Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Photogen op iPhone/iPad (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1715)
Geschrieben von bpereira am 21.01.2011 um 08:51:
Photogen op iPhone/iPad
Sali,
Hun mer wärend der nuecht mol gefroot
ob et net genial wir fir eng Photogen app fir den iphone oder ipad ze erstellen.
Et keint een zumm beispill dei neiest fotoen kucken, fir d'wochen fotoen wielen, éventuell an den Forum eranschreiwen, mä keng photoen posten.
Wir daat naicht??
Geschrieben von Johny am 21.01.2011 um 09:10:
Sich mol am Forum duerno, do ginn et genuch Themen doriwwer. Den 1. Abrëll war esou eng News online komm mat enger ganzer Virstellung vun enger app, déi awer gefälscht war als Abrëllsgeck
Geschrieben von bpereira am 21.01.2011 um 13:25:
mä wir daat dan keng idée fir esou eng app ze maachen?
Geschrieben von Johny am 21.01.2011 um 13:31:
Ech sot, wann s de duerno sichs hei am Forum dann fënns de schonn Diskussiounen zu dem Thema. am Résumé: Et sinn vill aner Saachen déi méi wichteg sinn ëmzesetzen an dofir wëll ech net d' Zäit "verschwenden" fir esou eppes ze maachen
Geschrieben von deBaemm am 21.01.2011 um 23:25:
just wells du eppes géint iPhone hues
sou asgetrollt... I'm out!
Geschrieben von Johny am 21.01.2011 um 23:37:
Du Nicki, ech hu selwer en iPhone
An ech géif eng PG App jo och cool fannen mee et kascht alleng schonn Zäit sech anstänneg do dran ze schaffen.
Geschrieben von deBaemm am 22.01.2011 um 03:41:
Zitat: |
Original von Johny
Du Nicki, ech hu selwer en iPhone
An ech géif eng PG App jo och cool fannen mee et kascht alleng schonn Zäit sech anstänneg do dran ze schaffen. |
$
boah ech verpassen zevill, wu ech dech fir d lescht gesin hun has de na en HTC (oder ech ieren mech rem komplett) maja da muss de en Dev fannen deen et fiir näicht mëcht
Geschrieben von MarcGerard am 22.01.2011 um 12:41:
kanns dech jo an zwechenzäit mat
colliris ameséieren
oder um netz no anere servicer sichen an déi hei mat eis deelen ....
Geschrieben von Johny am 22.01.2011 um 13:23:
@Ben: Tjo, du muss mech op Twitter follow'en dann gëss de sou Saache gewuer
Et schafft kee fir näischt
Geschrieben von bpereira am 24.01.2011 um 20:43:
ech geif et nach maachen, mä verstinn naicht dovunner.
Et muss een mol sichen, villaicht huet deen een oder aaneren en besschen Zait an keint ais deen gefaalen maachen.
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH