Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Grouss Dateien verschecken (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1513)
Geschrieben von Steve-29 am 22.03.2010 um 12:16:
Grouss Dateien verschecken
Salut.
Hun do mol een ganz interessanten link font fir grouss Dateien ze verschecken.
Sief et een photoshop projet, Ganz ordner mat Fotoen oder soss Dateien, hei kann een se problemlos verschecken.
http://Filemail.com/
Geschrieben von vitovox am 22.03.2010 um 20:51:
définitiv dropbox....daat ass den hummer....een professionellen tool fir mech...hun eng ganz firma driwwer laafen an schécken esou riese fichieren an d'dréckerei
Geschrieben von deBaemm am 22.03.2010 um 20:52:
sin och decken fan dovun!!
Geschrieben von Charly am 26.03.2010 um 07:10:
Du muss just oppassen weems de esou eppes schécken wëlls. Vill Firmen (meng och) blockéieren déi Siten fir ze verhënneren dat hier user en masse privaten Blödsinn esou an d'Firma eran bréngen.
Geschrieben von vitovox am 26.03.2010 um 17:03:
Dropbox ass keng sait (net direkt) mä och een tool...informeier dech
www.getdropbox.com ... Wei gesoot net ze verglaichen matt rapidshare... Eischter matt iDisk, an der funktioneller versioun :-D
Geschrieben von deBaemm am 26.03.2010 um 20:03:
Zitat: |
Original von vitovox
Eischter matt iDisk, an der funktioneller versioun :-D |
hahaha gail vito!!!!
den NOL OP DEN KAPP!!!
Geschrieben von Charly am 26.03.2010 um 21:51:
Zitat: |
Original von deBaemm
Zitat: |
Original von vitovox
Eischter matt iDisk, an der funktioneller versioun :-D |
hahaha gail vito!!!!
den NOL OP DEN KAPP!!!
|
Waat et och nees anschränkt well een eppes installéieren muss ... waat entweder nees net erlaabt oder guer net méiglech as wann een net di entspriechend Rechter op sénger Machin huet.
Mir hun emmer nees esou Ufroen bei eis an dann gin mir hin an huelen daat mat engem isoléierten PC iwert ADSL erof, op USB-Stick, gescanned an dann kënnt et eréischt op eng intern Machin.
Geschrieben von vitovox am 26.03.2010 um 23:09:
Also nach eng kéier... Informeier dech charly... Ech schaffen matt villen firmaen an privaat benotzen ech et och, an dropbox (probeier einfach) ass e professionelen tool... Et kann, mä muss een keng app installeieren...geet och iwwert eng websait. Soss muss de eben kennegen ;-)
wäll et gin och firmaen wou graad e stick net erlaabt ass
Geschrieben von Charly am 27.03.2010 um 21:29:
Zitat: |
Original von vitovox
Also nach eng kéier... Informeier dech charly... Ech schaffen matt villen firmaen an privaat benotzen ech et och, an dropbox (probeier einfach) ass e professionelen tool... Et kann, mä muss een keng app installeieren...geet och iwwert eng websait. Soss muss de eben kennegen ;-)
wäll et gin och firmaen wou graad e stick net erlaabt ass |
Zur Info: Ech hun mech informéiert. Ech sin nämlech Informatiker an ech sin een vun deenen déi den User esou Saachen späeren ... well ech wees (aus Erfahrung) wivill Schäiss esou zirkuléiert an deieren Server-Storage zoubottert. Ech fannen jo d'Iddi vun esou engem Service och ganz gudd, wollt awer eben op méiglech Nodeeler an Aschränkungen opmierksam maachen.
Geschrieben von Laurent76 am 30.03.2010 um 07:56:
a propos iDisk Vito, mecht deen och bei dir Macken?
Geschrieben von Gaga am 30.03.2010 um 10:35:
Megaupload ....
do kreien ech doheem 500kb/s ... dei ech soss neierens kreien !
Also effektiv, net theoretesch !
d.h. hier serveren hun eng gut verbindung !
hun 1 giga an 1 stonn eroofgelueden !
et kann een zwar nemmen een file all 2 stonnen erooflueden, mais dank eiser net-statescher ip bei der post, eng keier router aus/un, an schon kann een erem zeien !
Geschrieben von vitovox am 30.03.2010 um 14:15:
@Laurent iDisk kanns du verbrennen, an d'äschen an d'toilet gehaien an dann 3 mol waasser zeien...
Dropbox mecht daat selwecht mä matt historique a la timemachine, ni mei e fichier verluer...an du hues eng lokaal an online copy vum fichier..an Den upload leeft am hannergronn.. Kanns souguer eng foto op engem gewessen datum restoreieren...
iDisk vertrauen ech keen meter mei
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH