Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Froen zu Photogen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=19)
--- Concours (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1512)


Geschrieben von Laurent76 am 21.03.2010 um 20:09:

  Concours

Salut,

wei vill Fotoen däErf jiddfereen fir den Concours eroplueden, eng enzeg?



Geschrieben von mmphotos am 21.03.2010 um 20:17:

  RE: Concours

Concour Regelen:


3. All Member däerf 1 Foto(en) erop lueden;



Geschrieben von Johny am 21.03.2010 um 20:17:

 

Dat steet dach alles do: http://www.photogen.lu/?page=add_contestphoto_input&id=33 smile



Geschrieben von Laurent76 am 21.03.2010 um 23:01:

  RE: Concours

ok, merci!

Ech hat no esou Regelen gesicht mee net fond....



Geschrieben von BlackPanther am 21.04.2010 um 22:53:

 

hmm

froen mech grad wourun et lait dass fir desen Konkuer nach GUERnaischt geschitt as! fröhlich
mengen den Thema as net mei sou einfach wei bei "Rosa" (waat och net gudd war, well et allerlee Hickhack do guff an et och net jidfreen ugesprach huet, vlait well et ZE einfach war!) meeee zumindest eng Foto, fun engem User misst jo awer schon ze fannen sin! smile
dass no der Woch wou en lo schons leeft nach emmer NAISCHT geschitt as as iergendswei komech....

wier frou dann zumindest bessi -schreftlech- Reckmeldung ze kreien hehe smile



Geschrieben von deBaemm am 21.04.2010 um 23:31:

 

also ech fannen de sujet kewl!! ech sin moment just bessi am working fever an am stress, mee sin schon um plangen Augenzwinkern



Geschrieben von Jaqueline76 am 23.04.2010 um 08:37:

  En Zitat

jo d'Froo dei ech mer och gestalt hunn ass: Wei een Zitat.?? Daat waat um Site steet oder iergenteen Zitat.?? Een Zitat vum Churchill z.b. oder Clinton....?



Geschrieben von BlackPanther am 23.04.2010 um 10:51:

 

@deBaemm: hehe freet mech ze heiren, sin gespaant! Augenzwinkern

@Jaqueline: wéi do steet:
Zitat:
Maacht eng Foto zu dësem Zitat.
"Man muss das Unmögliche versuchen, um das Mögliche zu erreichen."
(iergendeen Zitat ze huelen geiff oniwersiichtlech gin, an kuasi onmeilgech ze bewerten! fröhlich )

mengen et misst awer genuch Spillraum em den Satz sin fir eppes ze fannen -> einfach daat Onmeiglecht probeiren...hehe Augenzwinkern



Geschrieben von Blimchen am 26.04.2010 um 19:24:

 

Salut,
jo mech huet et och well gewonnert wisou nach keen sech getraut huet eng Foto rob ze lueden smile

Hehe et ass bessen mei en "schwéiert" Thema wei rosa.
Also ech perséinlech probéieren bis dohinner eng flott Foto ze machen. Mee et ass al rem knapps, an ech denken dass vill jonker elo an den Examenstress kommen.



Geschrieben von ApplEric am 28.04.2010 um 00:09:

 

Sen och well um iwwerleen, fier meng nei D700 och kreativ mol auszenotzen. Ech hat am Ufank geduercht d'Zitat wirr vum Che Guevara, dien hudd och sou eppes ähnleches gesot:
Let's be realistic. Try the impossible!
Wat och an dei Richtung geht, d'Zitat ass awer schlussendlech net vum Che, mee vum Hermann Hesse.

Mengen d'ass een ganz intressant Zitat, kreativ gett een gefuerdert, doweinst hoffen ech dass ech nach eng gudd Idee fannen an se och emsätze kann.
An dann bleift oofzewaarden, hoffentlech gewënnt keng Foto vun engem Kand wat ze kleng ass fier un den kuch um Kichendësch ze kommen…



Geschrieben von n0kle am 06.05.2010 um 18:12:

 

et sin jo well puer fotoen do smile ... ech sin gespaant großes Grinsen



Geschrieben von Kleent am 06.05.2010 um 23:55:

 

Mir hätten de Contest "Wettlauf gegen die Zeit" nenne sollen... smile

Cool daat nach e puer Fotoën erakomm sinn!



Geschrieben von Gaga am 07.05.2010 um 11:00:

 

Ech hun daat onmeiglecht probeiert :
Ech probeieren den Concours ze gewannen, ouni eng Foto eropgelueden ze hun !
Falls daat net klappt, as eng Faul ! geschockt

An nach epes Johny ... et wier besser den Concours wier anonym !
Obwuel mer alleguerten deem aaneren seng Handschreft kennen !



Geschrieben von Johny am 07.05.2010 um 14:11:

 

En ass dach anonym?



Geschrieben von m-otiv am 07.05.2010 um 19:08:

 

Net esou ganz..



Geschrieben von Charly am 09.05.2010 um 23:05:

 

Also ofgesin dovun dat ech näischt fir den Concours hun fannen ech et schon schwéier déi Photoen di do sin ze bewerten. Ech kann bäi kenger dovunner en "Zitat" gesin ... Sin wuel net gebild genuch fir déi ze verstoen. Daat kinnt awer och en Grond sin firwatt esou wéineg Photoen do sin. Et as ganz schwéier esou en abstrakten Begrëff bildlech emzesetzen.



Geschrieben von deBaemm am 09.05.2010 um 23:32:

 

ech sin, wéi ech och schon mam gloda driwwer geschwaat haat, an mir eis op deem punkt volkomme verstaanen hun, der meenungn dass daat alles interpretatiounssaach vum auteur ass, an dass een unsech ganz seelen ka soen dass d'Thema verfehlt gouf, dofiir unsech schued dass ee kee comment kann der bei oofgin, oder ennertitel, zumols bei sou engem concours, well et eben net evident ass!



Geschrieben von JADE am 10.05.2010 um 01:07:

 

@ charly:
ët soll jo nët een Zitat ze erkennen sin, mee dëst hei:
Zitat:
Maacht eng Foto zu dësem Zitat.
"Man muss das Unmögliche versuchen, um das Mögliche zu erreichen."


hun awer och Schwieregkeeten gehaat ze voten Augenzwinkern



Geschrieben von Charly am 10.05.2010 um 07:40:

 

@Jade: sorry wann ech mech e bessen ze kuerz ausgedréckt hun. Daat wor et awer waat ech gemengt hun. Et ass en schwieregt Thema fir an engem Bild esou emzesetzen dass daat ouni weider Erklärungen eriwer kënnt.



Geschrieben von n0kle am 10.05.2010 um 09:20:

 

den 13. gesinn ma jo wei et ausgangen as Augenzwinkern

mais ech gin dem deBaemm schon recht, hei wier et vleit net schlecht gewiercht, wann een e klengen comment hätt kennen oofgin, fier seng idee erklären ze kennen....

mais bei su munch enger kann een bessen mei eraus fannen (fannen ech mol Zunge raus ) wann een den titel och beuergt... wees net ob et anere leit och sou geet, mais ech neigen oft dozou, den titel net ze kucken, an mech just ob foto ze konzentreiren :S


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH