Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Multimedia (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=28)
--- iPhone 4 - FAQ (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1604)


Geschrieben von Sicho am 30.07.2010 um 17:08:

 

Zitat:
Original von mikE
an souwäit ech daat hei gesin, geet et bei LuxGSM keen Tethering ouni iPhone Abo.... oder ech hun epps falsch angestallt/configreiert....

General / Network / Cellular Data:
APN web.pt.lu
Username web
Password web

Well iiren ech daat angin haat, stoung eppes vun Tethering am Networkmenu; dono net mei


richteg, soubaalste d'APN emänneren gees verschwennt den Tethering am Menu.

Den Tethering ass net payant bei LuxGSM (net wei z.B. bei AT&T wou een extra dofiir bezuelen muss) mee een iPhone-Abo ass awer Pflicht.
Mat engem Relax kannste keen Tethering maan wellste eben d'APN op web.pt.lu emänneren muss an doduerch dann d'Optioun verschwennt.



Geschrieben von JADE am 30.07.2010 um 20:25:

 

Zitat:
Original von mikE
Zitat:
Original von JADE
sie stin Schlang am Moment fir een ze kréien großes Grinsen


an, kruus de een? smile


ech stung nët do, ech kruut daat verzielt vun Verkeefer, déi gewaart hun, dass ët Mëtternuecht gin ass fir d'Dieren opzemachen Zunge raus

nee, ech kréien keen ... wann ech esou hei liesen ... tethering and co ... verstin keen Fatz verwirrt , dofir kréien ech och keen, ech géing souwiosu nëmmen domadden telephonéieren

mee ech kréien een iP3 geléint fir ze "probéieren" op ech eenz gin Augenzwinkern

sou elo hun ech mech (nach eng Kéier) offiziell als een no-geek an/oder geek-Banaus ge-out ... Augen rollen



Geschrieben von Jeje am 30.07.2010 um 21:45:

 

Sou lo muss ech mäin Pefferkär awer och dobei leen smile

Also ganz éierlech gesot, froen ech mech wat un dem iPhone sou speziell ass dass "all" Mënsch deen muss hunn smile

(Fleit kann een mer dat erklären ;-) )

Ech hunn den HTC Desire mam Android drop an sinn méi wei zefridden domadder, dat dengen leeft an huet KENG Netz respektiv Empfangsproblemer oder soss eppes. (hunn déi Tricker schon probéiert mä bei mir ass nix sou....smile )

Fir de Rescht wess ech net waat um neien iPhone4 besser ass, Kamera?, hmmm fir Fotoen ze maachen hunn ech en Fotoapparat, oder Display...oder...hmmmm waat eigentlech ? smile

Hiihi, also ech well lo keen ugräifen wann ech soen "all" Mensch etc.. smile

(((Hmmmmpff fleit sinn ech och just neideg well ech keen iPhone4 hunn :o))))) )))



Geschrieben von deBaemm am 30.07.2010 um 22:30:

 

Gudd op desem punkt gett diskussioun da grad su sennvoll wi sech ze froen op canon oder nikon besser ass Augenzwinkern



Geschrieben von Sicho am 31.07.2010 um 01:27:

 

Zitat:
Original von Jeje
Sou lo muss ech mäin Pefferkär awer och dobei leen smile

Also ganz éierlech gesot, froen ech mech wat un dem iPhone sou speziell ass dass "all" Mënsch deen muss hunn smile

(Fleit kann een mer dat erklären ;-) )

Ech hunn den HTC Desire mam Android drop an sinn méi wei zefridden domadder, dat dengen leeft an huet KENG Netz respektiv Empfangsproblemer oder soss eppes. (hunn déi Tricker schon probéiert mä bei mir ass nix sou....smile )

Fir de Rescht wess ech net waat um neien iPhone4 besser ass, Kamera?, hmmm fir Fotoen ze maachen hunn ech en Fotoapparat, oder Display...oder...hmmmm waat eigentlech ? smile

Hiihi, also ech well lo keen ugräifen wann ech soen "all" Mensch etc.. smile

(((Hmmmmpff fleit sinn ech och just neideg well ech keen iPhone4 hunn :o))))) )))


du bass net alleng ... ech schaffen bei engem vun eisen 3 Handyprovideren an ech kann den Hype trotzdem net novollzeihen Augenzwinkern Fiir mech geet naischt iwwert een gescheiten Blackberry mat Tastatur! Touchscreen stenkt, ech brauch physikaleschen Feedback großes Grinsen Mat mengem BB schreiwen ech genee sou schnell wei um Computer - an vue dass ech vill mailen an sms'en ass daat fiir mech een Muss. Op engem Touchscreen rempfrimelen fiir ze schreiwen geif mech meng lescht Nerven kaschten großes Grinsen

Mee bon, ass halt een Lifestyleobjet ... oder wei ech emmer soen: een Gadget. Ech geif mech jiddefalls nii dofiir an d'Reih stellen goen ... mee bon, dofiir stoung ech an enger Reih fiir den eischten Daag eng Wii ze ergatteren großes Grinsen Sou huet jiddereen seng Spleens ...



Geschrieben von n0kle am 31.07.2010 um 01:35:

 

@deBaemm: Pentax großes Grinsen

et muss een och emmer nach eng reih nierwenkäschten mat anbedenken, wann een den iPhone well (fannen ech zumindest)

zB: MobileMe (min. 50€/Joer): Ech denken, wann een dorober verzichten kann, brauch een keen Smartphone, well daat as dach de senn vun engem Smartphone? Dass ech meng mails, kontakter, an etc. proper synce kann?!

Wann et ma just drems geet, fier sms an tel, da brauch e keen iphone. An wann et just drems geet fier ob Facebook iergent e schrott ze posten, brauch een et na manner (ausser et geet drems wei d'iessen an der Mensa as, daat as liewenswichteg Augenzwinkern )

Ech hun och den Desire, an mei wei zefridden, an wann et elo em Dateschutz geet: Have fun mat denen 13 seiten vun Apple, ech hun se iwerflunn, an et kennt fier mech ob daat selwecht eraus wei Google an Co. smile (et as eben en Hype daten ze sammelen, sou wei et en Hype as een Apel um Produit ze hun)



Geschrieben von Jeje am 31.07.2010 um 10:05:

 

@deBaemm: ech ginn der Rescht, jo waat ass besser? .... Äpel oder Bieren oder awer Banannen :o)
jo ech hun fir mech verglach waat brauch ech, waat ass daat waat ech fir meng Besoinen brauch. Sou wei ech dat och beim Kaaf vun menger Kamera gemat hunn.
Ech ginn ganz éierlech zou war um iwerleen fir den neien iPhone4 mee leider war nix wou mech lo sou iwerzeegt huet wou ech gesot hät deen muss ech lo hunn...
Mee do ass dann meng anner Fro: Weiviel Leit vergläichen dann beim Händy (nach)?
Ech sinn mer sou epes vun secher dass et der vill ginn ( ech well net jiddereen an een Deppen geheien den en iPhone huet) die den iPhone just hunn fir kennen ze soen...Ahh mee ech hunn en iPhone de Rescht ass alles quatsch.....unglücklich hmmmmpff
Mëttlerweil kennen ech der déi mer schon soten dat nächst gëtt erëm e normalen Händy, well fir SMS an ze telefonéieren brauch ech dat guer net smile

Ech sinn ob allefalls frou oder berouegt dass et nach e pur leit ginn déi daat och bessen anescht gesinn smile
hihi smile



Geschrieben von Sicho am 31.07.2010 um 11:38:

 

Zitat:
Original von n0kle

zB: MobileMe (min. 50€/Joer): Ech denken, wann een dorober verzichten kann, brauch een keen Smartphone, well daat as dach de senn vun engem Smartphone? Dass ech meng mails, kontakter, an etc. proper synce kann?


mam MyLife vun Luxgsm geet daat och - vill mei belleg (dofiir net graad sou performant). Allerdéngs ass den iPhone an däer Hinsiicht bessi speziell an leet do een Verhaalen un den Daag, waat aaner Handy'en net opweisen.

Wann een z.B. een iPhone huet an een en mat MyLife konfigureiert fiir d'Kontakter ze syncen, dann synchroniseiert en just dei Kontakter, dei ab der Konfiguratioun anginn gin, all dei dei schon fiirdrun um Telefon wooren scheckt en net op den Mylife lol ... mee wei gesoot, ass just den iPhone deen emmer rem sou Spillercher mecht Augenzwinkern



Geschrieben von deBaemm am 31.07.2010 um 11:45:

 

HEI kënnt dier der ganzer Welt matdeelen dass an wisou der den/aeren iPhone hasst Augenzwinkern



Geschrieben von n0kle am 31.07.2010 um 11:54:

 

Zitat:
Original von Sicho
Zitat:
Original von n0kle

zB: MobileMe (min. 50€/Joer): Ech denken, wann een dorober verzichten kann, brauch een keen Smartphone, well daat as dach de senn vun engem Smartphone? Dass ech meng mails, kontakter, an etc. proper synce kann?


mam MyLife vun Luxgsm geet daat och - vill mei belleg (dofiir net graad sou performant). Allerdéngs ass den iPhone an däer Hinsiicht bessi speziell an leet do een Verhaalen un den Daag, waat aaner Handy'en net opweisen.

Wann een z.B. een iPhone huet an een en mat MyLife konfigureiert fiir d'Kontakter ze syncen, dann synchroniseiert en just dei Kontakter, dei ab der Konfiguratioun anginn gin, all dei dei schon fiirdrun um Telefon wooren scheckt en net op den Mylife lol ... mee wei gesoot, ass just den iPhone deen emmer rem sou Spillercher mecht Augenzwinkern


mais genau daat do as et eben! Apple hätt gären dass een hier Servicer hellt unglücklich



Geschrieben von gloda am 08.08.2010 um 22:36:

 

Wann ech nees op Lëtzebuerg kommen hunn ech wëlles mer en iPhone ze kafen. Ech kann mech net richteg decidéieren wéieen Niveau vun Abo ech soll huelen. Kënnt dir mer soen wéi vill Data dir esou am Mount benotzt? Dass ech eng Iddi kréien wat realistesch ass.



Geschrieben von Johny am 08.08.2010 um 22:41:

 

Also ech hun en Abo fir 500MB an dat geet masseg duer. Hun emmer sou 200 - 300 MB maximum. Allerdings ouni Tethering well ech dat ni notzen.

(Ob dat lo mat iPhone oder HTC ass ass jo irrelevant)



Geschrieben von mikE am 10.08.2010 um 08:34:

 

hun en 100mb abo fier 5€.
geet mer duer well ech de recht alles iwwer wifi maan



Geschrieben von gloda am 15.08.2010 um 10:41:

 

Merci, ech hunn och nach e bëssen online no Statistiken gesicht (jojo, ech weess) an wéi et ausgesäit brauchen déi meescht Leit vill manner wéi 1GB. Den Abo wou ech am Aen hunn huet 2GB, also kee Problem.



Geschrieben von mikE am 18.08.2010 um 08:37:

 

mol eppes aanescht:

hat emol 2 gps-apps (test) gleichzeiteg laafen, fier den wee opzezeechnen den ech gefuer sin.
den 4 as gudd waarm gin, waat jo bessi normal ass...

awer: seitdeem "clickt" dei gliesen récksäit wann ech drop dréken. sou wei wann se nemmi ging haalen, wi wann de pesch lass gaang waer... (mengen zwar net dass et gepescht as, mee klengt sou)

anyone else?

merci
mike



Geschrieben von gloda am 12.09.2010 um 16:05:

 

@mike Freck do muss den Apparat dann awer wierklech béis waarm ginn sinn. Ech hunn dat do gottseidank net.

@all Kann ee mer soen wéi ech an enger SMS kann den ë (E-Trema) benotzen ouni dass d'SMS op 70 Zeechen gekierzt gëtt? é, è, ö, ü an ä ginn all ouni Problem. verwirrt



Geschrieben von kawuezel am 13.09.2010 um 09:40:

 

Den ë ass en extra Zeechen wat zur Folge huet dass deng SMS net méi aus rengem Text besteet. Dat kanns de net ëmgoen. Eenzeg Méiglechkeet ass dass de en normalen e schreifs.

Zitat:
Original von Sicho
mee bon, dofiir stoung ech an enger Reih fiir den eischten Daag eng Wii ze ergatteren großes Grinsen

Jo Sicho, an ech hunn der eng virun der Nues ewech kaf Zunge raus



Geschrieben von tscjoki am 17.09.2010 um 09:50:

 

Zitat:
Original von mikE
Zitat:
Original von deBaemm
Jop hun en a si wonnerbar zefridden domat, nix deathgrip bei mir Augenzwinkern



mat oder ouni bumper? großes Grinsen

also bei geet mam deathgrip just 1 balken eweg. mat bumper guerkeen


Sorry...mee den Empfang vun deem GerÄt ass GRAUSAM
Hei am Land ass de Problem net weider do well hei eng relatif gudd Couverture ass. War awer elo am Vaucluse an de Bierger op enger Platz wou den Empfang ziemlech schlecht war.
Derbei war en aalen HTC HD an den IPhone 4
Niewenaaner um Desch leien ouni Hand ronderem : HTC 2 Balken..Iphone "Kein Netz"



Geschrieben von mikE am 06.12.2010 um 13:00:

 

Metteg,


fier all dei, di et (na) net wessen:
wann der en iPhone direkt bei Apple kaaf hut, z.B. am Online Store (sou wei ech), kennt der domadden bei Lineheart op Leideleng goon fier en gefleckt ze kreien.

Wor dohin well dei hennescht Säit emmer geklickt huet an kruut haut ungeruff ech keint mein "neien" iPhone4 sichen goon, ass op garantier gewiesselt gin.

Ech preziseiren Leideleng, well do Techniker setzen dei soen kennen ob en ungeholl gett oder net. An hierem Buttek an der CC haat ech deitlech manner Succès ...

Cheers
Mike



Geschrieben von toto am 11.01.2011 um 21:34:

 

slt kann een mer soen wei ech am internet op meingem laptop mam iphone goen kann. Also den iphone als internet betreiber benotzen ?


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH