Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Weieen MacBook Pro? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1664)


Geschrieben von Olivier am 01.11.2010 um 16:12:

  Weieen MacBook Pro?

Metteg alleguerten, hoffen jiddereen as wuel op smile

Main klengen macbook dateiert baal 4 joer. 2.16 GHz Core 2, mat nemmen 1GB memory... As net wierklech vill. Soulues faenkt dei negativ schnellegkeet un ze nerven, photoshop dauert eiweg, vun lightroom mol net ze schwetzen.

Meng froo un ierch: Ech duecht mir den MacBook Pro 15'' ze kaafen, mat folgenden saachen:

Soll ech 4GB Memoire oder dach 8GB huelen? Wann 8GB, eischter dono individuel anbauen? Brauch een 8GB?? (CS5, Lightroom, Final Cut Pro = meng applications dei ech benotzen)

Eischter den Intel Core i7 oder i5? Waat brauch ech? Grouss differenz?

Elo dei grouss debate: Glossy, oder Anti Glare smile ??

Wou kreien ech en am bellegsten? Aus dem US? Wann jo, vun wou?

Den laptop get haaptsaechlech opgeruest eben fier tfotoen!



Merci am viraus!



Geschrieben von gloda am 01.11.2010 um 18:24:

 

Anti-Glare!! An SSD amplatz HD. Den Rescht loossen ech emol di aner debattéieren, mä fir Bildverarbeschtung ass et gutt net all Reflektioun um Bildschierm ze gesinn; an den Photoshop profitéiert immens vun engem SSD.



Geschrieben von mmphotos am 01.11.2010 um 18:38:

 

Antiglare!! Ouni z'iwwerleen.

4 oder 8 giga, unsech ganz einfach...waat mei waat besser...mee se sin deier. Ech gefi der och roden nozerüsten, get dech definitiv mei belleg!

SSD, jo as ganz cool, ganz schnell an ganz flott. Wann et dein eenzegen computer as as et awer fleit en bessen weieng speicher...?



Geschrieben von Olivier am 01.11.2010 um 19:37:

 

Merci fier dei schnell aentferten smile

Marc, ech hun nemmen een richtegen computer... daat aanert as en windows, daat zielt jo net Zunge raus
Ech brauch onbedengt dei 500gb, also wahrscheinlech eischter HDD.
Antiglare as dann wuel och gesechert smile
4GB Memoire, gebongt (dono individuel anbauen)
i7 as dan och mol dran..

Wei gesait et aus mam kaafen? Ech hun am US store sou wei am LU store den mac zs gestallt. Wann ech en aus dem US store keint kaafen, wier en 600euro (!!!!!) mei belleg... (US= 1800euro, LU=2400)

Gett et een zouverlaessegen site aus dem US fier en vun do ze kaafen?



Geschrieben von gloda am 01.11.2010 um 23:52:

 

Direkt iwwer den Apple Store? Bass de dann sécher dass de do souvill spuers? Hues de TVA an Taxen an Shipping agerechent? Oft maachen se déi grad esou dass et sech zum Schluss awer bal net rentéiert.



Geschrieben von Olivier am 02.11.2010 um 00:44:

 

mat taxen sin et 2000 euro.. -.- Mee awer, ech spueren trotzdeem nach vill suen... Shipping kann ech mir net fierstellen dat et 400 euro kascht... egal wei, waert ech dann puer 100 euro spueren kennen...
Mee, ech kann jo net iwert deen store leider eppes bestellen unglücklich



Geschrieben von deBaemm am 02.11.2010 um 00:52:

 

Pass leiwer do op do gess de op der douane ellen sichen!!! Et geet do bei waitem net mat den taxen duer deis de bezills, mee och importkäschten an da kenns de net besser eweg!

Wanns de éieren een der Säit vum Pull kenns, dee kann en bestellen an der en ouni Original verpackung eriwwerschécken resp. di Zwee getrennt da geet alles ouni Problem duerch d'Douane!



Geschrieben von Johny am 02.11.2010 um 08:49:

 

An denk drun dass wanns de en an engem anere Land keefs, dass de eng ganz aner Tastatur och kriss großes Grinsen Erwaard der keen é oder ö op enger amerikanescher Tastatur.



Geschrieben von deBaemm am 03.11.2010 um 03:20:

 

Dofiir huelen ech vu mengem aalen di eenzel tasten eroof Augenzwinkern



Geschrieben von suraki am 03.11.2010 um 18:46:

 

dann huel emol d'Tasten erof a maach se erëm un,
du wäRs eng Iwwerraschung erliewen.
Net emol den den Apel_Service mëscht dat anstänneg,
an ... ech wées vu wat ech elo schreiwen Augenzwinkern



Geschrieben von Zampano am 04.11.2010 um 09:30:

 

meine Erfahrung ist auch das Du im Endeffekt nichts sparst. Der Zoll schlägt noch mal richtig zu!! Und ich denke auch nicht das die Tasten von Deinem "alten" auf das neu passen, da bin ich mir sogar sicher...

Gruß
Andy



Geschrieben von Olivier am 04.11.2010 um 23:52:

 

Ech hun eng amerikaneg frendinn, daat awer an england wunnt.
Hat geet elo ant staaten, an brengt mir een mat, daat misst jo awer mam zoll keen probleem sin, vue que dat hat jo een Amerikanegen pass huet? AN dann geing sie mir en aus england hai ant land schecken?



Geschrieben von Laurent76 am 05.11.2010 um 00:25:

 

Waat huet daat mam amerikaneschen Pass ze din....?
Der Douane ass daat wurscht, du hues een gewessen Montant frai deens te an d'Eu däErf importeieren an domadder basta! Den Mac leit ganz secher do driwwer an dann zielt just Regel mat "net erweschen loosen"...

D'Ami kontrolleiren net, daat ass kloer, deenen ass daat egal waats du bei hinnen kaaft hues, am Geigendeel, waat mei waat besser fir sie....!



Geschrieben von Olivier am 05.11.2010 um 00:49:

 

Ech mengen net dat et hier egal as. Wanns du als amerikaner eppes an dengem land keefs, dierfs du et iwerall mathuelen wous du wells. (wier elo daat selwescht, wei wann ech misst meng items, dei ech hai zu lux kaaft hun, nach eng keier misst verzollen, well ech vum ausland mat deenen items zereck op lux kommen)
Par contre, wann een englaender eppes ant staaten keeft, daat as eppes aaneschtes.

Beim zoll gucks du jo net, ween wou lierft, mee gucks just op den pass! Oder ieren ech mech?



Geschrieben von deBaemm am 05.11.2010 um 03:26:

 

Et ass wurscht ops du amerikaner oder Holläner oder soss ienteppes bass dee moment wous du iwwert eng granz gees wou eng douane ass riskéiers du kontrolleiert ze gin, an et ass je no land gesetzlesch festgehalen weivills de wou diefs (vum Wert gesin) un Objeten mat eranbrengen, alles henkt allerdengs vun der Zait oof deis de an deem Land verbruecht hues. Ech wees et eben well ech lo am Fall sin well ech en Joer hei am Canada verbrengen, an ech well ech iwwer 6 Méint do sin nemi limitéiert sin fiir Heem sulaang ech kann beweisen dass ech net bewosst "grouss" ( an daat defineieren sie wei se wellen an deem moment wous de kontrolleiert gess) akaafen fiir stéierlech "grouss" fiirdeeler doraus ze zéien, wann allerdengs deng Frendin der esou ee Mac Book keeft, gett hat 1. kontrolleiert fiir rem an d UK ran, op Ami oder net ass do wurscht, an 2. gëtt de buttek nach eng keier kontrolleiert wann hat der en schéckt fiir eraus.

Mat enger Originaler Verpackung kritt hat en sws schon mol net an den UK ran ouni Taxen drop ze bezuelen wann et kontrolleiert gett, an d'Originial Verpackung kanns de och kaum matschécken wanns de wells beweisen kennen dass den Objet schon gebraucht ass an s du deen net kaaf hues fiir stéierlech fiirdeeler draus ze zéien. Fest steet, et ass egal wéi en Fall vun Stéierhannerzéiung wann och am klenge Styl mee gestrooft gett et trotzdem wanns de erwëscht gëss... natiirlech léisst sech do emmer alles ientwei reegelen wann een rem een kennt deen een kennt, mee op fiir dei minimal Zomm ging ech mech froen op et dee Risiko wert ass!



Geschrieben von mmphotos am 05.11.2010 um 10:00:

 

Denk och drun dass de hei am land nach engkeier 70€ fier en chargeur muss ausgin...ech haat dei merde mat engem Fotoapparat...



Geschrieben von Olivier am 05.11.2010 um 16:08:

 

Ech kann jo den chargeur vun mengem aalen benotzen, oder hun se neierdengs naier?



Geschrieben von deBaemm am 05.11.2010 um 23:42:

 

nee kanns de roueg maachen ass kee problem Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH