Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Super Wäit wenkel (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1659)


Geschrieben von Miisamm am 18.10.2010 um 21:51:

  Super Wäit wenkel

Moinsen, wollt mol froen op hei iirgent een den
sigma 8-16,
oder den
Tokina 11-16 2.8 huet.

Ech well een vun deenen zwee, wees awer nach net genau, de sigma ass interessant, well do kreien ech meng oueren mat drop, an den tokina ass interessant, well en 2.8 ass.

Also d'Mehnunge sin gefroot :-D

Merci am viraus



Geschrieben von Laurent76 am 19.10.2010 um 07:59:

  RE: Super Wäit wenkel

Iwwerlée der wous te Fotoen wells maachen, dobaussen oder dobannen.
Falls dobaussen spillt Blend mei eng ennergeuerdnet Roll, falls bannen ass Blend natierlech ganz wichteg...!
Mat Onschärft duerch grouß Blend kanns te hei eh vergiessen...

Firwaat steeet den Nikon 10-24mm net ob denger Lescht...., Preis wei Sigma.

An wanns te net onbedingt un den 8mm interesseiert bas ass den Nikon laut Tester daat bessert Glas....

Ech hun den 10-24mm an sin wirklech deck zefridden domadder, en huet natierlech och perfekt an meng Brennwaiten gepaßt.... 10-24mm, 24-70mm, 70-200mm, dofir war meng Entscheedung vieleicht och net esou objektiv wei se hät sollen sin cool



Geschrieben von arwa am 19.10.2010 um 09:01:

  RE: Super Wäit wenkel

1. wei eng Kamera
2. firwaat nët - Festbrennweit ? wei zB. Walimex/Samyang 14mm,
ënner 300 Euro !
Preis/Léeschtong nët ze toppen !!

oder eben hei kucken:
sigma:http://www.photozone.de/canon-eos/515-sigma816f4556apsc
tokina:http://www.photozone.de/canon-eos/379-tokina_1116_28_canon
samyang:http://www.photozone.de/canon-eos/533-samyang14f28eosapsc



Geschrieben von Miisamm am 19.10.2010 um 10:47:

  RE: Super Wäit wenkel

Där sidd beis mat mär... Lo hun ech no laangem sichen endlech nemmen nach 2 zur auswahl da kreien ech der hei nach gewisen... ;-)
@Laurent, den nikon fällt aus, well ech hun e sigma 18-50 2.8-4.5, an bis 24 fir dee präis mer awer e besse vill ass, wou den tokina anscheinend mindestens genau su gudd am glas ass.
De sigma fannen ech einfach nemme cool well en bis 8 opgeht, an ab 12 anscheinend net mei wirklech vill verzerrungen huet.

@Arwa, deen 14 wees ech net wirklech, 11 ass irgentwei de maximum.
Villmols merci awer fir d'linken, do steet baal alles dran. Ah hun nikon d80.

Merci dann mol, an ech tendeieren dann awer vläit e besselchen mei richtung tokina, well mei belleg an 2.8. Oder? -.-



Geschrieben von Laurent76 am 19.10.2010 um 11:34:

  RE: Super Wäit wenkel

Schreiw dem Vito (m-otiv) emol eng PN, ech wees dat hien den Tokina huet ob senger D300s.
Hien huet elo eng D700 an dofir Tokina net mei...



Geschrieben von arwa am 19.10.2010 um 14:56:

  RE: Super Wäit wenkel

eng Fro nach, muss ët dann f:2.8 sin
dei méescht muss du souweisou ofblennen, ier se sou richteg ze gebrauche sin !!



Geschrieben von Miisamm am 19.10.2010 um 20:20:

  RE: Super Wäit wenkel

U sech häss de jo rescht, mee eim Präisennerscheed zweschend deenen eenzelne mat brennwäit 10 an 11 ass trotz der Blend vun 2.8 zimmlech gereng, an vun der Bildqualiteit (vun deem wat ech am internet sou gelies hun) ass den tokina op blend 3.5 schon besser wei se all, d'ass just nach den Nikon deen minimal besser ass (miesstechnesch festgestallt), an deen ass vill mei deier.

Den Sigma 8-16 huet op 10-11 anscheinend manner Verzerrungen wei all aaner op 10 oder 11, an daat eenzegt wat geint de Sigma sprecht, ass d'Blend an de Präis.

Ech mengen ech gin awer fir den Tokina, an vun deem wat ech dann mei fir de Sigma geif ausgin, gett et en Stativ oder sou...

Nach eng keier villmols merci.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH