Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Versecherung fier Fotokamera (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1618)


Geschrieben von Joshualito am 11.08.2010 um 19:58:

  Versecherung fier Fotokamera

Salut,

Ech hun seit kuerzem mier eng Canon EOS 7D, hun vun engem heieren et keint een eng Versecherung maachen, heen wees awer net bei wei enger Versecherung daat ass an och net waat sou eng kascht...

Wees een vun iech do eppes mei genaues (z.B.: wei eng Versechrung daat ubidd, waat do oofgesechert ass, an waat sou eng Versecherung ongefeier kascht) ?

Merci am viraus,

Joshualito



Geschrieben von Metalbambi am 11.08.2010 um 21:17:

 

Also mäin ganzt Material ass Bâloise-verséchert, déi genau Detailer weess ech zwar lo net.



Geschrieben von Laurent76 am 11.08.2010 um 22:04:

  RE: Versecherung fier Fotokamera

Mein Material ass Foyer, rechen mat eppes klenges mei wei 1°/oo, waat un sech naischt ass...!
Ech geif dir nemmen unroden esou eppes ze maachen



Geschrieben von gloda am 11.08.2010 um 22:27:

 

Mäint ass bei der Luxembourgeoise. Schéngt wéi wann all d'Versécherungsagencen och Policen fir Fotosmaterial hunn, ech géif soen fro einfach emol bei der Agence no wou s de schonn déng aner Saachen verséchert hues.



Geschrieben von Sirius am 12.08.2010 um 08:28:

 

Ech hun meng Fotoausrüstung bei der La Luxembourgeoise versechert.

Hei ass den Link --->

http://www.lalux.lu/Solutions/Biens/Obj_speciaux/home.html

Ech bezuelen fir 3600 Euro al Joers +/- 110 Euro.



Geschrieben von Laurent76 am 12.08.2010 um 10:17:

 

Uiii, daat ass awer "vill", ech bezuelen bei 3 fachem Wert e puer € nemmen weider.....



Geschrieben von patrickr am 12.08.2010 um 16:34:

 

Ech wollt virun e puer Joer och eng Assurance maachen. Hu mer Informatiounsmaterial zoukomme gelooss a mat Agente geschwat (hun der an der Famille). Ech hu mer dun Szenarioen ausgeduecht, wéini, wou a wat eppes mat ménger Ausrüstung passéiere kinnt, an dat mat de Conditioune vun den Assurance verglach.

Dobäi hun ech festgestallt, dass déi sech gudd ofgesechert hun an nëmmen an deene wéinegste Fäll fier eppes opkommen, et sief dann, dass een Saachen géif verdréinen (sou huet den Agent mer dat geroden ... ... ... ). De Neiwert géife se souwisou nët bezuelen. An dass eng 4 Joer al Digicam näischt méi wert as, wëssen se och.

Dementsprechend géif ech mer et gudd iwwereen a GENAU LIESEN wat an de Conditioune steet. Ech fier mäin Deel si méng eegen Assurance a leen déi Suen déi eng Assurance mech kaschte géif op e Spuerbuch smile . Da kann een am Fall vun engem Schued sech selwer ausbezuelen.



Geschrieben von pol9000 am 12.08.2010 um 19:58:

 

patrickr,

kanns de daat w.e.g. bessen erläuteren?



Geschrieben von Laurent76 am 12.08.2010 um 23:04:

 

Meng Assurance kennt och dofir ob wann mir eppes aus der Hand fällt oder sos een eppes erof faalen leist. Ech schwetzen hei aus Erfahrung. Daß sie eng Vetusteit oder wei daat Deier och emmer heescht mat eran rechen stemmt, mee 10.000€ Fotosmaterial fir 129€ am Joer ze versecheren, do iwwerléen ech zwar net ganz laang ob ech daat maachen.
Et ass awer Kaptital waat ech ofsecheren.....



Geschrieben von patrickr am 13.08.2010 um 11:14:

 

Ech ka mech nët méi un all Detailer erënneren, well et schons e puer Joer hier as, dass ech mech dermat beschäftegt hun. Ech weess nach dass et immens Restriktiounen am Fall wou eppes geklaut gët goufen. Ech mengen se wollten nëmmen dann bezuelen wann d'Ausrüstung aus enger "secherer Plaatz" geklaut gët (wat kee Sënn mescht). Domat entfaalen dann jo quasi all d'Situatiounen wann een um Tour as.

Se bezuelen nët wann een aus dem selweschte Stoot eppes futti mescht. Wann also méng Fra am Haus eppes emgeheit oder him fällt eppes, gët et näischt. FIer de Rescht, do fällt mer spontan elo nët méi an.

Aehnlech Erfahrungen hat ech bei der Kasko mam Auto gemaach. Mier bezuelen ALLES huet den Agent gesot. Wéi de Misère bis do war hun se awer guer näischt bezuelt. "A nee, dass mier do nët bezuele steet jo an de Conditiounen ... ." Also sin ech vum Agent belunn gin. Duefier gleewen ech kengem méi. A wann ee wéi gesot all déi Conditiounen emol Saatz fier Saatz duechliesst, da stellt ee fest, dass de Sënn vun enger Assurance nëmmen as fier Suen ze verdingen. Saachen da verdréine fier awer un d'Suen ze kommen wëll ech nët maachen.

Eenzeg Ausnahme si fier mech d'Haftpflicht um Auto, di perséinlech Haftpflicht an d'Feierversecherung.



Geschrieben von Sirius am 13.08.2010 um 16:15:

 

@Patrickr

Natirlech kennt eng assurance net fir "Vol" ob wanns du z.B. deng Ausrüstung an engem Cabrio leien hues an den Top war roof, oder owes dain Auto parks an alles hannen um Setz hues wou al Mensch et gesait. Mengen daat ass jo och fahrlässeg.

Me wanns de den Auto awer obgebrach kriss an deng Ausrüstung lung an der Mall, dann bezillt awer d'Assurance.

Oder een anner Beispill. Waan ech mam Stativ ob engem Bierg stin an ech geng durch een Ongleck den ganzen Buttek emgeheien an alles wier futti, daan bezuelen se och.

Hun mir dei 2 Fäll vun der Assurance bestätegen geloos.



Geschrieben von Charly am 16.08.2010 um 12:38:

 

Zitat:
Original von Sirius
@Patrickr

Natirlech kennt eng assurance net fir "Vol" ob wanns du z.B. deng Ausrüstung an engem Cabrio leien hues an den Top war roof, oder owes dain Auto parks an alles hannen um Setz hues wou al Mensch et gesait. Mengen daat ass jo och fahrlässeg.

Me wanns de den Auto awer obgebrach kriss an deng Ausrüstung lung an der Mall, dann bezillt awer d'Assurance.

Oder een anner Beispill. Waan ech mam Stativ ob engem Bierg stin an ech geng durch een Ongleck den ganzen Buttek emgeheien an alles wier futti, daan bezuelen se och.

Hun mir dei 2 Fäll vun der Assurance bestätegen geloos.


Daat kann ech (deelweis aus eegener Erfahrung) bestiedegen. Mir as nach näischt geklaut gin, mee eemol den Apparat mat der Lens widdert en Fiels geschlo (Zoom futti) an eemol den Apparat vum Autosdaach geflunn (haat en do vergiess wéi ech fortgefuer sin - keng domm Remarken w.e.g großes Grinsen ).


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH