Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Froen zu Photogen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=19)
--- Concours (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1512)


Geschrieben von Jeje am 14.05.2010 um 16:37:

 

Ok Tip topsmile
Ech frehen mech smile



Geschrieben von xaph32 am 14.05.2010 um 18:13:

 

Zitat:
Original von Johny
Jo, an do mellt de blackpanther sech normalerweis bei den 3 éischten smile


dann huet en awer e bëssi retard, well ech hun nach naischt vun em héiren an dat ass lo 2 concours(en) hiir????

xaph



Geschrieben von deBaemm am 14.05.2010 um 18:21:

 

same here ^^



Geschrieben von BlackPanther am 14.05.2010 um 20:01:

 

jeeeh...mol net sain Liewen kann een.......man daat jo!

@Gloda: deng Fehleranalyse huet den Punkt getraff - war op der Uni...meng Proffen allerdings net...SEUFTZ... x)

@deBaemm + Xaph32: hm - dei lait wou GEWONN hun sen betraff - an ech man daat zenter dem läschten Konkuer, an net zenter et Konkueren gin....^^
mengen dassde een Print gewenns steet jo do - an mei wei eng PN schecken an där steet dassde "een Print gewonnen hues" verschecken ech amfong jo och net... ;o)



Geschrieben von xaph32 am 17.05.2010 um 10:03:

 

jo, me wéi kréien ech dann lo main print? oder wen seet mer bescheed... vu dass et nach een organisatiounskonflikt gët, oder verstin ech lo rëm guer naischt?
;-)



Geschrieben von galileo am 17.05.2010 um 10:23:

 

Zitat:
Original von xaph32
jo, me wéi kréien ech dann lo main print? oder wen seet mer bescheed... vu dass et nach een organisatiounskonflikt gët, oder verstin ech lo rëm guer naischt?
;-)


Also, virun enger Zäitchen war dat mol ganz einfach - schéck eng Foto iwer mail bei den Sponsor a schréiw dran datt's du e gratis Print zegutt hues wëlls du hei gewonnen hues.

2 Deeg waarden an un d'Mauer domat Augenzwinkern

Mee vläicht ass et jo elo anescht.....?



Geschrieben von Mano am 17.05.2010 um 18:25:

 

Genau sou ass et smile
Einfach Foto raschecken an Bescheed soen dass du een Print gewonnen hues eben an dann kriss du deen heemgescheckt.



Geschrieben von Gaga am 17.05.2010 um 20:35:

 

***Gaga mailt graat all seng fotoen op Foto.lu***

großes Grinsen



Geschrieben von Mano am 17.05.2010 um 21:37:

 

Zunge raus



Geschrieben von Gaga am 02.06.2010 um 23:18:

Achtung Salut @ all

iert et erem NOM concours lass geht,
wollt ech emol hei eng diskusioun iwert den neien contest starten !
daat därf een jo, dier musst mer jo net ziellen waat der wellt machen !

----------------------------------------------------------------------------------------------------


An wéider geet et.

Anonymous - maach en Selbstportrait ouni daat een dech op der Foto erkennt.

Et ass wierklech wichteg, daat den Fotograf NET ze gesin ass, eng Reegel dei ganz vill Bedeitung huet fir dëse Contest.

Mir wënschen vill Spaass beim Iwwerleeën an Kreativsinn!

- Dësen Konkuer leeft nach bis den 23.06.2010, 23:59 Auer, d.h. bis dohin kann een nach Fotoen dofir roplueden. Start war den 02.06.2010.

----------------------------------------------------------------------------------------------------


Sou, waat heescht daat elo ?
Et dierf een mech net erkennen, et muss awer ECH sin ???
Wei defineiert een erkennen, als beispill :

1. Ech keinnt eng Passfoto fun mier heihin setzen, an just dei dei mech schon gesin hun erkennen mech, vill leit sin hei secher awer nemmen als "www-profil" bekannt !
2.Ech kann och eng Baby foto fun mier eropsetzen, et gesait een mein gesiicht, awer ween wees schon zu 100% ween daat baby mol gin as ???
3. Ech kann mein Kierper ouni Kapp duerstellen, keen erkennt mech, ausser ech weisen mein Reck, dann wessen verschiddener schon dat ech et sin !
(fun fier villeicht och dei, dei schon mat mier geduscht hun ?!? smile ) *joke* (fier dei dei et nie mierken)
4. Ech kann eng Foto fun mier, mat geiischt, postum verstellen, am PS, eng Karikatur souzesoen ! erlaabt ?
5. "maach en Selbstportrait" - "Et ass wierklech wichteg, daat den Fotograf NET ze gesin ass" also daat brauch jo wuel keen kommentar ?!?!?!? mei ondeitlech kann een epes net duerstellen !

Sorry, ech wees, et stecht arbescht an all deenen Sachen, mais wat dingt se, wann duerno un dem wichtegsten gespuert get ?
Fierwaat en Concours mat 3 Sätz erklären ?
Et wier flott an Zukunft e bessen mei genau ze defineieren em waat et geht !
daat heescht jo net dat doduerch den spillraum soll verklengert gin, mais "t'envelope" keinnt schon mei kloer defineiert gin !
Et klengt oft esou, wei wann shon eng idee fun engem Bild do wier, waat dann ganz "large" defineiert get, an duerno heescht et dann t'fotoen geiffen net dem erwuartenen resultat entspriechen !

Also wann der inspiratiounen fier themen braucht, daat as jo wuel net den problem, masi t'definitoun muss besser gin fannen ech !


Greets, an nach eng keier, ech well keen démotiveieren oder seng arbescht schlecht machen, ech well just epes beidroen et (nach) besser ze machen !

greets !

deGaga



Geschrieben von Johny am 02.06.2010 um 23:34:

 

Hal mol op hannert all Saz en Ausrufezeechen ze setzen wéiwann all Saz e Kommando wir ! smile

Du selwer hues sou direkt keng Ahnung hues wat domat gemengt kéint sinn. Genee dat ass d' Zil vun souengem Thema - als éischt mol bëssen Gedanke maachen, an dann kënnt een och op Saachen. Et geet drëm d' Leit mol anstänneg ze förderen fir sech kreativ Gedanken ze maachen well dann sinn d' Resultater herno emsou besser.

Kritik ass schéin a gutt, mä et kann een och iwwerdreiwen.



Geschrieben von Alko am 02.06.2010 um 23:40:

 

Also ech muss dem Gaga zwar zoustemmen! (Pardon hun och ugewunnescht emmer een ! hannert den satz ze maachen! :-)) Also aufgabenstellung ass mir och net ganz kloer well dei zwou angaben "widerspriechen" sech! An ech mengen net dass eng kloer angab kreativiteit aschrenkt mee just messverständnisser an pobleemer am viraus verhenneren kann!



Geschrieben von Gaga am 02.06.2010 um 23:58:

Achtung

Zitat:
Original von Johny
Hal mol op hannert all Saz en Ausrufezeechen ze setzen wéiwann all Saz e Kommando wir ->!<-
lol, hoffen deen wor gewollt John ! Augenzwinkern

Et as ganz wichteg saatzzeechen ze setzen, well an der geschriwener form oft epes falsch verstaan get !

Deng äntwert hei as den Beweis ! (daat as eng feststellung, an ech sin mol geleiert gin dat do en ! kennt )

Ech soot jo nach (an hun mech mol eng keier probeiert gaaaaanz douce mat de leit ze sin) gesoot et wier net fier daat elo schlecht opzehuelen !
-> FAIL ! (erem eng feststellung !) ((daat zweet as och eng, sou wei desen saatz och !!!))

Wanns de mer elo nach erklärs wei ech een selbstportrait ...
(Def. Wiki : Ein Selbstbildnis oder Selbstporträt ist eine Selbstdarstellung der Physiognomie eines bildenden Künstlers mit den Mitteln der Malerei, Grafik, Plastik oder Fotografie.)
... machen, ouni dat ECH drop ze gesin sin ... dann haalen ech den Back.

Wanns du (oder den, den sech desen Text ausgeduecht huet, en eng keier driwer geliess häss, häs de gemierkt dat et misst (ech wees et an denken mer et, mais daat as net den senn an zweck) dat et misst heeschen "de Fotograf net ze erkennen as" an net "den Fotograf net ze gesin as" heeschen.
Behaapt elo net ech geng hei stenkeren oder esou, ech soot jo, ech mengen (am allgemengen) kann et net schueden zu engem contest hei am forum eng kleng diskusioun ze starten ... fierwaat sollen mer net e bessen hei zesummen driwer schwätzen, an den Ufank wier dann emol, sech t'ufuerderungen/konditiounen mol genau unzekucken !

Ech hun ausserdem 5 froen gestallt, an dei sin net aus der erklärung hier ze beäntweren, ech hun beispiller zu all fro gin, also hun ech mer schon meng gedanken gemach ... wou sin dann elo t'äntwerten ? wees iwerhaapt een et ?
Dann kann ech jo alles machen, well et as naischt verbueden !
ech kann eng foto machen wou ech guer net drop sin,
oder eng passfoto ... wann ech dech elo verstin ! toll !oder filleicht as alles net richteg, daat wier mei domm !

Ech verstin t'Idee ... et soll en sech duerstellen, awer als "interpretatioun" ...
Mais (ech erenneren dech ongären un den contest onscharf, do wor et zelwecht, ech sin mat aaneren och, ecarteiert gin, an wann een den genauen wuertlaut fun der contestbeschreiwung gekuckt hätt, zu onrecht !
"en deel am bild muss onscharf sin" heescht net "den sujet därf net kloer sin" , daat as awer duerno doran interpreteiert gin, well eben och scharf sujet'en komm sin, wou nemmen den hannergronnt onscharf wor !
genau esou epes wollt ech hei vermeiden, an et eben mei deitlech wessen !

Wann et elo esou as dat een naischt mei dierf am "guden" froen oder probeieren richteg ze stellen !
Ma dann, guten tag !
dein läschten saatz huet mech elo e bessen rosen gemach, sorry !
ET SOLL KENG KRITIK SIN,MAIS EINFACH ENG FRO !



Geschrieben von Gaga am 02.06.2010 um 23:59:

 

Zitat:
Original von Alko
Also ech muss dem Gaga zwar zoustemmen! (Pardon hun och ugewunnescht emmer een ! hannert den satz ze maachen! :-)) Also aufgabenstellung ass mir och net ganz kloer well dei zwou angaben "widerspriechen" sech! An ech mengen net dass eng kloer angab kreativiteit aschrenkt mee just messverständnisser an pobleemer am viraus verhenneren kann!


sou kuerz hätt ech mech och fassen kennen smile



Geschrieben von Johny am 03.06.2010 um 00:03:

 

Zitat:
Original von Gaga
Zitat:
Original von Johny
Hal mol op hannert all Saz en Ausrufezeechen ze setzen wéiwann all Saz e Kommando wir ->!<-
lol, hoffen deen wor gewollt John ! Augenzwinkern


Allerdings, an zwar just fir der ze weisen wéi blöd et äusgesäit smile

Sry fir de Recht vum Text ze liesen hun ech lo sou spéit keng Loscht méi ^^

An just fir nach bäi ze flécken: Nee ech hun den Text net geschriwwen, allerdings hu mer iwwert dat Thema an der läschter Comitéssitzung och geschwat an mer hun et all cool an interessant fonnt. Well esou Saachen och scho bei dpchallenge waren ënnert anerem.



Geschrieben von Gaga am 03.06.2010 um 00:06:

 

dat t'thema interesant as, steht guer net a fro John !
huel der muer zeit bei engem croissant, enger Taas Kaffi ... an du werts mierken dat ech guer net "kritiseiert" hun .. ech hun esouguer geluerft ...


allez, nuecht !
Augenzwinkern

PS : mech mecht et genau esou rosen wann een behaapt ech geiff kritiseieren ouni nozedenken (an dobai mol net kritiseieren), wei wann een dier seet du gengs deng arbescht oniwerluecht machen ... !
Schwamm drüber !



Geschrieben von gloda am 03.06.2010 um 01:17:

 

Zitat:
Original von Gaga
Wanns de mer elo nach erklärs wei ech een selbstportrait ... machen, ouni dat ECH drop ze gesin sin ... dann haalen ech den Back.

http://www.dpchallenge.com/challenge_results.php?CHALLENGE_ID=1002



Geschrieben von m-otiv am 03.06.2010 um 08:47:

 

@gloda toll....elo brauch keen mei sech gedanken ze maan....einfach ideen op dpchallenge kneipen goen :-) (keen ! hei benotzt)



Geschrieben von Shogun am 03.06.2010 um 08:54:

 

ech si färdeg großes Grinsen großes Grinsen großes Grinsen




Geschrieben von mmphotos am 03.06.2010 um 09:03:

 

großes Grinsen großes Grinsen großes Grinsen großes Grinsen großes Grinsen großes Grinsen großes Grinsen großes Grinsen großes Grinsen

Den Beweis dass et net schweier as Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH