Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Foto Forum (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=31)
--- Waat ass mat menger Foto? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1811)


Geschrieben von Jeffrey am 25.08.2011 um 10:19:

Waat ass mat menger Foto?

Moien allgeuer...
Leider kréien ech a leschter Zeit meng Fotoen refuséiert...

Ass et, well d' Motiv anschéinend net zentréiert derf sin, dass déi heite Foto net ugeholl gëtt...? Oder ass et, well eng speziell Idee an der Foto feelt?.... Oder ass meng Foto net genuch kreativ gestallt?

Daat ass et, waat ech un der Fotographie net verstin...

Et gin natierlech Regelen, wou een sech drun riichten kann,... Mee ass meng Foto lo wierklech esou schlecht? Oder derf een net aus der Reih sprangen, wann een selwer nach net zu de "groußen" Fotographen gehéiert? großes Grinsen

Waat soot der?

Léif Gréiß

Jeffrey



D' Richtlinien, déi net gepasst hun;

An der Foto sollt eng Idee ze erkennen sinn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Et feelt eng speziell Idee an der Foto respektiv während der Ëmsetzung. Probéier nächst Kéier virun der Foto genee ze kucke wat s de wëlls ausdrécken, an dann gëtt d'Resultat och méi flott.
Vläicht ass d'Idee einfach schwéier ze erkennen an se misst kuerz am Kommentar bei der Foto erklärt ginn
Se sollt en iwwerluechtenen Bildopbau hunn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Et sollt ee sech Gedanken maachen wéi den Opbau vum Bild sollt sinn.
D'Motiv ass vläicht matzen an d'Mëtt gesat ginn wat net gutt ass fir de Bildopbau
D'Motiv däerf net einfach "offotograféiert" sinn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Eng Foto déi een erop lued sollt kreativ gestalt sinn, wann een awer d'Motiv vun engem aner Fotograf
ouni eegen weider nei Idee weist, dann geet dat leider net duer.



Geschrieben von Johny am 25.08.2011 um 11:09:

 

Also direkt fir jiddereen:

Deng Foto ass mat zwou Stëmmen net ugeholl ginn, aneg Stëmm war dofir.

Ech war ee vun deenen zwee déi Nee gesot hunn. De Grond ass fir mech: Däin Zil ass et hei eppes ze weisen wat zwar u sech wierklech interessant ass, awer mat der Konscht an Kreativitéit vun der Fotografie huet dës Foto näischt ze dinn.

Also schlecht ass deng Foto sécher net, dat géing, ech op manst, nie behaapten, se trëfft just guer net op de Prinzip wisou et Photogen iwwerhaapt gëtt Augenzwinkern



Geschrieben von JohnJ am 25.08.2011 um 11:46:

 

fir mech stellt sech eng ganz aaner Fro
huet heen den Schwanz firun der Foto ofgeworf (ann firwat dann)
oder weins der Foto ofgeworf?
Well daat wier fir mech schon een Grond se net ze weisen

Greiss

John



Geschrieben von Jeffrey am 25.08.2011 um 12:54:

 

merci Johny, vier deng Entfert...
ech sin just e bëssen enttäuscht, dass se net ugeholl gouf, well ech perséinlech se guer net esou schlecht fond hun... Freude
Vielleicht hätt ech nach kënnen eng Rumm ronderem maachen,... Dann wär se vielleicht äeren Usprëch méi nokomm... großes Grinsen

@JohnJ
de Schwanz huet hien virun der Foto ofgeworf, wou e gefaange gouf, vier ze kucken, em waat vier eng Aart et sech handelt.

Ech war an Südspuenien, wou mer mam spueneschen Reptilienspezialist Francisco Jiménez Casares ennerwee waren.
Mer hun Zielungen vun verschiddenen Reptilien, Amphibien, Walen an haaptsächlech Vullen gemaach. Mer wärten eng Ronn 50 Geckoen gefaangen hun, vier se duerno mat Sëcherheet kënnen ze bestëmmen. Leider ass et bei dem heiten Exemplar schiefgaangen...

Ech muss zougin, dass ech direkt zum Fotoapparat gelaaf sin... großes Grinsen
Obwuel ech schon honnerten vu Geckoen an den Hänn gehaalen hun, konnt et ech bis zu dem Daach nach nie gesin, wéi een sein Schwanz erofgeheit.

Natierlech ass et schued, dass daat Déierchen sein "Joker" elo verspillt huet, mee ech hun mech trotzdem rieseg iwwert déi doten Foto gefreet smile

Léif Gréiß

Jeffrey



Geschrieben von suraki am 25.08.2011 um 15:27:

 

fir mech ass dat heiten flaicht net déi super kënschtleresch Foto, mä et ass Schued a sprëcht net fir de Site, dat Bild hei net ze weisen, da kenne mer déi ganz Dokumentatiouns an Reportagesektioun direkt ganz ewechloossen.

Ech schreiwen dat heite bestëmmt net well ech den Knippser vun dësem Bild hei kennen, né ... mä et ass meng déifsten Iwwerzeegung dat dat Bild hei, wat net aus Sensatiounsloscht oder fir ze schokéieren, hei hätt solle gewise ginn ... et wär bestëmmt eng interessant Diskussioun opkomm !!

mä bon .... alt erëm eng Chance, verpasst Augenzwinkern



Geschrieben von MB-Photos am 25.08.2011 um 17:17:

 

Foto as vieleicht Intressant am Senn vun der Dokumentation io, awer am Senn vu Konscht geheiert se bei weitem net hei ran, wann een sou Fotoen unhellt dann muss een sech Gedanken stellen firwat Photogen do as.
Ansonsten kann den Johny gleich en Dokphotogen nach opmachen.



Geschrieben von suraki am 25.08.2011 um 20:05:

 

@MB ...
MB, leider sinn ech an enger ganz schlechter Positioun vir der heirobber ze äntwerten, dofir loossen ech et einfach emol esou stoen.

dach eppes muss ech awer lass gin, déi Sach mam "Dokphotogen" ... iwwert dain Kommentar do kann ech nëmmen de Kapp rëselen , ...né u sech net, well ech hu mer esou eng Äntwert erwaart. Augenzwinkern

Ewéi wär et déi Dokumentatiouns an ReportageSektioun ganz erauszehuelen oder emzedéefen , .... à la "artistesch wäertvoll" Reportage an Dokumentatioun großes Grinsen

Déi Sektioun ass nun emol do, de Jeffrey ka net dofir, hin huet et gutt gemengt a gehofft doriwwer eng kleng Diskussioun laszelossen.

Op allefall versti dir et engem 16 Järegen den elo knapp zwee Mengt lang Photoe mëscht, Spaass un der Saach ze maachen, ...



Geschrieben von mmphotos am 25.08.2011 um 20:18:

 

Haat den Jeffrey se dann an där Categorie stoen, suraki?



Geschrieben von suraki am 25.08.2011 um 20:29:

 

ech kann et net sécher soen, ech weess dat ech awer mat him riets hat wou se am beschten giff hipassen.


wann ech awer eng Äntwert ewéi elo vum MP kréien ...
...ewéi gesot, ech sinn an enger schlechter Positioun.!



Geschrieben von MB-Photos am 25.08.2011 um 20:35:

 

Suraki, du hues vieleicht deng Meenung dozou aner Leit hun ebben hier!



Geschrieben von Metalbambi am 25.08.2011 um 21:13:

 

Dokumentatioun ass en groussen Volet vun Fotoen, deen fuerchtbar langweileg, oder awer och zimlech interessant kann sinn. Den Cartier-Bresson huet z.B. och Doku gemaach, wou mengen ech awer jiddereen dermat averstan ass dat se artistesch wäertvoll ass. Dat engt schléisst dat anert net aus. Géif also soen dat déi Kategorie éischter vir sou Fotoen geduecht ass wéi vir einfach all Fotoen rop ze lueden mat deenen een just d'Motiv weisen well, an net op déi technesch an artistesch Ausféierung opgepasst huet. Par Definiton ass et menger Meenung no keng Kategorie vir Foto-Ufänger, well engem do den Know-How einfach feelt vir séier gutt Fotoen ze schéissen. Virun deems dat een gutt Doku-Fotoen maachen kann, muss een säin Material am Schlof bedéngen kënnen, an dann kann een ufänken séier gutt Fotoen maachen.



Geschrieben von suraki am 25.08.2011 um 21:55:

 

Ech kucken hei grad ënnert denge Biller "in the streets of Luxembourg", an diskutéieren elo ganz bestëmmt net méi mat der iwwert en Cartier Bresson, den iwwregens Street an ni Dokumentatiounsfotoen gemach huet.



Geschrieben von Metalbambi am 25.08.2011 um 22:16:

 

Déi 2 Beräicher ginn vir mech aneneen iwwer.
Ass och zimlech egal, wann deen der net gefält, dann sich der iergend een aneren raus, et ginn tonnenweis richteg gutt Doku- an Reportagenfotografen.

Ass een just qualifizéiert dem Här ze äntweren wann engem seng Fotoen ëm och gefalen?!



Geschrieben von suraki am 25.08.2011 um 22:56:

 

@Ass een just qualifizéiert dem Här ze äntweren wann engem seng Fotoen ëm och gefalen?!

mat denge Biller huet dat neicht ze dinn, mer gefält déi ganz sozial Astellung net.

ier en iwwert en aneren hirfällt, den elo grad zwee Méint laang Biller mëscht, muss en et selwer besser kenne maachen Augenzwinkern


edit: Schreiffeeler



Geschrieben von Metalbambi am 25.08.2011 um 23:27:

 

An wat huet dat mat menger Serie ze dinn? Ausser vir ze pöbelen war déi Remarque iwwerflësseg.

Ech sinn weder iwwer den Jeffrey hiergefall, nach hat ech ëm iwwerhaapt en Kommentar gemaach virun denger Remarque.



Geschrieben von Jean-Jos am 25.08.2011 um 23:37:

  Doku a Reportage

Also den Titel vun däerer Galerie ass fir méng Begrëffer däitlech.
A wann ech dem Jeffrey säi Kommnetar liesen, passt se ganz kloer do dranner.
A wa se nët doranner stoung, wéi hien d'Foto erop gelueden huet, hätt en Admin him dat vläicht kéinten uroden an/oder korrigéieren.
An ech sin och der Meenung, datt esou eng Rubrik nët nëmmen intressant op PG, mee och wichtég ass.
A schlussendlech hun ech mer déi Galerie ugekuckt an doranner Saache fonnt déi (ok, elo grad subjektiv gesin) wäit manner intressant waren.
Dëse Kommentar soll keng Polemik sin, mee wëll jhust eng neutral Meenung sin; ech weess awer och, datt den Admin'en hiir Aarbécht keng einfach ass, an esou eppes mol anescht interpretéiert ka gin, z.B. wann dee Kommentarvum Jeffrey nët beim upload derbäi stoung.



Geschrieben von Johny am 25.08.2011 um 23:59:

 

Also fir kloer ze stellen: Den Jeffrey hat seng Foto do net an der Doku Sektioun stoen. Fir eis gesäit dat dann esou aus wéiwann een eng Foto, déi lo näischt mat Kreativitéit ze dinn huet, awer wëll als kreativ duerstellen. Dat kënne mer natierlech esou net unhuelen, an wann een eng Foto als Dokumentatioun selwer ugesäit, dann muss ee selwer kënnen genuch Responsabilitéit iwwerhuelen se och an déi Kategorie ze setzen.

Mir sinn net esou pingelech allgemeng wat d'Kategorien ugeet, ausser déi vun der Dokumentatioun, well, wéi Dir och all verstan hutt, dat eng Zort fir sech ass.

Ech hoffen d' Situatioun e bëssen kënnen opgeklärt ze hunn smile



Geschrieben von suraki am 26.08.2011 um 01:00:

 

@mmphotos

du brauchs mer dat heiten net als PN ze schécken , du kanns de och ëffentlech soen ech hunn kee Problem dermadder .

d'kann jiddereen liesen och déi Läit vu mengem "clibchen" , wien och ëmmer dat soll sinn smile )



Zitat vum mmphotos:
-> Ech fannen daat witzeg...well dei dei emmer als eicht iwwert een "hirfaalen" an perseinlech gin, daat bas du an deen ganzen "clibchen" deens de ronderemt dech hues smile Et war jo och schon deemols sou.

Mee neicht fier ongudd. Mier as et soulues egal.



Geschrieben von gogo am 26.08.2011 um 06:51:

 

Salut alleguer,


Zitat:
Original von Jeffrey
[SIZE=12]Moien allgeuer...
Leider kréien ech a leschter Zeit meng Fotoen refuséiert...
[/I]

Du kanns der secher sin, dass daat näischt mat DIER ze din huet, mais dass mier alleguer réng nemmen d'Foto kucken/jugéiren.

Zitat:
Original von suraki

Op allefall versti dir et engem 16 Järegen den elo knapp zwee Mengt lang Photoe mëscht, Spaass un der Saach ze maachen, ...

Ech denken mol dass mer alleguer den Hobby förderen, fier mech gett jiddereen vun 0-99 (an driwwer) gläich behandelt.

Zitat:
Original von Jean-Jos
... ech weess awer och, datt den Admin'en hiir Aarbécht keng einfach ass, an esou eppes mol anescht interpretéiert ka gin, z.B. wann dee Kommentarvum Jeffrey nët beim upload derbäi stoung.

Recht hues de, et ass kéng einfach an schon guer kéng dankbar.

Ech wees net waat vun Kommentar nach derbäi stoung, mais ouni di Erklaerung an d'Kategorisatioun Doku haett se och vu mier e refus kruut.

Des Foto an d'Hannergeschicht ASS! interessant, mais dann soll een se och bessi besser verkaafen, ouni vill Kommentar / Kontext ze wessen, mescht des Foto en zimlech makaberen Androck op mech.

Mat der ganzer Erklaerung deis du lo oofgeliwwert (dass do ennert annerem een expert dobäi war, an dass daat een accident war etc..) haett se wuel méi wi gudd chancen gehaat.



Geschrieben von Johny am 26.08.2011 um 09:15:

 

All weidere Kommentar deen näischt direkt mat prezis dësem Fall an dëser Foto hei ze dinn huet, gëtt geläscht. Et kann net sinn dass muench Leit mengen se missten ëmmer erëm aner Leit attackéieren.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH