Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Refus (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1824)


Geschrieben von mischii am 21.06.2012 um 01:58:

 

hei ass d'äntwert an dat ass keng zum X-te Mol Entschëllegung, well et ass nach keng ENG Entschëllegung komm!!!

wanns du net e Kommentar geschriwwen häss andeems de quasi sees dass de erwaards dass mir wéi Maschinnen handelen, well dat ass méi respektlos an beleidegend wéi alles anescht wat mat dëser Diskussioun ze dinn huet.
?????????
d"Critairen vun de Refusen sin dach viirgefärdegt, dat wësse mer dach, well mir kréien all di selwecht!!!!

schon erëm eng Interpretatioun!
ech hun nie vu Maschine geschwaat, just gesoot sie sollten iwwerliesen, mat wéi engem Argument refuséiert géif, ouni d'Leit ze beleidegen, an lo gëtt de Ball erëmgespillt an ech hun beleidegt, sorry, do heescht et och mol nodenken

mee bon, et ass mer mëttlerweil zimlech egal,am Liewen gëtt et aaner méi wichteg Problemer
an lo haalen ech och op, et bréngt souwisou näischt



Geschrieben von Johny am 21.06.2012 um 07:37:

 

"Et deet mir och Leed dass heinsdo mol een e falsche Grond erwëscht" - Souwäit ech weess ass d'Bedeitung vun "Et deet mir leed" als Entschellegung ze gesinn Augenzwinkern Et war op alle Fall esou gemengt.

Iergendwéi kréien ech d'Gefill hei dir hätt mäin Kommentar guer net gelies dass mer während 3 Méint den Aktivéirungssystem ofschalten, well dat ass jo wat vill Leit wollten, mee lo kënnt mol kee feedback dodrobber, mol kee klengen "E Schratt an déi richteg Richtung" oder "fannen ech gutt" - dat ass enttäuschend (an dann stellt ee sech sou lues d'Fro, wisou äntwert een dann hei iwwerhaapt nach?).

mischii, "net ze erkenne ginn" - wat hätt ech solle maachen, duerch de ganze Raum blären dass ech den Admin an President vu Photogen sinn? Ech hun deen Dag mat ville Leit geschwat, vill mat dem Comité vun der FLPA iwwert de Salon National, mee et hätt roueg jidderee kënne kommen an Moie soen smile All de Memberen vu PG déi ech kannt hunn, hunn ech och op manst Moien gesot (sry dass ech dat sou hei schreiwen, mee däi Kommentar kléngt bal wéiwann ech do gewiecht wir mee mech hätt wëlle verstoppen Augenzwinkern )

An sry mee du soos néirens eppes vun "iwwerliesen" oder ähnlechem. Du hues et sou gemengt, ass awer net sou riwwerkomm - genee wéi d'Refuséier-grënn. Ech weess dass een eppes falsch interpretéire kann (op 2 Säiten), allerdings schreifs du hei weider wéiwann lo just mir hei kéinte Feeler maachen an du géifs dech perfekt ausdrécken. Et deet mer Leed mee dat war net de Fall smile



Geschrieben von Nathalie am 21.06.2012 um 09:08:

 

Zitat:
Original von Johny
Iergendwéi kréien ech d'Gefill hei dir hätt mäin Kommentar guer net gelies dass mer während 3 Méint den Aktivéirungssystem ofschalten, well dat ass jo wat vill Leit wollten, mee lo kënnt mol kee feedback dodrobber, mol kee klengen "E Schratt an déi richteg Richtung" oder "fannen ech gutt" - dat ass enttäuschend (an dann stellt ee sech sou lues d'Fro, wisou äntwert een dann hei iwwerhaapt nach?)


Ech hun et gfeliess. Augenzwinkern
An ech fannen dat awer flott dass da dat eemol weinstens wellt wärend 3 meint testen. ech fannen dat ass den useren awer entgeint komm...
Ech freen mech schon drop fir dat dann och mol mat ze testen an ze kucken wat draus get smile



Geschrieben von Johny am 21.06.2012 um 09:17:

 

Merci fir däi Feedback smile



Geschrieben von mischii am 21.06.2012 um 10:47:

 

ech hun et och gelies, an do soen ech en éierlechen Bravo, ech si gespaant, an ech wärt mech dann och beméien konstruktiv Kritiken ze schreiwen, fir de Lleit weider ze hëllefen, souwäit et a menge techneschen Kenntnisser läit



Geschrieben von Johny am 21.06.2012 um 11:27:

 

Ma Merci dofir, an gespaant si mir och. Musse just kucke wéi séier mer et kënnen ëmsetzen.



Geschrieben von suraki am 21.06.2012 um 19:10:

 

Ech muss gestoen, dat ech dat mat den dräi Mengt, den Aktivitéierungssystem ofschalten, nach net gelies hunn. Kennt dovunner dat ech nëmmen heiansdo hei am Forum matliesen.
Wann dat esou ass a probéiert gëtt, kann ech nëmmen gratuléieren dat der iwwert ären eegene Schied gespronge sidd. Ech selwer sinn iwwerzeegt dat dee Systhem do, des Säit, d'Fotografie an d'Useren hei wärt weiderbrengen. Sollt et awer, wat ech net gléewen, an d'Box goen, ... ass dat ganzt trotzdem positiv, well dann de ganze Photo-gen eng Erfahrung mäi reif ginn ass, a virun allem kee méi ka soen, der huet net emol probéiert.
Ech selwer an bestëmmt och vill anerer, sinn zouversiichtlech dat dat eng gutt an interessant Erfahrung gëtt.
vu menger Säit aus op alle Fall en decke Merci am viraus fir d'Initiativ et einfach emol ze probéieren smile



Geschrieben von Johny am 21.06.2012 um 19:32:

 

Zitat:
Original von suraki
vu menger Säit aus op alle Fall en decke Merci am viraus fir d'Initiativ et einfach emol ze probéieren smile

Merci och smile



Geschrieben von VeloBen am 21.06.2012 um 22:24:

 

Ab wéini start dann déi 3-Méint Testperiode ?

Opp allen meng Glëckwensch zu deem Experiment, egal wéi elo d'Resultater ausfallen waerten.



Geschrieben von Johny am 21.06.2012 um 22:51:

 

Wéi scho gesot, mer mussen nach Saachen virbereeden, virun allem allgemeng Bedingungen déi jiddereen akzeptéire muss wann en dann matmécht, fir eis selwer ofzesécheren. Ech hun do haut e groussen Deel geschriwwen, dauert awer secher nach op manst e puer Deeg Augenzwinkern



Geschrieben von Zodiac am 22.06.2012 um 10:19:

 

Majo ech sin dann och emol gespaant wat an der Testphase hei esou eropgelueden get, an hoffen d'qualitéit vun der Sait hei leid net zevill drenner. Vlait wenschen d'Leit sech dono erem den aneren System zereck. Fannen et awer gudd dass der et probéiert. Mer gesin jo dann wat dobei eraus kennt.

Wat ech mech awer emmer gefrot hun, awer d'Fro nach nie hei gestallt hun ass, weisou hei d'Akt-Fotoen refuséiert gin?



Geschrieben von Johny am 22.06.2012 um 10:42:

 

Well mer wëssen dass vill jonk Leit (ganz jonker) och regelméisseg op Photogen ënnerwee sinn, an nach derbäi wollte mer vermeiden dass ugefaang gëtt sou Fotoen ze maachen an dass dann jidderee probéiert et nozemaachen, well mer sinn eis een dass et en extrem deilkat Thema ass, an esou Fotoen musse wierklech gemaach gi vu Leit déi wëssen wat se maachen smile



Geschrieben von Zodiac am 22.06.2012 um 10:48:

 

okay, dat sinn gudd argumenter. Huet mech eben gewonnert, well jo awer och ganz flott Fotoen erauskommen wann een sain handwierkt richteg gudd versteht.



Geschrieben von Gaga am 29.06.2012 um 01:52:

 

Zitat:
Original von Johny
Mir refuséieren déi jo net well se schlecht sinn, mir refuséieren se well mer d'Kreativitéit an de Käpp vun de Leit bëssen méi wëllen förderen smile


Hei, meng Lieblingsdiskusioun ! großes Grinsen

Ech mengen ech hun jo net vill hei ze verleieren Johny, ech hun mer et jo sws schon mat jidderengem verschass, obwuel ech nie een beleidegen wollt oder net respekteieren wann een seng Freizeit opfert fier aaneren Leit ze hellefen hiert Hobby auszelierwen. Ech probeieren awer mol allt erem mein Point-de-vue ze erklären...

Menger Mehnung no (ech hun mer et ugewinnt daat emmer ze präziseieren, an präziseieren och nach eng Keier dat et just MENG Mehnung as, an dei as net als eenzeg-richteg unzegesin!!!), as et eng Iwerhierflechkeet (jo, daat as e beisst Wuert, mais sou empfannen ech et ...) t'Leit hei "à la tête du client" ze bewerten !

Ech fannen et och net gut all Bild einfach ze accepteieren, och wann et gut gemengt as vum Comité, et mecht keen Spaass sech duerch dosenen schlechter Biller ze klicken an dei gut Biller doranner ennergin. Ech mengen daat wollt dier och nie hun. Et kann awer net sin dat iergendeen, e puer Leit, mier fierschreiwen wei ech ze avanceieren hun, op ech epes anescht soll machen an wei ech et soll machen... daat huet naischt mat Gerechtegkeet an Gleichheet fier all Mensch ze din, daat as diktatoresch.

Ech denken et soll gefiltert gin, et soll gekuckt gin dat PG e Site as wou dei beschten Fotoen vun den Memberen hei gewisen gin. Awer t'Laat soll fier jiddereen genau esou heich sin, an net esou heich wei iergendeen deen keng Ahnung huet waat deen Mensch mecht an wei an fierwaat en et mecht meng dat se soll sin.

Stell der mol fier du geiffs vun dengem Chef esou beurteelt gin, oder t'Schüler an der Schoul, daat as dach blasphemie !

Am Endeffekt kann ech der net hellefen wei dat et soll richteg gemach gin, daat as och net un mier daat ze machen. Ech hun mer fiergeholl luess a luess erem mei hei ze weisen, ob meng Fotoen besser gin sin wees ech net. Mais ech denken allt dat ech an enger gudder Moyenn leien an dat ech deem engen oder aaneren kann hellefen och ze avanceieren.

An deem Sënn, freet ierch erem iwer laang Diskusiounen mat mier, awer wegl konstruktiver, well op Gestreits hun ech keng Loscht!

(Johny, ech machen nach emmer meng "!" fier all Satz deen als eng Feststellung geduecht as ! Augenzwinkern )



Geschrieben von micky-maus am 29.06.2012 um 08:07:

  Refus

Salut alleguer,

Hunn zum Thema Refus folgendes ze soen:

Den 21.06 hunn ech folgend Foto eropgelueden:
http://photogen.lu/?page=photo&id=64469&pagetype=user&user_id=3089&oldpage=1
Des Foto hunn ech schon am Dezember 2 mol probeiert eropzelueden, enkeier als eenzelfoto (Refus well den Admi keen Seen ann der Foto gesinn huet) Dono als Serie mat enger Erklärung waat ech mier bei der Foto geduet hunn (Refus deen selwechten Grond).
No 6 Meint hunn ech ett nachengkeier probeiert, ann komisch, sie ass ugeholt ginn. Matt 22 Kommantairen ann bal 200 klicks no 1/12 Woch konnt se net esou schlecht sinn.
Ech fannen ett gudd wann een Tris gemeet gett, vill vunn mengen Refuen sinn wirklech net gudd, awer heinsto ass doo awer een decke Wuerm dran.

Wann elo all Fotoen sollen ugeholt ginn, misst een villait den Zaitraum vunn 20 Stonnen eropsetzen oder just op 1 Foto limiteieren, färten daat soss ze fill Fotoen eropgelueden ginn, well wann ett der zefill sinn get et och villait oninteressant....



Geschrieben von Johny am 29.06.2012 um 08:50:

 

Gaga, et ass vläicht net wat s du dir virgestallt hues, mä et schéngt awer ze sinn wéiwann et dat wir wat déi aner wollten großes Grinsen Interessant (an ech mengen et eecht) dass de do mat enger weiderer Ausso kënns, also eng déi nach anescht ass wéi déi zwou "extrem" bis elo.

Ech verstinn dass du dech net an eng Richtung drécke wëlls, mee all Community huet sou seng Zilgrupp, a wann ee mierkt dass eng net gutt dra passt well si eng aner Richtung hunn, dann léisst een et halt sinn. De Problem mat Photogen ass dass mer den eenzege Site sou hei am Land sinn, an dass d'Leit doduerch automatesch mengen de Site misst fir ALL Mënsch sinn. Dat ass net Diktatur (1. mir ginn keng Befeeler, just Tipps 2. d'Leit sin fräi dës Tipps eecht ze huelen oder net 3. jidderee kann zu all Zäit goen ouni Konsequenzen 4. Diktatur heescht et ass 1 Persoun un der Spëtzt, mee de ganze Comité schalt Fotoen fräi.) mee ganz normal Themen-interessi (just eben zimlech spezifesch vu dass et ënnerhalb vun der Fotografie ass)

Zur Décisioun vum comité: Mir hunn agesinn dass e Besoin do ass fir e Site wou d'Leit kënnen all hier d'Fotoen weisen (ob dat lo soll photogen sinn oder net, ass nach ze diskutéieren), an fir ze kucken wéi et géif goen maachen mir dës Testphase (Ech widderhuelen, et ass jo just eng Testphase, nbäischt definitives).

Awer och gutt (fir mech) dass sech elo Suerge gemaach gëtt dass zevill Schlechtes op de Site kënnt großes Grinsen Well wëllt dir dann entscheeden wat ropkënnt an wat net? I don't think so... smile

micky-maus: Wéi grad nach gesot, et ass eng Testphase, an sou Saachen wéi sou Limiten loossen sech emmer nach séier upassen wann mir selwer mierken dass et zevill gëtt.

PS: Et ginn och Deeg wou net eng Foto refuséiert gëtt, op aneren Deeg sinn et der bal 10 ... Augenzwinkern



Geschrieben von Zodiac am 29.06.2012 um 10:19:

 

Gaga, mengs du dann net, dass een Ennerscheed zweschen Unfänger an mei erfahrenen Photographen soll gemach gin? Dann huet een Unfänger jo guer keng Chance vir hei Rotschléi ze kréien wann all seng Fotoen refuséiert gin.
Grat dei erfahren Useren sollen jo denen neien hellefen, nee? Dat heescht natirlech net dass all schlecht Foto direkt soll ungeholl gin, mais dass een vlait awer net grat esou streng kuckt.
Ech denken am groussen an ganzen, waren dei Fotoen wou ech refuséiert krut gerechtfertegt.

Johny, vlait kann een jo och fir dei Testphase ouni Refus d'Zeitspann fir Fotoen eropzelueden vun 20 op 24 Stonnen erop hiewen, respektiv nemmen 1 statt 2 Fotoen ennerhalb vun 20 Stonnen. Et ass vlait net vill, mais et motivéiert d'Leit vlait zousätzlech nach eng Kéier fir hiren Choix ze iwerdenken bei den Fotoen wou sie erop lueden. Mais ech denken doriwwer ass bestemmt och an ärem Comité geschwat gin.



Geschrieben von Gaga am 29.06.2012 um 11:33:

 

Nee, fierwaat soll en Ennerscheet gemach gin?

Wann schlecht fotoen vun Ufänger ugeholl gin, dann kanns de net engem Erfahrenen soen seng wier net gut genuch. Ech gesin et als falsch un dat e puer Leit (op daat een eenzelnen oder mei leit sin Johny) sech t'recht huelen ze beurteelen waat meng Fähegkeeten sin an wei ech progresseieren muss.

Ech sin villeicht graat e gud Beispill. Ech machen ereicht 3.5 Joer Fotoen, hun vill geleiert vun Leit dei schon 40 Joer laang Fotoen machen resp. voll a ganz an der Foto sin an sech extrem vill dermat befaassen. Ech hun allt och schon dei eng oder aaner gut Foto färdegbruecht, mais ech machen Fotoen aus Spaass an och allt emol een Mount keng. Well ech awer elo schon eng Keier eng oder zwou gut Fotoen gemach hun, kreien ech elo awer fiergeschriwen desen Niveau mussen ze haalen? Daat gesin ech net an, zumols well ech nach guer keen Styl an keng Richtung fier mech fonnt hun. Ech experimenteieren nach vill, an do kennt dann och emol eng manner gut Foto eraus.

Ech denken eben dat mer net wei an enger Schoul all an enger Gewessener Zeit e Gewessenen Program mussen an kennen machen. Dofier feiert et eben zu Streit wann Leit dei wierklech gut Fotoen machen eng refuseiert kreien wann de selwechten Daag Fotoen dei en 5 Jähregen hätt kenne gemach hun erop kommen.(also weder Gronntregelen befolgen, keen Bildopbau, keng Schärft, schon vum Sujet hier net derwert etc...)

Leit dei schon e gewessenen Niveau hun sollen an den Kommentaren kritiseiert an "bewert" gin, resp. gesin wei den Feedback as. En Refus soll einfach nemmen den absoluten mindestniveau vum Site beurteelen, mei net.

Fier et kuerz ze machen :
- Zensur fier schlecht Fotoen mat engem Mindestusproch fier den Site, also fier jiddereen den selwechten Niveau
- Bei den Kommentarer kann dann Bewert gin waat deenjeenegen schon gewisen huet an do kanns de dann och soen, "vun dier hun ech schon besser Sachen gesin"

Sou gesin ech et.
Mais ech sin och gespaant waat mer dann an der Testphase sou alles hei ze gesin kreien.



Geschrieben von Johny am 29.06.2012 um 11:57:

 

Et ass jo lo net sou dass mer mat Leit déi (wéis du sees) 2 gutt Fotoen gewisen hunn mega streng sinn. Just wann deenen en Ufänger-feeler geschitt, denke mer dass deen jeenechen genee weess wat e falsch gemaach huet, also dass en och kéint (mat bëssen Méi) besser drop oppassen smile Fir de Recht ass den Aktivéirungssystem eben grad do fir e Minimum ze erfëllen...

An et mécht ganz wuel en riesen groussen Ënnerscheed ob 1 sou saachen décidéiert oder 10 Leit smile An allen Hisiichten.



Geschrieben von Zodiac am 29.06.2012 um 12:00:

 

wei stells du der et dann fir wann een als Unfänger all Foto refuséiert kritt, well se net een top niveau huet? Ech mengen et geht jo och net dremms, dass den Niveau elo ganz erof geschrauwt gett fir dass all Foto zougelos gett?
Wei soll een dann den Feedback vun aneren User hei kréien? Ech mengen iergendwou muss den Kompromiss gemach gin. Kann een net soen mer huelen alles un well dann fälltzimlech secher den Niveau vum site hei. Get awer alles refuséiert, kommen net mei vill nei User bei.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH