Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Froen zu Photogen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=19)
--- Konstruktiv Kritiken (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1835)


Geschrieben von JADE am 13.11.2011 um 11:25:

 

Zitat:
Original von Maimonides
Magic,

lies mol dem JADE sein 2. Kommentar zu deser Foto:

[pg_img=60089]


hmmmmmm, Maimonides, ech wees elo awer nët op daat een gutt Beispill mengersäits war, vun der Unwendung vun dësen Tipps/Prinzipien hei Augen rollen Augen rollen Augen rollen
am Fong hätt ech do een link op dësen thread missten machen ...
hun just nët drun geduecht (wahrscheinlech well d'Entsetzung dun awer méi stark war wéi den Raisonnement Augenzwinkern )



Geschrieben von gloda am 13.11.2011 um 17:21:

 

Jade, wann s de deng Iddi déi s de do bei der Foto has misst esou formuléieren dass se hei dra passt (als kuerzen Tipp), wat géif s de draus maachen?



Geschrieben von Maimonides am 13.11.2011 um 17:47:

 

Jade, wann s de deng Iddi déi s de do bei der Foto has misst esou formuléieren dass se hei dra passt (als kuerzen Tipp), wat géif s de draus maachen?

Eng Foto, wat soss.
;-)
Mais,
och ouni Biller
sinn dem Jade
seng Kommentare
ëmmer flott ze liesen.
Ech wéilt se net vermëssen.



Geschrieben von JADE am 13.11.2011 um 21:08:

 

Zitat:
Original von gloda
Jade, wann s de deng Iddi déi s de do bei der Foto has misst esou formuléieren dass se hei dra passt (als kuerzen Tipp), wat géif s de draus maachen?

fällt mir schwéier esou Saachen kuerz an an Form vun Tips ze formuléieren ... unglücklich

villäicht:

(Kuck d'Foto méi wéi dräi Sekonnen ierts de ufänks e Kommentar ze schreiwen an) iwerlé dir op d'Kritik déis du oofgin wëlls, resp. op deen Perfektionismus deens du fir déi Foto unstriews, och effektiv machbar/realistesch ass (onoofhängeg vun der technescher an artistescher Kompetenz vum Fotograf)

mee ech sin awer nët zefridden matt dëser Versioun, well ech fannen, dass wann een daat Beispill nët kennt (daat Beispill daat zur Formulatioun vun dësem Tip gefouert huet) dann kann een dësen Tip eventuell och guer nët verstoen



Geschrieben von Nicon07 am 14.11.2011 um 13:14:

 

Wéi wier et mat:

Ierts du ee Kommentar zum Bildopbau a soss techneschen Detailer gëss, iwerlee dir, ob et dem Fotograf op der Plaz iwwerhaapt méigléch war, séch an aller Rou mam Bildopbau ze beschäftegen, oder huet e misse spontan reagéiere, fir eng eemolech Szen, déi sou vläicht ni méi ze realiséieren ass, fotografesch festzehalen.

Wat sot dir heizou?


Nico



Geschrieben von BlackPanther am 14.11.2011 um 18:12:

 

hmm...ech fir main Deel fannen daat haiten
Zitat:
Schwéier Konditiounen beim Fotograféieren sinn keng Excuse fir aner Saachen déi an der Foto net klappen. All Art vu Fotografie huet hir eege Schwieregkeeten. Z.B. en däischtere Sall entschëllegt kee schlechte Bildopbau.
huet nach emmer Bestand! Augenzwinkern et get nemmen ganz ganz seelen Motiver wou een sech iwwerhaapt net kann drop astellen (cf. Krichsfotografie) - Timing-mässech get och just 2 Alternativen: entweder et as een prett dMotiv anzefenken, oder et as een et eben net - wann et net geklappt huet, dierf een gären driwwer diskuteiren wourunn et lung...(eng Diskussioun doriwwer unzefenken WIEN LO RESCHT HUET as onnetz, et geet dorems ze kuken waat een kann besser maachen...)

an dem Senn Nico, giff ech mengen dass ALL Kommentar berechtegt as...
(plus: et kann een och net dovun ausgoen dass een dem Fotograf seng Situatioun am Moment vun der Foto virdeischt analyseiren kann...) Augenzwinkern



Geschrieben von gloda am 14.11.2011 um 19:18:

 

't ass en interessanten Dilemma.
Ech géif soen wann een am Sënn behält dass dat wat een um techneschen Plang gesot kritt fir an Zukunft ëmzesetzen ass an net fir an der Vergangenheet stiechen ze bleiwen sinn och déi Kommentaren nëtzlech. Net onbedéngt also fir déi Foto déi kommentéiert gouf, mä fir déi nächst Kéier wou den Fotograf e Bild mécht, souguer wann d'Situatioun dann eng aner ass.



Geschrieben von Nicon07 am 14.11.2011 um 19:24:

 

Do hues du ganz recht, Oli, mäi Post vu virdru war eigentléch och net sou vill méng perséinléch Iwwerzeechung, mais éischter geduecht, fir dem Jade séng Iddi an ee Saatz ze setzen, well hatt jo selwer seet, hatt wier net zefridde mat sénger Versioun.

Ech sin nämléch och der Meenung, datt een durchaus séch an Brochdeeler vu Sekonnen op eng eng Situatioun astellen, respektiv, datt een op bestëmmte Plaaze schon als Fotograf genee séch ka virbreeden, ob dat wat kéint kommen. Mais eppes muss een awer och bedenken: Et mécht een dacks ganz vill Fotoen op enger plaz fir datt villäicht eng oder zwou dervunner wirkléch gegléckt sin. smile

Nico



Geschrieben von Dafty am 14.11.2011 um 22:29:

 

Gudden Owend,

Wann ech gut verstin get hei diskuteiert wei een de Leit am beschten kann eng konstruktiv Kritik zu hieren Fotoen machen.
Ech denken dat t'Situatioun oder t'Bedingungen dei den Fotograf hat, absolut guer keen Afloss ob t'Foto hun, eng Foto gelengt oder se gelengt net. Wann ech kann 1 Stonn do setzen an kucken a warden, as t'Chance grouss eng gut Foto ze kreien, wann net, muss ech mat deem Schaffen waat ech hun. Wann dat elo net esou gut as, dann as t'Foto eben net esou gut an ech hun Pesch.
Mier huet nach nie eng Foto besser gefall well ech gewuer gin sin dat den Fotograf et schweier haat oder sos welch Defiziter derfun gedroen huet.

Fehler kennen am deem Senn och hellefen t'Situatioun besser eriwer ze brengen (Verwackelung bei "racing" Fotoen oder Panik, Ennerbeliichtung fier mei eng misterieis Stemmung etc... dohier soll een des "Fehler" (ech fannen einfach keen bessert Wuert), erkennen, an wessen wei een dommader kann spillen.

Ech gin vum Point de Vue aus dat emol de Choix vum Ausgangsmaterial dat as, waat am beschten Gelongen as, den Choix kann ech als "Observateur" net beuerteelen. Vun deem Point de Vue aus kann ech mer fierstellen waat ech mat deem Bild hätt kennen machen, resp. wei ech mer t'Endresultat kann/well fierstellen.

Gesin ech Ofweichungen vun menger Idee zum Gewisenen, froen ech mech fierwaat dat esou as (gewollt, aneren Stil, aaner Idee etc), fannen ech dofier keen Gronn oder erkennen en tipeschen "deen kennt den Trick nach net", deelen ech dem Auteur daat mat. Op hien daat unhuelen, sech seng Mehnung dodriwer machen oder et verwerfen well, as him iwerlooss.



Geschrieben von GhostriderDuck am 31.07.2012 um 17:21:

cool RE: Konstruktiv Kritiken

Moien Alleguer ,
Ech sin ereischt e puer Deeg hei ugemeld an sin begeeschtert vun deenen villen genialen Fotoen hei!!! Ech sin och en begeeschterten Knipser, mee ech hun ereischt zenter 1 Mount (endlech) mer meng eischt DSLR zougeluecht NikonD5100. Et as net esou dass ech nach nie Fotoen gemach hätt, mee eng DSLR as dach eng aner Welt dei mer et erlaabt endlech an vollem Emfang meng Ideen an Wirklechkeet emzesetzen. Ech sin natierlech dankbar fier all Feedback Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH