Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Misc (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=25)
--- Photoen drucken (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1866)


Geschrieben von g3ckko am 25.01.2012 um 17:46:

  Photoen drucken

Salut,

ech wollt vun ierch wessen, ob een mer keint eng gutt Adresse ginn (i-net oder och net), wou een Photoen drucken loossen kann ouni herno vun der Quali enttäuscht ze sinn. Daat war zumindest mol bei foto.lu de Fall, wei ech http://photogen.lu/view.php?id=61237 do drecken gelooss hun... all 5cm waren vertikal Streifen zegesinn an d'Faarwen waren net wierklech dem Orginal entspriechend.

Merci.



Geschrieben von TomEwert am 25.01.2012 um 18:07:

 

also ouni elo wellen reklamm fir den foto.lu ze maan,
mais ech hun bis elo allkéiers 100% top-qualitéit vun foto.lu geliwert kruet. An ech wees duerch Kollegen, dass wanns du en soucis mat enger photo hues, sprech, z.b. dei vun dir ernimmten Straifen, dass do net laang gemuckst get, an dass du op nofro direkt an natiirlech gratis en neien drock gescheckt kriss.



Geschrieben von BlackPanther am 25.01.2012 um 18:09:

 

Hm - ech muss soen dass ech mat Foto.lu bis lo nach emmer immens zefridden war!

den Virdeel as, dass den kanns uruffen an dann werft den Jerome een Bleck op deng Foto iert en se duerch dMaschine laafen léisst....bei mei kriddlechen Saachen, wei zbsp fir eng Ausstellung, huet hien en super Service geliwwert an meng Motiver sen zimlech no un dem waat ech mer virgestallt hun geliwwert gin! Augenzwinkern

dAstellungen vun dengem Bildschirm doheem, an domat dFoto deisde him schecks, maachen VILL aus, an dann as et wichteg ob se 30x45 as oder mei grouss, drenner get se neemlch ENTWECKELT an driwwer get se GEPRINT. (den Print verléiert een Hauch un Schärft, as dofir awer eben och mei grouss - poster)



Geschrieben von Metalbambi am 25.01.2012 um 21:46:

 

Also ech kann mech och nëmmen uschléissen, hunn schon béis kriddleg Saachen bei Foto.lu printen gelooss, an war nach all Kéier mega zefridden mat dem Resultat.

En Beispill:
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=52827
Mäin Ecran ass net kalibréiert, deem no hunn ech keng Garantie gehat dat d'Foto net komplett Schwarz oder Gro raus kënnt. Hunn se normal rop gelueden, an beim Kommentaire derbäi geschriwwen wou Schwaarz soll sinn an wou net méi.
Hunn d'Foto 1:1 sou kritt wéi ech se op mengem Ecran gesinn.

Di Saach mat den Sträifen muss de einfach mellen, dann häss de déi secher ersat kritt. D'kann ëmmer mol eppes schief goen, keen ass perfekt: Augenzwinkern

Wou awer och nach eng ganz gudd Aarbecht maachen ass whitewall.com, déi ginn och regelméisseg vun DOCMA an Photographie (inoffiziell Zeitung vum DVF, deutscher Verband für Fotografie) viergeschlo. Hunn bei deenen 10 Posteren vir meng Studentebud printen gelooss, ënner aneren och déi Foto uewen, an sinn och béis zefridden. Wat bei deenen cool ass, ass dat se keng fix Formater hunn, mee d'Bild individuell geschnidden gëtt, d.h. kanns egal weieng kromm Verhältnisser roblueden. smile



Geschrieben von Digital-Art am 25.01.2012 um 22:48:

 

Bis elo huet nach keen eng aaner propose gemaach wéi foto.lu.
Ech kann dir iwert Sie keng Erfahrung ginn, well ech do nach näischt drecke geloos hun.

Meng Adress ass Signitec zu Kielen. Et ass en Letzebuerger Familienbetriib deen ech duerch zoufall kennengeléiert hun. Fra, Mann a de Jong. Ginn ëmmer selwer bei Sie Fotoen droen an och sichen a kréien op der Plaatz alles erklärt. Hun bis elo iwer 30 Fotoen do drecken geloos op verschidden Materialien vir eng Austellung an sinn tiptop mam Servcie zefridden. Kréien se esouguer munchmol direkt op der Plaatz erausgedreckt.

A wann se Dir net gefaalen brauchs du se net ze huelen a bezills och näischt dann.

An net ganz onwichteg: Präisser sinn ganz OK an den Service ass perséinlech an frëndlech!!



Geschrieben von Johny am 25.01.2012 um 23:47:

 

Et ass nach naischt anescht virgeschlo gi well d'Leit dem g3cko wëlle soen dass wann en net zefridden ass, kann e roueg bei foto.lu nofroen an dat erklären, da kritt e se och sécher nei gemaach. Well Feeler kënnen ëmmer an iwwerall mol virkommen smile



Geschrieben von g3ckko am 27.01.2012 um 09:38:

 

Merci fir d'Äntwerten. Ech hun lo bei foto.lu nogefroot, an dei printe mer et lo nach eng Keier.



Geschrieben von gunman am 27.01.2012 um 18:50:

 

HI,

Hun och schons esou muenches bei foto.lu bestallt, an ech kann nemmen soen:
bis elo emmer zefridden, an TOP Qualitéit !



Geschrieben von gloda am 29.01.2012 um 11:05:

 

Wann nach een eng Alternativ sicht, et gëtt och Photo Service an der Stat an am Auchan. Wéi ech mat der Fotografie ugefangen hunn duecht ech wat déi vu Prints produzéiere wier ok, mä a Wierklechkeet sinn d'Resultater do net immens.



Geschrieben von Zodiac am 02.02.2012 um 10:29:

 

Ech hun der mol eng Kéier bei Primphoto zu Esch drecken gelos, an war do ganz zefridden.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH