Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Misc (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=25)
--- Owesopnahmen ,wou sin gudd PLATZEN??? (Philharmonie,Coque,etc..) (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1533)
Geschrieben von tennes am 16.04.2010 um 19:03:
Owesopnahmen ,wou sin gudd PLATZEN??? (Philharmonie,Coque,etc..)
Hallo alleguer,
ech well gaer Owesopnahmen(Panorama) man.. an mir faalen keng Platzen mei an, dei schein belicht sin... hun dei typesch wei Philharmonie an Coque,an och nach Hotel Sofitel,mee soss faellt mir lo neischt besonneges an...
Faellt engem vlait eps do an?? :-)
Merci!
Geschrieben von tennes am 16.04.2010 um 23:45:
jo souweit war ech och schon
merci
mee do as och meeschtens phil an coque etc oder vun aner läner,sou weit fuern ech dann awer och rem net;D mee merci
Geschrieben von Gaga am 16.04.2010 um 23:47:
hmmm, also am Gronn fenns de e puer flott ecker, abbaye, t'casematten ... t'aalstaat as och net schlecht !
wells de elo reng architektur sachen oder och natur ?
fum St Esprit hues de zu 3 Seiten hin flott vuen ....
Geschrieben von tennes am 17.04.2010 um 01:40:
alles wat schein beliecht as..:-) lo hueste ma jo schon genuch gesot,gin ech do mol eng keier hin.. merci ;-)
Geschrieben von m-otiv am 17.04.2010 um 22:52:
Also wanns du eng foto wells dei soss keen huet, meid plaatzen dei jiidereen kennt....sichen, sichen, sichen ass de motto...fotoen vun der philharmonie hun mir jo genuch gesin, an souguer ganz gudder....ech hun di scheinste plaatze fond an deem ech am auto geklomme sin, an lass...
Geschrieben von tennes am 18.04.2010 um 00:12:
jo genau,dat hun ech geschter och gemeet...
man ech lo dei next owender och na weider. Nervt just datt et reicht sou speit deischter gett..:-/ an sou elleng rondrem laafen,naja...
mee huet keen gedold dofir fir matt
Geschrieben von deBaemm am 18.04.2010 um 01:10:
du hues na net di richteg gefroot
Geschrieben von m-otiv am 18.04.2010 um 07:25:
Solle mir e night tour organiseieren? Neien thread?
Geschrieben von Kilroy1313 am 19.04.2010 um 23:11:
RE: Owesopnahmen ,wou sin gudd PLATZEN??? (Philharmonie,Coque,etc..)
Wann ech elo béis wéilt sin, géing ech jo soen: Wann een an engem Land lieft, daat een esouguer nach vun de Rénger vum Planéit Saturn aus nach kloer kann erkennen (Merci, EDF a Cattenom !), do sollt ët nët wierklech schwéier sin esou eng Plaz ze fannen, wou een Nuets ka Foto'ë maachen.
Ech sin elo awer nët béis, wëll dat beäntwert Dir jo nët Déng Fro. An och mir geschitt ët nach ëmmer vill ze dacks, datt ech einfach nët weess, wouhin ech elo soll fueren fir Foto'ën ze maachen.
Also: Besonnësch, wou ët elo owes manner kaal gët; einfach lassgoen, daat muss jo guer nët d'Staat an iwwerhaapt nët de Kierchbierg sin. Daat schwéierst ass heiansdo, sëch a Bewegung ze setzen. A wann ët dann eben nët direkt déi Draam-Foto derbäi erauskënnt, einfach nach eng Kéier probéieren.
Plaz wou ech drun denken: Autobunnsbrëcken un der Tréier Autobunn tëschent den 2 Tunnelen (Houwald an Cents).
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH