Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Belichtungsmiesser (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1648)


Geschrieben von n0kle am 27.09.2010 um 21:02:

  Belichtungsmiesser

Wollt mol wessen ob waat een do sou oppassen muss.

Vleit och e fierschlag? (Budget fier ca. 200€ aller hechtstens 250€)



Geschrieben von Gogo1964 am 27.09.2010 um 22:20:

  RE: Belichtungsmiesser

Gudden Owend,

Perséinlech hunn ech ëmmer gutt Erfahrungen mat Apparater vun der Marque Gossen gemaach.
Am Moment (wann ech mech net ieren) ass de Modell Sixtomat digital à 165,- Euro an der Promo beim CKimage zu Esch.
Hei setzen ech emol de Link aus dem Internet an: http://www.gossen-photo.de/foto_p_sixtomat.php
Gutt sinn och Belichtungsmiesser vun Sekonic awer ech mengen déi si méi deier.
Tipptopp sinn och Geräter vu Minolta déi een zum Deel relativ gënschteg als Occasioun ka fannen.
Hoffen heimatt e bësse gehollef ze hunn. :-)



Geschrieben von n0kle am 28.09.2010 um 12:12:

 

hm, wees de vleit wei laang dei promotion geet? sin nach bis nächst woch an deitschland unglücklich

mais, deen as jo och geduert, wier e bletz an zestellen?!



Geschrieben von Gogo1964 am 28.09.2010 um 13:58:

 

Also wat déi Promo ugeet weess ech elo net wéi laang déi soll daueren.
Wat awer sécher ass, et ass keen Blëtzbelichtungsmiesser.
Do muss de, fir eng super Qualitéit ze hunn, dech schonn eben um Occasiouns-Maart schlau maachen wou s de e Minolta AutoMeter kanns kafen.
Kenko baut déi Apparater "no" awer kaschten dann awer e bësse méi wéi virgesin.
Et ginn awer och vill "bëlleg" Fabrikater déi hieren eigentlechen Dingscht trotzdem +/- anstäenneg ausféieren.
Z.B. kritt ee beim Walser e Walimex, awer made by Gossen, pro Sixtomat Flash fir 220,- Euro.
Vu Gossen (wéi scho gesot eng ganz gutt Marque, wa net déi bescht) gëtt et den Gossen Digiflash fir 200,- Euronen. Den DigiproF kascht da schonn awer 280,- Euro.
De Sekonic (och eng immens gutt Marque, vläit och déi bescht) Modell FlashmateL308S kascht 250,- Euro.



Geschrieben von Laurent76 am 28.09.2010 um 14:12:

 

Mail an een Fotosbuttek, dei kennen dir secher hellefen an deng Froen beäntweren....



Geschrieben von Gogo1964 am 13.10.2010 um 21:31:

  RE: Belichtungsmiesser

Keng Ahnung ob deng Sich no engem Belichtungsmiesser nach akut ass oder net, ma den Owend sinn ech an der Online Boutique vum Chasseur d'Images iwwert dës 2 Modeller gestolpert déi ech der net virenthale wollt. Béid Modeller sinn tipptopp.
http://www.photim.com/NewCmd/articleAuto.xml?code=POLAR
http://www.photim.com/NewCmd/articleAuto.xml?code=L308S


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH