Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Froen zu Photogen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=19)
--- Konstruktiv Kritiken (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1835)


Geschrieben von gloda am 02.11.2011 um 22:06:

Lampe Konstruktiv Kritiken

Um Fototrëff haut den Owend hu mir eis zesumme gesat an iwwerluecht wat fir eng nëtzlech Richtlinnen mer kënnen zesumme stellen fir zum engen konstruktiv Kritik ze ginn, an anerersäits dat meescht aus der Kritik wou ee kritt ze maachen.

Feedback ginn

Feedback kréien


Schreift roueg är Iddien dobäi. Awer konstruktiv w.e.g. smile (<- E Smiley. Vum Gloda.)



Geschrieben von gi87 am 02.11.2011 um 22:26:

  RE: Konstruktiv Kritiken

Fannen Esh ganz Flott Ideen, mee wann een Konstuktiv Kritiseiert an dan als Änfert kennt " Mach et dach Besser..." dan heiert de Spass op. Kloer sol en net emmer soen wat Negativ ass soll en och dei Gud Aspekter vun Enger Foto nennen... Mee hun gevill dass een mei Schlecht heinsdo mecht mat komenteieren wei wann en guer net Kommenteiert. Geheien net jidereen an dat Gleicht deppen, mee esou Änferten ze kreien wei ech hei geschriewen hun do stellt en sech Fro wisou een sech iwerhapt Zeit geholl heut vir engem seng Serie sech richteg unzekuken an ze Kommenteieren... Fannen mir sen jo hei vir dass en op e gudden Wee an da Photogarphy kennt an dem jidereen sein Opinion kann soen.. Ass jo lo net just eng Fotogallery hei vir Biller ze Bunkern.. Mee wann een net Kritikfäheg ass ,dann ass enn an mengen Aaen hei fehl um Platz... Soit Esh fannen är Virschlei ganz Gudd, mee do muss jidereen dann och Matspillen.



Geschrieben von gloda am 03.11.2011 um 17:41:

 

Deng éischt Bemierkung passt gutt op dat wou mer ënner "Du muss et net besser kënnen" beschreiwen. Looss dech dovun net vum kommentéieren ofbréngen.

Wann s de emol eng Äntwert kriss déi der onpassend schéngt kann s de jo op dësen Thread verweisen, respektiv op d'Säit vu Photogen wou dës Richtlinnen hi stoe kommen. (Déi Säit ass nach net do.) Dann kënnt der zu zwee kucken ob der amgaang sidd e konstruktiven Dialog ze féieren.



Geschrieben von gi87 am 03.11.2011 um 20:31:

 

Gud idee Gloda Augenzwinkern Esh sen Dofir smile



Geschrieben von Pit am 03.11.2011 um 21:59:

 

An ech sin der Mehnung, dat sollt en 'gefält mir' Button kommen, dann kann jiddereen, deem Foto gefält einfach drop klicken ouni grouss blabla ze schreiwen, an den Fotograf géing och gesin, dat seng Foto flott fond gët. Mee dat ass jo wahrscheinlech nët esou gewollt, soss wär deen Button jo schons laang do.



Geschrieben von gloda am 03.11.2011 um 22:19:

 

Dat fält ënnert de Punkt "Et bréngt näischt ze schreiwen "Schéi Foto."" En "Like" Knäppchen o.ä. léisst a mengen Aen net vill Raum fir Konstruktives.
(Ech perséinlech géif mech esouguer e bësse getrëppelt fillen wann engem d'Foto net méi Effort wéi en Klick op e Knäppche wäert ass, mä dat sinn just ech.)



Geschrieben von Johny am 03.11.2011 um 22:31:

 

Pit, dat ass, genee wéi de gloda scho sot eigentlech, genee de Géigendeel vun dem wat mer hei wëllen bewierken. Wann ee just eng Foto "liken" wëll, kann ee se op Facebook & Co setzen, mä dat huet hei näischt ze sichen.



Geschrieben von Zodiac am 04.11.2011 um 13:47:

 

déi Idee hei gefällt mer. Kritiken sollen wirklech konstruktiv sinn. Ech muss zougin dass ech och mol heinsdo zu denen geheieren dei just schreiwen dass eng Foto mer gefällt. Ech fannen awer dass et stemmt dass een soll mei prezis soen wat engem gefällt. Probeieren och do mech ze verbesseren Augenzwinkern Mee et sinn fir mech bis elo verschidden Saachen net kloer. Esou wei ech dat verstinn, sollen dat Richtlinien ginn? Heescht dat elo fir d'Useren, dass Kommentarer och elo kontrolleiert gin esou wei fotoen, respektiv wat passeiert wann een awer just bei enger Foto een Kommentar wei "schéin Foto", "super Foto" schreiwt?

MbG

Luc



Geschrieben von gloda am 04.11.2011 um 14:16:

 

Zodiac, dat sinn just Iddien. D'Thema vum Phototalk war "konstruktiv Kritike schreiwen," dofir hu mer eis zu puer iwwerluecht wat dat eigentlech heescht. Du "kontrolléiers" deng eegen Kommentaren a mat dëser Lëscht hues de elo eng Referenz.



Geschrieben von Zodiac am 04.11.2011 um 14:36:

 

Ok, dat ass gudd gemach. war fir mech e bessen onkloer :-) Thx fir deng Hellef Augenzwinkern hoffen mer emol dass dat dann och e bessen emgesat wärt gin hei... :-)



Geschrieben von Schluck am 04.11.2011 um 14:48:

  RE: Konstruktiv Kritiken

Fannen och dass dat eng gudd Idee ass, hat jo och eng kéier eppes ähnleches proposéiert. Ech hät mech dem Phototalk och gaer ungeschloss mais hun leider am Moment wéineg Zäit



Geschrieben von m-otiv am 04.11.2011 um 20:00:

 

Also Ech freen mech op all Kritik...op vun Anfänger oder Profi...
Ech froen "emmer" meng Fra hier Méhnung, Hat gesait daat matt engem aaneren Ae (net tèschnesch eben an oft méi objektiv) wéi, soen mir emol, den Gloda Augenzwinkern

Guer keen Kommentar, do stellt een sech dann d'Fro: ass d'Foto esou sch...ss, an keen traut sech et ze soen? oder ass se esou perfekt (haha) dass et naischt ze mekere gët...

Ech op alle fall vermessen die riesen Débatten mam Suraki, Gtaddei , Shanti ;-)

Do gouffen schon emol puer Fotoen zerfetzt smile an Ech hunn esou vill dorauser geléiert... Och wann Ech ab und zu net emmer direkt agesinn hunn waat net gestemmt huet...hunn Ech et awer matt der Zait selwer agesinn...

Nach eppes Gloda: et soll een sech och seng egen Meehnung vun der Foto maachen an sech net vun den aaneren Kommentarer beaflosse lossen...
Oft entstin hei esou Trend-Kommentarer....



Geschrieben von Magic am 04.11.2011 um 21:44:

 

Salut Dir Profien vun de Kommentaren.
Vun all denen Kommentaren, hun ech der e puer gemaach awer vir e klengen Ufänger Kommentaren ze machen iwwer bal Profien, ech fannen dat nervt as esou guer penibel.
We sin Ech vir Kommentaren iwwer Fotoen ze machen. Ech verstin a mengem perséinleche gôut
hun ech eng Meenung mä as dat Objektiv?
Ët muss een eng gewëssen Erfahrung vun der Fotografie hun vir e gudde jugement ze gin an ech soen dat as nit einfach vir een Ufänger.
Ech weess dass Dir Fotografen ët erwart Kritiken ze kréien déi konstruktiv sin, iwwert Är Fotoen, awer wann ech déi Fotoen kucken déi hei eropgeluede gin, sin ech, meeschtens erstaunt iwwert d'Schéinheet, sou dat ech näischt méi soe kann.
Muss een eppes fannen vir ze verbesseren oder eng Bewertung gin, nëmmen einfach soen wat ee gären huet, a keng Fehler un der Foto fannen, se ganz einfach super fannen a näischt drun ze soen hun.
Ech soen Iech ech sin ganz oft an deem Fall.
Ech fannen ët extrem schwéier eng Foto ze kommentéiren an zemols wann ech den Numm vun
eenzelen Fotografen gesin.
D'Fotorafie as meng Passioun awer dat mecht Mech nit zu engem Spezialist vum BIld.
Wann ech och nit oft Kommentare ofgin, krut ech nach keng Reprosch gemaach as een Zeechen dat ech mech kleng villen vir un all denen exzellenten Biller..
Ech appréciéiren dëse Site, kucke gäre Fotoen kucke wat eropgeluede gëtt, heiensdo Plaazen déi ech kennen, richteg Konschtwierker.
Merci un Iech all Fotografen, Profien, all déi déi Kommentarer maachen, an de ganzen Kommité.

Merci...
magic. Augenzwinkern



Geschrieben von Johny am 04.11.2011 um 23:01:

 

Et muss een net Erfahrung selwer hunn an der Fotografie fir Kommentarer ze schreiwen, och net fir konstruktiver ze schreiwen. Dofir interesséire muss ee sech natierlech (mä dat maache mer soss wiere mer all net hei Augenzwinkern ), an domat ausernee setzen. Allgemeng ginn et awer dann déi eng Leit déi séier an einfach Saachen erkennen déi ee ka besser maachen, an anerer doen sech do e bëssen méi schwéier.

Wat mir schreiwen ass jo och gemengt fir déi Leit déi sech wëllen an kënnen dru ginn esou Kommentarer ze schreiwen, wat am Fong de Sënn vum Site ass. An gleef mer, et gëtt bei all Foto op manst iergend eppes ze diskutéieren, egal wéi gutt se ass Augenzwinkern

Mer si jo net just hei fir sech ze verbesseren am technesche Sënn, mee fir sech weiderzeentwécklen, dat sinn zwou verschidde Saachen. Mat Diskussiounen iwwert Themen oder Inhalter vu Fotoen wou een d'Vu'en vun anere Leit kann liesen erkennt ee vlaicht besser wéi anerer denken oder et entdeckt een nei Richtungen déi ee kann testen. Et erweidert een also säin Horizont smile



Geschrieben von gloda am 05.11.2011 um 10:48:

 

Magic, ech hunn immens vill geléiert andeems ech wéi s du Fotoe gekuckt hunn déi mech beandrocken. All Kéiers wann een iwwerleet "firwat gefält déi Foto mir eigentlech" léiert een eppes.
Objektivitéit ass hei bei eis an dem Sënn keng Viraussetzung, an de Bléck vun engem deen eréischt ufänkt huet am Kader vu Photogen dee selwechte Wärt wéi dee vun engem deen Erfahrung huet.



Geschrieben von BlackPanther am 10.11.2011 um 22:03:

 

@ Magic:

den Johny schreift:
Zitat:
Wat mir schreiwen ass jo och gemengt fir déi Leit déi sech wëllen an kënnen dru ginn esou Kommentarer ze schreiwen, wat am Fong de Sënn vum Site ass. An gleef mer, et gëtt bei all Foto op manst iergend eppes ze diskutéieren, egal wéi gutt se ass


...an dem Senn ginn nawell eng ganz Reih Kommentarer geschriff, an, mol ganz egal weivill Kommentarer dass de selwer schreifs, wier et awer flott wanns de dann awer emmerhin op daat Geschriwwend giffs agoen. -->fir nozeliesen


Wei do fannen ech et enttäuschend wanns de dann mol net drop agee - dei läscht 4 Punkten vum Start-Post sinn hai déi wou et am beschten treffen....



Geschrieben von dr_kim_veis am 11.11.2011 um 21:08:

 

zimmlech vill regelen...



Geschrieben von Johny am 11.11.2011 um 21:39:

 

Dat si keng Regelen, mee Tipps smile



Geschrieben von Maimonides am 12.11.2011 um 15:47:

 

Magic,

lies mol dem JADE sein 2. Kommentar zu deser Foto:

[pg_img=60089]



Geschrieben von Magic am 13.11.2011 um 07:36:

 

Merci Maimonides, hun ët gelies Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH