Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- 2 Verbesserungsvirschléi (?) (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1847)


Geschrieben von Cypress am 03.12.2011 um 19:00:

  2 Verbesserungsvirschléi (?)

Salut,

ech hätt do 2 Verbesserungsvirschléi. Ka sinn, dass déi och schonns eemol op d'Tapéit koumen. Ech muss zouginn, dass ech zwar virdrun vill, awer bestëmmt net all vun deenen alen Postings gelies hat.

1) Firwat muss een sech explizit fir de Forum nach eemol separat un- oder ofmellen? Kann dat net simultan mam Log-In op PG geschéien?

an

2) Wier et net méiglech, bei den Annoncen den Datum vum Posting dobäizesetzen? Dat géif deene Leit, déi net all Dag laanschtkommen, bestëmmt hëllefen, fir ze entscheeden, op et iwwerhaapt nach derwäert ass, den Annonceur wéinst dësem oder deem ze kontaktéieren.

Merci fir de Feedback.



Geschrieben von gloda am 03.12.2011 um 19:35:

 

Ech spueren dem Johny e bëssen Aarbecht a soen der dass dat éischt komplizéiert ass well et e separate System ass an dat zweet op eng aner Art a Weis geplangt ass geléist ze ginn. Op jidder Fall géifen déi "vergiessen" Annoncen ewech falen.



Geschrieben von Cypress am 05.12.2011 um 20:23:

 

Ma da sinn ech eemol gespaant.

Merci fir d'Äntwert. smile



Geschrieben von Johny am 04.01.2012 um 00:37:

 

http://blog.photogen.lu/?newsid=273 smile



Geschrieben von Metalbambi am 04.01.2012 um 02:31:

 

Gutt Léisung fonnt, nervt manner wéi et hëlleft. smile Sinn mol gespaant wéi vill lo wech fält...



Geschrieben von Johny am 04.01.2012 um 09:03:

 

D'Idee war scho viru méi laangem komm, vum kola mengen ech. Wann ech den Datum mat ugewisen hätt vun elo un, dan hätt de Leit zwar gesot wéi laang se schonn do steet, trotzdem hätt ech mussen ëmmer nach manuell dra raumen goen an du weess trotzdem net ob se ëmmer nach aktuell ass, och wann et "réischt" 3 Wochen hier ass ... smile Dëse System léist also zwee Problemer op eng Kéier eigentlech.



Geschrieben von dr_kim_veis am 08.01.2012 um 13:53:

 

wei as et mat enger ipad/iphone/mobile versioun vum site? sou dass en automatesch vun drai op 2 oder 1 spalt wiesselt?



Geschrieben von Johny am 08.01.2012 um 14:32:

 

technesch net méiglech aktuell (misst alles nei programméiert ginn, well wou ech PG déi éischt Kéier gemaach hunn, virun 6 Joer, do gouf et nahc keng sou Saachen), an zäitlech och net.

Sollt ech awer eng Kéier Zäit kréien PG nei ze programméieren, gëtt dat natierlech direkt vun Ufank un mat virgesinn smile


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH