Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Feature request: Wochenofstëmmung - Biller eraushuelen (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1889)


Geschrieben von Schluck am 11.06.2012 um 09:17:

  Feature request: Wochenofstëmmung - Biller eraushuelen

Salut,

ech wollt froen, ob et méiglech wier, fir an Zukunft eng Funktionalitéit ze kréien, wou een als User kann och mol een Bild aus der Wochenofstëmmung erauszehuelen, respektiv kéint soen ob een sech iwwerhaapt wëll dorun bedeelegen.

Am beschten wier wann een kéint beim eroplueden vun der Photo kéint spezifizéieren ob een se fir d'Wochenoffstemmung wëll wielbar machen ... also lo nët falsch verstoen .. et soll schonn sou bleiwwen dass een net selwer kann een Bild dranklicken, mais just soen ob een selwer se gutt genuch fënnt fir an d'Wochenoffstëmmung an dann sollen nach ëmmer déi aner se eventuell dran klicken oder och net.

Ech lueden gären héi Biller erop fir se ze weisen, mais net all zweet Bild soll mat an déi Wochenoffstëmmung.

Dem Johny eng PN schréiwwen mat der Lëscht vun Biller déi sollen raus ass ob laang Dauer och keng richteg Léisung an ech wëll och net mussen d'Biller virun der Ofstëmmung läschen.

MfG,

Schluck



Geschrieben von Johny am 11.06.2012 um 09:26:

 

Géif sech relativ einfach maache loossen, ähnlech wéi ech och agebaut hat dass een eng Foto net bewärte kann, du muss mer just puer Deeg ginn well aktuell ass vill ze dinn smile Géif awer nach ganz gäer liesen wat déi aner dovu mengen?



Geschrieben von Schluck am 11.06.2012 um 09:42:

 

Jo, kann mer virstellen dass et zimlech einfach realiséieren ass .. misst jo just ee Flag setzen ob wielbar oder nët.

Ech géif et jiddefalls mol gutt fannen ... bei engem Concours kann's de jo och selwer décidéieren ob's de wëlls matmaachen oder nët ... an wann jo, mat wéi engen Biller.

Mech nervt ët dass, ech an der läschter Zäit dann 5-6 Biller an der Wochenofstemmung hat, déi ech selwer nët fir gutt genuch empfonnt hunn fir an eng Wochenofstemmung an awer wollt weisen wëll ët eben ee raart Bild ass (zb. den Eisvull).

Schluck



Geschrieben von Metalbambi am 11.06.2012 um 11:56:

 

Ginn dem Schluck Rescht, huet een effektiv Biller wou engem selwer eppes net gefält an een wierklech just Kritik well kréien, do wier et dann och sënnvoll wann een déi vun viraus net vir d'Ofstëmmung fräi gëtt.



Geschrieben von xaph32 am 11.06.2012 um 20:13:

 

ech gesin et och wéi den schluck, en plus wann een méi wéi eng dran huet minimiséiert dat (zumindest statistëch gesin) déi eegen chancen gewielt ze gin
ciao
xav



Geschrieben von gi87 am 11.06.2012 um 21:46:

 

Esh fannen dei Propose vum Schluck och ganz Gudd, mengen esou get schon wiekleg en Decken pack dan Automatesch erausgefiltert, an et Behält en de Blëck vir dei Gudd Biller.



Geschrieben von Maimonides am 11.06.2012 um 22:35:

 

Dem Schluck seng Iddi fannen ech ganz gutt, a säin argumentaire och.



Geschrieben von Zodiac am 12.06.2012 um 10:17:

 

Ech mengen dat wär jo dann demjéinegen seng Entscheedung net deelzehuelen un der Wochenofstemmung. Weisou soll een dei Funktioun also net maachen.



Geschrieben von jekyll am 12.06.2012 um 11:25:

 

Zitat:
Original von gi87
Esh fannen dei Propose vum Schluck och ganz Gudd, mengen esou get schon wiekleg en Decken pack dan Automatesch erausgefiltert, an et Behält en de Blëck vir dei Gudd Biller.


Woubai "gudd" par définition subjektiv ass...

D'Propose an sech ass awer gudd.



Geschrieben von TomEwert am 12.06.2012 um 13:52:

 

fannen ech och eng gudd idée.



Geschrieben von suraki am 12.06.2012 um 18:26:

 

ok och ech fannen dem Schluck seng Argumentatioun gutt smile



Geschrieben von Johny am 17.06.2012 um 23:28:

 

Beim Bäisetze kann een lo auswielen dass se net mat kann an d'Wochenofstëmmung kommen.



Geschrieben von suraki am 18.06.2012 um 20:07:

 

super !
Elo kennen all Déi déi doriwwer gemeckert, an dofir neicht méi gewisen hunn (?) , erëm Biller eroplueden Zunge raus
Dat dote war fir mech é richtege Schrëtt an Demokratie smile



Geschrieben von Johny am 18.06.2012 um 20:44:

 

Dann waard elo mol nach 2 Wochen ongeféier of ... fir den nächste Schratt Augenzwinkern



Geschrieben von Zodiac am 22.06.2012 um 10:23:

 

Hat dat mol nach net gesin, der do hat der jo awer och keng Noriicht eraus gin Augenzwinkern Wat ass dann den nächsten Schratt? großes Grinsen



Geschrieben von Schluck am 08.08.2012 um 10:38:

  RE: Feature request: Wochenofstëmmung - Biller eraushuelen

Dat mat den Biller aus der Wochenoffstëmmung ze haalen klappt nët, ech hun lo sämtlech Biller an Serien wollten eraushaalen, mais souball een eng keier eppes "ännert" geet ët nët méi. Hun zwar lo gesinn dass beim "änneren" lo och d'Checkbox béi komm ass, meng Serie vun Volbeat ass awer an der Wochenoffstëmmung obwuel den Häckchen an der Checkbox ass.



Geschrieben von Johny am 08.08.2012 um 11:23:

 

Du kanns se net nodréiglech eraus huelen, mee du muss direkt soen se soll net mat drann (well d'Checkbox just kontrolléiert op de Knäppchen "An d Wochenofstëmmung" soll ugewise ginn oder net)



Geschrieben von Schluck am 08.08.2012 um 12:23:

 

Sinn mer zimmlech sëcher dass ech den Häckchen all keiers gemach hat, mais no änneren woar ët dann awer rëm meiglech se dranzeklicken wëll do d'Checkbox nët méi do woar. Déi Checkbox bei "änneren" ass awer lo reicht säit kuerzem dobei .... oder ?

Ok, sou hues dat implementéiert ...



Geschrieben von Johny am 08.08.2012 um 14:15:

 

Du has mer jo gesot dass et net beim änneren dra wir, dun puer Deeg duerno hunn ech et bäigebaut.

Kontrolléieren dat ganzt doheem nach eng Kéier a Rou!



Geschrieben von Shantideva am 12.08.2012 um 07:23:

 

Klappt net... Hun den Test gemeet an d'Foto elo geläscht well se erem ouni meng Zoustemmung an engem Concours geland ass. verwirrt


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH