Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Froen zu Photogen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=19)
--- Concours (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1512)


Geschrieben von xaph32 am 25.11.2010 um 23:03:

 

dach et geet och do drëms, d'leit kréien am grousse ganzen schon nët gären op d'patten geklappt, a besonnëch nët vun engem den naischt opzeweisen huet.

et gët hei vill leit déi an den concoursen mattmaan, se gewannen oder och nët an domatt huet et sëch. mir gin dovunner aus dass déi meescht vun eis éierlëch sin. den bp ass den admin, hien passt do bëssi op an ech denken bis well huet ëmmer den richtegen gewonnen. ech wëll hei keng polizeii, ech wëll just main hobby ausüben.

et ass éischter sou dass et dir iwwerlooss ass hei mattzemaan ënner denen existenten bedingungen (an dat heescht nun mol ke polizei-staat me eng natiierlech selektioun) ouni (am beschten fall) denen aaneren dauernd op d'nerven ze goen.



Geschrieben von jotes am 26.11.2010 um 17:39:

 

Zitat:
Original von Gaga

Ech wollt och den Jony schon froen ob et net meiglech as t'Regelen, oder eichter t'Angaben fier t'Konkurer nach mei speit ze gesin, well dei aal Konkurer sin jo nach online mam ranking, wann een awer net genau wees waat den thema wor, as dat e bessen "relativ" ... wier schon interessant .

Augenzwinkern

an boefff ... ob dei foto elo gemach gin as oder net ... wann se an den thema passt ! mein gott !


Ok Gaga, Ech ginn dir Recht.

Ech hun mech net richteg ausgedreckt.
Et sin éischter d'Conditiounen (ewéi am Beispill 3-K. Ech wosst bei der Ofstëmmung net wat déi 3 Konditiounen woren. Dofir hunn ech och net gestëmmt) dei missten bei der Ofstëmmung stoen.

Sorry fir Konfusioun.



Geschrieben von Kleent am 26.11.2010 um 19:43:

 

Zitat:
Original von jotes
Et sin éischter d'Conditiounen (ewéi am Beispill 3-K. Ech wosst bei der Ofstëmmung net wat déi 3 Konditiounen woren. Dofir hunn ech och net gestëmmt) dei missten bei der Ofstëmmung stoen.


Mhm ohje dorunner hu mir guer net geduercht!
Merci fir deng Remarque!



Geschrieben von Laurent76 am 26.11.2010 um 20:28:

 

ech mengen bei dir Tickt zwar eng beis schief.
Mengt een grad ech hätt nach keng Fotoen hei erobgesaat.
An beim Concours hun ech och schon mat gemaat.
An esou laang et Régelen gin huet een sech och dorunner ze haalen. Punkt an Fäerdeg. Waat huet daat mat Polizeistaat ze din.
An wann mir eng Welt ouni Regelen wellen liewen dann zielt daat och fir jiddfereen, an net nemmen dei Minoriteit dei mengt sie breicht sech un keng Regelen ze haalen.

An Zukunft wärt ech dann nemmen guddes bei Fotoen schreiwen dei mer gefaalen an bei dei aner naischt mei. Esou mes du daat jo och. Ass och mei einfach!



Geschrieben von BerBe am 26.11.2010 um 20:56:

 

Also elo mol 1. ass et net e bessi traureg dat een weinst esou engem Blödsinn sech hei geigenseiteg zur "Sau" mecht. Et geet hei io net em d'Qualiteit vun den Fotoen vun verschiedenen Leit, mee em d'Reegelen vum Concours! Well esou ass et keen Wonner wann keen mei bei den Konkueren mat mecht wann een muss Angst hun dat een durno mat dommen Bemierkungen uggeraf ginn(op Unbrucht oder net !)

An 2. Ass et net vielleicht meiglech eng Case zemachen wou een wei beim Roplueden vun den "Normalen Photoen" op den Site muss uklicken dat een d'Reegelen gelies an och akzeptiert hud?, well dann kann zumindest keen mei soen "ech hun d'Reegelen net gesinn" verwirrt



Geschrieben von xaph32 am 27.11.2010 um 15:02:

 

bofff, dann loosse mer d'regeljunkien ënner sëch
mir geet et ëm d'qualitéit vun den fotoen, ech géif der gär am concours gesin. alles aanescht ass fonction publique (zut lo hun ech mëch grat selwer beleidegt)



Geschrieben von BerBe am 27.11.2010 um 17:40:

 

Ech hun hei net vun der Qualiteit vun den Fotoen am Concours geschwat!



Geschrieben von TomEwert am 02.12.2010 um 01:27:

  conditiounen bei der ofstemmungssait nach engkéier explizit dohinschreiwen

ech perséinlech giff et och immens hellefreich fannen, wann d'conditiounen vun den jeweilegen concouren nach engkéier giffen explizit op der sait vun der ofstemmung selwer giffen stoen. ech gin an desem punkt engem vun mengen virriedner vollkommen recht. daat giff ongemeng dobai hellefen objektiv ze bestemmen an wéi fern déi verschidden competiteuren sech méi oder eben manner gudd mam thema auserneen gesat hun.

ech haat mech naemlech demols och net konnten fir eng photo vun dem 3 Konditounen concours entscheeden, well ech mech partout nemméi konnt un déi konditiounen konnt erenneren.

déi gedankenstetz waer also wierklech praktesch.



Geschrieben von Gaga am 02.12.2010 um 16:59:

 

Zitat:
Original von xaph32
bofff, dann loosse mer d'regeljunkien ënner sëch
mir geet et ëm d'qualitéit vun den fotoen, ech géif der gär am concours gesin. alles aanescht ass fonction publique (zut lo hun ech mëch grat selwer beleidegt)


dann mach emol mat .... großes Grinsen also beim concours, net bei der fonction publique !

Augenzwinkern

ech sin vill zevill oncreative wann ech net graat en examen ze leieren hun Zunge raus



Geschrieben von xaph32 am 09.12.2010 um 16:40:

 

also fir mëch sin d'regelen visibel, ech hun se nach ëmmer fonnt großes Grinsen
en plus sin et ëmmer déi selwecht:
-d'foto muss selwer gemaach sin
-d'foto muss tëschent dem an dem datum gemeet sin
-muss mam sujet ze din hun
-den auteur dief nët ze erkennen sin

hun ech eppes vergiess? ass wierklëch nët komplizéiert an zumindenst sin 3 vun denen 4 regelen sou evident dass se nët missten do stoen, an déi 3 (matt der zaitspaan) ass internationalen concours-standard

also wat diskutéire mer hei ausser formalitéiten?



Geschrieben von gloda am 09.12.2010 um 20:03:

 

@xaph32 Ech mengen et ass méi dorëms gangen d'Beschreiwung vum Concours ugewisen ze kréien. Sou kann een sech dann nach eemol an Erënnerung ruffen wat genee den Sujet war wann een ofstëmmt.



Geschrieben von Gaga am 11.12.2010 um 12:07:

 

am fong keinnt een et jo hei am Forum ganz einfach festhaalen ...
als thread deen ganz uewen ememr sichtbar as:

Allgemengt concours-regelen :

Regelen
1. Du muss d' Foto selwer gemaach hunn;

2. Wanns du eng Foto vun enger Persoun eroplueds, dann muss dës Persoun ganz kloer dermat averstaanen sin dass déi Foto veröffentlëcht gëtt! Am Fall wou déi Persoun nach mannerjährech ass, muss den Accord vun den Elteren gi sin, dass d'Veröffentlëchung vun der Foto an der Rei ass;

3. All Member däerf 1 Foto(en) erop lueden;

4. D' Foto muss selbstverständlech eppes mam Thema vum aktuellen Konkuer ze din hun;

5. D' Foto muss an der Zäitspaan wou den Konkuer leeft, gemaach gi sinn. (Bei Zweifel mussen d' Exif-donnéen kënnen virgewise ginn);

6. D' Foto däerf keng Hiweiser drop enthalen, wen de Fotograf ass.


_________________________________________________________________________

dat t'Thema fum Concours duerno "fier emmer" ugewisen get, bei der Oofstemmung an am "Archiv", dat wert den John schon erledegt hun ... wann en Zeit haat tescht dem S3 rodage ... Augenzwinkern



Geschrieben von Kleent am 22.01.2011 um 21:39:

  De Superjhemp an Aktioun!

Sidd der e bësse faul dir Herrschaften? smile

Mir ginn zouh, et ass des kéier wierklech net einfach! Mee mir si gären heinsdo e bësse fies Augenzwinkern Freude

Allez hepp, et fällt Iech dach bestemmt nach eng an fir den aktuelle Concours... an dir hudd nach eng gutt Woch!

Fir weider Infos klick op dëse Link: http://www.photogen.lu/?page=contest_index

Natiirlech kennt dir och rem Präiser gewannen... also op wat waard dir? smile



Geschrieben von gogo am 23.01.2011 um 02:25:

  RE: De Superjhemp an Aktioun!

Meng ass lo demnächst eropgelueden :-)



Geschrieben von gloda am 23.01.2011 um 20:12:

 

Merci fir d'Erënnerung! Ech setzen d'Denkfabrik mol a Gang smile



Geschrieben von Kleent am 27.01.2011 um 17:15:

 

Tiptop gloda, sou soll daat sinn Augenzwinkern

An nachengkéier well ech ierch all un eise super Concours erënneren, hei de Link: De Superjhemp an Aktioun!

De Concours leeft nach bis e Méindeg, also weess ech elo schon waat Dir den Weekend op ärer To Do-Lëscht stoen hudd smile



Geschrieben von ludiol am 05.02.2011 um 16:16:

 

Zum läschten Thema Superjemp an Aktioun hun ech en Problem mat verschiddenen Fotoen. Di Fotoen/Collagen wou den Comic selwer benotzen, verletzen menger Meenung no ganz kloer d'Urheberrecht, an hu menger Meenung no näischt do ze sichen.



Geschrieben von BerBe am 05.02.2011 um 16:30:

 

Ja und Nein :S
Wann een et esou kuckt dann därf guer keng Foto do sinn, well den Superjhemp als solchen dann och schon ennert d'Urheberrecht fällt smile
An dann sinn dei Fotoen io trotzdem awer nach weider verarbescht ginn, esou dat awer eng eegen Arbescht dran ass, an doweins steiert et mech net.

Mee et stemmt wat's de sees streng geholl hun dei Fotoen neischt am Concours verluer, mee et muss een et io net Iwwerdreiwen mat der Strengheet



Geschrieben von Maimonides am 06.02.2011 um 00:24:

 

D Responsabilitéiten leien hei, ouni Zweiwel, beim Organisateur vum Concours. Mir huelen jo lo mol fest un, dass d Proprietairen vum Personnage gefrot gi sinn.



Geschrieben von BlackPanther am 06.02.2011 um 11:06:

 

Bonjour,

am Numm vun den Responsabelen dann also:

ALLES waat een hai op den Site rop lued leeft op dei EEGEN Verantwortung! Augenzwinkern
daat steet sou an den Konditiounen an as Gang und Gebe am Internet!

---

sen bessi erstaunt iwert dei Haarspalterei, an dDiskussioun iwer dCopyrights an desem Fall!
ech mengen et hun sech puer (NET FILL!) KREATIV mam Thema auserneen gesaat, an dei wou hai mekkeren sen alt mol nees net dei, dei eppes geschafft hun (oder soss un der Saach bedeelegt gewiecht wieren)

Fakt as: wann mer et SOU genau mat den Copyrights huelen dierft keng eenzech fun den Fotoen fun der Gellen Fra (AN SOU WEIDER!!) hai um Site sin, daat sin alles Kreatiounen fun aneren Lait, an dei dierfen net ennert eegener Lizenz benotzt gin!
mam Superjemp as et net anecht.....an awer hun sech dLait Gedanken em den Thema gemaach an et as wuel wei "emmer" am Internet: wien well dann net schon bessi GRATIS Werbung fir seng Kreatioun?? (vlait huet jo sugur den een oder aneren sech op den Kontest hin een fun den Comics besuergt an nogekukt em waat et do sou geet??)



mengermeenung no wier dKreativiteit mat där hai dThema'en auserneen gepleckt gin besser dofir gebraucht gin selwer eppes fir den Kontest ze schaffen (!) ;p


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH