Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Compact Kamera (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1683)
Geschrieben von LP am 02.12.2010 um 10:18:
Compact Kamera
Hallo,
ech wollt mer lo dem next eng Compact Kamera zouleen aus Zousatz zu menger D80,
an wollt froen waat der do benotzt oder waat der virschloot.
Ech wollt amfong eng wou ech zimlech vill Astell Funtionen hun e besn wei op enger DSLR.
Soen schon merci vir aer Rootschlei
Philippe
Geschrieben von suraki am 02.12.2010 um 12:50:
RE: Compact Kamera
d'G12 ass schon do HiFi 540.-E
d'11er elo fir 430.- giff ech selwer ouni ze zecken,
nachemol kafen, och wann déi nëmmen 10M oft
erofgemaach ginn.
Hunn A3en mat deenen nëmmen 10M déi 1A *gg* sinn !
Geschrieben von LP am 02.12.2010 um 12:59:
RE: Compact Kamera
Soen mol merci vir dei schnell Äntwert.
Ech wollt mer och eppes an der greisten Uerdnung vun S95 oder G12 uleen
Mee wann nach anner flott Maschinen do sin roueg opzielen
Geschrieben von deBaemm am 02.12.2010 um 14:18:
Also Nikon huet do jo och sou eng Gamme... P6000 war ee riesen Flop, wuwäit dat ze beuerdeelen war... ech hun mer fiirun engem Mount dunn lo P7000 zougeluecht, well den Euro staark war hun ech geduecht dajee alt. An ech sin super zefrideen domat!!!
Et ass wiirklech ee gudden Apparat, an alles Stemmt vun Handling, iwwer Ergonomik bis op d'Bildquali!
De firdeel deens de hues (als Nikonuser) du kanns deng Blëtzer domat benotzen!
Een Nodeel deen se huet, sie ass lues, bon et as nach emmer eng Compact dohiir wonnert dat mech net sou mee et ass defintiv domat ze liewen. Deen aanere Problem deen ech de moment nach hun ass dass den PS d'Raw'en nach net erkennt (mee das jo sws just Software bedéngt!)
Also ech kann der den Apparat als weiderféierend CompactCam nemmen empfehlen!
Geschrieben von McQueen am 02.12.2010 um 14:57:
@ Ben....net schlecht
mais, mech steiert den Pop-up Bletz bei der Nikon.
Ech hun daat net gären, well bei mengen aalen analogen Canon IXUS klappt den Bletz net mei richteg zou
ass awer eng perséinlech Menung
Ech hätt och Canon G12 (resp. eng G11) virgeschloen...mais do waren annerer méi schnell
Geschrieben von VeloBen am 05.12.2010 um 13:27:
Wann eppes handleches soll sin : Canon S95. D'Nikon P7000 an d'Canon G Serie sin net wierklech kompakt. Dann kann een och eng DSLR nees huelen.
Geschrieben von deBaemm am 05.12.2010 um 14:23:
G-Serie an P7000, net kompakt? 0.o Wanns de eng 1000D oder eng D40 mat engem eezegen Objektiv hues wat 18-200 mecht, kann ee gaaaanz vläicht doriwwer diskutéieren
Mee se sin definitiv Compact: keng Objektiver wiesselen, ee 4rels vun der Gréisst, an d Bilqualitéit ass net wäit vun enger klenger SLR.
Gleew ma deemno wou ech sin laafen ech définitiv leiwer mat der P7000 ronderem wéi mat menger D90
Geschrieben von arwa am 05.12.2010 um 23:20:
tja, analog oder digital - das ist hier die Frage ?!
Geschrieben von LP am 06.12.2010 um 09:13:
Am leifsten digital vir mech
Tendeiren teschent der g12 an der s95. Waat sin dann lo dei wierkllech vierdeeler wann eendei 2 vergleicht ausser dass s95 an eng tasch passt an dass vir de rescht daat selwescht ass?
Geschrieben von Kwitchibo am 06.12.2010 um 13:04:
s95
Geschrieben von gloda am 06.12.2010 um 20:32:
D'G12 huet en Blëtzschung. Fir mech wichteg, fir vill Leit egal. Wann s de deen net brauchs, S95.
Geschrieben von arwa am 07.12.2010 um 07:59:
Zitat: |
Original von gloda
D'G12 huet en Blëtzschung. Fir mech wichteg, fir vill Leit egal. Wann s de deen net brauchs, S95. |
richteg
iwwregens, ech hun nach (ëmmer), niewt der DSLR eng G9, mat där sin ëch d'lescht Joët zB. e puer Déeg duerch Prag gedüst , bei _Nëtgebrauch_ war se einfach an der Jackettentäsch - von wegen - nët kompakt.
Haut geif ëch mir awer och wahrscheinlëch eng s95 kaafen !
Geschrieben von gunman am 07.12.2010 um 14:16:
Kuck der emol déi nei Panasonic Lumix LX5 un, déi passt awer nun wierklech an d'Täsch an huet menger Meenung no alles waat en brauch, virunt allen Dengen en gudden lichtstaarken Weitwenkel an vill manuell MéIglechkeeten.
Ech selwer hun schons laang eng LX2 an déi huet mech nach nie enttäuscht.
Gunman
Geschrieben von Michelp88 am 09.12.2010 um 17:20:
ech hät o mol eng fro.
wees vleit een opd nikon coolpix s8000 eng kamera as dei an der rei as fir net zevill geld ze kaafen oder op et besserer gin ennert 200?
Geschrieben von BerBe am 09.12.2010 um 21:36:
Einfach um Link kucken, dann hud een alt schon mei Iwwerbleck.
[URL]http://www.chip.de/bestenlisten/Bestenliste-Digitalkameras--
Bei der Stiftungwahrentest hud se en "gut" kritt
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH