Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Froen zu Photogen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=19)
--- Concours (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1512)


Geschrieben von BerBe am 06.02.2011 um 12:19:

 

Zitat:
mengermeenung no wier dKreativiteit mat där hai dThema'en auserneen gepleckt gin besser dofir gebraucht gin selwer eppes fir den Kontest ze schaffen (!) ;p


Doweinst steiert et mech io och net, well d'Resultater (op Copyright oder net ), sech awer weisen losen, an ech net op dei Ideen komm wier



Geschrieben von Maimonides am 06.02.2011 um 17:17:

 

De Sujet vum Concours ass vun de Responsablen vun PG proposéiert ginn, net vun de Memberen.



Geschrieben von BerBe am 06.02.2011 um 17:54:

 

Zitat:
Original von Maimonides
De Sujet vum Concours ass vun de Responsablen vun PG proposéiert ginn, net vun de Memberen.


Maach elo awer leiwer lues smile , net dat et härno guer keng Concouren mei ginn weinst deem dauernden Gemeckers (Och wann d'Kritiken stemmen)



Geschrieben von Maimonides am 06.02.2011 um 18:10:

 

Ech hunn bis elo nach net gemeckert. Ech hunn just op e méiglechen Problem higewisen. De Sujet vum Concours fannen ech och gutt. An di Responsabel vun PG maachen hir Aarbecht (fir äis) exzellent. Et muss awer trotzdem méiglech sinn dass een, gutt gemengt, op Eppes hiweisen däerf wat eventuell einfach ze vermeide gewiescht wier.



Geschrieben von ludiol am 06.02.2011 um 18:27:

 

Ech mengen net dass de den Copyright verletz wanns de wéi bei verschiddenen Fotoen eng Undeitung oder carrément eng réel Persoun (ouni mol den original Kostüm) benotzt. Et ass awer ganz kloer eng Verletztung vum Copyright wanns de d'Comicfigur selwer an deng Foto pechs. An an deem Fall hues de jo en plus d'Bedingungen vum Concours net erfellt, well en Element (den Comic) net vum Auteur vun der Foto ass.


Majo an Zukunft benotzen ech dann Fotoen vun verschidden Leit hei um Site fir meng Collagen, well déi di hei mäin Kommentar als Hoerspalterei bezeechenen déi hun sech jo mat hierem Kommentar d'Office averstaan erklärt.

Et sollt just en Hiweis sin.



Geschrieben von BerBe am 06.02.2011 um 18:53:

 

Also wanns de meng wells huelen, dann färten ech dass dat no hannen lass geed Zunge raus
Net an Saachen Copyright, mee an Saachen Qualiteit Augenzwinkern



Geschrieben von ludiol am 06.02.2011 um 19:03:

cool

cool



Geschrieben von Kleent am 07.02.2011 um 11:53:

 

@ ludiol, BerBe an Maimonides:

Merci fir är Bemierkungen. Mir wëssen daat ze schätzen, emmerhin misst dir och guer net de ganze Forum vollposten an kéint eis och an d'oppe Messer laafe loossen, falls irgendwéi Problemer mam Copyright géifen optrieden. Dofir: Merci smile

Mir wäerten daat ganz secherlech net sou stoën loossen, an och fir d'Zukunft méi rechercheréieren iwwert de ganze Problem.

Trotzdem muss een och bedenken, daat - wann een et esou genau hellt - zB eis ganz Streetfotoen op Photogen dann och emmer hannerfroen misst. "Huet de Fotograf déi Leit gefroot, ob een des Foto an enger Community online setzen diirf?" ... Ganz oofgesin mol vun deene ganze super Fotoen um Site aus aaneren Länner a Kulturen.

De Concours leeft normal weider. Mir maachen Recherchen, daat ass jo och eisen Job an di nächst Kéier kennt dir Iech jo selwer en Kostüm bastelen an och eng Foto maachen fir de Concours Zunge raus Ass daat en Deal? Freude



Geschrieben von xaph32 am 07.02.2011 um 13:36:

 

also ganz am eescht: den superjemp leeft ënner engem kommerziellen label (wat bei street nët wierklëch) de fall ass. dat ass also definitiv brandgeféierlëch

nach eng aaner remarque: déi diskussioun matt material benotzen wat nët vun engem selwer kënnt, hate mer schon an dono ass klipp a kloer an d'regelen komm dass dat nët geet.

sinon, wann den concours nach dibbelchen credibel soll sin, dann musst der déi all écartéiren oder d'regelen komplett läschen

an dësem sënn....



Geschrieben von BerBe am 07.02.2011 um 15:44:

 

Zitat:
Original von Kleent
@ ludiol, BerBe an Maimonides:

Merci fir är Bemierkungen. Mir wëssen daat ze schätzen, emmerhin misst dir och guer net de ganze Forum vollposten an kéint eis och an d'oppe Messer laafe loossen, falls irgendwéi Problemer mam Copyright géifen optrieden. Dofir: Merci smile

Mir wäerten daat ganz secherlech net sou stoën loossen, an och fir d'Zukunft méi rechercheréieren iwwert de ganze Problem.

Trotzdem muss een och bedenken, daat - wann een et esou genau hellt - zB eis ganz Streetfotoen op Photogen dann och emmer hannerfroen misst. "Huet de Fotograf déi Leit gefroot, ob een des Foto an enger Community online setzen diirf?" ... Ganz oofgesin mol vun deene ganze super Fotoen um Site aus aaneren Länner a Kulturen.

De Concours leeft normal weider. Mir maachen Recherchen, daat ass jo och eisen Job an di nächst Kéier kennt dir Iech jo selwer en Kostüm bastelen an och eng Foto maachen fir de Concours Zunge raus Ass daat en Deal? Freude


Mer posten den Forum dach gären zu Zunge raus , mee ech mengen et huer keen verstaanen dat et mech an dessem Fall net gesteiert hud ?

Nexten Konkuers sinn ech dann erem derbei smile (Ps. dat mam Kostum stemmt, net dat nach een Copyright un der Produktion vum Kostüm hud Zunge raus )



Geschrieben von Maimonides am 07.02.2011 um 20:50:

 

@ Kleent:

et ass awer 1 riesen Ënnerscheet tëschent den Admins vu PG déi offiziell en Thema proposéieren an de Streetfotografen déi (och selwer responsabel) eng Foto eroplueden déi dann ugeholl gëtt.

Ech hunn null Problem mam Concours selwer.



Geschrieben von BlackPanther am 01.02.2012 um 22:33:

 

 
 
hehe hun grad een klengen "Add-On" zum rezenten Konkuer font - Foodphotography, am Profiberaich, as wierklech eng VERRECKTEN WELT!!! XD 
 
gugsdu : "Food Stylist" als Job + Fotograf 
 
an dann nach den Fall -GROMPER- ,  
froen mech grad op een HELIUM brauch fir den Konkuer ze gewannen.... 
 
 
 
sen op allefall gespaant op dResultat vum Kontest! 
Have fun & good luck everybody! 



Geschrieben von Kleent am 02.02.2012 um 14:34:

 

Ech hunn des Lescht um Fernseh esou eng ähnlech Reportage gesinn. Verréckt! :-)

Ech freeën mech och op d'Fotoën, déi hoffentlech nach wäerte kommen! Augenzwinkern



Geschrieben von Kleent am 07.02.2012 um 09:37:

  Food Photography

Ech wollt mol kuerz un eisen aktuelle Concours arënneren mam Thema Food Photography. Dir hudd nach knapp 10 Deeg Zäit, allez hepp smile

Concours: Food Photography



Geschrieben von Gibbes am 17.02.2012 um 18:17:

  Titel

Ech wollt emol wessen op et meiglech wär fir bei der Oofstemmung vum aktuellen Concour den Titel von der Foto iwert Foto ze setzen



Geschrieben von gloda am 17.02.2012 um 18:44:

 

Mengs de iwwert de Thumbnail an der Iwwersiicht? Well wann s de drop klicks steet e jo do.



Geschrieben von gogo am 17.02.2012 um 18:45:

 

wann s de op d'Foto klicks dann gesäit een och den Titel



Geschrieben von Gibbes am 17.02.2012 um 18:52:

  Titel

Jo iwert der Iwersiicht esou wei bei den normalen Fotoen



Geschrieben von gogo am 18.02.2012 um 16:22:

 

Ech denken mol dass et wéineg Senn an an desem Fall d'Iwwersiicht zevill iwwerlueden mescht.

Wann ech voten kucken ech mer all Foto emmer eenzel am groussen un, an setzen mech mat all Foto auserneen fier herno dann an der iwwersiicht meng 3 favoriten erauszesichen.



Geschrieben von Kleent am 22.02.2012 um 09:32:

 

/


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH