Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Projet Virstellungen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=27)
--- Hochzäit (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1526)
Geschrieben von MadSir am 11.04.2010 um 19:21:
Hochzäit
Bonjuer Alleguer,
Ech sin op der sich no engem gudden Fotograf fir eng Hochzäit. Waat gedd et do besseres, wéi dëse Forum matt Leit déi Erfarhung hun, fir mer do een gudden Tip ze gin ;-)
Et geed wierklech drëm fir een ze fannen deen daat serieux mecht, deen gudd Ideen hued an wou d'Resultat sech och weisen leisst.
Et gin der déi daat ob kollegialer Basis maan an och professionel. Matt beiden Engagementer ass kee Probleem, esou laang d'Resultat top ass ;-)
Am leifsten Firschlei matt Portfolio w.e.g.
Merci am firaus fir är Tips hei am Forum oder via PM.
Geschrieben von McQueen am 11.04.2010 um 21:57:
RE: Hochzäit
ech wees een hei vum Site den cool Hochzäitsfotoen gemach huet....
wees awer net ob den hei nennen duerf, dofir surf emol durch Photogen an du wärs en schon fannen
(Sorry, mais well keen Numm ouni Accord hei posten)
Geschrieben von Gaga am 11.04.2010 um 22:35:
RE: Hochzäit
Salut,
Ech kann der Leider net weiderhellefen, mais villeicht kanns de jo mol soen, waats de der esou fierstells :
- wou ? Kierch, Appéro, Iessen, owes och nach ???
- waat ? nemmen Fotoen ? oder mat Album, Film etc ... (haut get do fill gemach ...)
- wou as et ?
- weini as et ? (hoffen fier dech net t'nächst woch lol )
Geschrieben von MadSir am 11.04.2010 um 23:59:
Et ass net nächst Woch, ech mengen soss wieren do nach aaner Probleemer wéi d'Fotoen :-)) Et ass fir Enn August.
Also et wärt een Mariage civil sin, also op der Gemeng, ouni Kierch. Dono een Apéro an Iessen.
D'Fotoen unsech gin duer - et ass dofir wichteg, déi Fotoen och digital ze kréien fir speider eventuell een Fotobuch ze maan.
Wou elo alles ass, daat ass selwer nach net gewosst - do sin mer um Punkt wou ech mengen dass nach aaner Probleemer wieren, wann et nächst Woch wier ;-)))
Ech hun beim surfen am Netz dësen Fotograf fonnt:
http://www.flamion.com/. Seng Aarbescht fannen ech net schlecht. Kennt iergend een deen?
Dësen Portfolio gefällt mir ganz gudd, mee daat ass keen aus der Emgeigend - mee et geed mer em den Style an d'Ideen:
http://zepr.ru/portfolio/index.php?album=wedding
Geschrieben von m-otiv am 12.04.2010 um 00:20:
Also ech kennen nemmen den Thierry Dichter.., deen mecht flott saachen, ass awer net geschenkt an ziemlech ausgebucht
Geschrieben von jeromed am 12.04.2010 um 00:39:
Hmm do war dach deen omineiesen fotograf marco deen huet dach meeeega Fotoen op senger HP vun Hochzaiten,...
LOL
[geläscht] oder sou,...
Geschrieben von xaph32 am 12.04.2010 um 13:34:
Zitat: |
Original von jeromed
Hmm do war dach deen omineiesen fotograf marco deen huet dach meeeega Fotoen op senger HP vun Hochzaiten,...
LOL
[geläscht] oder sou,...
|
sain site ass absolut mauer
lo mol am eescht, fro vlait beim [geläscht], den kann sou saachen an mëcht dat bekannterweis och....
Geschrieben von Chrissie am 12.04.2010 um 17:54:
hahaaa nee haalt nemmen op mat deem
ech huns nach genuch vun deemols!
Geschrieben von Val am 13.04.2010 um 08:43:
/
Geschrieben von claudedh am 14.04.2010 um 15:03:
Cool. Eng nei Plattform vun der ADEM hei???
Geschrieben von wuff am 14.04.2010 um 16:37:
Deem Fotografmarco seng Homepage as wierklech den Hummer daat muss en gesinn hun
Geschrieben von Johny am 14.04.2010 um 17:05:
All Post oder Link dee kënnt an op Schwaarzaarbecht hiweist gëtt geläscht. Professionell Virschléi kënnen gepost ginn, mee keng aner! Wou si mer hei...
Geschrieben von Gaga am 14.04.2010 um 18:56:
wei schwarzarbescht ????
verstin ech net gloda ?!?
as fotoen machen schwarzarbescht ?
Geschrieben von xaph32 am 14.04.2010 um 21:04:
verstin ech nët...
Geschrieben von mmphotos am 14.04.2010 um 21:24:
Wann een als Amateur Fotograf Fotoen ob Hochzeiten mecht an dofie Suen freet as daat Schwartzarbescht!
Geschrieben von xaph32 am 14.04.2010 um 21:49:
merci, ech verstin nët wéi mer lo op schwarzarbëcht hei kommen an wisou den johny seet wat en seet...
Geschrieben von arwa am 15.04.2010 um 13:07:
Zitat: |
Original von mmphotos
Wann een als Amateur Fotograf Fotoen ob Hochzeiten mecht an dofie Suen freet as daat Schwartzarbescht! |
richteg
mais hei stéet awer neicht vu -bezuelen-, dh. de @Madsir huet neicht dovunner gesot !
Geschrieben von Johny am 15.04.2010 um 13:13:
Maacht net all wéiwann der blann wiert - bei sou Saachen gëtt ëmmer bezuelt, an net wéineg. Dat wësse mir och. Keen fotograféiert eng Hochzäit gratis, ausser vlaicht et ass fir e ganz gudde Kolleeg...
Geschrieben von pfoto am 15.04.2010 um 13:21:
Ech maachen dofir prinzipiell nëmmen méi Fotoen vun Scheedongen ! :-D
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH