Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Sichen Auto fir Hochzäit (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1746)


Geschrieben von MarcGerard am 04.04.2011 um 11:10:

  Sichen Auto fir Hochzäit

sief dat ee schéine chic'en oldtimer, oder eppes flottes spritzeges wéi e mustang, ei smile
huet een iddien??

merci fir all tip, oder internetsäit. oder och iddi Augenzwinkern



Geschrieben von bpereira am 04.04.2011 um 14:19:

  RE: Sichen Auto fir Hochzäit

wei wir et dann mat engem Cabrio oldtimer?? Eng Frendin vun mir haat esou een gelount fir seng hochzait, keint him mol nofroen fir kontakter.
Den Auto ass wais, Cabrio ann ganz schein fir en shooting.

Ass et dann fir en shooting oder richteg fir eng Hochzait?
Wei wir et dann zum beispill mat engem gudden Sportauto? Keinns jo bei Garage Intini nofroen ob sie dir en Auto leinen fir den Shooting ze maachen?



Geschrieben von DarkRoom am 04.04.2011 um 15:16:

  RE: Sichen Auto fir Hochzäit

Schon emol op der www.lof.lu Säit gekuckt ?
Do sin dei ganz Oldtimer-Klub'en opgelescht, vläischt ass jo daat richtegt derbäi, dann brauchs de se nemmen nach unzeschreiwen :-)
Ass normalerweis keen Thema fier een Oldtimer geleint ze kreien fier en Photoshooting oder eng Hochzäit (den Besetzer vum Autochen ass allerdengs emmer derbäi / Chauffer)



Geschrieben von wuff am 04.04.2011 um 21:05:

 

Salut!
Mäin Papp huet esou en aalt Gefier an der Garage stoen allerdéngs keen Kabrio. Et as en Jaguar XK 150 aus den 60er Joeren. Du kanns deen jo mol Googelen, an wann's du interesséiert bass dann kann ech mol mat him schwätzen awer ech gleewen net dass dat en groussen Problem wäert sinn den Auto fir en Fotoshooting zur Verfügung gestallt ze kréien. Hien kennt och nach en puer aner Leit mat alen Autoen déi och schon op Hochzäiten derbäi waren.



Geschrieben von Mexx am 04.04.2011 um 22:11:

 

ech kann der just e contact fir de käferclub gin Augenzwinkern
Dei man mei oft sou Saachen, Käfer, VWBus etc.
wann interess wir Augenzwinkern



Geschrieben von MarcGerard am 05.04.2011 um 08:57:

 

merci leit. also et as wuelverstan NET fir e shooting, mee wierklech fir eng hochzäit smile en aarbechtskollesch sicht esou eppes.



Geschrieben von Gogo1964 am 07.04.2011 um 19:29:

 

Salut,
eng Aarbechts-Kollégin vu mer huet en immens flotten, rassegen, modernen Mustang an en Aarbechts-Kollég (dee bei him am Büro sëtzt) huet een alen (+/-1965) Cadillac. Se si vu Bieles, resp. vu Nidderkäerjeng. Wann et esou eppes an deem Genre soll sinn, so mer per Email Bescheed. Ech froen da muer de Moien emol no.



Geschrieben von MarcGerard am 13.04.2011 um 14:17:

 

gogo1919: du bass net ze erreechen.
eenzech kontaktméiglechkeet as PM op photogen.lu. hoffen du kriss dat heiten awer mat smile
muss un dech kommen smile



Geschrieben von Gogo1964 am 17.04.2011 um 17:58:

 

Mega-Sorry ... ech war elo eng Zäitchen net méi hei drop.
Hunn der op deng PM elo geäntwert.
Ech hat gemengt du häss automatesch meng normal Email-Adresse ... :-(



Geschrieben von JADE am 21.06.2011 um 23:36:

 

hun dëst haut fonnt ... http://www.oldtimerbus.lu/



Geschrieben von Jaycee am 28.06.2011 um 22:14:

Zunge raus!

... naja spritzeg wéi de Maggele wollt, kann een daat Vehikel do jo nët grad nennen...



Geschrieben von JADE am 28.06.2011 um 22:19:

 

ah sou? spritzeg soll en sin ? Augen rollen ... (effektiv! hun daat elo well eréicht richteg gelies ...)

hun deen Bus esou genial fonnt großes Grinsen
ech hätt deen direkt geholl deemols ... virun e puer Joeren ... fröhlich


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH