Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Emfroen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=18)
--- PS-Elements Workshop (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1476)


Geschrieben von MarcGerard am 18.02.2010 um 09:22:

  PS-Elements Workshop

et get vill geschwat iwwert 't zoulee'e vun deiere progrtamme wéi photoshop.
't fro as dacks, ob et derwäert as an een deiere programm ze investéieren, oder ob eng ofgespeckte versioun wéi z.b. PhotoshopElements net fläit awer duergeet!
dacks gräft een dann net gäeren déif an de portemonnaie an lued sech -verständlecherweis- deen neieste photoshop illegal erof. ouni elo iwwer legalitéiten oder illegalitéiten ze diskutéieren: deen décke badetti as dacks extrem komplex a schwéier ze verstoen.

ech sin däer meenung dass een alles (wann och mat hëllew vun tricker) mam PSE (photoshop elements) ka man.

ech giff gäeren e workshop driwwer man wat alles mam PSE méiglech as. dovir giff ech awer gäere wësse wat eenzel leit sou intresséiert.

- wat gifft der gäeren vu veraarbechtunge kennen?
- zielt mer och e puer sachen ob wou der mengt -oder héieren hut- dass se am PSE GUERNET méiglech sin. sou dass ech kucke kann ob méng théorie stëmmt an ob et net awer e puer geheim technicke get.

AN AKTION!!!!
Augenzwinkern



Geschrieben von Lola am 18.02.2010 um 15:25:

  RE: PS-Elements Workshop

Ech sin zum Beispill een vun den Kandidaten dei sech mam Picasa ronderem schloen, desst aus verschiddene Grenn: 1. well dei aner Programmer mer vill ze deier sin an 2. well ech keng Ahnung hun wei Photoshop fonktionneiert! Dobei ass dat zimlech blöd well ech schrecklech limiteiert sin mam Picasa an gaeren mei geif leieren. Ech wier dankbar iwwert sou en Workshop, well ech bis elo nach nie sou en Angebot fonnt hun. Bitte bitte realiseier dat! smile



Geschrieben von Rasputin am 18.02.2010 um 19:49:

  RE: PS-Elements Workshop

Wär direkt derbäi!!! Ech ginn absolut net eenz mam Programm an dankbar fir dat ze léieren :-)



Geschrieben von Steve-29 am 18.02.2010 um 22:22:

 

Salut

Jo, sou eppes geif mech och interesseieren. Probeieren mech zwar den moment an den CS3 ranzeschaffen, mee och sou een elements Workshop kann do secher net schueden.

Ps. Photoshop CS workshop wier natierlech och top großes Grinsen



Geschrieben von gunman am 18.02.2010 um 22:22:

  RE: PS-Elements Workshop

Salut,
Ech hun mer och virunt 14 deeg den Photoshop elements 8 bei Amazon kaaft, an sinn elo um probéiren. Ech hun schons vierdrun e bessen mam Photoshop Cs3 an mam Gimp an och mat Picasa gespillt. Ech sinn also net en kompletten "néophite", mais esou 100% checken ech daat awer net mat denen Masken etc.
Ech wier och direkt derbei fier esou en Worksphop !!



Geschrieben von wuff am 21.02.2010 um 22:50:

  RE: PS-Elements Workshop

Jo, esou en PSE Workshop wier mol interessant, fiir gewissen ze kréien waat een do alles kann eraus huelen.
Den PS an all sénge Varianten as mir en bessi ze oniwersiichtlech an et verléiert een sech gär an all deenen Menüpunkten mat deenen en als Ufänger souwisou näischt unzefänken wees.



Geschrieben von sgurel am 22.02.2010 um 13:17:

traurig

Sin och direkt dobei!!! Hun den ps installéiert kritt mee hun keng Ahnung...



Geschrieben von MarcGerard am 22.02.2010 um 14:04:

 

sgurel: PSelements, oder deen décken?



Geschrieben von Michelp88 am 24.02.2010 um 16:58:

 

geef daat o mol interessant fannen ze gesin waat een o mat dene programer maan kann



Geschrieben von MarcGerard am 24.02.2010 um 17:42:

 

ok, also ech stellen elo e programm op wat ech well man. war schon mol net drakënnt sin DRI (oder HDR, oder wéi een et coh emmer nenne well) a komplizéiert montagen.
d.h. wat drakënnt si sachen déi een vir allgemeng fotografie braucht:


-faarwkorrektur

-kontrastkorrektur

-simplel montagen, net zevill komplizéiert spillereien, mee sachen déi een dacks mol braucht

-retouche (flecken, pickel, schéin haut a.s.w.)

-aus engem faarwege bild e schwarz-wäiss man

-color highlights (dat sin déi biller déi schwarz-wäiss sin mee eng platz as faarweg. as meeschtens quatsch, mee intressant vir d'théorie)



vun allem as e bessi theorie/introduktioun néidech, mee et get natiirlech alles praktesch emgesat.
dauert ongeféier 2 stonnen, oder méi lang vir déi wou nach kënne méi lang bleiwen.

W.E.G:
sot mer anch ob ee programmpunkt fehlt, sou dass ech deen nach kann draman. duerno entscheeden ech wéini ech de workshop man.



Geschrieben von Steve-29 am 24.02.2010 um 17:46:

 

klengt jo schon mol interessant.
Wells de den Workshop op den Ps Elements beschränken oder mes de eppes fir dei zwee?
Den Raw Converter wier eventuell nach een interessanten punkt.



Geschrieben von MarcGerard am 24.02.2010 um 19:06:

 

natiirlech nemmen PSElements, wéi 't iwwerschreft seet.
mee dat schléisst de RAW-Converter jo net aus smile
ausserdem as hei am forum jo och en thema iwwert e workshop deen de photoshop mam bridge mam lightroom a mam aperture vergläicht. a photoshop-workshop man ech coh nach, mee an der reegel sin se kee riesen ennerscheed zu engem PSE-workshop, ausser et geet elo z.b. spezifesch em komplex montagen oder sou tricken.



Geschrieben von sgurel am 24.02.2010 um 23:08:

 

sin Ganz schlëmm : do frees du Mir schon zevill; keng Ahnung - waat Hun ech? Muss emol kucken goen ... Hihi
also ech Hun den PS cs4 : seet dat dir eppes? Krut daat installéiert mee as complizéiert wann een keng basis Ahnung huet! Krut schon op mengen photoen die ech um site hun kommentéiert dass hei Oder do eppes ze verbesseren wier mat photoshop... Mee gin net eenz ... Muss liesen mee fannen keng Zeit.. En basis workshop waer génial! An dann kéint ech schon e bessi vun Mir aus liesen... Mais wann een guer keng Ahnung huet as et HAVY!!



Geschrieben von MarcGerard am 24.02.2010 um 23:41:

 

dann hues de déi neisen an déckste versioun vum photoshop. dat as ganz typesch, mee net gudd. éischtens as et illegal, wells de mat secherheet de programm net bezuelt hues(ech man der do awer keng virwerf well dat gemengerhand jo net esou eescht gehol get a well adobe selwer der do mol net nolafe giff. hinnen as dat och zimlech wurscht, soulang wéi opt mannst 't profien de richtege präis bezuelen ;D)
dann entsteet natiirlech de problem dass een e bonbasteschen an ultra-komplexe programm um computer huet. virwat as dat e problem? ma well niewt dem faite, dass deen de computer méi iwwerlascht as en zumbeispill ESOU GUDD, dass ee guerkeen usproch méi huet alles ofzedeken geschweige denn ze verstoen. e klenge programm wéi den elements -deen näischt anecht as wéi däi photoshop, mee eben nemmen ofgespeckt- huet een natiirlech vill méi séier begraff, et geet bei wäitem duer vir wat déi meescht hobby AN PROFI-fotografen vu veraarbechtungsprogramm brauchen an et as een emplus an der legalitéit well de programm bezuelbar as Augenzwinkern

de workshop wert em dëss ofgespeckte versioun vum photoshop goen. een deen den "décke"-photoshop benotzt get mat secherheet net méi domm dovun, mee ech man awer och nach iergendwann workshops mam CS4 ...



Geschrieben von sgurel am 25.02.2010 um 13:26:

 

oh ah .... dass zwar gudd ze wëssen dass et eng méi einfach Versioun gett... an muss mech dann emfroen fir deen dann ze kréien...

kucken daat,...
merci fir all deng Roodschléi



Geschrieben von McQueen am 25.02.2010 um 14:16:

 

Zitat:
Original von MarcGerard
(ech man der do awer keng virwerf well dat gemengerhand jo net esou eescht gehol get a well adobe selwer der do mol net nolafe giff. hinnen as dat och zimlech wurscht, soulang wéi opt mannst 't profien de richtege präis bezuelen ;D)

Sorry fier den OT:

Salut Marc,

wann daat esou ass, fierwaat huet aobe dann beim CS3 & CS4 eng "Phone Home" funktioun dran.
Google mol e bessi, dann geseiss du, dass et vill Leit gin, dei daat net gudd fannen, dass CSx Daten "Heem" scheckt, an daat obwuehl se den Programm bezuelt hun.
Also muss et och (menger Menung) eng Kontroll sin, fier illegal Kopien ze ennerbannen.

Steve



Geschrieben von MarcGerard am 25.02.2010 um 17:08:

 

ah, dat do stemmt allerdéngs. ech si mer awer net secher ob dat elo vir de klengen hobbyknipsert geduecht as. jiddefalls wësse mer jo dass vill piratéiert versiounen doremmer stin an ech hun nach ni vun engem héieren dee gepëtzt gin as.
(OT) falls de wells weider man fläit iwwer PM oder sou Augenzwinkern



Geschrieben von sgurel am 26.02.2010 um 21:57:

Zunge raus!

As den Elements 7 ok oder besser den 8? ech bestellen deen bei Amazone.


(an dann kommen ech awer op den Workshop)hihi

Merci



Geschrieben von MarcGerard am 27.02.2010 um 13:47:

 

"besser" as natiirlech den 8. woar jo kloer. mee dowéint as de 7 net onbedéngt schlecht. du muss beim 7 dann allerdéngs domat rechnen dass deen een oder aneren aarbechtsschratt anecht as, oder fläit suguer net méiglech as. ech well ganz éierlech sin: méng photoshop-karriere as PSCS1, PSCS2, PSCS3, PSCS4 an elo PSE8.. d.h. PSE7 krut ech net mat, an domat garantéieren ech der net dass 't ennerscheeder grouss oder kleng sin Augenzwinkern opt mannst as 't oberfläch mol quasi éi nemlecht. mee kcuk einfach de präisennerscheed, fläit as deen mol guernqet ESOU grouss vir dann awer mol den 8 ze kafen.



Geschrieben von sgurel am 27.02.2010 um 16:09:

 

Also kken problem! Et si 4euro ennerscheed!! Merci et gett direkt bestalt!


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH