Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Technik-Diskussiounen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=33)
--- D700 Batterie schnell platt (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1657)


Geschrieben von m-otiv am 13.10.2010 um 10:20:

  D700 Batterie schnell platt

Moien,
Ech hunn e Problem mat mengem D700 den Ech net matt der D300s hat, an nämlech verléiert den Apparat seng Charge extrem schnell souguer wann den Aus ass.

Also no 4 Deeg ass eng voll Batterie, di am Apparat ass, den am Ruhezoustand ass, komplett platt.
Hunn schon e puer Cyclen maache gelooss (also ganz oplueden an ganz platt goen loossen)...an un der Batterie leit et och net wëll ech den Problem och mat menger Ersatz Batterie hunn.

Kennt Een de Problem an huet Een eng Leisung?
Merci,
Vito



Geschrieben von ludiol am 13.10.2010 um 11:06:

  RE: D700 Batterie schnell platt

Meng D700 mecht di Problemer net. Si brauch nawell mi Akku wi eng D80, mee souguer wann ech 2 Wochen näischt fotograféieren, waat am Moment mol gären vir kennt, sin d'Akkuen emmer nach relativ voll.

Da schengt eppes un der D700 ze sin ?



Geschrieben von m-otiv am 13.10.2010 um 16:01:

  RE: D700 Batterie schnell platt

:-/ aiiiaiiiaiii...dat héieren Ech awer net gäeren



Geschrieben von ludiol am 13.10.2010 um 16:11:

  RE: D700 Batterie schnell platt

Du fotograféiers zevill. :-)

Erféier net, vläicht ass et jo näischt. Ech sin och keen Expert.

Waat soen dann di aaner Experten dozou ?

Mir hun der hei jo awer genug di mat D700 duerch d'Welt reesen



Geschrieben von Sirius am 13.10.2010 um 18:29:

 

Salut,

Hun lo bei menger D700 gekuckt, dei hat ech lo seit 3 Wochen seit ech aus Amerika rem sin net mei un an den Akku ass nach emmer ganz voll.

Sorry ass bestemmt lo net dat wous de wolls heiren.

Geng mol domader zreck an den Buttek goen falls nach Garantie drop ass oder dain Akku hued een Defekt.

Ech war ob allefäll positiv iwerascht dass en och lang hällt. Hun dei 3 Wochen an Amerika nie missen den Akku wieslen (den Daag iwer) well en platt war.

MFG
Steve



Geschrieben von Kwitchibo am 13.10.2010 um 19:43:

 

ech hun dee Problem net sorry Dude meng hält wirklech laaaaaaang...



Geschrieben von Gaga am 13.10.2010 um 20:31:

 

hues de an den astellungen am menu dei richteg akku-typ agestallt ?



Geschrieben von m-otiv am 14.10.2010 um 15:27:

 

ech probéieren emol matt enger firmware update (an dann een jailbreak :-D )


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH