Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- ND - Graufliter (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1673)


Geschrieben von Sirius am 19.11.2010 um 14:08:

  ND - Graufliter

Salut,

Sin ob der Sich no engem Graufliter fir an der Landschaftsfotografie.
(ND-FIilter, wei och emmer een et well nennen) :-)

Schwanken zweschen zwou Marken (B&W, Hoya).

Lo wees ech just net wei eng Stärkt ech soll huelen?

Bei Hoya kritt een ND4 ( + 2Blenden) an ND8 (+3 Blenden), an bei B &W den 103 ( + 3 Blenden) an 106 ( + 6 Blenden).

Hun net sou vill Erfahrung mat der Sorte Filter sou dass ech net wees wei donkel ze mussen sin fir dei üblech Wassersituation'en (Mier, Wasserfäll etc) den "seidegen" Glanz ze gin.

Vlait kenn jo een mir do hellefen :-)

Merci
Steve



Geschrieben von gloda am 19.11.2010 um 15:52:

 

Just fir sécher ze goen, du sichs en ND Filter, an net en Grad ND Filter?



Geschrieben von Sirius am 19.11.2010 um 15:59:

 

Ech sichen een ND Filter :-) Get och Graufilter genannt souweit ech wees.

Hei ass Erklärung am Wikipedia

http://de.wikipedia.org/wiki/Neutraldichtefilter

Ech wees et muss een oppassen an net mat dem hei --> GrauVERLAUFfilter

http://de.wikipedia.org/wiki/Grauverlauffilter

verwieslen.



Geschrieben von gloda am 19.11.2010 um 18:09:

 

Ech hunn en ND.9, fir di meescht Situatiounen (Traffic, Waasser etc) ass dat staark genuch fir eng Laangzäitbeliichtung maachen ze kënnen.



Geschrieben von Sirius am 19.11.2010 um 18:37:

 

Merci fir deng Äntwert.

ND 0.9 ass daat een mat 3 Blenden Differenz?



Geschrieben von gloda am 20.11.2010 um 11:59:

 

Genee.



Geschrieben von Sirius am 20.11.2010 um 13:01:

 

Ok danke schön :-)


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH