Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Foto-Techniken (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=23)
--- Richteg Scharf stellen bei Sportsfotographie. (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1875)


Geschrieben von Watleeft am 05.03.2012 um 23:20:

Pfeil Richteg Scharf stellen bei Sportsfotographie.

Moien alleguer,

Bei Sportsfotographie kennt et des öfteren fir das den Sujet net optimal Scharf as.
Ginn et do irgentwelsch Techniken fir den Sujet virdrun Scharf ze stellen?

Zum Beispill, beim Skaten stellt sech emmer een, eng Persoun oder den Skater an desem Fall, op d'Plaatz wou den Trick gemaach soll ginn fir dass ech d'Schärft op des Distanz kann anstellen.
Wann et Donkel as erkennt een daat net esou gudd (mat oder ouni Bletz).
An um Fotoapparat (Bildschirm) erkennt een et net Direkt, ok et kann een Zoomen fir ze kucken op et passt mee as keng optimal Technik (Trial & Error).

Ginn et do fläit irgentwelch Paneauen (Poster, ...) mat engem Muster drop waat eng Persoun kint dohin haalen fir das een den Focus ordenlech kann anstellen?

Desen Punkt dreift mech des öfteren an den Wahnsinn, Tips sinn wellkomm. :-)

Alex



Geschrieben von TomEwert am 06.03.2012 um 10:33:

 

fréier konnt do mat der hypofocaler distanz nach relativ gudd spillen ... do wousst een eben dass een fir eng gewessen blend eng gewessenen spillraum huet vun déiftenschaerft huet. mat denen modernen apparater ass déi hypofocal distanz leider ausgestuerwen, ausser bei ganz heischwaertegen objektiven vun leica z.b. ... waat helleft ass wierklech z.b. mam skater auszemaan wou heen den trick mecht, dorobber hin schaarfstellen, just nach den cadrage awer nemméi distanz selwer wiesselen an drop lass probéiren. do ass en wierklech den try&error prinzip. waat deng blend awer méi zou ass, waats du méi chance hues den déiftenschaerftebereich ze erweschen an deen den skater ass. déi art an weis virzegoen huet awer och en nodeel. waats du méi d'blend zoumess waat deng beliichtungszeit logescherweis (mam selveschten asa) méi laang get. daat heescht an deem fall asa ropschrauwen an probéiren smile

souvill kann ech dir dozou soen.



Geschrieben von gi87 am 06.03.2012 um 16:56:

  RE: Richteg Scharf stellen bei Sportsfotographie.

Esh wees elo net mat wats du genau schafst, awa esh gief soen et hänkt och en deel of vum Fotoapparat of, z.b. bei sportsopnahmen do notzen esh an eichter lin opjiderfall Heigh ISO-Werter, dat alabt mir mei schnell Verschlosszeiten ze notzen (1/1000-1/1250 ) sin exellent Dofir, vir den AF-Mode, do wielen esh den AI-Servo Modus, den garanteiert mier e gudden Tracking un mengem Unfokuseierten Objet.. Esh hoffen esh konnt Dir e bessen mol weiderhelefen smile



Geschrieben von Zodiac am 07.03.2012 um 13:15:

 

Also ech stellen den Focus emmer op "continued focus", esou kanns du mam Sujet (Skater) matzeien an den Focus misst emmer op dein Sujet scharf stellen.
Ausserdem soll d?Verschlusszeit emmer esou kurz wei meiglech sin fir net ze verwackelen. Mee ech wees bei net idealen Lichtverhältnisser ass dat emmer een Kompromiss aus héigem ISO, Blend sou grouss op wei méiglech an Verschlusszeit.



Geschrieben von Metalbambi am 07.03.2012 um 14:40:

 

Wéi schons gesoot, AF-Mode op continuous, d'Blend sou wäit wéi méiglech zou maachen hëlleft, mee huet awer den Nodeel dat och Saachen schäerf ginn wou evtl. net sollen, dann kuez Beliichtungszäit duerch héigen ISO-Wäert. Mat der Zäit kriss de en bëssen en Gefill derfir wéieng Kombinatiounen an Astellunngen gutt vier dech an däin Apparat funktionnéieren, mee bis do hinn produzéiers de eben vill Schrott. smile
Déi Fokuspunkter an der Mëtt vun dengem Bild funktionnéieren am efficasten, d.h. mat AF-C den Sujet schon fréi zentral uwiséieren, verfollegen an probéieren dat en ëmmer am Zentrum vum Sucher ass an dann wierklech ganz zum Schluss eng Kéier séier kadréieren an direkt ausléisen. Wann et wierklech guer net geet muss de d'Foto bëssen méi grouss maachen, an dann kadréiers de doheem um Pc. Dat ass zwar verpönt mee funktionnéiert mat den modernen Opléisnungs-Giganten zimlech gutt. smile



Geschrieben von Watleeft am 07.03.2012 um 20:44:

 

Merci alleguer fir déi Hellefräich Tips.
Ech mengen ech kann als Schlussfolgerung (mat dem ech elo mol bei denen nächsten Fotoshoots probéieren wärt) sohen das ech emol op jidenfall:

a) d'Blend méi kleng stellen wärt wéi ech daat fir üblech gemaach hun.
b) an also Kompromiss, fir déi schnell Beliichtungszäiten ze behaalen, den ISO erop schrauwen. Waat ech net gären maachen weinst Rauschen, mee denken besser e bessi Rauschen wei eng Onscharf Foto:-).

PS: Déi Saach mam Continued Focus as mer schon bekannt, mee fir Skatefotographie as dest schwéier emzesetzen well den Cadrage vun der Foto essentiel ass.

Alex.



Geschrieben von Metalbambi am 08.03.2012 um 00:32:

 

Probéier mol eng Kéier Kampfsport schäerf ze kréien, beim Skaten halen se d'Richtung alt wéinstens... Zunge raus



Geschrieben von Zodiac am 08.03.2012 um 08:28:

 

@ Metalbambi: Mess du vill Fotoen vun Kampfsport?



Geschrieben von Metalbambi am 08.03.2012 um 10:21:

 

War lo praktesch 3 Joer verletzt an konnt selwer net kämpfen (Judo), dunn hunn ech alt ëmmer Fotoen op den Competitiounen gemaach.



Geschrieben von Zodiac am 08.03.2012 um 14:35:

 

Dat heescht, du mess haaptsächlech dann Fotoen beim Judo oder wei?



Geschrieben von Metalbambi am 08.03.2012 um 15:29:

 

Haaptsächlech ass vill gesot, mee maachen der op Allefall vill.^^



Geschrieben von Zodiac am 08.03.2012 um 20:17:

 

Ech hun mech alt mei am boxen probeiert. :-)



Geschrieben von Metalbambi am 08.03.2012 um 21:49:

 

Misst zimlech op d'selwecht raus kommen.



Geschrieben von gogo am 08.03.2012 um 23:09:

  RE: Richteg Scharf stellen bei Sportsfotographie.

Zitat:
Original von Watleeft
Ginn et do fläit irgentwelch Paneauen (Poster, ...) mat engem Muster drop waat eng Persoun kint dohin haalen fir das een den Focus ordenlech kann anstellen?


Ganz einfach, hun ech selwer och schon benotzt bei Selbstporträt, eng ganz banal Täscheluucht.
D'Persoun hoellt eng taescheluucht an zielt domadder op d'kamera, an zack hues de focuséiert smile



Geschrieben von Zodiac am 09.03.2012 um 09:48:

 

@ Metalbambi: Dat ass elo eng gudd Fro, ech wees eierlech gesot net wei beim Judu belichtung muss sin. Beim Boxen stoussen ech mat standart Objektiver zwar zimlech un grenzen, muss oft Bildrauschen an kaaf huelen fir dass Foto e bessen scharf gett. Et muss een zimlech kuerz Belichtungszeiten huelen beim Boxen.



Geschrieben von Metalbambi am 10.03.2012 um 00:40:

 

Alles iwwer 1/250 kanns de komplett vergiessen, gutt ginn se sou ab 1/320.
Dat an der Kombinatioun mat den standardméisseg extrem hell beliichten Halen huet mech iwwerzeegt en Tele mat f/2.8 ze kafen. ^^



Geschrieben von noraschi am 18.03.2012 um 02:23:

 

wou der lo schon dobei sidd..
maachen deemnächst gaer puer fotoen fun engem Deschtennis matchsmile
vlait kann een vun ierch mer do e puer tipps gin?
(well hun nach net esou vill ahnung vun sportsphotographie)



Geschrieben von Metalbambi am 18.03.2012 um 15:38:

 

Bei Sport ass eigentlech den techneschen Haaptproblem d'Schäeft, virun allem indoor.
Wat vir d'Fotoen selwer lo wichteg ass, ass dat bëssen Emotiounen riwwer kommen, an d'Actiounen am richtegen Moment geknipst ginn. Do hëlleft et immens sech virdrun mam Sport ze befaassen, sou dat een d'Actiounen vum Sportler anticipéieren kann. Mat purem reagéieren kriss de keng gutt Fotoen wëlls de ëmmer ze spéit un bass. Probéier och d'Gesiicht vum Sportler mat drop ze kréien, dann gëtt d'Foto direkt vill méi interessant well se perséinlech ass. Ausnahmen bestätegen natierlech och déi hei Regel. Augenzwinkern

Kuck einfach am Internet Fotoen vun gudden Fotografen, dann kriss de Iddien wat s de kanns maachen an gesäis op wat s de oppassen muss wann s de se en bëssen serieux analyséiers.

Ahjo, maach den Sportler en gefalen an looss däin Blëtz doheem. smile



Geschrieben von jotes am 22.03.2012 um 09:55:

 

Zitat:
Original von noraschi
wou der lo schon dobei sidd..
maachen deemnächst gaer puer fotoen fun engem Deschtennis matchsmile
vlait kann een vun ierch mer do e puer tipps gin?
(well hun nach net esou vill ahnung vun sportsphotographie)



Wat gudd eriwer kennt ass, dass de Ball mat op der Foto ass.
Dat gellt fir all Sportart dei mat "Accessoiren" funktioneieren.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH