Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Dropbox (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1613)


Geschrieben von gloda am 01.08.2010 um 18:04:

  Dropbox

Fir den "Grouss Dateien verschécken" Thread net ze vill offtopic ze bréngen maachen ech hei een neien op deen sech op den Service Dropbox konzentréiert.

Hei eroflueden. (<-Referral Link)

Wéi ech Dropbox installéiert hunn duecht ech mer schon dass et mer e puer Saachen géif erliichteren, an d'Fotografie ass do net ze kuerz komm. Viru kuerzem hunn ech z.B. mam BlackPanther zesummen geschafft; an Preparatioun vum Fotoshoot hunn ech Skizzen gemaach, an esou séier wéi ech se gemoolt hunn konnt hien se eroflueden.

An dësem Zesummenhang hunn ech och en Tutorial geschriwwen deen der hei kucken kënnt. Do gëtt dran erklärt wéi een e puer Installatiounen vum Photoshop op e puer Computer synchroniséieren kann.

Wann ech nach weider Ideeën hunn wéi Fotografen Dropbox kënnen benotzen posten ech et hei; wann soss een eppes weess wier et natierlech och cool dat gewuer ze ginn smile



Geschrieben von n0kle am 01.08.2010 um 21:44:

 

klengen tipp: schafft mat deem affilate link (oder wei daat dengen heescht) da kritt een na 250mb fier naischt dabei smile

ech hun mein account ob 4gb kritt Augenzwinkern



Geschrieben von gloda am 06.08.2010 um 14:45:

 

Der kënnt och nach eemol 250MB dobäi kréien wann der an ärem Account op "Getting Started" klickt an do déi puer Schrëtt maacht.



Geschrieben von Fennec am 13.08.2010 um 15:15:

 

Dropbox as eng fein Saach, awer net vergiesen, bei groussen Files dauert dat ganzt awer gaeren mol mei lang, ausser den uplink vum dsl huet eng serieu Vitesse.



Geschrieben von gloda am 18.08.2010 um 15:04:

 

Grad nees eppes neies entdeckt wat och alt erëm fir Fotografen kann interessant sinn. Stellt iech fir der wëllt en Kolleg un enger 20MB PSD Datei kniwwelen loossen. Deen huet awer Dropbox net. (Pff!) Dir kënnt d'Datei natierlech einfach an ären 'Public' Folder setzen an dem Kolleg den Link schécken.
Mä wéi kritt der d'Datei elo zeréck nodeems se geännert gouf? Den Kolleg huet Dropbox jo net an fir eng E-Mail ass d'Datei ze grouss. Do kënnt dann en neien Service an d'Spill:
Airdropper.
Der schéckt dem Kolleg en Link, hien luet d'Datei erop, an se lant an ärer Dropbox. Fäerdeg.



Geschrieben von gloda am 10.10.2010 um 17:41:

 

Fir déi wou mam iPhone Fotoe maachen kéint déi hei App Dropbox nach eemol méi nëtzlech maachen:
DropImage (iTunes UK Link).
Et kann een domat Fotoen vum iPhone op Dropbox lueden. Dat geet och mat der Dropbox App selwer, hei ass just den Virdeel dass een e puer Biller kann gläichzäiteg eraussichen an an zesummen eroplueden, amplaz eng no der anerer wielen ze mussen.



Geschrieben von _MiAmI_ am 17.10.2010 um 15:19:

 

daat as eng flott Saach, hun ma daat och virun puer deen zougeluet!



Geschrieben von gloda am 22.11.2010 um 21:37:

 

Alt nees e puer Manéieren fir gratis Plaatz dobäi ze kréien
https://www.dropbox.com/free
(via http://lifehacker.com/5696036/grab-up-to-768-mb-free-dropbox-space-through-social-media-connections)



Geschrieben von deBaemm am 22.11.2010 um 22:42:

 

fiir all déi die de Link net un d'goe kréien, einfach den s beim https eweg huelen Augenzwinkern



Geschrieben von gloda am 20.01.2011 um 20:25:

Lampe Dropquest

Et gëtt nees eng Méiglechkeet fir gratis 1GB méi ze kréien: DropBox huet en klengt Spill mat Puzzel a Rätsel online gestallt.
Dropquest.
Wann een et ganz duerchspillt gëtt et am ganzen 1GB. Ech hu mer Zäit geholl a mech ameséiert. Mä di Liddereg kënnen och zB no "Completing Dropbox’s Dropquest 2011 in 60 seconds" sichen smile



Geschrieben von MarcGerard am 21.01.2011 um 01:17:

 

smile
merci



Geschrieben von casual-kamikaaze am 21.01.2011 um 12:28:

 

Ech sin och Dropbox user, an ganz zefridden domat. Wann ech eng foto mam iPhone maachen, einfach an den DB lueden an quasi glaichzaiteg um PC opmaachen.

Dir kënnt DB sief online benotzen oder esouguer d'app um PC/Mac installéieren an esou braucht dir just drag and drop vun der foto an den DB folder an schon as se mat allen PC déi dir hut syncron!!! As genial wann dir op Laptop an iPhone an PC an an an... schafft, esou kënnt dir egal wou egal wéini accès zur äre photo hun.

Den public folder as och GENIAL!!! Zumols fir an esou forumen. Wéi een seet, une image vaut plus que 1000 mots, esou kann een einfach esou den fichier an den DB Publicfolder lueden an de link am forum ze kopéieren

http://dl.dropbox.com/u/11497487/How%20to%20use%20the%20Public%20folder.rtf

Esou einfach geet et. Wéi verschiddener och schon gesoot hun, kann een ëmmer méi spaicherplaatz kréien andeems een leit invitéiert etc...

Fuert duer :-)



Geschrieben von gloda am 18.04.2011 um 18:08:

 

D'iOS Versioun vun Dropbox gouf grad aktualiséiert. Déi Funktioun déi bei der DropImage App de sprangende Punkt war ass elo mat agebaut: et kann een méi ewéi eng Foto oder ee Video gläichzäiteg erauswielen an eroplueden, amplaz eng no der anerer.
Fir déi wou hier iPhone Fotoen net wëllen iwwert e Kabel zB mat Lightroom oder ImageCapture importéieren hunn et dann elo méi einfach all d'Fotoen n engem Stouss op den Computer ze kréien.
http://itunes.apple.com/us/app/dropbox/id327630330?mt=8


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH