Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Froen zu Photogen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=19)
--- Concours (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1512)


Geschrieben von Gaga am 10.05.2010 um 14:20:

 

ech ka jo lo schon soen dat ech den heli mat der Meif gewiellt hun !
fier mech ganz kloer dei eenzeg foto wou een och ganz gut ouni kommentar fum auteur interpreteieren kann, souguer en klengt kannd geng soen :
"Hei kuck den Villchen geht un den Helikopter ! "
Dei aaner sin effektiv nemmen ze verstoen wann den auteur e wuert derbai schreift, well ech gesin net vill onmeigleches, an waat ze reechen wier !?!
ausser beim Bouf op der Leeder, mais do as daat "onmeiglecht" net onbedingt erausgeschaft (wei heich as en geklomm?)

Et as ganz kloer immens schweier esou epes emzesetzen, masi graat daat mecht e gudden fotograph aus,
mat engem 3000€ budget, enger 6000€ vakanz, as et fier jiddereen einfach een "MEGA-GEWALTEGEN-GEILEN-Sonnenenenrgang mat senger D3 ze knippsen !
sou Leit kann ech net beneiden !

Sou, mein Pefferkàr zum Concours !

Gleckwensch un den ..... ! Augenzwinkern



Geschrieben von gloda am 10.05.2010 um 14:56:

 

@Gaga Denk drun dass et zwou Säite gin. Wann s du eng Foto net am Zesummenhang mam Concours verstees kann et un der Foto oder un dir leien.

Dann nach dat wat ech scho beim leschten Concours sot, ech fannen et net ubruecht individuell Fotoen schon ze diskutéieren während den Voting nach leeft.



Geschrieben von Gaga am 10.05.2010 um 16:26:

 

Zitat:
Original von gloda
@Gaga Denk drun dass et zwou Säite gin. Wann s du eng Foto net am Zesummenhang mam Concours verstees kann et un der Foto oder un dir leien.

Dann nach dat wat ech scho beim leschten Concours sot, ech fannen et net ubruecht individuell Fotoen schon ze diskutéieren während den Voting nach leeft.


fierwaat ?
ech gesin dozou guer keen gronnt !?!

muss ech mer elo t'Privat N° fun engem gin loossen fier mat him iwer epes ze schwätzen ?
denk drun dat et 2 welten gin Gloda : dei, dei mer Recht gin, an dei, dei mer net Recht gin !

Augenzwinkern

Wann een sech sou liicht beaflossen leist duerch eng diskusioun iwert dei Fotoen, dann huet en besser guer net ze voten, well dann as seng stemm naischt wert !

Zitat:
Original von gloda
Wann s du eng Foto net am Zesummenhang mam Concours verstees kann et un der Foto oder un dir leien.


ech soot net ech geng se net verstoen (villeicht net all) mais menger mehnung sin dei meescht net ze verstoen wann een t'Thema NET kennt !



Geschrieben von Johny am 10.05.2010 um 16:48:

 

Text mat bei der Foto kënnt net a Fro well unhand vun dem Text loosse scho vill Leit sech identifizéieren.

An de gloda huet Recht, keng Diskussiounen iwwer Fotoen vum Konkuer wann d Ofstëmmung nach leeft - wa mer dat gewollt hätten dann kéint ee Kommentarer um Site derzou schreiwen smile



Geschrieben von Maimonides am 10.05.2010 um 21:13:

 

Text mat bei der Foto kënnt net a Fro well unhand vun dem Text loosse scho vill Leit sech identifizéieren.

Och wa kee Mënsch sich doduerch identifizéiere géif loossen, huet an angem Fotoskonkuer ën Text guer näischt verluer. Dat ass wéi wann an engem Literatur-Konkuer Musik mat agëschéckt géif gin. Och wann dë Sujet schwierig ass, an nët all Foto direkt "verstaan" gët, bläiwen di ausgëwielte Fotoën Kandidaten. Doriwer gët oofgëstëmmt. An duerno könne mir diskutéiëren, nët virdrun. Déi Memberen déi hir Foto proposéiert hun, an acceptéiert krit hun, hun ë Recht dodrop.



Geschrieben von Johny am 10.05.2010 um 21:18:

 

Zitat:
Original von MaimonidesOch wa kee Mënsch sich doduerch identifizéiere géif loossen

Ahja ... a wat ass wann e Franséischt Gedicht derbäi steet? Da wësse mer z.B. all dass se vun dir ass. Zunge raus
Respektiv alleng duerch déi typesch tonnen Feeler déi am Lëtzebuergeschen getippt ginn, déi jiddereen liicht anescht mécht, fënnt een do ganz sécher den een oder aneren eraus.



Geschrieben von Gaga am 10.05.2010 um 21:21:

Daumen runter!

Zitat:
Original von Johny
Text mat bei der Foto kënnt net a Fro well unhand vun dem Text loosse scho vill Leit sech identifizéieren.

An de gloda huet Recht, keng Diskussiounen iwwer Fotoen vum Konkuer wann d Ofstëmmung nach leeft - wa mer dat gewollt hätten dann kéint ee Kommentarer um Site derzou schreiwen smile


ahhh, ech villen mech elo un aaner zeiten erennert !
maulkorbgesetz an esou .... tssss *kappresel*

dei leit dei sech privat kennen, an all daag begeinnen haalen dei sech dann och dorunner ?

oder mussen mer elo en "unofficial" chatroom machen wou een därf soen waat een well ?
een deen net zensureiert get !

PS :
Zitat:

ech sin, wéi ech och schon mam gloda driwwer geschwaat haat, an mir eis op deem punkt volkomme verstaanen hun, der meenungn dass daat alles interpretatiounssaach vum auteur ass, an dass een unsech ganz seelen ka soen dass d'Thema verfehlt gouf, dofiir unsech schued dass ee kee comment kann der bei oofgin, oder ennertitel, zumols bei sou engem concours, well et eben net evident ass!

geschockt



Geschrieben von Johny am 10.05.2010 um 21:38:

 

Manno.

Et geet hei ëm d' Fotografie als Hobby, fir déi Leit déi et aus Spaß maachen. Mir bidden de Leit eng Platform fir deen Hobby mat aneren ze deelen. Wann e Konkuer do ass, dann wëlle mer eng glaichberechtegt Bewäertung fir jiddereen - dat geet a sou klengem Kreess wéi mer hei op PG sinn just ouni online Diskussioun iwwert eenzel Fotoen éiert d' Ofstëmmung fäerdeg ass. Wa mer e Jury hätten den do géif décidéieren wier et eng ganz aner Saach - ass awer net de Fall.

E puer Grondregelen sinn hei opgestalt, net wierklech immens vill oder komplizéierter, an se sinn dofir do dass d' Fotografie als Hobby hei anstänneg kann agesat ginn. Do geet et guer net ëm zenséieren oder ähnleches.

Ech ginn der e Bsp: Eng Foto gëtt falsch interpetéiert vun engem oder zwee Leit, puer User (oder 1 geet amfong duer) liesen dat an denken doduerch och esou - bewäerten dofir anescht. Herno stellt sech d' Falschinterpretéirung eraus - Verfälschung done. An dat huet emol näischt ze dinn mat Beaflossung vun Leit denen hier Meenung net eecht ze huelen ass well se liicht ze änneren ass oder sou, mee einfach just geet et duer dass een op e falschen Gedankenzoch bruecht gëtt während deem s een nach amgaang ass seng eege Meenung iwwerhaapt ze maachen.



Geschrieben von deBaemm am 10.05.2010 um 21:38:

 

gaga daat war fiirun der oofstemmung Augenzwinkern

cf. datum vum Nightwalk Augenzwinkern



Geschrieben von gloda am 10.05.2010 um 22:13:

 

Gaga, ech wollt dech net dovun ofhalen d'Thema ze diskutéieren, just individuell Fotoen smile Den Johny huet amfong den Grond gudd erklärt. Pardon dass ech dat net kloer gemach hat. An jo, mam deBaemm hun ech eben just allgemeng geschwat.



Geschrieben von Maimonides am 10.05.2010 um 22:26:

 

Ech geif awer an engem Foto-Konkuer naischt derbai schraiwen. Well, wei gesoot: an engem Foto-Konkuer huet en Text naischt verluer, a moins dass deen, expressis verbis, gefroot gi wier, also zum Konkuer geheiere misst.



Geschrieben von Gaga am 10.05.2010 um 23:45:

 

Zitat:
Original von gloda
Gaga, ech wollt dech net dovun ofhalen d'Thema ze diskutéieren, just individuell Fotoen smile Den Johny huet amfong den Grond gudd erklärt. Pardon dass ech dat net kloer gemach hat. An jo, mam deBaemm hun ech eben just allgemeng geschwat.


ok, mat "keng individuel fotoen, dommader kann ech liewen !

Augen rollen


kussi alleguerten !

Freude


an text bei de fotoen geng ech och net sennvoll fannen !



Geschrieben von Kleent am 12.05.2010 um 09:20:

 

Fir mol rem allgemeng zum aktuellen Konkuer zereckzekommen:

D'Zitat, wouremm et eigentlech an dësem Konkuer geet, steet elo am Titel an ech hoffen esou kennen déi, déi elo nach noodréihleg voten, sech ë bësse méi eppes drenner viirstellen...

Wënschen Iech all e schéinen Dag!



Geschrieben von Jeje am 14.05.2010 um 10:51:

 

hmmmmm dest Kéier dauert et awer lang bis d´Resulat online ass smile
(ech hoffen et gin keng Problemersmile )

ech sinn sou gespannt weivil Punkten ech dann elo hunn an dei anner dei matgemat hunn bestemmt och smile



Geschrieben von mmphotos am 14.05.2010 um 10:59:

 

Den Johny as an der Vakanz, ech wees net ween an ob een aaneren sech drem bekemmert (oder geet daat vum selwen?), mee et keint fleit nach bessen dauerenAugenzwinkern



Geschrieben von gloda am 14.05.2010 um 11:01:

 

Mengen den BlackPanther post d'Resultater. Gesäit as wéi wann en entweder am Bett oder op der Uni as smile



Geschrieben von Johny am 14.05.2010 um 11:52:

 

alles muss ee selwer maachen .. Zunge raus



Geschrieben von gloda am 14.05.2010 um 12:02:

 

LOL.
Eh jo ech hun alt erëm Tomaten op den Aan, mee war dat hei een vun den Concoursen wou et en Print get? Wéi geet dat elo?



Geschrieben von Jeje am 14.05.2010 um 16:06:

 

hun mech genau dat selvescht elo gefrot smile



Geschrieben von Johny am 14.05.2010 um 16:17:

 

Jo, an do mellt de blackpanther sech normalerweis bei den 3 éischten smile


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH