Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Foto-Techniken (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=23)
--- mam Heli iwwert NY (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1747)


Geschrieben von Dan am 09.04.2011 um 10:14:

  mam Heli iwwert NY

Salut alleguer,
Ech sinn d'nächst Woch e puer Deeg zu New York an do ass och en Helikopterflug geplangt.
Kënnt dir mir soen wat dir mengt, wat déi beschten Zäit fir e Flug ass fir Fotoen ze machen d.h. wéini am Dag wier d'Luucht ärerMeenung no am beschten fir Fotoen ze machen?
Merci smile
Dan



Geschrieben von McQueen am 09.04.2011 um 12:55:

  RE: mam Heli iwwert NY

Salut Dan,

zu NY sin ech nach net mam Heli ennerwee gewiecht, mais zu Las Vegas schon e puer mol.
Nuets kanns de vergiessen, du kriss keen ordentlech Foto (ausser mat max ISO).Bletzen geet och net, well dei Fensteren dann wei en Spiggel funktionéieren.
Am Daag geet datt alles ganz gudd an normal.
Elo ass d'Fro, waat fir Fotoen wells du machen ? Am Daag, oder wann d'sonn enner geet oder zur Bloer Stonn ???
Mein Rot un Dech: Dayflight if possible. Ass am einfachsten fir Fotoen ze machen.

Ech hoffen ech konnt Dir en bessi hellefen heimader.

Schéin Vakanz am Big Apple.

Steve



Geschrieben von Dan am 09.04.2011 um 13:09:

 

Salut Steve,
Merci fir deng Äntwert!
Ech wollt eigenlech keng "speziell" Fotoen machen, einfach e puer gutt Fotoen vun uewen...
Et sollt awer schon am Dag sinn an ech hu gekuckt en Donneschden soll d'Wieder och ganz ok sinn!
Also an deem Fall éischter am spéiden Nomëtten? Mir wollten och schon vu Lëtzebuerg äus reservéiren...



Geschrieben von McQueen am 09.04.2011 um 13:20:

 

Ma dann Vill Spass....et ass cool :-)



Geschrieben von deBaemm am 09.04.2011 um 16:14:

 

Kann dem Steve sou 100%eg zoustëmmen, ech sin och iwwer Vegas geflunn, an zwar owes, war net der däiwel vun de Fotoen hir, Ech hun mech missen mat enger f/1.4 bei 640 bis 800 iso quälen an deementspriechent sin och d'Fotoen gin...



Geschrieben von Dan am 09.04.2011 um 17:33:

 

Merci Steve an de Baemm!


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH