Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Froen zu Photogen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=19)
--- Member sin, an knaps bis guer keng Foto erop gelueden. (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1778)


Geschrieben von _MiAmI_ am 21.05.2011 um 00:03:

  Member sin, an knaps bis guer keng Foto erop gelueden.

Hun och na eng Quizfro.
An zwar, all dei Leit dei sech hei ugemellt hun vir Fotoen erop ze lueden, awa knaps bis guer keen Bild weisen oder eroplueden... Wei get do virgaangen etc ?!
Well der gin et et da jo genuch!



Geschrieben von Johny am 21.05.2011 um 00:14:

 

Wat soll do wéi virgaange ginn? Et muss ee sech jo net onbedingt umellen fir Fotoen erop ze lueden, et mécht engem och d' Liewen méi einfach fir ze surfen (Astellunge gi gespäichert etc).

Op alle Fall gëtt do näischt automatesch geläscht, wat och net sënnvoll wier. Esou ee User hëllt jo och net wierklech vill Plaz ewech Augenzwinkern



Geschrieben von _MiAmI_ am 21.05.2011 um 00:31:

 

...wollt sust emol froen. Sin dei Members Lescht emol duerchgaang, baal all zweeten dretten as keng Foto ze gesin.
As einfa witzeg ze gesin, ween oder waat do hannert deenen Nicknames ze gesin as.



Geschrieben von Pit am 21.05.2011 um 14:13:

 

Ech sinn jo och nach nei hei, mä wann ech net wëlles gehat hätt, Fotoen eropzelueden, hätt ech mech och net ugemellt. Mee dat ass oft esou, och an Foren.



Geschrieben von Maxx am 21.05.2011 um 15:22:

 

Notamment gëtt et Nicknames, déi keng Fotoen eroplueden, mä just Material wëllen verkafen.
Also ech wees jo net...



Geschrieben von Johny am 21.05.2011 um 15:28:

 

Jo dat stëmmt, do hun ech mer och iwwerluecht eng kleng Spär anzebauen dass een op manst e bëssen muss aktiv gewiecht si fir däerfen eppes ze verkafen.



Geschrieben von m-otiv am 22.05.2011 um 20:58:

 

An all di fake nicknames die een erfond huet einfach nemmen fir en anonymen kommentar oder eng fake stëmm ofzeginn??



Geschrieben von Johny am 22.05.2011 um 21:01:

 

fake stëmmen dat kënnt esou net wierklech fir, a wann et fir e concours ass dann maache vill Leit en Denkfeeler dobäi. Den ech awer natierlech net weider wëll erklären Augenzwinkern

Wann en anonyme Kommentar, den onpassend ass, geschriwwe gëtt, däerf ee sech roueg bei mir mellen fir dass mer eis déi Saach méi genee ukucken.



Geschrieben von Sicho am 22.05.2011 um 21:57:

 

Zitat:
Original von Johny
Jo dat stëmmt, do hun ech mer och iwwerluecht eng kleng Spär anzebauen dass een op manst e bëssen muss aktiv gewiecht si fir däerfen eppes ze verkafen.


kann ech engersäits verstoen, well een denkt "deen mellt sech just un fiir säin kroom lass ze gin aka sech ze beräicheren", mee aanersäits:

1) generéieren och dei User dei just eppes verkaafen wellen Klicks, Pageviews an Anträg an der Memberlescht (bei Sponsorunfroen gett een jo bestemmt gäeren un, weivill Memberen den Site huet an waat mei waat besser ... Augenzwinkern )

2) wann se wierklech eppes guddes ze verkaafen hun an daat zu engem fairen Präiss, dann brengt deen User jo och deenen aaneren Useren eppes, nämlech d'Chance op een Schnäppchen

3) ech denken mer och, dass vill Memberen leiwer hei um Site no evtl. verfügbarem Material sichen ewei am Luxbazar oder sou ... kuerz: waat Verkaafsoffer an den Annoncen hei mei grouss ass, waat et mei komfortable fiir d'Stammuser ass. Zumols hei am Land huet een net all ze vill Plattformen, wann een eppes Second Hand well sichen oun iiwwert ebay an co. ze fueren

Dofiir denken ech perséinlech net, dass een sou "Memberen" mat engem Aktivitéitsminimum sollt "oofschrecken", well se sin schon sennvoll ^_^



Geschrieben von Schluck am 22.05.2011 um 22:12:

 

@Vito:
Zitat:
An all di fake nicknames die een erfond huet einfach nemmen fir en anonymen kommentar ... ofzeginn


Du mengs wuel à la copy/paste ...



Geschrieben von Johny am 22.05.2011 um 22:17:

 

Onrecht hues de esou gesinn sécher net, mee mir si keng Firma déi blann grouss Zuelen soll generéieren mussen fir sech gutt ze representéieren, mer sinn e Club dee säin Sënn an Zweck huet, an net sollt op éischt d'Plaz setzen bei den Décisiounen fir et esou ze maachen dass et de Sponsore gefällt, mee wat besser ass fir den gréissten Deel vun de Memberen smile



Geschrieben von _MiAmI_ am 27.05.2011 um 16:14:

 

Zitat:
Original von Johny
Jo dat stëmmt, do hun ech mer och iwwerluecht eng kleng Spär anzebauen dass een op manst e bëssen muss aktiv gewiecht si fir däerfen eppes ze verkafen.


Beschten Beispill, kuck neien Member: Mantaray 1959....



Geschrieben von Johny am 27.05.2011 um 16:56:

 

Ech weess dat, mä theoretesch kënnen jo och nei ugemellte Leit sérieux Leit sinn vun deenen een anstännegt Material kafen kann smile


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH