Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Fotobearbëchtung (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=22)
--- Ps CS5 Webinar - Wat as nei? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1552)


Geschrieben von gloda am 12.05.2010 um 18:08:

  Ps CS5 Webinar - Wat as nei?

http://www.photoshopuser.com/cs5webinar , 19:00 Lëtzebuergesch Zäit haut den 12. May. Den Scott Kelby weist mam RC während annerhalwer Stonn wat sech an Saachen Workflow neies am Photoshop CS5 gedoen huet. Gratis.
Update: D'Show gouf opgeholl a kann nodréileg um selwechten Link gekuckt gin.



Geschrieben von Shantideva am 12.05.2010 um 18:25:

  RE: Ps CS5 Webinar - Wat as nei?

Ech sin schon prett! smile Merci Gloda!



Geschrieben von n0kle am 12.05.2010 um 18:34:

 

muss een sech onbedingt registreiren? oder geet et och ouni?



Geschrieben von gloda am 12.05.2010 um 18:41:

 

Ech weess et net. Ech hu mech registréiert an krut just eng E-Mail mat nach eemol deem selwechten Link an et gët gesot et soll ee 5 Minutten iert et lassgeet dohin goen. Ech mengen et geet och ouni.



Geschrieben von gloda am 12.05.2010 um 18:58:

 

Ok et leeft elo den Preview Video an ech hu mech net ageloggt oder sou. Schéngt also och ouni ze goen.



Geschrieben von n0kle am 12.05.2010 um 19:04:

 

schengt effektiv och ouni ze goen smile



Geschrieben von gloda am 12.05.2010 um 19:30:

 

@Shantideva Hues de den HDR Pro scho probéiert? As dat fir dech en Ersatz fir Photomatix deen s de géings a Betruecht zéien?



Geschrieben von Shantideva am 12.05.2010 um 20:17:

 

Nee, ech hun den CS5 ereischt e puer Deeg an hun déi Funktioun ereischt een Mol opgemeet. Awer laut dem waat ech elo gesin hun kéint daat eventuell ganz interessant sin. Ech muss daat mol mat enger Beliichtungsreih probéieren, do sin der nach e puer op der Kaart an mengem Fotoapparat.



Geschrieben von gloda am 12.05.2010 um 20:18:

 

@n0kle Wéi et ausgesäit kréien déi wou d'Email ugin hun dann 30 Deeg gratis Kelby Training? Oder hun se den Link fir jiddereen gewisen?



Geschrieben von n0kle am 12.05.2010 um 20:20:

 

muss eierlech zouginn, wei se zum schluss werbung fier dell&co gemeet hun, hun ech nemei nogelauschtert^^

bon, dann wär et domm gangen, mais gin eben net gär iwerall numm an email un :S



Geschrieben von mmphotos am 12.05.2010 um 20:42:

 

Normalerweis kritt een se gescheckt. Also wann een sech am ufank ugemellt huet.



Geschrieben von xaph32 am 13.05.2010 um 21:12:

 

Zitat:
Original von Shantideva
Nee, ech hun den CS5 ereischt e puer Deeg an hun déi Funktioun ereischt een Mol opgemeet. Awer laut dem waat ech elo gesin hun kéint daat eventuell ganz interessant sin. Ech muss daat mol mat enger Beliichtungsreih probéieren, do sin der nach e puer op der Kaart an mengem Fotoapparat.


@shanti: ech si mer nach nët sëcher op d'hdr-funktioun en definitiven ersatz ass fir den photomatix, hun awer e puer saachen probéiert sin déi besser rauskommen am ps, also ass op all fall brauchbar...



Geschrieben von Shantideva am 13.05.2010 um 23:27:

 

Merci Xaph! Ech hun haut mol 4 Beliichtungsreihen gemeet an testen d'Funktioun mol. Laut dem waat ech gesin hun kennt et mir vir wéi wann am PS net méi kloer zweschend HDR an getonemappten LDR ennerscheed gief gin. Am Photomatix hues do een HDR, an dann mechs du jo mam Tonemapping een LDR draus. .... Naja... et ass besser ech probéieren et einfach mol den Owend amplatz ze spekuléieren an soen muer mol waat ech sou dovun halen. Et gief mech awer och wonneren wann et den Photomatix gief ersetzen, deen jo awer vun dem gréissten Expert an dem Gebiet matentweckelt gin ass...



Geschrieben von xaph32 am 14.05.2010 um 08:49:

 

;-) also ech muss och nach testen, me ech kann mer virstellen wann den photomatix nët zefriddenstellend ass (wat jo heiansdo firkënnt), als alternativ den PS ze probéiren

ech wollt och den ghost-removal probéiren, den wier zimlëch efficace



Geschrieben von gloda am 14.05.2010 um 21:04:

 

Huet schon ee vun ierch eng E-Mail kritt? Ech net...



Geschrieben von n0kle am 14.05.2010 um 21:41:

 

kann een eigentlech eng Testversion ob legalem wee kreien ouni mussen seng ganz donnéen vun Adobe ze ginn?



Geschrieben von gloda am 14.05.2010 um 21:54:

 

Ech mengen net, d'Testversioun get et souwäit ech wees just iwwer Adobe an do muss de eng Adobe ID kréeieren.
Et get warscheinlech schon Torrents wou deen selwechten Fichier (Testversioun) dran as ouni soss eppes, mee dat as dann mengen ech och schon nees géint hier Lizenzvereinbarung, also och net legal. As u sech blöd. Muss de dann méi wéi just déng E-Mail Address ugin? Soss mechs de der einfach eng bei Spamgourmet?



Geschrieben von K-The-Killer am 14.05.2010 um 22:06:

  RE: Ps CS5 Webinar - Wat as nei?

Also ech hun den Photoshop CS 9 héi drop Original matt Registratioun an Code smile



Geschrieben von n0kle am 14.05.2010 um 22:37:

 

Numm, PLZ, etc. hättn se gär -.-

aaaaah großes Grinsen kann ech jo net leiden wann Firmen sou vill wessen wellen Zunge raus

bon, hu ma lo een account gemeet, well ech davun ausginn, dass se eeh rem sucken mat hierer ID wann ech den Photoshop bis kaaft hun -.-



Geschrieben von gloda am 14.05.2010 um 23:55:

 

Net fir d'Aktivatioun, mee fir d'Registréierung, jo. Wanns de dech registréiers en plus vun der Aktivatioun kann s de dann en "Benefit" beasprochen. Ech wärt zB vun den 30 Deeg gratis lynda.com Training profitéieren.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH