei all Scanner fiir SW-Negativer an Kodachrome-Diaen. Beim LS-5000 klappt et NET bei Kodachrome.

Jau. Mee wann een wéi ech keng Kodachrome huet ... großes Grinsen
Ech hun den Nikon jo och nëmmen als Beispill ugin well ech elo domat schaffen.



Geschrieben von Charly am 03.01.2010 um 20:30:

 

Zitat:
Original von arwaDem @ Charly sei Kolleg kënnt dir jo................... fro mol ganz léif fröhlich


Ah sou? Deen as as am Moment an Brasilien op Chantier ... As daat deen deens de mengs?


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH